Renert

From Wikisource
Jump to: navigation, search


Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst.

Auteur: Michel Rodange

1872

Éischte Gesank.[edit]

Et war esou ëm d'Päischten,
'T stung Alles an der Bléi,
An d'Villercher di songen
Hir Lidder spéit a fréi.

Du rifft de Léiw, de Kinnek,
All Déier op e Fest
Am Gréngewald zesummen,
An 't koumen all seng Best.

Di Räich als wéi di Arem,
Den Hirsch an Päerd an d'Réi,
Se waren all geruff ginn,
A Mitock, Mësch a Kréi.

Se koumen all mat Träppen,
'T gesouch ee bal keen Enn,
Zu Fouss an op de Fliichten,
Mat Schniewelen a mat Zänn.

A wann och kee géif feelen,
Dat wier dem Kinnek léif:
Wien hätt geduecht datt Renert,
De Fuuss, ewech do bléif?

Dien hat e béist Gewëssen,
Dat scheit den hellen Dag,
Ze go bei all di Hären,
Dat war net senger Saach.

En hat sech s'all gelueden,
E musst et selwer son:
Dem Dachs blous, sengem Nëwéi,
Diem hat en näischt gedon.

De Kinnek hat verbueden
Den Déier, grouss a kleng,
All Stielen a Bedréien,
An d'Doudschléi eeschtlech streng.

De Renert kennt d'Gesetzer,
An d'Schlëff dra, wi seng Buerg:
Mä kënnt en net gutt driwwer,
Da kricht en drënner duerch.

En duecht: Du bass beim Kinnek
Dach wierklech schuns verklot,
An t weess ee: Wäit vum Feier
Kann al ginn den Zaldot.

Nun hat um Fest och Fiissche
Keng Grimmel sech verroch:
Vill Déier si beim Kinnek,
Dem Fuuss seng Feinden och.

Den Isegrem, de Wollef,
Fung gläich ze kloen un:
Deen hat de louse Fiisschen
Am uergsten opgezunn.

E koum mat senge Frënnen;
A munchen, deen do steet,
Ass féng e raue Brudder,
Trotz sengem renge Kleed.

Se hiewen d'Schwänz an d'Ouren,
Se drécken sech erbäi:
De Wollef trëtt zum Kinnek
A fiert net ëm de Bräi.

Hie sot: Mäin Här a Kinnek,
Héiert dajch mäng Klo!
Allmächteg a verstänneg
Dat woort dir ëmmer jo.

Dir miisst iech dajch erbaarmen!
Wat äch jelidden hann
Mäi Liäwe lank vam Renert
Jett Schoad a Schimp a Schann!

En hatt mer d'Fra bejaajchelt,
Mat Schwätze bland jemaajcht,
A wi en hirer miickt wor,
Äis allebickt auslaajcht.

Dann hatt e mer mäng Jongen
Bei Kliärf a mänger Hiäll
Jetëltert a jeschmassen,
Ee schlamp, den anner schiäll.

Äch luss e schon zitiren,
E koum ojch op d'Jeriicht.
Den Näistert hatt jeschwuren,
En hätt dat néck jestiicht.

Kuckt, wann äch ojch kënnt schwätzen,
Als wi de Metz van Eech:
Sechs Wojche jif äch riädden
Vam Renert sänge Streech.

A kënnten d'Wëlzer Giärwer
All Iäselshäckt ojch han
An ditten näist ojch brägden
Als Parjement dervan:

Da kënnt een néck drop schreiwen
Di Streech, di dee scho moujch,
An déi en najch wäert maajchen, --
Nujee, äch schwatt jenoujch!

Drop koum den Hond, de Finnett,
Erbäi zum Kinneksstoul;
Franséisesch kann dee schwätzen
Als wi eng Gabberjoul.

Hie sot: Där wëscht, Här Kinnek,
Esch sinn zu Bieles Wiert;
D'lescht owes koum de Renert,
En huet den Dronk gespiert.

E sat sesch rouesch nidder
Om Hiwwel ënnrem Kuescht
A sot: Eng Schappe Greeschen,
Vum beschten deen sch de huescht.

Mär fungen un ze sproochen,
Dee Mann ass vill gereescht;
E ka féng gutt erzielen
Am Spaz an och am Eescht.

En dronk en etzlech Schappen,
E gouf rescht frou derbei;
Op eemol koum et klappen;
Wien ass do? "D'Polizei!"

Wat sollte mär do maachen?
Här Kinnek, wi där wëscht,
Esch hunn, bedeckt mat Blieder,
Do ston eng heemlesch Këscht.

Déi op, an dran de Renert;
Du koum dann d'Polizei.
Esch sot: Gesitt, dir Hären,
Gesitt, 't ass nëmmescht hei.

Bei mär ass Uerder, sot esch,
Am Zap als wi am Stot:
Där wäert mesch net erdappen,
Dir Hären, hunn 'sch gesot.'

Berdouf! mëscht du de Renert
E Saz an aus der Këscht,
An ouni ze bezuelen
Ass mär de Fuuss entwëscht.

Du duescht esch u meng Wurschten;
Déi Këscht wor hallef voll:
Mäin Iessen hat de Renert,
An esch säi Protokoll!

Här Finn, jaut du de Kueder
A sprung vu sengem Seess,
'T ass reecht, datt iech de Fiisschen
Déi Wuusten hoat gefreess.

Wat wëllt dir hea verkloen?
Här Finn, är Klo ass huel:
Dir hat dem uarme Kuader
Déi Wuuste jo gestuel!

Ech denken dru mäi Liäwen,
Et ass scho Jor ent Dag,
Du gung ech mëttes fëschen
Ëm Veinen béi der Baach.

Ma d'Wiäder war net gënsteg,
Kee Fëschche koum erous;
Du doacht ech: Gi an d'Millen,
A fink der do en Mous.

Ech schloff eran an d'Kéchen:
Keen Maische béi noach no;
Ma d'Giädel op der Sidel,
Déi suz ze néipen do.

Eh suz mech béi en Brandrout,
Ech schilzen ees an d'Hoost:
Do hungen awer Wuusten,
Et war mein Sill e Quoost.

Ech doacht, 't wir net gesëndegt,
Well d'Millre sen och Déif;
An hei and do en Wiistchen,
Su epes ass eem léif.

A kuurz, ech wor do uewen,
Erof och mat em Saz;
Op eemol jéizt du d'Millesch:
Hei, Finnett, holl mer d'Kaz!

Ech doacht net, datt deen do wir,
Ma hee mat Bill a Ball
Mir no, an an der Hoossegt
Ass d'Wiistche mir enfall.

An d'Plaz du mat der Wiistchen
Op d'Millen zréck ze gon,
Hot Finnett se no Bieles
An a sein Këst gedron.

Su kënnt en Hond uan d'Wuusten,
Här Kinnek, net mat Recht!
De Renert ass kee gouden,
De Finnett, deen ass schlecht.

De Réibock souz ze rëffle
Mat Ongedold om Wues,
En hat och vill ze kloen
Als Affekot vum Hues.

En ass e räiche Kärel,
En dréit e grousse Baart
A wunnt net wäit vu Frummbreg,
Bei Lëschen an der Haart.

Dee sot: Mer geet vum Renert
Hei net zum Finn erof,
Ewell als Déif a Mäerder
Verdéint de Fuuss sein Strof.

Vu Bieles bas no Beier,
Vun Ell bas Eechternoach,
Wou gët, äich fron, dir Héiren,
Esu en Näistert noach?

Ging Räich a Kinnek ënner,
Dem Renert lig näist droan,
Gif heen derbäi gewannen
E Muefel voan em Hoan.

Wat déinen is d'Gesezer?
Hee micht sich näist derous,
Hee leeft, als wann heen Héir wir,
A laacht de Kinnek ous.

Wi hoat en et mam Lampert
Gemaacht mam oarmen Hoas?
De Mann, dee kee beledigt,
Do läit e grank om Woas.

Den Heesche wor op d'Kiirmes
Bei seiner Fra hir Mamm.
Déi guf em Kouch fir d'Kanner,
An och e bisschen Ham.

Hee gung op häm voll Fräden,
Mat seinem Granz am Douch:
Om Krondhof fond e beden
De Fuuss an enem Bouch.

En hoat gestréckt ëm d'Lenen
e kruuse Rusegranz,
Verstoppt war ënnrem Mantel
Séi laange Fuusseschwanz.

Geklopt-sech-Grëschtnech, Prouder!
Ma gitt e bissche loas,
Äich gif géir mat eech schwezen,
Sot Renert du zum Hoas.

Äich säi jo nau Pëstuer
Om Kroëknop, der wësst,
Mat 't feelt mer oan em Koster;
Dir säid e goude Grëst:

Wat dénk Eech? Gif dir wëllen
Als Koster bei mir ston?
Äich gif eech d'Nutte liren
A hiren d'Oergel schlon.

Den Heesche wor zefriden,
A kläich gung d'Liër oan:
De Renert sollt hee weisen,
Fir d'Massgebet ze soan.

Et geet dem Hoas schuns zimlech,
En hëppt dohier am Moos,
Du kréift de Fuuss nom Bëntel
A micht sech d'Douch ees los.

E schnauft nach ëm d'Schlabaitchen,
De Koster hemmst alt ees,
Ma ir een sech ëmsinn hat,
War d'Ham mam Kouch gefreess.

Här Kinnek an dir Héiren,
Äich prouch eech net ze son:
Et hoat dem oarmen Heesche
Gewass net gout gedon.

E suz do dreisch ze dénken:
"O wiirs du ous dem Kuër!"
An du an d'Blaz ze schelen,
Du graazt en hannrem Uer.

Däich hëlt en Tonnerweder,
Lo këmmt däi Jéngsterdag,
Dou Boz! jout do de Renert,
An holt den Hoas mam Grag.

Äich koam dohär gegaang d,
Soss wir den Hoas net mi.
Wi hoat de Man geliden,
All Klidder déin hem wi!

Wat soll äich noach vill reden?
Hei hëlleft kee Geschweez:
Den Duddschlag ass verboaden
An d'Schlon och duerch d'Gesetz.

'T ass Zäit de Fuuss ze strofen,
Héir Kinnek, strooft en hett,
Soss gritt der 't héich veriwelt
Vun alle prave Lett.

Zum Galge! rifft de Wollef,
En hatt dee lank verdéint;
Wee weess najch, bleift e lofen,
Zu watt en säch erkéint?

De Kinnek sot: Dir Hären,
Dir kommt vu wäit e breet,
A fant iech hei zesuemen,
Dat mécht mer grousseg Freed.

Mam Renert ass et anescht:
Ier Kloe sinn net nei;
A wär hie ganz onschëlleg,
Da wär en och wuel hei.

'T këmmt selten eppes Guddes
Vum Renert dach eraus;
Ech wor schons laang gedëlleg,
Nu geet d'Gedold mir aus.

Et schingt, en uecht mech wéineg
A mai Gesetz fir naischt,
E mécht, wat onerlaabt ass,
Da laacht en sech an d'Faischt.

Ass ee vlaicht vun iech Hären,
Dien d'Saach méi klor gesait?
Ech wëll nun alles wëssen,
An och wou d'Wourecht lait.

Du stoung dann op Dachs Grimpert,
Dem Fuuss als Affekot:
Här Kinnek, sot en héiflech,
Dann héiert uë mai Rot.

An nu fir uenzefänken:
Sou hält ee kee Geriicht,
Weil Renert guer net hei ass,
Do ass d'Verkloe liicht.

Här Wollef, loosst dat Kloen!
Ech son, et ass iert Gléck,
Datt net mai Monnonk hei ass,
Soss léigt dir schons om Réck.

Well wie mat iech musst iessen,
Dee gouf nach selte fett,
A sid dir engem schëlleg,
Da wëllt een, datt een 't hätt.

Här Kinnek an dir Hären,
De Wollef ass net weech;
Dat wëil ech iech beweisen
Aus méi als engem Streech.

Mai Monnonk an de Wollef,
Déi haten d'Wuurt sech ginn,
Ze delen all Schlabaitchen
Als wi zwee Bridder din.

Se woren d'lescht am Wanter
Bei Fléiber op der Juegd,
Se haten naischt gefaangen,
An 't gung schons haart un d'Nuecht.

De Wollef war vun Honger
A Middheet halwer béis,
Du koum en Hiewerlänner
mat enger Kar voll Kéis.

Se konnten dees kee kafen,
Weil keen e Groschen hat:
Du huet de louse Wollef
Dem Fiissche gutt geschwat,

E sollt him dach erdenken
E Mëttel fir de Mo!
An huurteg wor de Renert
Mat sengem Mëttel do.

Hee leeft a leet sech nidder
(Et wor meng Sexter frech)
Op d'Strooss als wann hien dout wär,
Streckt Aarm a Been ewech.

De Kéismann kënnt a fënnt en,
Deen huet em eng gekraacht;
Dem Monnonk huet de Rimmchen
Net greilech gutt geschmaacht:

An iewel bleift e leien,
Sai Spillche mécht e ganz;
Du hëlt de Kéismann endlech
Mai Monnonk mat dem Schwanz.

Dat gët e faint Puer Moulen,
Esou e Fond ass rar!
Sous sot en, an du werft hien
De Fiissche wupp op d'Kar.

Wat brauch ech nach z'erzielen?
Mai Monnonk maust am Doch
A werft dees Kéis dem Wollef
Eraf a bis genoch.

Du endlech hien eraf och,
A lass op d'Deel vum Kéis:
Do hat de brave Wollef
De Rescht schons am Gefréiss!

Net besser goung et hauer
Mat engem Schwain emol,
Dat hung bei engem Bauer
Geschluecht un engem Nol.

Mai Monnonk licht dem Wollef
Duerch d'Fënster d'Schwain eraus:
Op eemol goung d'Gedibber
An d'Jaizen un am Haus.

Se koume mat de Grefen
A mat der Wisenha,
An deemol koum mai Monnonk
Op d'Hoër ëm en A.

Zum Gléck, en ass e Schmocken,
Du mécht en dann e Saz
A wutscht iech duerch e Schlëffchen,
'T kéim kaum derduurch eng Kaz.

Ma Nëwéi, sot de Wollef,
Et schingt, dat gouwe Rëss!
Kommt iesse wat nach hei ass,
Dat schmaacht elo gewëss.

Hee werft em duer de Sprenkel,
Eng Schank och vun der Héis!
Ech froen Iech, dir Hären,
Wie géif dann do net béis?

Här Kinnek, kuckt de Wollef
A kuckt seng Zeien un,
Déi fir e faulen Apel
E Wollefseed iech dunn!

Do steet seng ganz Familjen
A jéiden huet e Krack:
De Schrappjann vun der Knapshéicht,
De Stupp mam laange Schrack.

De Grapphans vun der Fläissdéch,
De Krop vum Lëmmelshaff,
De Fléifuez och, an d'Goldlaus,
De Bass vum haarde Graff.

Dat si verflucht Gesellen,
Déi huel si bis op d'Féiss,
'T gesait een datt e jéiden
Drai Pierd zu Botz op fréiss.

Setzt een no Esch op d'Uelzecht
An een no Iechternach,
En drëtte setzt no Wolwen
An een no Beesslek nach:

A sot se solle friessen,
A kuckt net waider no,
Drai Deeg laang, an ech wetten,
Dann hunn se d'Land am Mo.

Gemächlech ass d'Verkloen
Der Onschold op de Réck:
A rufft der hier de Rouden,
Da steet de Groen zréck.

Ewell wat do de Wollef
Vu senger Fräche sot,
Wat ass dann do ze kloen,
Sou laang als si net klot?

Wien hei sech wëllt bekloen,
Bréng Saache mat Bewais!
Dir géift ons vlaicht nach féieren,
Här Wollef, gir op d'Ais.

Ja, wann een deer Artiklen
Sollt huelen op d'Geriicht,
Verdierwen dausend Greffjer
Mam Schreiwen sech d'Gesiicht.

A winnt de Fuuss Ier Jongen,
Dann huet e vill Verstand:
Well 't sinn déi onerzuënst,
Déi schlechst vum ganze Land.

Mä géif dach Gott sai Segen,
En hätt se dout geschlon:
Da misst ee jo mai wärreg
En op den Hännen dron!

Fir déi ech biede, Wollef,
Maacht guer net vill Gejaiz!
Weil, wien se géif erwiirgen,
Verdingt en Éirekraiz.

A wat sot dir, Här Réibock,
Vum Hues, dem domme Mann?
Gelt, 't gët een engem d'Léier
Och nach mat Liefkoch an!

Wien zou ër Plaz wëllt kommen,
Dat wäerd dir dach verston,
Deem muss et op e Kränzchen
An op eng Ham net gon.

Wat soll ech so vum Finnett?
A weess de Mann dann net,
Datt Schelmemiel dach ëmmer
Och Schelmepankech gët?

Mer hunn et jo gehéiert,
De Mann dee litt a stielt,
A wär ech Här, da géif e
Gehéiereg ersielt.

Ech rëss em d'Strauss vum Tiischelt
An aus dem Faass de Krunn;
Do, wou esou Leit zapen,
Gët Welsch an Daitsch bedrunn.

De Kinnek ka sech freën,
Datt alt nach Männer sinn,
Déi dann and wann den Déiwen
E gudde Weewais gm.

Weil 't ass e Sproch, dee seet ons,
Datt d'Onrecht net gedeit:
De Renert sicht z'erfëllen,
Wat dat ons profezeit.

Mä Ondank, seet en anert,
Deen ass de Loun der Welt. --
Schwätzt all och géint de Renert,
Ech son: Heen ass en Held!

Ech son iech méi, Här Kinnek,
An denkt net, 't wär eng Flaus:
Mai Monnonk ass nu Brudder
Bei Hénkel op der Klaus.

Dat këmmt vun enger Priedegt.
Et wor Missioun enzwou;
Mai Monnonk héiert lauden,
Du hat e gur keng Rou!

E musst eraan an d'Priedegt
Mä d'Kiirch wor aagestéckt;
Mai Monnonk huet net nogin,
En huet sech aagedréckt.

E koum bis op den Duxall,
Weil ënne wor eng Wull:
Do souz de Bier, de Wollef
An d'Kaz am viischte Stull.

Den Huer souz do mat Moulen
An d'Kaz mat enger Moff,
De Finnett hat och extra
Deen Dag sech net besoff.

Den Hiesche mécht de Koschter,
Hie knéit sech datt et knuppt,
An d'Schwain huet sech beim Beichtstull
Deemiddeg duergehuppt.

De Bock ass ganz andächteg,
E mécht e frummt Gesiicht;
En huet sech ganz raséiert,
Als wi fir d'Jéngst Geriicht.

Mat Kiirze sëtzen d'Échlen,
An d'Gäns am waisse Wuel --
Mä wann ech s' all sollt nennen,
Dat géif eng Abberzuel.

De Pater klëmmt op d'Kanzel:
Wat do den Här Iech riet!
Den Tiger schléit op d'Broscht sech,
De Stéier selwer biet.

Den Hunn dee wëllt sech Pater,
An d'Geess sech Nënnche man,
Sougur mai brave Monnonk
Alt kuckt reimiddeg dran.

An no der Priedegt
Gunge wi Englen s' all eraus;
Mä schons beim Weiwaaschkessel
Fänkt Kueder sech eng Maus.

De Wollef frësst e Lämmchen,
Den Tiger zraisst eng Kou,
Den Huer, dee pléckt eng Pëllchen
An nach eng Dauf derzou.

De Finett leeft an d'Wiirtshaus
A saift als wéi e Lach,
Den Hunn huet och sai Virsaz
Op enger Mëscht gebrach.

Vun allen, déi do woren,
Di Grouss als wéi di Kleng,
Wien hat sech nu gebessert?
Mai Monnonk Fuuss eleng.

E lieft zu Giischt om Klaischen
Wéi d'Resender mer son;
E mécht bal naischt als bieden
An Aanre Gutts ze don.

En ësst e Wëllkuerstiirzel,
Derbai eng dréche Kuuscht,
An hei and do en Apel,
Eng Biirche fir den Duuscht.

Och etlechmol eng Hämmchen,
Déi him eng Giedel bréngt,
Fir déi en hir dann d'Vesper
Zur Eire Gottes séngt.

En dréit e Schkapeléier,
E Girel ëm de Laif,
An Aarbecht a Kasteionk
Dat ass sain Zaitverdraif.

Schéi Kraizer kann e schnetzlen,
E kettent Rousekränz,
Mécht Kiirwercher fir d'Kanner
Vu gringe Kazeschwänz.

Här Kinnek, loosst e ruffen,
Bedenkt sain helegt Kleed!
Sou kënnt der 'n net veruurteln!
Gët uecht, et géif iech leed.

De Grimpert wor kaum fierdeg,
Du koum den Hunn dohier;
Seng Schweër drougen doudeg
Seng Fra op enger Bier.

He jaut: O Här, meng Frächen!
Nun ass d'ganz Welt mer näischt;
Dat best vun allen Hinger,
'T luegt Eër als wi Fäischt!

Meng Kanner hat de Renert,
Zéng Diechter, schuns gefriess;
Ech hunn sou gär bei denen
Om Hingerjuck gesiess!

Zwou wäisser an dräi schwaarzer,
Se hunn sech gutt geschéckt,
Gepiirpelt ware fënnef:
En hat mer s'all erschléckt.

Drop housch et, hie wir Brudder,
E ging net méi op d'Juegd;
Du gi mer da spadséiren,
Meng Fra an ech, op d'Uecht.

Do souz e mam Gebietbuch
Bei sengem Beiebitt,
Ze sange ganz andächteg
En hellegt Kiirchelidd.

Mer waren ouni Suergen;
Mä d'Fraleit sinn ze king:
Meng duecht net, datt e Pater
Nach un en Hingche ging.

Se gung no alle Käärcher
Bis bei den Huewerkaast:
Du spréngt erbäi de Judas,
En hat sech drop gefaasst.

Ech ruffen an ech käcksen,
Du koum gelaf en Hond;
De Fuuss entspréngt, du hu mer
Meng aarme Fräche fonnd.

A wéi! Elei gesitt der,
Do läit der Fra hir Läich,
Déi mir méi 1éif gewiest
Ass wi Iech äert Kinnekräich.

Mat wiem soll ech nun hausen,
Wiem soll mäi Leed ech klon?
Nu ass kee Mann am Land
Méi sou haart, wi ech, geschlon.

Du gouwen d'Aen allen
De groussen Hären naass,
An och dem Kinnek selwer
Entfoul eng Tréin an d'Gras.

Hie sot dann och zum Grimpert:
Kommt hir a kuckt déi Laich!
Et schéngt, dir sid am Léien,
Här Dachs, dem Renert glaich!

Zum Hinnche sot de Kinnek:
Här Hänning, sid getréist,
Ier Fra gët schéi begruewen,
De Fuuss gët streng gebéisst.

D'Begriefnes gouf gehalen,
Vill Käerzen hu gebrannt;
Op Maarwel steet geschriwen,
Wou d'Hingche läit am Sand:

Hei lait begruewe Krazfouss,
Se luegt vill Är an d'Nascht.
Se huet getraut dem Renert,
Dat huet se d'Liewe kascht.


Zwete Gesank.[edit]

Drop louss de Kinnek ruffen
Déi Kligst aus séngem Rot,
Zéng Riichter léisst e kommen
An och en Affekot.

Ewell d'Affär vum Renert
Déi ass an haarde Knuet.
Se gouwen endlech eneg
Ze schécken hirn e Buet.

De Buet dee sollt dem Renert
Ganz däitlech son dat hei:
E sollt zum Kinnek kommen,
Soss géing et net an d'Rei.

A fir de Buet ze wielen,
Dat huet sech streng gemaacht:
De Kueder krut dräi Stëmmen,
De Bier dee krut der aacht.

Du zitt de Bier de Jabot,
E bléist sech greilech op
A seet: Ech wäerd e bréngen,
Här Kinnek, zielt duerop.

Drop goung en un, a reseg,
Op Schlennermanescht lass.
E wosst all Wee a Steen,
E wosst dem Fuuss säi Schlass.

Séng Fra déi goung e Stéckwees
Nach mat em iwwer d'Heed
A sot: O Braun, mai Léiwen,
Dee Gank méich mir keng Freed.

De Renert ass e Judas,
An dir sid vill ze brav;
Nach eppes, wat net gutt ass:
Ier Gloscht mécht blann an daf.

De Bier dee soot: Wat sot der?
Märr ass de Fuuss ze domm;
Fir märr och eng ze zéien,
Dat ass him vill ze romm.

Hee goung, a queesch duerch d'Bëscher,
An iwwer Dall a Bierg,
An hei an do erwëscht en
E Lämmche bei der Pierch.

E Mann, deen op der Rees ass,
Lieft net vun Hänn a Féiss;
An d'Éisselécker Lamer
Déi si besonnesch séiss.

De Bier koum ëm den Owend
Beim Schlass Malpaartes un:
Do woren zou all Diren,
D'Fallbréck war opgezun.

Malpaartes ass eng Festonk,
Déi schéinst, déi Renert huet,
An dat vu sénge Schlässer,
Dat him am beschte guet.

En huet de Plang sech selwer
Gemaacht an auserduecht,
An du de ganze Grondrëss
Och selwer ugeluegt,

Mat Gruewen a vill Diren,
Mat Schlëff an heemlech Gäng:
De Vobang ass e Meeschter,
De Fiisschen ass méi reng!

De Bier nu stung um Glacis,
Do kuckt e ronderëm,
En zitt e festen Otem
A rifft mat haarder Stëmm:

Hee! Koséng, hee! Wou sid dir?
Ech si vum Kinnek hei;
Dir musst mat zou em kommen,
Soss geet et nit an d'Rei.

A géift dir haut nit kommen,
Da spillt dir fir de Kapp:
Da géif ech fir iert Liewen
Och nit e Boxeknapp!

Well 't koume Kloe géint iech,
Streng Riichter sëtzen do:
Duerfir nit lang bedenkt iech
A kommt mer huurteg no!

De Fiissche lauschtert heemlech
A séngem Schlass a laacht an denkt:
Wat gëlt, dem Flappes,
Deem gëtt eng Farce gemaacht!

E kënnt a rifft: Ei Koséng,
Sid dir dat, deen do riet?
Verzeit, ech louss iech waarden:
Ech war jëst um Gebiet.

Mä wëllkëmm da mäi Léiwen!
Et huet ee gär e Frënd,
A wann en och zoufälleg
Mat schlechter Buetscheft kënnt.

Datt dir iech musst beméien,
Dat deet mer nu wuel leed,
Mä 't ass zu méngem Notzen.
Dir stitt beim Kinnek breet.

Hëlleft mer beim Kinnek,
E gleeft iech, wat dir sot;
Op Trei kann ech och schwieren,
Ech si ganz falsch verklot.

A muerge ginn ech mat iech.
Et ass e weide Gank,
Ech hu musst eppes iessen,
Dat mécht fir hott mech krank.

Wat war et? frot de Bier du,
Dir ousst vläicht iwer d'Mooss?
Beileiwen nee, sot Renert,
'T war Hunneg mat der Ros.

E Fuuss ass jo kee Barong;
An ass näischt anescht do,
Da muss een Hunneg iessen:
Dee läit mer queesch am Mo.

Wat? Hunneg, sot de Brongen,
Wann ech sat Hunneg wär,
Dann tësch ech nit mam Kinnek!
An iesst dir deen nit gär?

Wann dat ass, sot de Rouden,
-- ech menge, Braun, 't wir Spaass --
Op Féischent weess ech Hunneg,
Nach wuel e Fudderfaass.

O Hunneg! gët mer Hunneg!
Huet du de Bier gesot,
Här Fuuss, ech denken un iech
Beim Kinnek an am Rot.

Zwar fällt de Gank mer
Schwéier, mä Koséng, iech zuléif,
Wat géift dir vu mir denken,
Wann ech net mat iech léif?

Sou sot de Fuuss. Se gungen
Eenzock op Féischent lass.
Dat läit eng hallef Stënnchen
Vum Renert séngem Schlass.

De Roude gong de Viischten,
De Brongen daast em no,
De Fiische war e Schellem,
Dat héiert der elo.

E wosst e Plach op Féischent
Beim Staarke sénger Schmëdd,
Dat war mat Aax a Käiler
Gespaalt bis bal an d'Mëtt.

Se koumen un op Féischent,
Um Himmel stoung schon d'Liicht:
Du sot zum Braun de Renert:
Nu Koséng, kuckt gediicht!

Gesitt dir net dat Plach do?
Do läit et bei der Mëscht.
Séng Bascht ass voller Hunneg;
Nu laaft, streckt d'Nues derzwëscht.

Do wäerd der Hunneg fannen
Sou vill ass wéi der wëllt.
'T ass alles datt de Brongen
Vu lauter Freed net brëllt.

E streckt bis iwwer d'Ouren
An d'Bascht den décke Kapp;
E sicht mam Maul nom Hunneg,
E sicht derno mam Grapp.

Du rappt um Käil de Fiischen,
Datt haart säin Ielbou kléckt.
Wupp! ass de Käil heibaussen, --
De Brongen ass gezwéckt.

Dat huet de Fuuss gekëddelt,
An 't goung dem Bier un d'Fleesch;
De Bier fänkt un ze brommen,
De Fuuss deet Schelmekreesch.

Gelt, Koséng, do ass Hunneg!
Gefällt iech säi Geschmaach?
Mä iesst en hett net all op,
Well muer ass nach en Dag.

Drop jaut en: Hee, um Hunneg!
De Bier hei frësst iech d'Plach!
Di Féischter lousse leien
De Läffel an der Brach.

Se jäizen an se kommen,
Do krut de Bier da Kläpp;
An 't koum e ganze Katzhaf,
Dem Bier entfuere Sträpp.

Den Haans, de Jann, den Hännes,
Den Néckel, Nick a Klos, -
Se koumen all mat Staangen,
Ersierklech war d'Geros:

De Staarke koum mam Wissbam,
Mam Hummer koum de Pitt,
An d'Giedel koum mam Racken:
Si gouwen ës net midd.

De Braun dee sollt vergeeschtern,
Du mécht en nach e Rass:
A blouf d'Paréck och stiechen,
E krut de Kapp dach lass.

E krut eraus och d'Fanger,
Mä d'Händsche blouwen do:
E wänzelt bis op d'Fielsen,
Déi Féischter lafen no.

Zerbengelt an zerhummert,
D'Gesiicht an d'Hänn voll Blutt,
Sou bunzelt en de Bierg of:
Zum Gléck, e foul nach gutt!

Well ënnen ass en Tunnell
An 't koum gerad en Zuch:
De Bier fällt op e Waggon --
Déi Féischter dunn e Fluch.

E Mann, deen an der Bretz war,
Deen ass eraus wuel gär.
E Bier op engem Waggon
Ass iewel nach keen Här.

Am Waggon ouni Billjee,
Am Kelespill en Hond --
Denkt Braun, a léisst sech
Falen vum Waggon op de Grond.

E Jong, deen op der Kiirmes
Geschlo gouf hol a blo,
Dee geet op heem nach besser,
Als wéi de Bier elo.

E geet als wéi op Kuelen,
Barbaresch ass séng Péng.
E fäert de raue Buedem,
A méi nach fäert en d'Steng.

Um Biirdner Hals waart Renert
Bis Dag a laacht sech frou.
Wéi ass et, Hunnegskinnek?
Rifft hien dem Bier du zou.

Mä kuckt, do gouft der Bëschof!
D'rout Käppche steet iech gutt;
Ier Händschen hu mäi wärrech
Eng Faarf och als wi Blutt.

Dir wäerd wuel schuns um Wee sinn
No Roum an zum Konzill;
Bei sou en Expermenten
Ass ierer keen zevill.

Well wat der net am Kapp huet,
Dat huet der an der Stëmm;
A fir e klengen Hellgen
Stousst dir e groussen em.

Gesäi, wat dach den Hunneg,
Mat Brigel iwerzuën,
Aus engem Bier ka maachen!
Do hat der net geluën!

Wien tësch nach do mam Kinnek?
Kuck, kuck de Bier, wi lous!
Gutt Rees! A wann der hikommt,
Da maacht dem Poopst mäi Grouss!

Sou sot de Fuuss, de Schallek,
Du mouch en sech derduerch
Voll Freden no Malpaartes,
An d'Schlënner op seng Buerg.

Mat Wéimern a mat Hipplen
Koum Braun dach endlich drun
Ze triede vir de Kinnek.
De Kinnek rifft en un:

Ass dat de Braun, de braavste
Vu menge Leiden all!
Dat huet gedunn de Renert:
Sai Wierfel ass gefall.

Net heesche wëll ech Kinnek,
Net Kroun nach Sewel dron,
Bis datt dem Fuuss, dem Mierder,
De Kapp ass ofgeschlon.

Här Braun, dir gitt sechs Wochen
No Munrëf an de Bad,
Dann huet ier Haut, ech hoffen,
Sech ganz erëm ersat.

Ech schécken iech méng Doktren:
De Flëpp vum Kuebebur,
De Miller och vu Miirzeg
An d'Mamer Zockerkur.

A gitt mer an en Hotel,
Wou Häre sinn wi dir,
Wi dat zum Groussen Helden,
Mä d'Käschte loosst der mir!

Sou sot zum Bier de Kinnek;
Nun ass et sécher dach,
De Bier goung net no Munrëf,
En ass keen Dag gewach.

E war zevill am Äifer,
Da léisst en sech net zëssen,
Wéi all séng Frënn an Noper
Am Préizerdall wuel wëssen.

Hie selwer wollt nach d'Leder
Dem Fuuss beim Gaalge richten
An huurteg aus dem Liewen
Zum Doud dem Schellem liichten.


Drëtte Gesank.[edit]

Drop léisst de Kinnek ruffen
Erëm säi ganze Rot,
Zéng Riichter léisst e kommen
An och en Affekot.

Ewell d'Affär vum Renert
Dat ass en haarde Knuet:
Se gouwen nammel eneg,
Ze schécken nach e Buet.

A fir de Buet ze wielen,
Dat huet sech streng gemaacht:
De Kiebche krut dräi Stëmmen,
De Kueder krut der aacht.

De Kinnek wénkt dem Kueder,
De Kueder trëtt ervir:
Dir hat e schlaue Vueder,
Här Hinz, dir glaicht him schir.

Nu gitt an drot dës Buetscheft
Dem Renert op séng Buerg,
Datt, wann en net géif kommen,
Et géing em net méi duerch.

Da loossen ech e fänken,
Sai Schlass dat gët besat;
E gët gestrooft mam Stillchen,
Mam Gaalgen a mam Rad.

Der Jomer, duecht den Hinzchen,
Dat Déngen ass net liicht!
E sot duerop dem Kinnek:
Ech fiirchten, 't réisst net nicht.

Ech packe wual en Maischen
Alt zwu an och wual dréi;
Ech menen, hei beim Renert,
Do ass méin Konst verbéi.

Här Kinnek, 't ass en I'r
Vuan iech geschéckt ze gon.
Ween zréck kënnt, wi de Biär
Koum, dee ka vuam Ungléck son.

Sou sot den Hinz zum Kinnek;
De Kinnek sot zu him:
E Mann, dee, wann et misst sinn,
Och op en Haaschtbam klimm,

Deen ass dach och dem Renert,
Ech menge, vill ze lous;
Ech ka keen aner schécken,
A sinn s'och all méi grouss.

Ech kenne kee méi lousen
A méngem ganze Raich.
Dir sid, als wéi ech héiren,
Jo Fuuss an Hues zuglaich.

Du stréilt den Hinz de Schnorres,
E geet wi an de Mäerz,
E setzt an d'Loft de Schwänzchen,
Sou riicht als wi eng Käerz.

Net wäit, du fënnt e kräizwees
Am Pad zwéin Hällem Stréi;
Dat ass en iwwelt Zeechen
An deet dem Kueder wéi.

E koum nun an der Schlënner
Och ëm den Owend un,
Gesouch de Fuuss do sëtzen,
An 't war em net eendun.

An ir e schwätzt e Wiertchen,
D'éischt kuckt en no ër Buch;
E war als wéi erliichtegt:
Do stoungen der genuch.

E schinne gouden Owend,
Foung du de Kueder un,
A wat dir wënscht, Här Renert,
Dat wëllt ech, sollt dir hunn.

De Kinnek 1éisst eech roufen;
Dir sid him stoark verklot,
En hiërt eech gär selwer,
A wat dir doarzou sot.

Mä wann dir net gifft kommen,
Da gif äert Schlooss besat,
Dir giift geholt, gestrooft geen,
Mam Gaalgen a mam Rad.

Är Kanner sollen 't béissen
An ere ganze Stot.
Nu huelt mer näist fir unggout,
Su hot de Liw gesot.

O wëllkëmm hei, mäi Nëwéi,
Sot Renert du zum Buet,
Era kommt bei méng Frächen,
Era kommt bei ier Gued.

Huelt Plaz a kommt iech setzen,
Wat schléit een iech zu Häerd?
Wat d'Haus vermécht, mäi Léiwen,
Dir sid dës Beschte wäert.

A muerge ginn ech mat iech,
An hënt sid dir mäi Gaast;
Nu Fräche, bréng äis z'iessen:
Den Hinz huet laang gefaast.

Gutt iessen a gutt drénken,
Dat ass esou mäi Goût,
An dann eng Amusettchen;
De Rescht ass Tuterlu.

'T gët haut wuel vill vum Denken
Bei domme Leit gesot:
Fir mech -- di schéinsten Iddee
Dat ass en Hämmelsbrot.

Natiirlech ass net allzäit
Esou e Bëssen do,
Net ëmmer ass äis aner,
Här Hinz, den Himmel blo.

Eist Ebel nu, méng Frächen,
Dat muss ech iech geston,
Ass dach eng extra Kächen:
An dat wëllt eppes son!

Se kennt all Schnekereien,
Wat munchereng net weess;
Hir Spëndchen ass kees liedeg:
Mer hunn dat feinst Gebeess;

Mer hunn dee schéinsten Hunneg,
Sou klar als wéi eng Sonn,
An Appelschnëtz, a Molber,
A Wiremcher eng Tonn.

Et misst e winneg kruppen,
En Maische wir mer léif,
Sot Hinz, an nach am léifsten,
Wann s'alt nooch leawe géif.

Eng Maus, sot Fuuss -
En Dausend oder keng,
An alleguerche lieweg,
Ech weess iech der eng Meng.

Da kommt! A vir de Renert,
De Kueder schläift em no.
De Fiische war e Schellem,
Dat héiert dir elo.

Am Stall beim Här Paschtouer,
Lei an der Houserdéckt,
Do hat de leschten Owend
De Fuuss en Hunn gepléckt.

An d'Kächen hat de Fiisschen
Bei hirem Här beschwat,
Deen hat deem du e Seelstrack
An d'Hingerlach gesat.

Den Hinz koum mat dem Renert
Ëm Hallefnuecht an d'Déckt;
De Fiissche weist de Schloff em:
De Kueder awer zéckt.

Du sot de Renert: Nëwéi,
Ma dutt iech keng Gewalt!
Eist Ebel huet nach huerteg
En Iessen ugestallt.

A wann et och keng Mais sinn,
Da sinn et Appelschnëtz.
Du spréngt de Kueder schimmeg
An d'Lach als wéi der Blëtz.

O jerom usch! jaut Kueder.
En hat am Hals de Strack.
Wat ass iech, sot de Renert,
Här Hinz, der huet de Schlack.

Dir musst iech net sou fläissen,
Gelt, d'Maisercher sinn déck?
Gelt, Kiederchen, dat kruppt sech?
Mä iesst se mat Geschéckt!

Vläicht bréngt dem Här séng Kächen
Iech Moschter och derzou,
An och eng Schlippche Mëllech
Vun enger -- hëlze Kou.

Dat Meedche weess, wat gutt ass,
Den Här, dee weess et och:
Dir sid eenzock mäi wärrech
An d'richtegt Lach gekroch.

De Kueder huet vun Angsten
Sech alt am Lach gekrëmmt;
De Fiissche geet mat Laachen
Fort op eng aner Schlëmmt.

De Wollef war beim Kinnek,
D'Fra Gormang war eleng,
De Fuuss geet an hir Wunnecht
A fënnt doheem hir Kleng.

Wéi ass et dann, dir Krotten?
Sot Renert, wéi e koum,
Wou ass dann iere Vueder,
Wou ass séng uersche Moum?

Du spréngt aus engem Wénkel
Hir Mamm op Renert lass:
De Fiissche musst entsprangen,
Si huet sech nogeflass.

Om ale Schlass zu Schibreg
Do wutscht en duerch e Schaart,
Si no - du blouf se steechen:
Du laacht de Renert haart.

De Schallek mécht eng Kéier,
Kënnt hannebäi erëm:
Do deet en ër nach Schmot un
A laacht aus heller Stëmm.

A wéi en dat gestiicht hat,
Du mécht en sech an d'Schlënner,
Op d'Festonk no Malpaartes,
Bei d'Fra a bei d'Gesënner.

An deer Zäit loug de Kueder
Am Seelchen nach, a schlecht!
Säi Wéimren a säi Jäizen
Hat d'Käche schon erwächt.

Déi koum mat enger Lanter,
Se koum mam Biesemstronk,
Den Här werft ëm de Mantel
A kënnt an engem Spronk.

Dee sot: Hues du den Hinnche
Mer niechter hei gefëscht?
Da gët elo dat siwent
Gebott der ees erfrëscht.

E mengt, et wir de Renert, --
Du drescht en op e lass:
Voll Ängschten huet de Kueder
Du d'Seelchen duerchgerass.

E spréngt dem Här Paschtouer
Wi rosen op eng Plaz,
'T ass näischt esou ongiedlech
Op deer, als wi eng Kaz.

Du jäizt den Här: O Gréitchen,
Mäi Gott, ech hu méng Saach!
An d'Käche leeft zum Koschter,
De gudden Här gët schwaach.

Du wëscht duerch d'Lach de Kueder,
All Mais sinn him nu feel,
An iewel muss e schlefen
Bis heem dat louder Seel!

Zwee schéiner grénger Aen
Hat Hinz zum Fuuss gedron:
Nu muss en zréck mat engem
De Wee zum Kinnek fron.

Dee konnt déi Nuecht net schlofen,
War op an aller Fréicht,
Du koum den aarme Kueder
Getoopt dann iwwer d'Héicht.

Ech brauch net hei ze zielen,
Wat du de Kinnek sot.
Hie léisst voll Äifer ruffen
Erbäi säi ganze Rot.

De Kinnek freet hir Menonk,
Se so mat enger Stëmm:
De Renert ass veruurtelt,
Här Kinnek, bréngt en ëm!

Dat goung dem Dachs zu Häerzen,
Et goung em an d'Gemitt:
De Renert ass säi Monnonk,
A sele léit d'Geblitt.

Här Kinnek, sot en, loosst mech
Dir Hären, loosst mech bai!
Zum Renert schéckt nach eemol:
All gudder Déng sinn drai.

Bedenkt, 't ass keen en Engel
Vun denen, déi hei stin:
Ginn d'Schelmen all gehaangen,
Muss Fuuss den éischte sinn?

Sid net onggedëlleg,
Vlaicht huet mai Monnonk recht;
De Bier ass net onschëlleg,
De Kueder net gerecht.

Här Grimpert, sot de Kinnek,
Dir maacht et schlecht esou.
Weil 't deckt ee jo kee Feier
Mat roude Kuelen zou.

Jo, gidwereen huet Feeler,
De Renert deen huet s'all:
Ech louss en zweemol ruffen,
Ech halen net méi stall.

En drëtte Buet, Här Grimpert?
Wiem ass sai Liewe feel?
Den Hinz ass ëm en A kommt,
De Bier ass nach net heel!"

A schéckt dir mech, Här Kinnek,
Da géing déi Saach op d'Enn,
Sot Grimpert, déi zwéi Bueden,
Se woren net behenn.

Wie mat dem Fuuss wëllt danzen,
Huel d'Ae sech an d'Hand:
Weil wien e kritt gelueden,
Deen huet e béise Stand.

De Renert ass ganz héiflech,
Glat Wieder sinn em léif:
Mä 't daarf een hie beileiwen
Net trieden op eng Zéif.

Da gitt a Gottes Namen,
Sot du zum Dachs de Léiw,
A sot, et wär kee Rot méi,
Wann hien net komme géif.

E Kinnek, dee muss denken,
Wann alles ëm e riet;
E Kinnek muss och rieden,
Wann een ëm d'Recht e biet.

Véierte Gesank.[edit]

De Grimpert goung, a reseg,
E koum beim Monnonk un;
Dee souz mat Fra a Kanner
Do ëm e fetten Hunn.

Den Dachs gouf schéin empfaangen,
Säi Monnonk leckt em d'Maul,
An d'Fra an d'Kanner waren
Mat Schnoffien och net faul.

Ech komme, sot de Grimpert,
Iech nun als drëtte Buet,
A géift dir nach net kommen,
Dat wär e grousse Schued.

Dir huet eng eeschtlech Léier,
Dir huet e kluge Geescht,
Ier Kingheet awer, Monnonk,
Verwonnert mech dermeescht.

Datt dir dem Kinnek d'Schnell schlot,
Dat huet ons all ereescht:
Ech musst alt heemlech laachen,
Deen aner gouf et eescht.

De Virsaz, iech ze hänken,
Deen ass beim Kinnek staif,
Dir héift nu wuel ze folgen,
Sonst leit et dach kee Laif.

Ech wëll, sot drop de Renert,
Ech ginn, an nach mat Gléck:
Ech brieche ménge Feinden dach
Alleguer de Réck.

E sot der Fra du Ädjes,
A sénge Knueben och, --
Déi warem an e Wénkel
Vun 'lauter Leed gekroch.

De Renert an de Grimpert,
Se ginn nu mateneen.
De Fiissche goung op laangen,
Den Dachs op kuurze Been.

Se koume bis bei Angsbreg,
Do steet eng kleng Kappell.
Kuckt, Monnonk, sot de Renert,
Wi schweessen ech ewell!

Dachs, wat hunn ech Ängsten,
Mir ma méng Sënde Rei.
Ech wëllt wuel gäre beichten,
Mä 't ass kee Pater hei.

Am Noutfall, sot de Grimpert,
Da beichten ech iech wuel:
Da knéit, bekennt ier Sënden
A nennt mer och hir Zuel!

Confitebor, Dir Pater,
Foung du de Renert un.
Ech hu gefriess munch Pëllchen
A munche fetten Hunn.

Ech hunn den Hinz betëppelt,
De Bier bei d'Bei geleet,
Dem Hänning frouss ech d'Kanner,
Mä d'Fra net, 't ass mer leed.

Ech hunn den Hues beschnëppelt,
Wi dack, ech weess keen Enn,
Hunn zwanzegmol geféischtert
E Scheefche mat den Zänn.

Zu Lëtzebreg ees hunn ech
De Rousekranz gefouert,
An d'Fraen hätte gär mech
Als Heeltem ugerouert.

Du maachen se mech Schéifer
Zu Maarnech op der Strooss,
Do huet dann dack e Lämmche
Mer Läif a Séil gelooss.

A wou ech konnt erdappen
E Bëtschel an em Eck,
Do goung ech mer et schnappen
A schlefen hannert d'Heck.

A koumen d'Baure kloen,
Da sot ech: 't war de Wollef,
A foung een un ze kräischen,
Dann hunn ech alt gehollef.

Op eemol sténken d'Lompen!
'T war duerch en Heeschebouf,
Deen hat méng Grëff a Geste
Gesin, a munnech Prouf.

D'ganz Land war op de Bengen,
D'Néckloshaus an d'Geriichter,
D'Gendaarmen a vill Feeschter
An all déi schro Gesiichter.

Mäi Komper, kuckt, Här Pater,
E frumme brave Krëscht,
Dee koum mech avertéieren:
Du sinn ech dann entwëscht.

Drop huet fir mech mäi Komper
Séng Zeitonk voll geluen.
En hätt, mortjën, mam Schwieren
All Riichter bal bedruen.

E wosst der Saach mech schëlleg
A schwiert, ech wär et net;
Du koumen zwanzeg Lamer,
Déi zeien dat an dët.

Drop gouf ech du veruurtelt
In contumacium; ech duecht:
Dir kënnt mech klibbren,
Sobald ich wiedrum kumm.

Den Hunn goung nach trompetten
Zu Maarnech no der Mass:
Wa mir de Renert hätten,
Mer hänkten hie gewass.

Kleng Sënde loosst mer lafen!
Ech beichten iech déi déck.
De Wollef huet net onrecht:
Ech war em dack ze fléck.

Ech koum dem Bock vun Heischent
Jo eemol u séng Kleng,
Ech paken eent: De Wollef,
Dee wosst déi Saach eleng.

Nun ass de Bock e rauen,
En huet kee gutt Gesiicht;
Fir eng gequellte Gromper
Héil deen een op d'Geriicht.

Ech faart, de Wollef siet et,
Da ging dat Dénge queesch:
Zu Esch, ech wosst, beim Graffen,
Do kouf en all säi Fleesch.

Säi Wee goung laanst méng Festonk,
Du gouf ech muerges uecht:
E war, dat wosst ech ecklech,
Op Esch déi selwecht Nuecht.

E koum. Wéi geet et? sot en.
O Monnonk, wéi et kann.
Wat feelt? A kann ech helfen?
Mä kommt emol eran.

Do loug méng Fra um Palljas
Ze wéimren a gekrëmmt;
Se kann sech gutt verstellen,
Verstitt, do war méng Schlëmmt.

Ech sot: 't si Reimatismen;
Kuckt, wéi dat Mënsch do läit!
Se seet, ech soll se schmieren,
An ech hu guer keng Zäit.

Ech si geruff vum Kinnek;
Ewell e schrouf mer hënt.
'T ass eppes, wat presséiert;
Gär bléif ech, wann ech kënnt.

Géif Dir net wëlle bleiwen
Eng Stënnchen hei beim Bett
A si e bësse reiwen
Mat hei deem Ieselsfett?

Dir sid jo halwer Dokter,
An 't ass mer guer net baang,
Dir waart jo am Freckeisen
An och beim Päerdsklos laang.

O jo, sot du den Dëlpes,
An och beim Hexentréis;
Drop fillt en dann der Kranker
De Bols un Hänn a Féiss.

Weil d'Schmeechlen dreift den Efalt
Him op wi Hief den Deeg;
E wiisst als wéi eng Kochel
Vun lauter domme Streech.

Drop houl ech da mäi Stiefchen,
Ech gouf der Fra eng Bees
A sot, et wäerd sech bessren,
A goung als wéi op d'Rees.

De Wollef goung geheeschlech
Dann u séng Aarbecht och --
Ech koum mat véier Noper
Geschwënn erëm gekroch.

(Well mat em gudde Maufel,
Kuckt, féieren ech méng Hechten
Wi d'Honn un engem Seelchen,
Zum Gudde wi zum Schlechten.)

Méng Fra foung un ze jäizen,
Se rifft no hirem Mann:
Du koum ech mat de Véier
Op eemol jo eran!

A, Knuewlekskleesche, jaut ech,
Wat hues du hei ze dun?
Du Dokter Néirevir!
Dir Jongen, hei gräift un!

Du gouf mäi gudden Dokter
An d'Fanger da geholt;
Ech hätt fir Neibresiljen
Déi Bëss net hale wollt.

Zum leschten du versprécht en
Mer, wat ech wëllt, ze don,
A biet, ech soll ëm Guetswëll
Dach sénger Fra näischt son.

Wann si näischt heivun héiert,
Dann dréig en d'Schléi gedëlleg,
An déit dem Bock zéng Eter:
De Renert wär onschëlleg.

Ech sot: Et freet mech, Monnonk,
A mech erweecht ier Rei,
Well gidweree ka feelen,
Zemol wi dir elei.

Dir huet ier Strof gelidden;
Ech hunn e mëllt Gemitt:
Hei hunn ech och eng Saleft,
Déi kitt der, ir der gitt.

Gesitt, dat ass e Waasser,
Säin Numm deen ass Petroll,
Et kënnt aus Pengselwaniom;
Ech hunn eng Buttel voll.

An domat heelt ee Wonne
Vu Kuglen a vu Schrout,
All Bëss och vun den Honnen --
Kee Jëer kritt iech dout.

Mir huet et dack gehollef,
Ech hat schuns dräi deer Fläschen --
A fir iech gläich ze helen,
Da loosst iech domat wäschen.

A loosst dir gutt iech netze
Vum Kapp bis aus zum Schwanz,
Da kommt dir hei ewechen,
Här Wollef, a mat Glanz.

De Wollef louss sech netzen
Vum Schwanz bis iwer d'Kopp;
Du sot en héiflech Ädjes --
Ech mouch em d'Diren op.

Du rennt mat enger Fakel
Méng Fra em ënner d'Panz:
O hellege Spëtakel,
Wat gouf dat do en Danz!

A Kreesch! a Sprénk! -- o Himmel,
Wat huet en der gedon?
A fort voll Flam a Feier
Wi Elias om Won.

Ech sot: Gelt, dee ka lafen!
Der Däiwel géif e fänken!
E wäerd mer nach eng Zäitlaang
Un d'Ieselsfett dach denken!

Ech louf em op de Virzock
A fond e bei der Sauer
Ze wéimren a potzplakeg
Gesengt, et war en Dauer.

Ech sot: Ma kuckt de Monnonk,
Do louf en aus dem Pelz!
Ma rëselt déi blo Plazen
Och af an do déi Quälz!

Mäi Monnonk ass keen Topert:
Wann hien sech buede wëllt,
Nu brauch en net ze fäerten,
Datt een em d'Kleder hëlt.

Dat nennt ee, wësst der, Monnonk,
Spëdéiert gi mat Glanz;
Wi wäerd d'Fra Gormang kucken!
Do kommt Der wëllkëmm zanz!

Petroll mat enger Fakel,
Dat Mëttel misst ee wielen,
Fir all dee groe Sënder
De Schoofspelz afzeschielen.

Mä sid dir awer roueg,
Ier Fra gët näischt gewuer,
Dir huet jo mat den Hoër
Ier Naupen net verluer.

Aus Fuurcht, ech siet der Fra et,
Musst Wollef sech erbäissen,
Mä heemlech war e rosen,
Genuch fir mech ze zräissen.

De Bock hat soss keng Zeien,
De Wollef war am Wach:
Du blouf dat Dénge leien.
Här Pater, héiert nach!

Zur Zäit emol, bei Harel,
Der wësst jo wuel, dat Duerf,
Do hat de Wollef Gold fond;
En hat et an em Kuerf.

Jëft, sot ech, Monnonk,
Verspäert der net dat Gold?
Ech hätt eng brächteg Këschtchen,
Hei gët et iech geholt.

Ech géif iech d'Këscht wuel léinen,
Well iech esou eng feelt;
Mä wësst der wuel, gesitt der,
Di Këscht ass ugeneelt.

Mä wann dir d'Gold wëllt bréngen,
Se steet bei méngem Bett:
Et ass versuergt dra, besser
Als wann dir 't selwer hätt.

De Wollef bréngt séng Dubblen
A späert s'an d'Këschtchen an,
E stécht an d'Täsch de Schlëssel.
Du goung mäin Ouerjann.

Drop goung ech bei méng Noper
A sot: Et huet en Déif
Mer gëscht gestuel e Schlëssel,
Dee Schlëssel war mer léif.

En ass vun enger Këschtchen,
Dran hunn ech all mäi Gold.
Keen aner als de Wollef,
Deen huet mer dee geholt.

Ech biede, beicht méi séier,
A maacht mer d'Säach méi liicht,
Sot Grimpert du zum Renert:
Wi gung et um Geriicht?

Do ass den Hok', sot Renert;
Gutt Leit hu mir gehollef:
Beim Tausch behoul ech d'Dubblen,
An d'Brigel krut de Wollef.

Mäi Wollef gouf beaarbecht
No läut dem Code zevill:
Ech duecht e spréng zum leschten
Äis bluddeg aus dem Still.

Ech sot: Mä kuckt, Här Riichter,
Do gët de Groe rout;
En ass Republikaner!
Dä schlot den Näischtert dout.

Deen International do!
Mä briecht em Hals a Been!
Dat géif äis och nach feelen,
Kéim deen nach noëneen!

Mer hunn deer Kommunisten
Schuns ouni hie genuch,
Se si fir Räich an Arem
A fir d'ganz Welt e Fluch.

Ech war gewëss jo selwer
Nach allzäit liberal,
Mä wou? a wéi? ä keemol
Ze spéit an net ze bal.

Ech hunn iech um Gewëssen
Nach net emol di Boun,
Ech krut méng Schof an Huesen,
Nach all durch Annexioun.

An du zum Leschte sot ech:
Oä! nu loosst e lafen;
Der hutt e jo gezeechent:
'T wäerd kee fir gutt e kafen.

'T ass alles. Gët, Här Pater,
Mer d'Bouss; ech dun se ganz,
A ging et fir en Ouer,
Och fir mäin halwe Schwanz.

Sou sot de Fuuss demiddeg,
Louss Schwanz an Ouren hänken
A mouch, als hätt e wëlles
Séng Bessronk unzefänken.

Den Dachs zitt déif den Otem
A mécht, als wann e biet,
Da fängt en un ze schwätzen,
Als wéi e Pater riet:

O bessert dach iert Liewen
A schwiirt der Falschheet of.
Sid klug wuel als wi d'Schlaangen,
Mä frumm als wi e Schof.

Demiddeg sid vun Hiirzen
A gläweg wi e Kand,
Gehoujem sid géint d'Geeschtlech;
A riicht iech no dem Wand.

Behutsem sid am Liesen,
Soss geet de Gläf iech fort,
A liest keng aner Zeitonk,
Als d'Luxemburger Wort.

Besonnesch meit den Danzsall,
Dat ass eng weltlech Freed;
Do richt et staark nom Knuewlek,
Mai Kand, als wi mer seet.

A gleeft och net, wat aner
Iech so vum neie Liicht
Well dat versengt de Pelz iech,
'T verdiirft iech och d'Gesiicht.

Dir musst iert A bewaachen,
Wi een en Déif bewaacht;
Ass d'Sonn dee schéinste Stir och,
Mir si fir d'Nuecht gemaacht.

Enthaltsem sid am Iessen,
Am Denken ower d'meescht
A loosst iech giren zéien
Wi Schoofsbléis op de Leescht.

Drop schléit den Dachs en Hallem
Dem Renert op de Fouss
A seet: Dee misst Der këssen
Nach fir Ier heelzem Bouss.

De Fuuss versprécht em alles,
E kësst den Hallem Stréi;
Da schnappt en no ër Maischen
A kuckt no enger Kréi.

E konnt sech net enthalen;
Gesouch en och eng Pëll
Zum Hingerstall entlafen,
Da war en als wi wëll.

An hätt ee mat em Sewel
De Kapp em ofgehan;
Dee wir eeriicht gefluen
Zum Hingerstall eran.

Fënnefte Gesank.[edit]

Sou gungen Dachs a Fiischen;
De Grimpert mécht him Mutt,
An heemlech denkt de Renert:
Vläicht geet et alt nach gutt.

Se koumen u beim Pallaast,
Do bléist de Fuuss sech op:
En hieft de laange Schwanz och
Sech stolz bis iwwer d'Kopp.

E schréckt als wi e Barrong,
Als wi e Prënz duerch d'Strooss;
E steet am Kinnekspallaast,
Als wär den Troun em mooss.

Genéidegsten Här Kinnek,
Sou fung de Renert un,
Vun äis sid dir den éischten,
Am Roden an am Dun.

Vun allen, déi hei ëm iech
Beim Troun am Wee mir stinn,
Sou trei, Dir wësst, Här Kinnek,
Ass keen, wéi ech iech sinn.

Wat ass et, kënnt e Falschen
Mat enger Klo géint mech?
Ech bleiwe stëll an denken:
De Kinnek kennt jo dech.

Haalt stëll, sot du de Kinnek,
Iert Schwätzen déngt iech naischt,
Denkt uen den aarme Kueder,
Um Bier seng éimeg Faischt!

Erlaabt, sot Fuuss, Här Kinnek!
Dem Bier ass recht geschitt.
Wien d'Beie leckt, wat wonnesch,
Wann dien en Aangel kritt?

De Féischter ass de Mann net,
Die sech bestiele léisst;
Ech son och nu wuel selwer,
E gouf ze haart gebéisst.

Ech wollt e jo bekäschten,
Mä hie wollt Hunneg hunn.
Ech hunn em dees gewisen:
Do ass mäin Dank dervun.

Dem Kueder wollt ech Hunneg,
Ech wollt em Bire ginn.
Hie mouch de spatze Mëndchen:
Et misst eng Maische sinn.

Ech wollt emol net matgon,
Ech hunn em vill geschwat.
Hat ech dann och de Strack em
An d'Hingerlach gesat?

De Braun deen ass e Schnekert,
De Kueder ass gelott:
Dat féiert all mäi Liewen
Zu näischt als Schléi a Spott.

Dir huet d'Gewalt, Här Kinnek,
Dir huet s'a béiden Hänn:
Nu loosst mech d'Kloen héiren;
Mer man der Saach en Enn.

Du stungen op seng Feinden,
Et war eng greilech Zuel;
An 't war der méi als zwanzeg,
Et war der honnert wuel.

Do koum de Widder Bläckert,
Den Iesel Ouerjann,
D'Kanéngchen, d'Maus an d'Wisel
An d'Geess mat hirem Mann.

Den Uess a seng Familjen,
De Kueb an d'Int an d'Kréi
D'Kaweechelchen, de Maarder,
Den Hues, den Hirsch an d'Réi.

A gidwereen hat Kloën,
Se bruechten un hir Saach;
Se bruechten al Geschichten
An neier un den Dag.

Déi alleruergst vun allen
Si Wollef, Bier a Kaz:
Déi loussen sech net schwätzen
En Hor déck aus der Plaz.

Mä Fiischen ass keen Topert,
Dee Mann deen huet e Mond!
Se sote wat se wollten:
Hien huet en Auswee fond.

Zum leschte koume Männer,
A Männer vu Gewiicht,
Déi riede géint de Renert;
Du gouf de Fuuss geriicht.

De Kinnek sprécht en Uertel,
Datt munchen heemlech laacht,
De Fiische gëtt gebonnen,
Datt him den Ielbou kraacht.

A Wollef, Bier a Kueder,
Se ginn wi an der Loft,
Den Hiesche schléit e Riedchen,
D'Wëllschwäi vu Frede bofft.

De Kiebche schläift de Schniewel,
An d'Kréi déi juppt mam Schwanz;
De Widder mécht dem Renert
Zum Spott en Dillendanz.

De Réibock steet de Männchen,
E mécht en eescht Gesiicht:
Sou gouf de Fuuss gefouert
Mat Freden zum Gericht.

'T wollt alles hie begleden,
An alles leeft dohin:
All Häre ginn, de Kinnek
Geet mat der Kinneginn.

Bei Angber stung de Gaalgen:
Dräi Staangen un em Nol,
Nu Fiische, sot de Wollef,
Bekuckt ier Plaz emol!

Klammt hardi doënoppen!
Dir sid e frumme Mann:
Nu jitt Der riicht zum Himmel;
'T ass wat ee wënsche kann.

Dir hatt mech jo gefoërt
Mäng Deeg op d'Äis feng brav.
Hei braujcht der néck ze fiärten;
Do trëllt der néck eraf.

Här Fuuss, do ass och Hunneg,
'T ass dees vum Féischterhaff,
Jaut Bier, a wann e gutt ass,
Da werft erof e Graff!

Do uewen hinkt en Maischen,
Sot Hinz, an een mat Speek:
Ä géift der droan erwirrgen,
Éich gif vua Frede Geek.

Ech och, sot du den Hieschen,
Dat géif eng Kanddafsfreed:
Mer géiwen iech begruewen
Op d'Koppeleschter Heed.

De Fuuss gesouch vir Äen
Der Doud do uewe ston;
Hee konnt sech net enthalen,
Hee musst alt nach eng son.

Et feelt iech vläicht nach,
Seet en, un engem gudde Seel?
Ech mengen, do de Kueder,
Dien hat dës Do eent feel.

Hei ass et Freed ze stierwen,
Ech hu jo guer keng Nout:
Dir géift mech gär begruewen,
Mä hätt der mech ees dout.

De Wollef ka gutt sangen,
Den Hues kann d'Uergel schlon,
De Bier deen ass tonséiert,
Dee wäerd mer d'Mass wuel don.

Brav kräische kann de Kueder,
Dat weess d'ganz Houserdéckt;
Dat hunn ech s'all geléiert
An 't huet sech gutt geschéckt. --

Du gräifen se zur Leder,
Se setzen em se schacks,
An alles schloug mat Hand un,
Als net de Nëwéi Dachs.

De Fiissche klëmmt op d'Leder,
En denkt alt wat e kann.
E war schuns bal do uewen,
Du krut en 't an de Sann.

En dréit sech op de Sprëssen
A rifft dem Kinnek zou:
Här Kinnek, dierft ech beichten,
Da stierft ech vill méi frou.

Ech hunn der vill beledegt,
Déi hei nun ëm mech stinn;
Déi biet ech em Verzeionk,
Ir an den Doud ech ginn.

De Kinnek dee bejoozt em 't.
Spirtus mendax,
Sot de Fuuss bei sech,
Stéi mer nu bäi mat déngem Rot.

Du fung en un ze beichten:
Nach als e Menge Knueb
Schuns fung ech un ze stielen.
Dat éischt dat war e Kueb.

Drop holt ech mer e Lämmchen,
Ech schnappt mer hei eng Dauf,
Krut do e Panestäerzchen,
Eng Gäns hei mat der Hauf.

Mäi Papp huet mech gewisen,
Ech hat e gudde Kapp:
Net laang, du konnt ech stielen,
Bal besser wi mäi Papp.

A wéi hien du konnt denken,
Et ginng bal mat mir Bouf:
Du schéckt e mech bei d'Eilen
Am Mëllerdall op Prouf.

Déi wunnen an de Leën
Vu Paaschent bis op d'Sauer:
Se liewen nuets wi d'Schelmen,
Am Do als wi eng Auer.

Ech gung a koum zur Moolzecht
Bei enger räicher Échel,
Mat Schniewel a mat Kloen
Sou kromm als wéi eng Séchel.

Se hat iech och zwee Aen,
Wi d'Glieser vun ë´r Lanter,
Se war gekleet an d'Plommen
Wi d'Schof an d'Woll am Wanter.

Sou souzen hirer zwanzeg
An nach wuel honnert Gast.
Om Buedem loug och z'iessen
Vun allerhand dat Best.

Di Al se housch mech wëllkëmm;
Ech hu mech duergeluegt,
A gläich koum eng deer Fratzen,
Déi mir en Ierdbier bruecht.

Se mouch geléiert Aen,
Se huet ganz héich geschwat
A sot: Dat ass iert Iessen,
Nun iesst iech net ze sat!

Well dat ass d'Häerz vum Iesel,
Die wosst déi Fiiss ze fänken,
Fir un hir Schwänz dem Samson
Seng Fakeln opzehänken.

Du foung ech un ze laachen:
Dat hëlt di Échel queesch,
Se spréngt mer riicht an d'Aen
An deet di ellenst Kreesch.

An all di aner Échlen,
Se koumen op mech lass,
An d'Gäst och, all déi Méchlen,
Se hätte mech gär zrass.

Du hunn ech dann deer Kloen
A Schniewlen iech gespuert!
Ech duecht, ech géif gegrimmelt
An da geworf duerch d'Huert.

Mä, sot ech du, dir Dammen,
Mä loosst mech dach ees schwätzen!
Ech géif jo wuel ganz gären
Um Ierdbier mech ergätzen.

An hat ech och en Zweiwel,
Ech hunn net méi Verstand:
Ech sinn en dommen Deiwel,
En aremt Fuussekand.

Du gouf dann alles frëndlech,
An d'Échlen hu gekluckst;
Di Al foung u vu Freden
Ze kräischen datt se schluckst.

Ech ouss dann du mäin Ierdbier,
A sot: O Mamm, wi sat!
Gott weess, a wat fir Ligen
Ech nach dervun alt schwat.

Du féiert mech och d'Meeschtesch
Méi déif eran an d'Donkelt,
Do huet eng naass-faul Wuerzel
An engem Eck gefonkelt.

Se sot: Géi net dru richen,
Soss brenns de dir eng Wonn.
Well dat, kuck hei mäi Männchen,
Ass d'Mudder vun der Sonn.

Ech sot: Meng léif Fra Échel,
loosst mech hei eraus;
Déi Hëtzt, dat feiregt Blénken:
Ech halen 't net méi aus.

Du weist se mer nach weider
E schéine gëlde Vugel
A sot: Deen do ka fléien
Wéi aus der Flënt eng Kugel.

'T ass d'Bild vum Vugel Guckuck,
'T ka fléie wuer et wëllt,
Mä wéi deem, wou et hiflitt,
Deen do ewech et hëlt!

Du sat ech mech verwonnert
Virun de Vull op d'Knéien
An duecht: Wär ech eleng hei,
Da géif de Guckuck fléien.

An d'Eil fung un ze pus'len
Se kraazt sech ees am Ak
Du stiechen ech de Vugel
Mer heemlech an de Sak.

Du gi mer bei di aner
'Rëm hannescht an de Sall.
Ech sot: Mä kuckt, Dir Dammen,
Wat hu mer hei e Fall!

Do ass de gëlde Guckuck
Mir hier an d'Täsch gefluën.
(Ech duecht: Wou d'Lige gëllen,
Do gët nun och geluën.)

Do gouf et da Gesiichter!
Di Seeche wollt net schmaachen:
Mä ouni d'Wuert ze friessen,
Wat sollten se do maachen?

Du sot di Al: Komm bei mech,
Nu kriss de däin Diplomm!
Se stécht mer op den Hittchen
Aus hirem Baart eng Plomm.

Ech duecht: Diplomm -- di Plëmmchen,
Se ass verfluchte liicht,
A mouch der aler Échel
Zum Dank en dommt Gesiicht.

Do goung ech da mam Guckuck
Op heem zou an net lues:
Ech goung als wi ech komm war,
Well viraus goung meng Nues.

Mäi Papp gesouch mech kommen
(E war als wi e Luuss)
E rifft meng Mamm a seet hir:
De Fiissche kënnt als Fuuss.

Drop louss e mech da lafen,
Bei Dag als wi bei Nuecht,
A sot: Mäi Jong, huel nëmmen
Vir Jeër dech an uecht.

Sou koum ech bis op d'Musel
'T war an der Drauwenzäit,
Do fond ech mech mam Wollef;
En hat eng kleng Schlabäit.

E sot, ech sollt mech setzen,
A frot, wouhier ech kéim;
Ech sot em 't. Mä da sinn ech,
Sot hien du, ieren Éim.

En nannt mer du mäi Pätter
Meng Urgroussmamm a seng.
Ech duecht: 't ka wuel Familjen
Nach sinn, mä s'ass dach kleng.

Du gung ech da mam Monnonk,
Mer hunn äis d'Wuurt och ginn,
Ze delen all Schlabäitchen,
Als wéi zwéi Bridder dinn.

Foung hien e wëlle Béier,
Ech fong dann alt e Schof.
Mä, gleeft mer dat, Här Kinnek,
'T gong spatz fir mech erof.

Ech hätt net kënne liewen:
Zum Gléck, ech hat nach Gold,
An 't hätt een och zéng Maandlen
A méi dermat gefollt.

Du lauschtert ees de Kinnek:
Wat? sot en, Renert, gelt,
Ech hu mech net verlauschtert,
Dir sot elo vu Geld?

Wou krut Dir dat da, Renert?
Drop sot de Fiisschen dann:
Wat soll ech hei vermëmplen,
Wou näischt méi schuede kann?

Dat Geld, wat soll ech léien,
Ech hat dat Geld gestuel
Fir d'Liewen iech ze retten:
An nu -- mäi Loun ass schmuel!

Se wollten iech ermuerden,
A wien, dat wëll ech son;
Dat Geld, dat war hiirt Mëttel,
Dat hat ech all verschlon.

Drop sot de Kinnek: Renert,
Bedenkt dir, wou dir stitt?
An datt dir aus dem Liewen
Net schéi mat Lige gitt!

Duerfir bekennt mir d'Wourécht,
Well ech se wësse wëll;
Erof kommt vun der Leder,
A gidwereen hal stëll!

Sechste Gesank.[edit]

Wann d'Lige fléie kënnten,
Di Renert du erduecht:
'T géif däischter ëm de Mëtteg
Als wi ëm Hallefnuecht.

E sot: De grousse Sigfrid
Vu Lëtzebreg, de Grof,
Deen hat e Geldspill, heescht et,
Vu kengem Gläich erof.

En hat et kritt vum Däiwel,
Deem hat en sech verschwuer.
Mäi Papp, als wi de Sigfrid,
Goung duerch dat Geld verluer.

Et loug enzwou begruewen,
Schuns iwer dausend Jar,
Em d'Uelzecht an de Fielsen,
Ech weess di Plaz net klar.

Och wéi mäi Papp et fond hat,
Dat gouf ech net gewuer;
Genuch, e musst et fond hunn
An du verstoppt enzwuer.

Drop huet en eeschtlech Plangen
Sech an de Kapp gesat,
Vu Republik a Fräiheet,
Etcetra, blous geschwat.

E gouf ersierklech houfreg,
D'ganz Welt war him ze kleng;
Ze go mat Albekannten
Dat war em zou gemeng.

De Bier, den Dachs, de Wollef,
Dat waren du seng Frënn,
A wat déi véier plangten,
Verlauschtert ech geschwënn.

Se sollten iech ermuerden,
Kee Kinnek sollt méi sinn;
Mäi Papp dee war mat Dubblen
Fir d'Käschte gutt versinn.

Se hate fir hiirt Feier
Sech d'Reiser stëll gebrach
A véier Zeitongsschreiwer
Mat schwéirem Geld bestach.

Mäi Papp sollt heemlech dangen
Zaldoten iwerall,
Em d'Ouschtre sollt et lassgon
Op eemol Knall a Fall.

Dat hunn se nuets kalennert
Um alen Hiergerschlass:
Den Hingerdéif an d'Échel
Déi wëssen, wou dat ass.

Ech hat vun allem eppes
Sou halwer schuns mam Läpp
An duecht: Ech kommen awer
Dach hnner iech al Däpp.

Du krute mer en Ierwen,
An 't foul mer an eng Fax:
Wien huelen ech fir Pätter?
Ech holt mäi Nëwéi Dachs.

Ech duecht, do muss dee Quëtschert
Jo stellen all den Dronk;
Mä well en och muss blechen,
Da säift e wi eng Onk.

Ech wielt em eng Gefuedesch,
Di soss seng Freiesch war,
An 't war bei Hand eng Hämmchen
A Kéis eng dichteg Bar.

De Kanddaf gouf gehalen,
An 't war eng lëschteg Uucht;
Am Stëbs war gläich de Pätter,
Do hate mer eng Fuucht.

Och d'Moume gouwe spaasseg,
Se man de Schwäizerdanz
An haten dach hir Gellecht
Mam Dächsche sengem Schwanz.

Ech schwat em an ech fléift em,
Ech holt en op eng Säit:
Du gouf en da granaten --
Ech duecht: Nun ass et Zäit.

Ech fänken un ze frécklen
An dunn, als wësst ech d'Saach:
An hien, e seet mer alles,
A bis op Stonn an Dag.

Ho, duecht ech, ho, dir Hären,
Do rennt dir op e Stack:
Nu, Renert, weis däi Spirit,
A féier s'an de Strack!

De Léiw bleift eise Kinnek,
Dir Häre gët erwëscht,
Gët uecht, dir Kinneksmierder:
Ech krauchen ich an d'Këscht!

Mäi Papp gung heemlech Weën;
Ech duecht: Deen do leeft kromm,
Den Alen ass keen Topert --
De Jongen och net domm.

Ech schlabbert allenennen
Dem Ale luusseg no,
An dack, ech son, Här Kinnek:
Hie war iech net sou do.

Ech loug ees an de Blieder
Net wäit vu sengem Wee,
Du kroch e stëll a fuusseg
Aus enger hueler Lee.

E kuckt emol rondëm sech,
Stoppt d'Lach geheeschlech zou,
Dir hätt geschwuer, Här Kinnek,
De Schloff wir soss enzwou.

Ech duecht: Gesäi den Alen!
Läit do säi gëlde Kallef?
Ech mengen, 't léiert lafen;
Ech traut alt nëmmen hallef.

E goung no etlech Degen,
E sot, et wär fir laang.
Ech wonsch em G1éck an duecht alt:
Ier Saach ass gutt am Gaang.

E goung mam Pelzemantel
Als wi de räichsten Här,
Als wär e Präsident schuns.
(Ech wosst, e wir dat gär.)

En Här, die wëllt an d'Schamber
Vu Baure wëllt genannt,
Die stécht an d'Täsch seng Dubblen
A reest eraus op d'Land.

Keen Duerf ass him ze dreckeg,
Kee Bauer him ze domm;
Kee Wirtshaus him ze niddreg:
E seet: Mäin Äle, komm!

Hei huele mir eng Schappen;
Wat mécht dann ier Madamm?
Wi geet et iere Joffren,
An ierer braver Mamm?

Do sëtzen hirer Honnert,
Den Här sëtzt an der Mëtt:
Di Baure luewen alles
Wat hien e seet a gët.

'T gët Bordeaux a Champagner,
An Zigar'n, Ham a Wuuscht;
A géif en d'Box zum Beschten
E läscht net hiren Duuscht.

Gott Vater lieft net besser
Als wi di Bauren do,
A spréng den Här an d'Feier:
Di Kierle spréngen no.

Do schmit en nei Gesetzer --
An d'Schätzéng muss eraf!
E schwätzt ëm elef Auer
Géint dLompeklack se daf.

E plangt di schéinste Stroossen,
Duerch d'Duerf geet d'Eisebunn,
All Dierfche kitt eng Haltplaz,
An zwou, di schons eng hunn.

E mécht och d'Lieder wuelfeel,
Ma deier mécht en d'Lou,
Späert d'Grenz och, wéi se wëllen,
Bal op an och bal zou.

Mäi Papp war bei de Walen
Dack heemlech bäigekroch;
En hat dat all geléiert,
A léie konnt en och.

E litt a gët zum Beschten,
Huet Geld a béiden Hänn:
Zaldote kitt e moltom
Mat Schniewlen a mat Zänn.

Se hunn sech ënnerschriwen
Op wäisse Pergament.
Wat soll de Kinnek denken,
Wann ech hir Nimm hei nennt?

Et stin deer grousser Hären,
Här Kinnek, ëm den Troun,
Se géiwen iech verroden
Och fir eng Gaardeboun. --

Wi du mäi Papp ereem koum
('T war an der Faaschtenzäit),
Du louf en huerteg kucken
Wou d'gëlde Källef läit.

O Jerom! wat gesouch en?
Säi Källef war entlaf,
Säi Gott war operstanen,
A liedeg fond en d'Graf.

Ech hät mat grousser Aarbecht
Néng Deeg laang dru geschleeft;
Do louge gëlde Saachen,
'T ass keen och, deen et gleeft.

Här Kinnek, wann se hei wir,
Meng Fra, déi kënnt et son:
Se huet mer dru gehollef,
Ech hätt mech dout gedron.

Mäi Päpp deen hat Koräkter,
Säi Wuert och hät e ginn:
Nu konnt en dat net hälen,
Wät musst ech du gesin?

E goung sech drop erhänken --
Ech holt en aus dem Sträck --
Wann ech - duerun denken --
Da kräischen ech -- näch dack.

Sou hunn ech iech, Här Kinnek,
Iert Liewen do gerett:
Mäi Päpp wir wuel gestuerwen
Ouns dat op sengem Bett.

De Kinnek zoug de Fiisschen
E wéineg op eng Säit
Ä sot: Mä weist mer, Renert,
Iert Gold, a wou et läit.

Wät géif et mer och helfen,
Sot Renert du zum Léiw,
Wann ech dem Kinnek alles,
Mäi Geld a Gutt och géif?

E gleeft den Déif a Mierder,
En dreift mech an den Doud,
E léisst meng Frä ä Kanner
Am Leed an an der Nout

Mä wëllt dir mir verzeien,
A gët dir mech hei lass:
Da son ech iech äll Zeechen,
Wou 't läit ä wou et ass.

Verzeit dem Fuuss, Här Kinnek,
Sot lues du d'Kinnegin,
A mouch derbei dem Renert
Eng séier frëndlech Minn.

Verzeie? sot de Kinnek,
Ech glewen em kee Wuert;
Well kënnt vum Fuuss eng Wourécht,
Dann huet en se gestuert.

Bedenkt, sot si, Här Kinnek,
En huet säi Päpp geschännt;
Esou géif keen dach léien,
Deen een e Fiissche nennt.

An denkt dat Gold, déi Saachen
E sot och Iedelsteng;
Wat kënnt een dovu maachen!
An 't schingt, et ass eng Meng.

Du gouf et klor dem Kinnek,
An d'Saach di schéngt em ganz:
Fir engem gutt ze liichten,
Huet d'Gold de beschte Glanz.

E sot: Nun héiert, Renert,
Ech ginn iech nun nach frai,
Mä bessert mer iert Liewen,
Soss ass et dach verbai.

Gott wëll iech dat erstueden,
Sot Fuuss voll Freden du:
Sou räich ass um Äerdbuedem,
Wéi dir, kee Kinnek nu.

Dir kéift den Ierz an d'Minett
Vun Didléng bis no Grass,
Zéng Dunnen déif am Buedem,
Wat drop an drënner ass.

Da kënnt dir nach gutt bauen
D'ganz Giertelbunn eleng,
De Wëlzer an de Fielzer
Derniewent nach eng kleng.

Nu lauschtert hei, Här Kinnek:
Do uewen op der Heed
Bei Beler stinn zwou Biirken,
Keen Haus ass wäit a breet.

Do läit mäi Gold begruewen,
D'Plaz heescht: om kale Räis,
Ganz liicht och ass se fannen,
Well d'Biirke si schluetwäiss.

Just zwëschent den zwou Biirken
Do steet am Buedem d'Këscht:
Ech roden iech, gitt selwer,
'T ass besser, wéi dir wësst.

Drop rifft de Fuuss den Hieschen.
Dee kënnt -- de Renert seet:
Om kale Räis, wou ass dat?
Sot hei, de Kinnek freet.

Du sot den Hues an ziddert
Als wi en Espeblat,
Seng Béinercher, di foulen
Sou séier wéi e schwat.

Äm Éisselek bei Beler
Do heescht eng Plaz esou,
'T sti Biirken drop, a wäisser,
A beienän der zwou.

Se stin op engem Berreg,
'T ass wäit a brät keen Dorref,
All Kraider, déi do wuessen,
Déi gingen an ee Korref.

Do gouf ech dack geängschtegt
Vum Quääsche sengen Honn.
Vill Schnéi ass do am Wanter,
Am Summer winneg Sonn.

Nu gutt, sot drop de Kinnek,
Ma Renert, wéi et schéngt,
Ech fënd déi Plaz dach besser,
Wann dir och mat mer géingt.

Si Ligen opzefänken,
De Fiissche fängt s'am Flock.
Ouns d'Ouren och ze renken,
Sot hien dem Léiw eenzock:

Et ass mer leed, Här Kinnek,
Ech muss op Iechternach,
Well muergen ass Päischtdënsteg, --
Ech son iech dat och nach:

Hei gutt gesot, Här Kinnek,
Mäin Eelste fällt an d'Kränkt,
An 't ass een ëmmer ledeg,
Soubal een duerun denkt.

Well 't ass de léifste Fiisschen,
En huet déi schéinsten Zänn,
E bäisst als wéi en Alen,
E leeft a spréngt behenn.

Sou dack als wéi en owes
Eraus an d'Bëscher geet,
Da ka meng Fra net schlofen,
Dann ass s'an engem Leed!

E klëmmt iech och op Plazen,
Duer kléim deer aner keen;
A wann en do an d'Kränkt féil,
Da bréich en Hals a Been.

Här, d'Nout déi léiert bieden!
Ech hunn d'Gelibd gedon,
Als muer, sou laang ech liewen,
No Iechternach ze gon.

Ech hoffen, 't soll em helfen,
Ewell ech hu mech nach
Vun do no Iewescht-Klausen
An enger Rees versprach.

Ouns dat, da géing ech mat iech,
Ech rode, waart keen Dag,
Well 't hunn der vill gelaustert,
Den Hues huet scho Verschlag.

Nu je, sot de Kinnek,
Wann dat esou sech huet,
Da kann ech iech net ploen,
Da sid dir schlecht geguet.

Drop steet daan op de Kinnek,
A seet zum ganze Rot:
Dem Renert ass verziën;
En huet mer vill gesot,

Wat gutt ass fir ze wëssen;
A muenchen, deen hei steet,
Ka frou sinn, datt de Renert
Nu fort op d'Bittgäng geet.

Ech hu mech hannert villen
Ersierkelech versinn.
An dobai mécht de Kinnek
Dem Bier eng däischter Minn.

Du sollt de Wollef baschten,
De Kueder dréit sech ëm,
De Bier dee kacht vun Äifer;
Mä 't héiert ee keng Stëmm.

De Fiissche koum zum Ofscheed,
Wi alles nach do stung,
A sot: Mir feelt e Ranzel,
Mir feelen zwee Puer Schung.

Soss wär ech féx a fierdeg,
Da méich ech mech op d'Rees;
Mä 't geet een net gutt baarbes:
Do géif een huerteg hees.

An huet een net eng Täschchen,
Dann ass een iwwel drun:
De Bier, deen huet e Paltong,
Do géif e Ränzel vun!

Dat viischt Puer Schung vum Wollef,
Dat hënnescht vun der Fra,
Déi géiwe mech montéiren,
Se sti mer gutt an d'A.

Du räisst de Léiw dem Bier dann
Eng Fatz vum Réck erof
Dem Renert fir e Ranzel:
Et war eng Kinneks-Gof.

Dat viischt Puer Schong musst Wollef,
Seng Fra dat hënnescht ginn:
Et huet een um Äerdbuedem
Nach näischt esou gesin,

Wi do di Déier stongen
Mat wonte Réck a Féiss:
Den dräie war et batter,
Dem Fiissche war et séiss.

Dee stung do nei gestiwwelt,
Mam Ränzelchen um Réck:
D'Geschenker hëlt e mat sech,
Mä d'Lige léisst en zréck.

Den Hues an och de Widder,
Déi ginn e Stéckwees nach
Mam Renert, sot de Kinnek,
Dat hunn ech em versprach.

Du mécht mat Schelmentréinen
De Fuuss seng Aen naass.
En deet als déit e kräischen
A laacht am Häerz vu Spaass.

Drop sot en nach zum Kinnek:
Ech wënschen iech dat Best.
Haalt déi zwéi Verréider
Am stierkste Prisong fest!

Ech fierte fir iert Liewen,
Se briechten 't an d'Gefar,
Well trei huet Bier a Wollef
Um Leif keen eenzegt Har.

E gung mat denen zwéinen,
Gedam als wéi e Schof
Duerch Wisen an duerch Bëscher,
Duerch Feld biergop, biergof.

E schwat als wéi e Pater,
Exempelweis, behenn:
E wosst den Iwegiljem
Vun Ufank bis zum Enn.

A wéi se sollte scheden,
Du sot de Schellem nach:
O gitt, dir guttste Männer,
Bis heem nu mat mer dach!

Well géing der nu schuns hannescht,
Ech wësst net, wat ech méich:
'T gefällt mer ënnerweën
Sou gutt iert frummt Gespréich.

Se loussen sech berieden,
Se koume bei säi Schlass:
Kuckt, Bläckert, sot de Renert,
Wat do e Fudder ass!

Gring Gras a fuerweg Kraider,
Sou héich bis un de Knéi,
Besonnesch wäerde schmaachen
Iech d'Käpp vum wäisse Kléi.

Do kënnt Der iech ergätzen.
Den Hues geet mat eran.
Meng Fra muss mat em schwätzen,
En ass e kluge Mann;

Se huet en etlech Saachen,
Se freet e gär ëm Rot;
Se huet mech schuns ganz hefeg
No sou em Mann gefrot.

Se goungen drop an d'Festonk,
Do gët et dann eng Freed,
Wéi Renert vu Verzeionk,
An duerch seng Lige seet.

E sot och: Hei den Hieschen
Huet d'Kinnnegin geschéckt
Fir iech, dee sollt der iessen:
'Lo gët en dout gedréckt.

Hei goungen d'Dronkenellen
Den aarme Lampert un:
Wär hie gewiescht dobaussen,
Wat wär en ausgezunn!

E wollt alt nach entwëschen.
De Renert spréngt an d'Dir.
E kritt e matt dem Strempel,
A werft en d'Hënnescht vir.

Den Hues foung un ze kräischen,
Du paakt de Fuuss e queesch,
A seet: Vill Jäizen
Verdierft äis nach däi Fleesch.

E räisst em vun de Schëllren
De Kapp mat engem Bass,
Säi Läif huet d'Fuussfamiljen
Op véier Delen zrass:

Fir d'Mamm a fir zwéi Jongen,
Déi véiert fir de Papp,
Dee stécht drop an de Ranzel
Mat Spaass den Doudekapp.

An deer Zäit koum de Widder:
O Bläckert, sid Der do?
Sot Fuuss, da gitt alt viraus,
Den Hues kënnt huerteg no.

Mäi jéngste Sonn huet d'Broscht wéi
Vun engem feele Spronk:
De Lampert kennt all Kraider,
E kacht em nach en Dronk.

Ech schrouf en etzlech Bréiwen,
'T sti wichteg Saachen dran.
Se stiechen hei am Ranzel,
Deen huelt dir mat Iech dann.

Versuergt se gutt, mai Léiwen,
Dir sid en treie Buet.
A maacht net lass de Rimmchen:
De Kinnek kennt mäi Knuet.

Mä wëllt der Iech de Männchen
Da maachen nach bei him,
Dann dutt, als wann dat Schreiwen
Vun iech nach haalwer kuimm.

Ech weess jo wuel, Här Bläckert,
Dir sid vu klugem Aart:
Ech brauch iech net ze wénke
Mat enger Scheierpaart.

De Widder goung voll Freden.
E koum beim Kinnek un;
Deen duecht: Wat gëlt, de Renert
Huet deem nees eng gezunn.

Ech brénge, sot de Bläckert,
E Bréif, dee Renert schrouf;
En huet esou geschriwen,
Wéi ech de Rot em gouf.

De Kinnek wénkt dem Schreiwer,
Du koum de Bock mam Brëll;
Den Hinz mécht op de Ranzel,
An d'Déieren all si stëll.

Do wor e Bréif am Ranzel!
De Kinnek ass erschlon,
An d'Kinnegin net manner,
Huet Renert dat gedon?

Fuuss, o falsche Judas?
Sou rifft mat haarder Stëmm
Voll Rei a Leed de Kinnek,
O hätt ech dech erëm!

Dai Gold ass lauter Ligen,
Du hues mech frech bedrunn.
Aarme Bier a Wollef,
Wär ech hannendrun!

Wat wëllt der lamentéiren?
De Feeler ass nun do,
Sot Réibock du zum Kinnek,
An d'Rei kënnt hannenno.

Dem Renert gouf verziën,
Dobäi war nëmmescht frou;
Dem Proun ass zrass de Pelz geen,
De Wollef koum ëm d'Schou.

Dach weess äich noach e Mëttel,
Dat son äich, wann der 't frot;
Den Träien gët de Widder,
Dee gouf zum Préif de Rot!

Du war de Léiw erliichtert,
Steet op vum Troun a seet:
Se sollen sech en delen,
Ech ginn en dee mat Freed.

De Widder a seng Kanner,
Sou laang main Troun besteet,
Déi sollen di drai friessen,
A bis an Éiwegkeet.

Se sollen sech se huelen
Am Dall an op dem Bireg,
Am Bësch an op dem Flouer,
Am Stall wi an der Pirech.

Dat gitt den Häre melden,
Sot hinnen och mai Grouss,
A sot, mer géiwe hewen
Wi sonst op guddem Fouss.

De Réibock dréit di Buetschëft;
Den Dräien deet et gutt:
Gefriess gouf gläich de Widder,
De Léiw krut neie Mutt.

Fir hinnen ze beweisen,
Wi gutt hien 't mat e mengt,
Gouf du den Dräi zu Éiren
Aacht Deeg nach d'Fest verlängt.

Siwente Gesank.[edit]

De Léiw louss d'Déier ruffen,
Déi grouss als wéi déi kleng;
Se koumen all mat Hefen
A keemol eent eleng.

Zur Fiels am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
Duer koumen d'Musikanten
An d'Sänger all déi best.

Vu Lëtzebreg vun Dickrech,
Vu Wolz an Iechtemach,
Vu Réimech, Gréiwemaacher,
Vu Miersch an Esch am Lach;

Vu Béibreg och, vu Veinen,
An déi vun Ettelbréck:
Je, wann ech s'all sollt nennen,
Da géif mäi Buch ze déck.

An d'Baure vun dem Ëmkreez,
Se koumen all zu Haf,
An eng di gunge séier,
Di aner si gelaf.

Do war eng Meng vu Leiden,
Et koum ee kaum derduerch.
An 't gouf gespillt, gesongen,
Um Maart an op der Buerg.

An owens gouf en Iessen,
Schéin Drénkspréch héiert een,
A munche war zum lesten
Net sécher op de Been.

Vill dausend faarweg Lampen
Hunn op der Buerg gebrannt,
Drop gouf e Fredefeier,
Näischt schéiner ass bekannt.

Sou koumen hei och d'Déier
Fir d'Fest erbei zum Léiw:
An 't wir och net geroden,
Wann eent net komme géif.

Se koumen op de Fliichten,
An 't koumen der zu Fouss;
An déi net konnte kommen,
Déi schéckten hire Grouss.

'T gesouch een d'Réi an d'Hirschen,
D'Wëllschwäin an d'Rär an d'Schnepp
An d'Päerd an d'Schof an d'Ranner
An d'Gäns mat groussen Träpp.

Den Atter, d'Fëss an d'Wisel,
An d'Däreldéier och;
Den Hiirz dee koum gefluen,
De Goldschmadd koum gekroch.

Zum éischte gouf en Iessen
Vun allerhand Geschmaach,
Do war och Häerz wat wëlls de,
'T krut gidweree seng Saach.

De Bier an d'Wëllef souzen
Dem Kinnek un der Säit:
Dat huet déi dräi geschmeechelt,
Mä 't huet den Dachs gehäit.

Zum leschte gouf och Musek,
Dat goung nu fein an d'Rei:
Um Pik'lo spillt de Léiweck,
An d'Grasmësch op der Gei.

Om Waldhuer spillen d'Mäerlen,
An d'Nuechtegailchen d'Flitt,
An no de Musikanten
Sengt Pillo nach e Lidd.

'T goung alles frou a lëschteg,
Dräi Deeg laang goung et gutt,
Du koum erbäi d'Kanéngchen,
Den Duckert, ouni Hutt.

Een Ouer léisst en hänken,
Dat anert war erof:
O kënnt dir dach erdenken,
Sou sot en, Här, eng Strof!

O kuckt, wat huet de Renert,
De Mierder, mer gedon!
A wann ech net entlaf wir,
En hätt mech dout geschlon.

Ech goung haut laanscht Malpaartes,
Ech wollt zu iech heihin,
Do souz de Fuuss ze lauren;
Ech hunn e wuel gesinn.

Ech mouch mech aus de Féissen,
Ech duecht: En ass net gutt.
Du koum en duergesprongen
A schloug mech op den Hutt.

Du Flantes kanns net gréissen!
Du weess dach, wien hei wunnt!
Sou jaut en, an du huet en
Mech nach emol gedunnt.

Mir goung den Hutt an d'Aen.
Du huet en duergebass:
Zum Gléck, ech louss em d'Ouer,
Soss war mäin Doud gewass.

D'Kanéngche wor kaum fäerdeg,
Du koum de Kueb gerannt
E koum a jaut am Fléien
A krasch als wi e Kand.

Här Kinnek! O meng Frächen,
De Renert huet s'erbass!
Här Kinnek, 't war eng Hausfra,
Wi néiren eng méi ass.

Wie fiddert mer meng Kanner,
Wien hält mer déi nu warem?
Se hunn nach guer keng Plommen,
Mäi Gott and Här wi arem!

Mer ware Moolber plécke
Fir si op d'Weller Heed,
Do loug de Renert doudeg:
Äis beiden deet et leed.

Meng Fräche sollt bal kräischen,
Se kuckt em an de Mond;
Vläicht zéig en nach den Otem:
Du schnaapt no hir den Hond.

Ech koum nach op e Bäämchen;
Wi hunn ech do gesiess!
Här, viru mengen Aen
Huet Renert se gefriess!

De Kinnek steet vum Troun op,
Werft of säi Kinnekskleed;
En ass als wéi onsandels,
A schwiert e greilecht Eed.

Dat soll de Renert béissen!
E gët geholt, erschoss,
Gehaangen a verbrannt dann:
Dat ass an 't bleift beschloss!

De Bier an och de Wollef
Déi laachten sech an d'Fäischt.
Mä d'Kinnegin gouf monkeg,
Se sot zum éischten näischt.

Se sot derno: Här Kinnek,
Dir leet iech greilech uen,
Dir musst dach d'éischt och wëssen,
Wat Renert seet dervuen.

En huet eng raich Familjen,
A vill dervu si brav;
Bedenkt, sou géije brécht een
Um Knéi déi Saach net af.

Dat selwecht mengt de Réibock,
De Wollef awer net;
Dee sot: Dir wäerd najch héiren,
Wat aus deem Näistert gët.

Dir losst e léijen a bedréijen,
En trëtt d'Gesetz mat Féiss;
Dir huelt en, losst e lofen,
Am Enn da gët Der béis.

Da fänkt een oon ze dreën
An 't micht een d'Faust am Sack;
'T ass Schad drëm: 't wir en Uermen,
Deen hing schuns lank am Strack.

Äch hoan em 't dack versprajchen,
Äch son et hei ojch najch:
Äch kann em 't néck verkajchen,
Seng Fleet, se kritt ent Lajch.

De Kinnek sot: Se huet et;
Deer Kloe si genoch.
Den Doud verdéngt de Renert
Duerch Muerden a Bedroch.

En huet mech frech beluen,
Mer Kug'l a Kap versprach
A Kräiz a Kraaft geschwuer mer:
An deem verzeit ech nach!

Bei Hand nun all Gewierer!
Nu geet de Sturem lass:
An Zait vu fënnef Degen
Verbrenne mir sai Schlass.

An alles war zefridden;
Dem Grimpert deet er leed:
En zitt sech op eng Saft aus
A schlabbert iwwer d'Heed.

An op a fort duerch d'Bëscher
Op d'Uewerschlënner zou:
De Fuuss musst alles wëssen,
Den Dächschen hat keng Rou.

E fond e bei zwou Dauwen
Do leien an der Rascht,
En hat sech déi gerëselt
Vum Beemche mat dem Nascht.

Ei, Nëwéi, sot de Fiischen,
Wat bréngt dir dann nach ees?
Dir louft iech aus dem Otem,
Dir sid an engem Schweess.

O Monnonk, sot den Dächschen,
'T ass alles ëmmesoss;
Dir gët verbrannt, gehaangen,
An hannendrop erschoss.

Net méiglech, sot de Renert,
Dat deet de Kinnek net.
Hien deet et, sot de Grimpert,
A wësst dir, wat et gët?

D'Arméi ass op de Been nu,
Si stiirmen hei ier Buerg;
De Léiw ass net ze zëssen;
Dir wësst och wuel wuerduerch.

De Kueb, an dann d'Kanéngchen --
Wat hutt Der och geduecht?
Dir hutt de Stréck iech selwer
Jo ëm den Hals geluegt.

Se hunn deen an den Hännen,
E gët och zougezun:
O Monnonk, dir mai Léiwen,
Sou ass et: dir sid drun.

Mä Nëwéi, sot de Renert,
Net méi als wi dat do?
Dat deet mir net e Päftchen;
Ech froen näischt derno.

Well muerge ginn ech mat iech,
Se si mer vill ze domm;
Wat kromm ass, kann ech riichten,
Wat riicht ass, man ech kromm.

Nu kommt eran, da rout der,
Wat sti mer an der Sonn?
Dann iesst der hei di Dauwen,
Se schmëlzen iech am Monn.

Kuckt hei, dat ass en Iessen,
Se sinn dach schludderfett!
Mer sproochen drop eng Stënnchen,
Da lee mer äis an d'Bett.

Eis Fra, se daarf näischt wëssen,
Dir wësst jo wuel, gesitt,
Meng Fra ass zimlech féngslech,
Wi d'Fraleit all, verstitt.

Aachte Gesank.[edit]

Se goungen du an d'Festonk,
De Grimpert holt sech Plaz.
Du sot de Fuuss zur Frächen:
Bréng d'Iessen nu, mäi Schaz!

Se oussen an se dronken,
A käschtlech war all Speis;
Du sot de Fuuss: Mä Nëwéi,
Wat gët dobaussen Neis?

En aner lieft eleng hei an
'T kënnt een net eraus,
Weil 't huet een alt seng Aarbecht
Am Bësch an och ëm d'Haus.

Kënnt nëmmescht ee besichen,
Da gët een näischt gewuer;
Dir kommt alt hin and widder,
Bal hier an och bal duer.

Hei hunn ech, sot de Grimpert,
Eng Zeitonk wierklech nach;
Ech hat mer déi de Muergen an
'Broschtentäsch gestach.

Ech sinn drop abonnéiert
E Jor or zwanzeg schir,
A mécht et iech Pleséier,
Da liesen ech se vir.

Den Dréihals ass Redakter,
Den Uess huet d'Dréckerei.
Se son och alt, hir Zeitonk
Héil kengem seng Partei.

Drop setzt den Dachs geléiert
De Brëll sech an d'Gesiicht.
Da fänkt en un ze liesen
D'politisch Iwwersiicht:

"Et sëtzt en ale Puddel
Beim Feier zu Parais,
E réiert an em Kessel
mat engem Biesemsrais.

De Puddel sëtzt verdrësslech
Mat Raten do am Réck:
E kacht e gir eng Stiirzel
A kitt d'Gekläpps net déck. --

A Spuenjen aus der Spënnchen
Verjoten d'Leit eng Kaz:
Nu danzen ëm d'Paschtéiten
Wuel dausend Mais an d'Plaz. --

Bei Roum do sëtzt ze biichten
E Fräsch beim Schliekenhaus;
De Fräsch dee wëllt e friessen:
De Schliek dee kricht net aus. --

Zu Wéin e kranke Kiebchen
An enger Spaicherliicht,
De géif wuel gire fléien,
Mä 't feelt em un ër Fliicht. --

A Mähe bei Sadowa
Do huet e jongen Huer
Gefaangen d'lescht e Maulef,
An du de Kapp verluer.

Den aarmen Huer gouf geckeg,
Soss war en zimlech weis,
Nu deet en naischt als sangen:
Gottlob, ech sinn e Preiss. --

Dat Liddche kënnt de Rate
Beim Puddel nun ze dack,
Do zraissen déi dem Aarmen
Vu Roserei de Frack.

Nun ass et jo ze fiirchten,
De Puddel géif och Geck,
De Kiebche bléif e Krëppel,
An d'Mais déi fréisse Speck.

An 't kënnt nun och geschéien,
Dem Puddel géif et baang,
De Schliek dee bléif am Haischen,
Dem Fräsch géif d'Zait ze laang.

En anert wär och méiglech:
De Kessel schéisst sech lass,
An 't fléig e glid'ge Stiirzel
Dem Hingerdéif an d'Strass.

Da wëllt de Kiebche fléien
A féil dem Schliek an d'Täsch,
Da streckt de Schliek seng Hueren
An deen erstéich de Fräsch.

E véiert ass nach méiglech,
Wat och geschéie kann:
Den Huer, e fréiss di Raten
A kraazt de Puddel blann.

Da fréiss de Fräsch de Schliek op,
De Kiebche kuckt em no.
Da géiwen dir all Bëscher
An d'Sonn an d'Stire gro."

Mä Nëwéi, sot de Renert,
Ass dat net bal verbäi?
Ech muss iech son,
dat do ass e ganz verfluchte Bräi.

Mir deet et naischt, sot Grimpert,
Ech si gewinnt duerun:
Am Inland looss mer kucken,
A wat se do nach hunn.

"Zu Lëtzebuerg gesait een
Um grousse Knuedlergaart
Drai Kuedren sech zerbaissen:
'T geet fir eng Hameschwaart.

De Schwaarze wëllt se huelen,
En dréig se gir no Roum:
Et géif e feint Puer Suelen
Fir d'Koschtren an em Doum.

De Rouden hätt s'och giren,
Deen dréig se no Berlin.
Se géiwen him eng Wuuscht do
Fir a sai Knapplach ginn.

An zu Parais dem Keser
Sai Mantel huet e Lach.
De Groe mengt, déi Schwäertchen,
Déi géif et stoppen nach.

An dréig hien déi dem Keser
Da wär de Keser frou,
Dee géif him da wuel schenken
Gewëss eng Maus or zwou."

De Fiissche sot mat Gaapsen:
'T ass näischt als Hätt an Hat,
A Wär a Wann: Mä dovun
Ësst keemol een sech sat.

Dat misst mir besser gräifen
Bei sou em Fiederdanz;
'T misst engem fir en A gon,
Deem aner fir de Schwanz.

Et steet näischt dra vu Fiissen,
An duerfir klappt et net.
Se molen an se schmieren,
Kee Mënsch weess, wat et gët.

Ech muss iech eng verzielen
Vum Brudder Langrand dach.
En huet gewunnt a Brobant
A sengem Fuusselach.

En hat net vëlleg z'iessen,
Du duecht en: Wat der Blëtz!
Fir Honger hei ze leiden,
Ass dat da Fuussewëtz?

Du mécht en sech seng Plangen,
De Kärel huet Geschéck:
E werft de Poopst an d'Geestlech
Mat Fiffen op de Réck.

A wéi, dat sollt der héiren:
E mécht sech klerikal
An hëlleft du mat Kniffen
A Gléck bei enger Wal.

Du gouf en da geféischtert,
Gestréilt vun der Partei:
Seng Dir se war fir d'Geeschtlech
Wat d'Zittlach ass fir d'Bei.

E goung all Dag an d'Mëssen
Zu Bréissel an den Doum.
Du sot en ees dem Bëschef:
Ech géing nach gär no Roum;

Ech weess e gëlde Kallef,
Begruewen déif am Sand;
Dat weit un elef Zenner,
An 't läit an Ongerland.

Mä ir ech daarf et huelen
A faassen a meng Këscht,
Muss schrëftlech ech verschenken
De Kapp dem frummste Krëscht.

Ech géif de Poopst gär froen,
Wat hien nu dovun denkt:
Ass hei de Kapp vum Kallef,
Ass mäin domat gemenkt?

De Kapp, sou steet geschriwwen:
Kuckt hei, et liest sech gutt,
Vu mengem Papp geschriwwen,
Ech hunn en hei am Hutt.

Du schléit en dann dem Bëschef
De Ligenziedel op;
'T war alles klor beschriwwen;
Mä d'Plaz, déi stoung net drop.

Déi weess ech, sot de Langrand,
Déi son ech kengem, Här:
'T ass alles an der Uerder,
Wann dat vum Kapp dra wär.

De Bëschef liest d'Beschreiwonk
Nach eemol Rei fir Rei.
Du sot en da ganz frëndlech
Dem Langrand frou dat hei:

Do ginn ech iech mäi Segen!
Jo, ginn no Roum, dir wësst:
De Cardinal Tonelli
Dee kennt de frummste Krëst.

Dee wäerd iech och scho wëssen
Ze son déi Saach vum Kapp,
Eseet iech dann d'ganz Menonk
Vun ierem frumme Papp.

Ech ginn iech och e Schreiwen,
Dat huelt der mat dohin,
Da wäerd der schéin empfaangen
Vum Här Tonelli ginn.

Mäi Brudder goung mam Schreiwen
Nom Bëschef sengem Rot:
Zu Roum do koum e wëllkëmm;
Den Här Tonelli sot:

De Kallefskapp ass d'Menonk
Vun ierem brave Papp:
Wat soll e Krëscht och maachen
Mat engem Fuussekapp?

Nun ass och guer keen Zweiwel:
De Poopst dat ass de Mann,
Deen ee vun alle Krëschten
Dee Beschten nenne kann.

Drop krut de Poopst beschriwwen
De Kapp vum gëlde Kallef,
Aus Dankbarkeet derniewent
Den Hals mat, iwwer hallef.

Du leet de Poopst de Schlëssel
Vum Himmel aus der Hand
A street op d'Ennerschrëft dann
Dem Fiissche Sëlwersand.

E lueft de Langrand eeschtlech,
En nennt en: léiwe Sonn,
A gët dem Fuuss den Adel.
Deen hat du d'Spill gewonn.

En hëlt nach mat de Segen,
An d'Kräizchen, dat e kitt;
E kësst dem Poopst d'Pantoffel,
Laacht heemlech an en zitt.

Drop léint en op säi Kallef
All Gelder, déi e kitt
Bei Welschen a bei Däitschen:
Säin Titel mécht Kredit.

An du e fréie Muergen
Mécht Fuuss sech op de Pull:
Seng Këscht ass voll Milljounen,
Säi gëlde Kallef -- null.

E schruf vun Neiyork aus
Du dem Poopst e schéine Bréif:
E schruf: Här Poopst, mäi Kallef
Dat loug ersierklech déif.

Ech hunn demo gegruewen
Duerch d'Äerd als wi eng Maus,
A koum no laangem Wullen
Zu Neiyork hei eraus.

Hei fond ech du mäi Kallef,
Mä 't ass kee Kapp méi drun:
Nu muss ech awer hoffen,
Dir wäerd zu Roum en hunn.

Mä wann der d'Geld loosst mënzen,
Da loosst mäi Bild drop schlon,
Da wäerden all gutt Krëschten
Nach laang vum Langrand son.

Wann d'Schrëfte stinn in Rebus,
Ech roden, bleift dervun!
D'Onfeelbarkeet fänkt ëmmer
Eréischt bei Wierder un.

Haalt dir iech bei de Wierder! --
Mäi Papp huet dack gesot:
Schéi Riede sinn ze brauchen,
Mä d'Praxis ass den Drot." --

Esou gesitt dir, Nëwéi,
Sou dreiwe mir eist Spill;
A wou mam Krop geschafft gët,
Do ass de Fuuss um Still.

'T ass eeschtlech, sot de Grimpert,
Dir Männer sid dach king;
Ech duecht net, datt e Poopst nach
An d'Fuussefale ging. --

Dem Kinge steet d'ganz Welt op. --
Do kuckt mäi Brudder Raps:
Dee mécht déi graffst Geschäften,
Sot Fuuss, a kee seet: aps.

Sou ass eis ganz Familjen.
Mä Papp huet dack gesot:
Wa Renert wëllt stodéieren,
Dat géif en Affekot!

Meng Jongen, kuckt hei, Nëwéi,
Déi si mer nogeschlon;
An 't kënnt ee mat deen zwéinen
Zing aner siche gon.

Se ma kee Spronk vergiewes,
Se hu gerad mäin Zock;
Se huelen iech e Feldhung
Meng Sexter schuns am Flock.

De Graps, e fänkt säin Hieschen,
De Gripsche schnappt seng Int;
Se brénge wat se fänken,
Sou hunn ech se gewinnt.

Dir Jonge, sid mer wëtzeg,
A gët mer ëmmer uecht
Am Do op Honn a Jeër,
Op d'Falen an der Nuecht!

Se aarden sech, sot Grimpert,
Kuckt, Monnonk, 't mécht mer Freed;
Sollt hinnen eppes Iwwels
Geschéien, 't déit mer leed.

Drop goungen se du schlofen;
Gemächlech war de Lär
Vu Mooss an dréche Blieder,
Sou läit de Grimpert gär.

Dee foung gläich un ze ronken,
De Renert hat keng Rou;
En hat am Kapp Gedanken,
En hat am Réck eng Flou.

E war den aner Muergen
Den éischten op am Haus;
Gläich gouf de Grimpert waakreg,
Dee mouch sech och eraus.

Zur Fra sot du de Renert:
Ech muss zum Kinnek gon,
Mä sid dir awer roueg,
Et huet net vill ze son.

Ech denken, 't war den Duckert,
Deen huet mech nees verklot,
Ech hätt e solle friessen,
Dann hätt en näischt gesot.

Verhaalt iech dat, dir Jongen,
A sid mer kees ze mëll:
Déi Lieweg kënne schwätzen;
Déi Doudeg hale stëll.

A loosst mer keen entwëschen,
'T sief Kiebchen oder Kréi:
Mä gëtt mer uecht op d'Jeër,
Se laure spéit a fréi.

Se laure fréi op d'Huesen,
Steet d'Juegd och am Verbatt,
A kënnt zum Schoss e Fiisschen,
Deen huelen s'och alt mat.

De Renert an de Grimpert
Se ginn nu mateneen:
De Renert wëllt nees beichten;
De Grimpert sicht e Steen.

E geet sech duerop sëtzen,
E potert säi Gebiet;
De Renert krompt sech fuusseg,
Wi hien zum Beichtstull triet.

Néngte Gesank.[edit]

Ech hu vum leschte Beichte
Gedun munch schwéier Sënd,
Sot Renert du zum Grimpert,
Verzeit mer, wann der kënnt.

Ech hunn de Léiw beluen,
Et goung dem Bier un d'Fell,
An d'Wëllef sëtze baarbes:
Ech fierten, dat gët Knäll.

Ech hunn erwiirgt den Hieschen,
Säi Kapp dem Léiw geschéckt,
Ech hat och d'lescht d'Kanéngchen
Beim Hor no doutgedréckt.

Drop hunn ech nach dem Kiebchen
Seng goureg Fra gefriess --
Ech hunn am leschte Beichten
Och eppes nach vergiess.

En Dag emol goung Wollef,
Gebotzt am roude Schal,
Fir d'Wieler ze bestieche
Virun der Schamberwal.

E war versin vum Lupart
(Deem ass keng Stëmm ze deier)
Mat Täsche voller Dal'ren --
Am Plang war d'Ochsesteier.

Mer fonten äis bei Réiser
Net wäit vun enger Mier;
Hirt schwaarzt a mocklegt Fillen
Sproung op der Wiss dohier.

Jëss, wësst ech, sot de Wollef,
De Präis vun do dem Fuel!
Ech géif e gär bezuelen;
Dir gitt a frot se wuel.

Ech goung bei d'Mier a frot se;
Se sot: Du Menge Bouf,
Hei hanne kanns de liesen
De Präis op méngem Houf.

Ech sot: Ech kann net liesen,
De Wollef kéif et gär;
Ech sinn de Kniecht vum Wollef,
Do hanne steet mäin Här.

Se sot: Da schéck hie selwer,
Da gët en ës jo wäis;
Mer sinn och huerteg eneg,
Wann him gefällt de Präis.

Du goung ech dann zum Wollef,
Ech sot: Dir kritt de Fuel.
Se seet, et sting geschriwwen
De Präis op hirer Suel.

Dir wësst, ech kann net liesen --
Et war mer dack schuns leed --
Dir kënnt; da gitt nu kucken,
wéi deier d'Fille street.

Ech liesen, sot de Wollef,
Op d'éischt Gesiicht eenzock,
'T sief däitsch an och franséisch,
An d'Schrëft als wéi den Drock.

Ech duecht: Et huet am Liesen
Sech him wéi mir geschéckt:
De Wollef kann net schreiwen,
Mä 1éie wi gedréckt.

Hie goung zur Mier a frot se:
Wéi deier ass de Fuel?
Se sot: Hei kënnt dir liesen
De Präis op ménger Suel.

Du kuckt nom Fouss den Topert,
An d'Mier déi hieft en op
A schléit dem domme Kärel
Esou eng iwer d'Kopp,

Datt wutsch! den Hutt ewech fuer
An d'Dal'ren aus der Täsch,
Datt d'Stëmmlëscht an all Ziedlen
Gefluë sinn om Päisch.

Se foung drop un ze lafen,
An d'Fille leeft ër no.
De Wollef loug am Tommel
Wéi dout om Buedem do.

Ech goung dohin a frot en:
Huet d'Fille gutt geschmaacht?
'T ass gutt fir op di Moolzecht,
Datt dir e Schleefche maacht.

Dann huet dir iech gesiedegt
Mam Lupart senge Suen?
De Vull war fett, net Monnonk?
'T ass Schued, en ass entfluen.

A gelt, do ware Schrëften!
Ech mengen, 't war gedréckt;
An 't huet sech jo mam Liesen
Och zimlech gutt geschéckt.

Ma d'Drécker waren topeg,
Se haten s'an der Wiel:
Aacht Neel an och aacht Lächer;
Nach eent, dä war der schiel.

Ech danken eisem Herrgott,
Datt ech net liese kann.
Dat geet faméis un d'Aen;
Den Abléck wir ee blann.

An 't ass net mat der Léier
Esou ass wi et schingt:
Se ass nach gidwerengem
Ganz eeschtlech net bedingt.

Déi Mier, déi kennt Methoden!
Dat geet als wéi en Dapp.
Esou behéil en Iesel
Jo d'ABC am Kapp.

Mä wësst dir awer, Monnonk,
'T ass näischt derbäi verluer;
Dir kommt an d'Ochsesteier
A braucht emol keen Huer.

Nëwéi, sot de Wollef,
Wat spott der nach elo?
Ech krut fir d'Léier Flapen,
Mä kees eng wi déi do. --

E goung demo nach mat mer;
En ass als wi e Jouscht,
An allzäit fir e Friessen
Der Éier gär getrouscht!

Du koume mer no Pretten,
An enger Faaschtennuecht,
Do hu mer de Paschtouer
Dann ëm en Hammel bruecht.

Dat gouf eng dichteg Moolzecht,
Den Hammel war féng gutt.
Drop gounge mer an d'Eislek
Mat fonkelneiem Mutt.

Mer haten ënnerweën du
Allerhand Gespréich;
A wann de Wollef sat ass,
Da riet en eeschtlech héich.

Do wosst en ze verzielen,
En hätt zu Mëtteg giess
Emol beim grousse Lupart,
An uewenu gesiess.

E sot: Do si geschwat ginn
Ganz héich politesch Saachen,
Well d'Mëttel gouf stodéiert,
Fir d'Mais all bland ze maachen

A fir se dann ze fänken
Am Schacko vun em Preiss,
De Rescht, dee kënnt ech denken.
Ech sot: Mä sid der weis?

Jo, sot en an dräi Raten
Hunn d'Saach gläich u musst paken,
Se man déi Aësaleft
Vu Kuelestëbs a Schlaken.

Ech sot: 'T ass Iwwerdreiwonk,
Genéischt ass net gedonnert;
Mä géiwen d'Mais gefaangen,
'T wär näischt, dat mech verwonnert.

Se mussen endlech falen
De Lousen an d'Gegrëpps,
Mä d'Schmeechlen an d'Geschenker
Ma méi wéi Kuelestëbs.

Well weist e Menge Gréifchen
Dir op em grousse Blell:
Da lafen duerch den Himmel
Se mat iech bis an d'Häll.

Nu loosst di Lett gewierden!
Wat läit äis un dem Vollek?
Ech muss iech son, mäi Léiwen,
Ech hunn am Geescht eng Wollek.

Mech plot am Hierz e Wurem,
Dee 1éisst sech guer net zëssen.
Ech hunn am Mo den Hammel,
Mä d'Angscht och am Gewëssen.

'T ass gutt, lo kommen d'Ouschtren,
Da wëll ech beichte gon;
Om Misär dem Paschtouer,
Deem kann een alles son.

Vill aner si geléiert,
Se dreiwen ' bis op d'Spëtz;
Deen hei ass ganz natiirlech,
E kuckt net op eng Grëtz.

Him seet een dann och alles;
Bei aanre mécht ee lues:
Et hänkt ee jo säin Efalt
Net alle gär op d'Nues.

Do wëll ech, sot de Wollef,
Wann dat esou een ass.
Mer goungen op de Misär
Den aner Owend lass.

Well 't war op Eilesonndeg;
Du koum fir d'Beicht en Dag --
Mir gounge mat de Millren.
Ech sot dem Här méng Saach.

Ech sot, ech hätt e Lämmchen
Emol aus Nout geholt.
Eng grousseg Sënd! sot hien du,
Dat häss du guer net sollt;

Wiem war et? An du sot ech:
Et war dem Vullejann.
Du sot dem Här: Wat? Vullen?
Du bass e Lamerjann!

A weess de wuel, dat Lämmchen,
Dat muss du hannescht ginn.
Ech sot: Ma Här, dir wësst dach,
Wuer d'Fiiss di Lamer din.

Ech misst en anert stielen,
Da kënnt ech vläicht et dun:
Eng Bouss, Här Préister, gët mer,
Ech man, wat dir wëllt hunn.

Da biet der, sot den Här du,
Déi do Litnei an dës.
A bessert mer Jert Liewen!
Ech sot: O jo gewëss.

Drop koum dann och de Wollef.
Ech souz ze bieden do
A lauschtren hire Wierder
Mat engem Ouer no.

Wiem war den Hammel?
Housch et. Vu Pretten Zärekätt,
Sot Wollef. A wéi um Leif?
Drop sot e: Schludderfett.

Huet nëmmescht der gehollef?
De Fiische krut eng Grëtz,
Dee war derbäi, sot Wollef.
Ech duecht: Hätt dech der Blëtz!

Du sot den Här: Da gees de,
Wéi ees Sankt Mëffert gung,
No Éilerénge bieden,
Mat Ierbsen an de Schung.

Sou sot en an du rifft en
Och mech erëm bei d'Briet
Du krut ech da mat Ierzen
D'Gewëssen och gekniet.

Ech duecht: Do ass nach Mëttel!
Ech wosst eng hënnescht Dir.
Drop koum den Dag. Mer goungen,
Mäin Éimche Wollef vir.

Geschwënn du goung e knoutren,
Mer waren nach keng Stonn:
Esou eng Bouss jo géif een
Net gären engem Honn.

Iesel, wie Paschtéiren
Och blouss en Apel hëlt!
Wien d'Roll huet an de Sieschter,
Ka miesse wéi e wëllt.

Ech sot: Mäi léiwe Monnonk,
Mä hieft dach méi Gedold,
An denkt och, datt ech leiden!
Ier topeg Beicht ass d'Schold.

Mir hunn um fetten Hammel
Ons keserlech ergätzt;
Hei ginn ons nu eis Sënden
Aus Läif a Séil gewetzt.

Op d'Fuesecht kommen d'Faaschten,
Nom Summer gët et Dreck,
Nom Hammel koumen d'Ierzen,
Vläicht kënnt demo de Speck.

De Wollef hippt op Dräien
Alt fort e Schrack or zéng:
E flucht amplaz ze bieden
A wänzelt sech vu Péng.

Mer koumen endlech iewel
Zu Éileréngen un,
Do huet seng Schung de Wollef
Mat Wéimren ausgezun.

Vill Kugle ma vill Lächer!
Den aarme Wollef hacht.
Ma jëmmen, sot ech,
Monnonk, méng Ierbse si gekacht!

Jo, Monnonk, nu gesin ech:
Dir dutt och net eng Grimmel
Fir d'ege Féiss ze spueren,
An alles fir den Himmel. --

Ech hunn esou deergläichen
Vill Schlechtes nach gemaacht
A munche brave Kierel
Dack heemlech ausgelaacht.

Vill Schkura an der Liewer
An d'Ligen op der Zong,
Réi Ierbsen am Gewëssen,
Gekachter an de Schong.

Ech hu mech dack gewieremt
Am Noper sengem Bett,
Geschmiert mäi Liewensfuedem
Mat aanrem hirem Fett.

Ech gung emol ëm Bäerdrëf
Duerch Bëscher ouni Wee,
Du fond ech dann de Wollef
An enger hueler Lee.

Wéi geet et, Monnonk?
Sot ech. Mä kuckt dach, wat en Här
Sid dir ewell, Här Wollef!
Mä dat gesinn ech gär.

Dir huet de Bauch net eidel --
Ech gi vun Honger gro,
Als wéi e Millebeidel
Sou klabbert mir de Mo.

Ech hu mer a mäi Schicksal
Gemaacht e groussegt Lach:
Ech si jo desertéiert
Elo zu Iechternach.

Dir wësst, ech war Ramplassang,
Ramplassang fir e Fochs;
Ech hat e grénge Mantel
An och eng Supjesbox.

Ech hat e Kabesmesser,
Eng Kap och mat ër Flätsch,
E fei gewichste Schnorres,
Sou glat als wi eng Quetsch.

Bal huet et un em Hiem mer,
Bal un de Schung gefeelt;
Well allzäit war de Prä mer
Am Wiirtshaus ugeneelt.

Du koum ech méngem Noper
D'lescht owens u seng Keess;
Ech stieche seng dräi Groschen
An d'Täsch, an du op d'Rees.

Ech gung eluer no Consdrëf,
Geroden do an d'Rull,
A schlon dem rouden Zwackert
En Huer aus mat em Stull.

Du fort. Nu kënnt der denken,
Wi d'Denge mat mer steet;
A sollten se mech fänken,
Et wir mer séier leed. --

Ech sot em all di Ligen --
Dir wësst jo, wéi en ass;
Ech duecht: Da 1éisst den Näischtert
Mer hei säin Efalt lass.

E sot och du verdrësslech:
Mir goung et net vill besser.
Ech war elo eng Zäitlaang
Vum Iessekascht Professer.

Du mouch ech dann eng Foutaise --
Se war e bëssen uerg:
Ech hat den aarme Jongen
Hir Kuuschten am Versuerg.

Mä kuckt, gesitt, dir wësst wuel,
Mäin Appetit ass grouss.
Dat mouch, datt ech deer Kuuschten
Zevill de Jongen ouss.

Eng Zäitlaang konnt ech liewen,
Als wéi am Däich de Fräsch.
Ech musst um Enn dach sprangen,
Kee Groschen an der Täsch.

Ech sot: E Mëttel! Monnonk!
'T ass Fuesecht a geroden:
Lo gi mer no Waldbëlleg
An heesche Fuesechsbroden.

Do muss den Äerchesbauer
E fetten Hammel hunn.
E brauch en net ze schluechten:
Mir man e Brot dervun.

A gitt der mat mer, Monnonk,
Mer ginn op Bëlleg zou,
Do ass all Kand a Këndchen
Beim Fuesechsliddche frou.

Se sangen d'Biergerjongen,
Se maache Paangeschsdeeg,
Se heesche Bir'n a Bounen:
Speck, Äer, mä keng Streech.

All Haus an och all Haischen
Huet do eng lësteg Zuucht,
Beim Paangech a beim Kaffi,
Beim Liddchen an der Uucht.

An Äerches spillt de Wenzel
Beim Danzen op der Gei:
Do geet äis bei dem Lärem
Dat Denge gutt an d'Rei.

De Wollef war zefridden.
Mer goungen d'selwecht Nuecht,
An all méng Plange waren
Zerguttster iwerluegt.

Zu Bëlleg steet eng Scheier,
Net wäit vum grousse Pull.
Se gouf ees kaaft vir altesch
Vum Konzel fir eng Schull.

Den Daach drop ass duerchsichteg,
Säi Stréi flitt uechter d'Duerf,
E passt fir op e Schoulhaus
Wi 'n Triichter op e Kuerf.

An hanne läit s'am Buedem;
Do ass eng Kéistallsliicht.
Du sot ech dann zum Wollef:
Elei, kuckt, ass et licht.

Dobannen ass den Hammel,
Nu sprangt dir do erof,
Dir reecht de Fuesechsbreetchen,
Ech huelen iech en of.

E fluppt nu do erowen --
E fënnt nach net eng Maus.
Du sot ech: Här Professer,
Dir waart allzäit eng Laus.

A, gelt, nun hänkt de Broutsak
Iech vill ze héich um Nol.
Der frousst zum éischten d'Kuuschten
Nu haalt och d'Schoul emol.

Geschwënn du koum bei d'Scheier
Eng Nopesch an der Fréi;
Se féing gär un hiert Feier
A sicht e Gräppche Stréi.

An déi gesäit de Wollef.
Marja Jousebett!
Am Stall de Wollef, jäizt se,
Erbäi, erbäi, dir Lett!

De Koster mengt, 't wär Feier
A leeft an d'Klackenhaus,
A wupp! aus alle Better
Spréngt d'Noperschaaft eraus.

Den Hanes kënnt am Hiemsläpp,
An d'Kätt an enger Schlapp,
De Välten huet de Bok op,
An d'Liss säin Hutt om Kapp.

An d'Jongen aus dem Wiirtshaus,
Se lafen all erbei;
Den Hännes kënnt mam Strécher,
De Wenzel mat der Gei.

Fir d'Saach och opzeschreiwen
Mat munchem louse Sproch,
Koum du mat sengem Bläistëft
Den Nannettsméchel och.

An ech an engem Schlëffchen
Ganz heemlech an der Mauer,
Ech laache mer de Bauch voll
Beim Wollef sengem Dauer.

Ech fierte, sot ech, Monnonk,
Dir sid e Vull fir d'Kaz;
Mäi léiwen Här Professer,
Ech mengen, 't géing fir d'Plaz.

Ma loosst iech dat net leed sinn,
'T ass ierer Plaze keng.
Wat Jiere Mo ze grouss ass,
Dat ass iert Häerz ze kleng.

Mä datt se hei muss faulen,
'T ass Schued dach fir ier Stëmm;
Sou léif iech ass den Otem,
Nu, Wollef, sid der drëm.

Hei, lauschtert, wi se sangen!
Verstitt dir dat Gejäiz;
Ech mengen, 't ass Eeschmëttwoch,
Lo kritt der d'Aschekräiz.

A Stëbs an Äsche waars de.
Nu gëss de Stëbs an Aschen.
Dat ass den Trouscht op Äerden
Fir d'Wëllef a fir d'Fräschen.

Nu héiert wi se brëllen!
Se kennen net ier Nout;
Professer vum Gutt-Liewen,
Heibausse steet dër Doud.

An héiert wi se plangen!
Gelt, 't ass e schéint Gespréich!
De Wollef kuckt géint Himmel.
Ech sot: O, deen ass héich!

Ma stierft dir awer roueg;
Ier Kanner hunn hir Kuuscht,
A mécht ier Fra mech Momper,
Da leiden s'och keen Duuscht.

A sollt ech s'och ersefen,
Da wir de Schued nach kleng,
Ëm desto besser lieften
D'jong Fiiss, an dat si meng. --

Drop wëschen ech dann heemlech
Zum Haarthaff an op Haler.
Jong Huese wollt ech sichen:
Ech foung en etlech aler.

Am Jamerdall, wie koum do!
Mäi gudden Isegrem!
Ech mengt, et wär net méiglech,
E kéim als Geescht erëm!

Ech sot: Mä Här Professer,
Mä ass da schuns Vokanz?
Dir huet de Fuesechsbreetchen
Dat sécher an der Panz?

Nee, sot en, awer Schrouden
Aus méi als zwanzeg Lefen;
Der Däiwel soll och huelen
All Kueschten an all Grefen!

Am Schoulfach, sot ech, Monnonk,
Ass näischt, wat mech verwonnert;
Vill Bessre gung et schlechter,
Ech nennt iech der wuel honnert.

Mä loost iech dat net reien,
Ech son et bei iech zou:
Op iech géif d'Schoulfach leien
Wéi d'Gei op enger Koul.

Sou mouch ech, kuckt Här Pater,
Et deemol mat dem Wollef;
An datt e lieweg fortkoum,
Dat war mer net gehollef. --

Mer fonten drop bei Néngsen
En Iesel gutt am Schlof;
De Stallbock gung drëm weden.
De Wollef schéckt mech of.

E sot: Dir huelt de Stallbock,
Den Iesel ech demo.
De Schallek duecht, de Bauer
Séiz vläicht mam Fisek do.

Ech ginn a kucken ëm mech,
Dat ass esou mäin Zock.
De Wollef géing gär un iech,
Sou sot ech du zum Bock.

E seet, dir wäert e Sténkert,
An nach deergläiche Stéch;
Ech wëllt, dir géift e Meeschter,
Ech hunn en och um Stréch.

Gët uecht, an deet en d'Maul op,
Da rennt ier Huere, jumm!
Bis hannen an d'Gefréiss em,
A bretzt em s'un de Gumm.

De Bock sot: Loosst e kommen!
Ech gung zum Wollef zréck;
A sot: Gesitt der, Monnonk,
Dir maacht elo iert Gléck.

De Bock wëllt mat iech fiechten,
A wann dir Meeschter géift,
Da wär den Iesel ieren,
Deen op der Wiss do schléift.

An 't ass iech eppes Liichtes,
Dir huet e gudden Zock:
Dir dutt zur Zäit de Mond op,
Da rennt iech dran de Bock.

Da bäisst dir him de Kapp of,
Dann ass dat meescht geschitt.
Mä denkt e wéineg u mech,
Wann dir den Iesel kritt.

De Wollef geet de Bierg an
An op de Stallbock lass,
E setzt an d'Loft seng Buuschten,
En ass der Saach gewass.

An dës Säit steet de Wollef,
De Bock déi aner Säit,
Derzwëschent ass den Iesel,
Deen nach am Schlof do läit.

Du holt de Bock den Ulaf,
De Wollef war net faul,
An op dem Iesel krut en
Dem Bock seng Sprëss an d'Maul.

An du geschouch iech eppes,
A lieft ech honnert Jar,
Da géif ech net vergiessen,
Wat dat e Spaass do war:

Erwächt vun dem Gebrësel
Den Iesel op eenzock,
An dës Säit hung de Wollef,
Di aner Säit de Bock.

Wuer rennt der, jaut ech, Monnonk?
Dat geet fir Spuer a Streech,
Ech duecht, dir krit den Iesel,
Nu huet den Iesel eech.

Ass haut da Pällemsonndeg,
Datt dir um Iesel rett?
All Néngser komme géint iech,
An dat si prächteg Lett!

Do gët der schéin empfaangen,
A kuckt, mat Kräiz a Funn.
Zwar mengt een, 't wäre Staangen!
Mä sid net iwwel drun!

Dir huet eng greilech Léier,
Der haalt gewëss eng Ried,
Dat schéckt sech fir déi Eier!
Ech ma mech an de Schiet.

Ech weess net, wéi e lass koum;
En hat de Kapp getéitscht
A sot derno: O Nëwéi,
Do krut ech der gewéitscht!

An do deem Duerf si Staangen!
Wéi hunn se mech gedresch!
Zum leschte blouf ech leien,
Gestreckt als wéi e Fräsch.

Du koumen se dann ëm mech,
All Meeschter, Kniecht a Mod,
A Schéifer a Paschtouer,
A jéide gouf säi Rot.

Eng jausten: Schënnt e lieweg!
Neen, hänkt en un dem Héil!
Neen, mat gelidd'gem Ueleg
Verbrennt em Läif a Séil!

Neen, maacht en Edem,
Jaut du dem Knaps säin Edem haart.
Mä, wat se wollte maachen,
Ech hunn net drop gewaart.

Ee Saz, an ech entsprangen,
An du mer alles no,
Der kënnt wuel denken, Nëwéi,
'T entfoul mer eppes do.

Mech freet et, Monnonk, sot ech,
Mä laache muss ech dach;
Ech héiren iech hei schwätzen,
A g'sinn den Iesel nach.

Sou hunn ech dack de Wollef
Um Nareseel geleet.
Ech hätt et net sollt maachen,
Här Pater, 't ass mer leed.

Mä wann esou e Flantes
Dat Seelchen net gesäit,
Wourun de Brot gestréckt ass,
Deen hannrem Giewel läit;

A schléckt en dann de Maufel
An enger Eil eran,
Fir wuppteg! dann z'entsprangen,
An dann net fort méi kann;

Berdouf! spréngt aus dem Hiirzel
De Bauer op e lass;
Dann hunn ech dack vu Lachen
Mer alt de Bauch bal z'rass.

Dat geet em wi zu Rulijen
Dem domme Jong dërletzt.
Deen hat sech zwëschent d'Trueljen
De Kapp era gebretzt.

E koum wuel a bei d'Lisschen,
M blous bis un den Hals;
Kum war de Vull gefaangen,
Du bruecht de Bauer d'Salz.

Wat sollt een sech verwonnren,
Wnn dat da Brigel gët?
Weil wien esou ka wiirpen,
Deem feelt den Aschlag net. --

Ech hunn de Kinnek selwer
Ëm d'Recht och eemol bruecht:
Ech hat e klenge Gissche
Fir d'Fuesecht mer geschluecht.

De Léiw sollt dovu kréien
Eng Ham an zéng Pond Speck.
Ech duecht: Dat wir gemächlech!
De Renert ass kee Geck.

Dat Recht do hat de Kinnek,
Dir wësst, Här Pater, dat?
Ech schluechte stëll an heemlech;
Mech huet de Bier beschwat.

An d'Garde sollte kommen,
Ech krut dervun e Wand.
Zum Gléck, ech hat e Mëttel
Alt huerteg nees bei Hand!

A wéi méng Hechte koumen,
De Spirert an de Finn,
Du loug mäi Schwäi geboërt,
Net schéiner konnt et ginn:

Gerëscht mat Mëspelblieder
Ganz zougedeckt mat Gras;
Zu Kapp, zu Fouss zwou Käerzen
An d'Pällemstrauss am Glas.

Méng Fra souz do ze kräischen,
Nët besser konnt et gon;
De Spirert an de Finnchen
Hunn d'Kapen afgedon.

Ech gouf en d'Pällemstraisschen,
Se senen iwwer d'Läich.
Wat ass iech da gestuerwen?
Frot Spirert du mech gläich.

O, sot ech, 't ass mäi Jéngsten;
Méng Fra se kräischt sech bland,
An 't war de léifste Fiischen,
E wiirklecht Sonndeskand.

Mä wëllt der d'Läich net kucken,
Wéi schéin en nach hei läit?
loosst et, sot de Finnchen,
Mer hunn net länger Zäit.

Dir huet geschluecht e Schwéngchen,
Verzeit, mer dun ons Flicht.
Dir sid am Iirtom, sot ech;
Mä kuckt, dir Häre, sicht!

Se goungen drop un d'Sichen
Vum Keller bis zur Fiischt
A fanne vun em Fierkel
Och net emol eng Biischt.

Ech sot: Gesitt, dir Hären,
Ech ginn dem Kinnek d'Recht,
Dem Herrgott ginn ech d'Liewen,
Wat drënner ass, wir schlecht.

Mer wësse wuel, Här Renert,
Sot héiflech du de Finn.
Se tréischten nach méng Frächen.
Son Äddéi an se ginn. --

'T ass alles, sot de Fiischen,
Här Pater, wat ech hunn.
'T ass vill ze vill, ech weess et;
Mä wir ech hannendrun!

De Grimpert sot: Da looss mer
Nu lues alt virugon:
Ech son iech ënnerweën dat,
Wat ech hunn ze son.

Dir huet iech schlecht gebessert,
Ier Sënderei ass grouss;
A kommt dir lass beim Kinnek,
Da sid dir, Monnonk, lous.

Ma well der a Gefor sid,
An näischt ze ännren ass:
Erweckt dir Rei a Leed nu,
Ech spriechen dann iech lass.

Mellechs eduor e sab ud;
Newielb remmë te schräw ud,
Nethcieb tad na te sab ud.
Newierdrew tën te rid nnak.

An Amen, sot de Renert,
Nu ginn ech lichter mat:
Déi Sënde lougen engem
Wi Bommen an der Hatt.

Zéngte Gesank.[edit]

Drop schlaufen déi zwéi Kompren
Duerch Gruechten an duerch Sanken.
Se féiren an de Käppen alt
Allerhand Gedanken.

Ma, Monnonk, sot de Grimpert,
Dir dreift et dach ze béis:
Kaum frai, da faalt der ëmmer
Erëm op d'selwecht Féiss.

D'Geleenheet, sot de Renert,
An d'Bäispill maachen d'Déif,
An dee misst sinn en Hellgen,
Deen hett onschëlleg bléif.

E Mann, deen duerch e Bësch geet,
Mécht oft e feele Schrack;
A wie mat Hunneg handelt,
Dee leckt sech d'Fanger dack.

Mä kuckt, 't ass meeschtens Iirtom,
Wann niewelaanscht ee geet,
Wuerfir, wa kee géif feelen,
Wir dann och Rei a Leed?

Den Hiesche war sou mockleg,
En ass dohier getoopt, ech konnt
Mech net enthalen,
Du hunn ech duergekroopt.

Wat soll ech ower maachen?
De Feeler ass nun do;
Well d'Loscht' déi koum zum éischten
An d'Rei koum hanneno.

A wa mer 't och bedenken:
'T läit alles déif am Pech;
Well d'Schelmerei am groussen,
Déi mécht am klenge frech.

Wann s'alleguerte rappen,
No engem ale Sproch,
Um allgemengen Heehauscht,
Da rappt en aner och.

Vun uewenu bis ënnen
Geet Léien a Bedroch,
Vu Roum bis no Hannover,
Wi hei am Ländchen och.

Den Huer, de Bier, de Wollef,
Se stielen, datt et flaamt:
Grouss Schelme gi veréiert,
Di butzeg gi verdaamt.

D'Welt ass e Sak voll Kriibsen,
Wou een deen aner zwéckt;
Di iewescht gi gejuppelt,
Di ënnescht ginn zerdréckt.

Ja, Monnonk, sot den Dächschen,
Wuel wouer ass ier Ried.
Ma bei dem ville Schwätzen
Vergiesst net, wuer der triet!

Friem Feeler kritizéiren
Ass etlechmol wuel gutt;
Bedenkt dir och derniewent,
Wat dir alt loosst an dutt?

Wien d'Gaassen all wëllt kieren,
Dee fënnt dees Dreck eng Mass;
Wien d'Boxen all wëllt flécken,
Behéil seng egen zrass.

E jéide wëllt haut pried'gen
Vum Bauchstull héich erof;
A weess net, datt de Schéifer
Dach kliger ass wi d'Schof.

Sou heescht et, sot de Renert,
Ech gläwen dat souguer:
Well d'Schéifre, kuckt, déi schieren,
An d'Schof' déi gi geschuer.

Wann d'Häre Bire schëdden,
Dem Vollek gët et baang:
Dat gët derbäi als Klëppel
Gebraucht an och als Staang.

Wann d'Kinnécken sech streiden,
Huet d'Vollek d'Saach um Leif;
Dat dengt derbäi als Kugel,
Als Schëld an och als Scheif.

'T léiss vill sech do verbessren,
Ma d'Welt leeft ëmmer kromm:
Wat d'Hären ze behenn sinn,
Da's d'Vollek och ze domm.

Hunn ech e Mengen Hieschen
Om Dësch' da sinn ech frou:
Wie gët dem Léif, dem Tiger
Dann d'Recht nach un eng Kou?

Se so wuel: Fuuss begann dech!
A wëll ech mech begannen,
Da frieren an de Pelz mer
Hir Pratze vir an hannen.

De Räiche kann alt domm sinn,
Da wäerd en nach gedeien;
Ma d'Dommheet bei em Aarmen
Ass guer net ze verzeien.

Déi Topeg halen d'Stroossen.
Fir mech, ech léiwen d'Schlëff:
Am Bësch, do mécht en aner
Déi allerbeschte Grëff.

Ech hunn meng Deeg gelies vill
An allerhand stodéiert
An endlech och dat Giedlechst
Als Grondsaz ausgeschnéiert.

Ech mouch mer eng Scholastik,
Voll Lächer wéi meng Buerg --
Eng Seibar vu Gomm'lastik,
Do bréngt een alles duerch.

Se liicht als wi eng Trauliicht
A keemol op de Grond;
Fir d'Wourécht ze vertoppen,
Näischt Bessres gouf erfond.

Se ass eng fei Magnéitnol
Vun Holz, amplaz vun Eisen,
Drop kann een dann den Nordpol
Do, wou ee wëllt, iech weisen.

Se gläicht dem Klautjesriedchen:
Dra setzt de Mann eng Kaz,
Déi mengt, se géif entlafen,
A kënnt net vun der Plaz.

Verstand kënnt mat de Jaren,
Mir koum en alt mam Baart:
Da kuckt ee groussen Hären
Dack heemlech jo an d'Kaart.

Wann déi Geléiert rieden,
Da mengt een nach, wat wonnesch:
Se hale wuel op d'Bravheet,
Dach op de Su besonnesch.

Se kennen och Scholastik,
An d'Karte gi geluegt:
Do ka kee Streech verluer gon,
Besonnesch an der Nuecht.

Hir Wierder sinn wi d'Waasser,
Dat passt jo an all Dëppen;
Wann d'Iddië gefruer sinn,
Dann dron se s'an de Grëppen.

Stachdaischter man hir Rieden,
Hir Konscht ass bal allmächteg;
Se schmiert iech zou mat Mastik
Ier Aen' a ganz prächteg.

Se kënnen iech beweisen
An do ass näischt ze gecksen --
Heekreep wiren Hellgen,
All aner nëmmen Hexen.

A fänken s'un ze schwätzen
Vun deem, wat d'Mëllech notzt,
Dann hunn se vun all Brachen
Schuns laang de Schmant gebotzt.

Ech hunn aus dene Konschten
Dat Giedlechst mer gesuen
An och bis heihin ëmmer
Mech gutt erausgezuen.

Kuckt, d'Dommheet ass e Gäertchen,
Dra wiisst di beste Speis:
Den Efalt muss ee mästen,
Da gët e keemol weis.

De Schäin, deen ass nun Herrgott,
Dat anert ass all näischt,
A fir e Mann ze weien,
Da leet op d'Wo seng Fäischt.

Et ginn duerch d'Welt zwéi Weën:
Sief Wollef oder Schof!
E gudde Fuuss ass béides
Als echte Philosoph.

Ech dun di ronnsten Eter,
Meng Dote si Gefautels,
Ech wëll am Dréiwe fëschen
An halen op d'Gepautels.

Ech schwätze géint d'schlecht Sitten,
Ech stelle mech skrëpléis
A wieren dach fir d'Schelmen
Um Enn mat Hänn a Féiss.

Wat läit mir un de Sitten,
Hu meng Papeire Kurs!
De schéinste Credo sangen
Meng Dal'ren an der Burs.

Haalt meng Partei, dir Schurken,
A maacht da, wat der wëllt:
De Braavste sief och géint mech,
Da gët en dout gebrëllt.

D'Erfaronk seet mer däitlech:
Fir ëmmer ze gewannen,
Da soll een sech dat Geestlecht
An d'Weltlecht gutt verbannen.

Dat Geestlecht ass mir d'Dëppen,
Dat Weltlecht ass de Brot;
Dat Geestlecht deet ee kachen,
De Maufel ass d'Genod.

Da kann ee frumm jo stielen,
Als wéi de Miller Schranz:
Dee stréckt un d'Molterschossel
En décke Rousekranz.

Mä kritt hien een ze paken,
Deen dréckt en hol a blo.
A wann en d'Schof gefriess huet,
Da schenkt hie Gott de Mo.

A schléit en engem heemlech
De KIëppel knatsch op d'Nues,
Da rifft en haart: Strof Gottes!
An 't goung nach vill ze lues.

A kritt bei enger Quisel
De Geescht emol de Schnapp,
A werft se hirem Hellgen
Seng Schossel an de Kapp,

Da wäerd den Hellge ruffen:
Mäi Gott, déi ass besees,
A mécht all Exorzismen
A Konsten, déi e weess. -

Sou ma scholastesch Ploostre
Mam blanne Maulef Spott,
An ir di recht em bruecht gët,
Ass d'Déier laang kapott.

Den Iesel kann ee lueden,
Sou laang als hien nach trëppelt,
A soll de Bou och briechen:
Alt ëmmer dru geschnëppelt!

Esou gët d'Welt gefouert,
Ech féiren s'och net anescht,
An 't sinn deer Fiiss am Land hei
Net 'leng zu Schlënnermanescht.

Beim Scheefchen an de Wisen,
Do friesse mir mat Gras,
Bis datt et roueg idderzt,
Da ma mir eise Spaass.

Mir ginn och mat op d'Bittgäng
Fir Roum an nach féng wäit:
Mä wann d'Paschtéier wéissten,
Wat äis um Poopst och läit!

Se mengen äis ze féiren,
Mir féiren si um Seel,
Well fir e fetten Hinnchen
Ass Roum a Poopst äis feel.

Blous dat, wat bréngt en Notzen,
Dat hale mir fir weis:
Fransous och beim Champagner,
Beim Rhäinwäin si mer Preiss.

Wat läit mer un dem Kinnek
A wat um beschte Prënz,
Sou laang als ech ka schmëlzen
Mer selwer alt meng Mënz!

Wat ass dann och d'Getreiheet?
'T ass Aarmeletts-Gekniwwels;
Ech man als wi d'grouss Hären
An denken: 't ass näischt Iwwels. --

Ech wëll net weider schwätzen,
En aner muss sech ducken.
Dat sinn déi blannst vun allen,
Déi guer net wëlle kucken.

Sou sot de Fuuss a réckt sech
Op d'Ouer frou den Hutt:
Ma 't war dem Dachs onheemlech
Beim Renert do zu Mutt.

En duecht: Dat ass e wéischten,
A schlechter gët et keen,
Wat soss op zéng verdeelt ass,
Hien huet et beieneen.

Du sot en dann: Kuckt Monnonk,
Ech wëll dat hei iech son:
Wou d'Leit sech all veriren,
Duer soll e Fuuss net gon.

Spréingt dir da glaich an d'Feier,
Wann ech an d'Flame spring? --
Mä wat de Weise gro ass,
Dat ass de Gecke gring!

Well d'Wourécht fiirt um Iesel,
Den Onsënn rennt zu Päerd,
Zum Gudde geet e schlekeg,
Zum Schlechte ganz aläert.

Mer schwätzen all vum Ganzen,
Ma jéide suergt fir sech
A léisst dann d'Wuel vum Ganzen
Och fir eng Maus am Stéch.

Mer pléckten Abrikosen
Un allen Hecke gier,
Wie geet nun ower praffen
Am Bambësch d'Schléiwendier?

'T ass ëmmer wi Nécklosdag,
A Stiede wi um Duerf,
An 't steet bei allen Diren
E groussen eidle Kuerf.

Mer hätten all gier Mëtschen,
Nëss, Appel an e Bild,
Mä 't feelt um Zënnéckleeschen,
'T ass keen, deen dee gier spillt.

An ower d'Biirkerudden,
Déi kommen dënn an déck;
Well d'Land ass voller Noper,
An déi sinn d'Houserbéck.

Frou Määssegkeet ass Kiirmes,
Zefriddenheet erniert;
Ma kuckt, dat ass en Iessen,
Dat nëmmescht méi begiert.

All Schelme wëllen delen
Mer kenne jo déi Knueben --
All Jor, an dann am léifsten,
Wi d'Piissenger hir Kueben.

Se rose géint d'Gesetzer
A liewen ongebonnen,
Dir politesch Schwätzer
Wi domm an onbesonnen!

Dir baut gier Republiken,
An 't feelt iech un de Steng:
Geschiirbels huet der vëlleg,
An Ecksteng huet der keng.

Ons eiropéisch Bieren
Hu vill ze laangeg Patten,
An 't gët keng lëfteg Wuenecht
An onse Kasematten.

Déi schéinst vun onsen Nuesen
Huet Spaweck an de Lächer,
Den Haarki hängt ons hannen
Eraf bis un de Kächer.

Wat d'Freiheetsklucke bréien
Och bei dem beste Wëll,
Gët hei elauter Huenen
An net eng eenzeg Pëll.

Di Leit, déi wëllen huelen
Friem Reitpäerd zwëschent d'Been,
An déi fir hott- an harëm
Hunn Hiirzer als wi Steen;

Di Leit, déi fir e Groschen
Iech réisse vuneneen;
Di Leit, déi all Gesengnen
Hir Hand op d'Ae leen;

Di Leit, déi wëlle werfen
All Kesslen duercherneen,
Sinn dat Republikaner?
Ech menge, Renert, neen.

'T mécht keen en Huesenziwwi,
En hief dann d'éischt en Hues,
An déi dat do net richen,
Hu Klamen op der Nues.

Nu sinn di geeschtlech Hären,
Do gët da vill geschwat:
Deen een, deen nennt se Pafen,
Deen aner Nëmmersat.

Der Jomer, seet en aner,
Begreif déi droleg Zonneft:
Rëljoun hunn s'iweränzeg
An net e Batz Vernonneft.

'T si Kierzenhiercher, heescht et,
An Hexefeierbränn;
Se dreiwe Scharlakunda
Voll Politik um Enn.

A wann se missten iessen
Blann Grompren ouni Speck,
Da géiwe vill wuel hänken
Hiert helegt Kleed op d'Heck;

Hir Täschen hu grouss Schlécken,
Hir Säck hu guer kee Buedem.
Sou falen dack hir Tëtlen
Wi d'Krällen aus em Fuedem.

Ech weess och nu wuel selwer,
'T léisst vill sech driwer son:
Se sinn och hirem Meeschter
Net all jo nogeschlon.

Ma kuckt, se son ons d'Wourécht,
An d'Wourécht mécht gehässeg,
Deer maachen d'Leit Gesiichter
Méi sauer als wi Esseg.

Mir fuerdre vill vun hinnen,
Si fuerdre vill vun ons,
An zwëschen dreeg Bezieler
Ass allzait vill Gestronz.

Ech wëll iech eng verzielen
Vum Mann a vun der Fra.
Hie kënnt eran an d'Kichen,
Si puddelt an der La.

An hire klenge Béifchen,
Dee krabbelt un em Dëppen
A reift seng schéi rout Baken
Voll Rouscht mat béide Grëppen.

Do jaizt de Mann der Frächen:
Du Ruckels, kuck dat Kand!
Ech son, du solls et wäschen!
Ass d'Waasser vlaicht verbrannt?

Du spréngt d'léif Fräche géint en,
Se staipt hir Hänn an d'Sait
A jaizt: Du dreckegt Schuerzfell,
Nu looss mech ongehait!

Wat wëlls de mech vernennen?
Ech son der, schwätz méi lues,
Patréiner vun de Knaschtpäck,
Mat 11 un der Nues!

Nu gët de Männche gëfteg,
Jaizt Rampelfatz a Knëpp!
Do fiirt der gudder Frächen
D'Gedold dann aus der Strëpp.

Se hëlt e Grapp am Äschdoch
A werft em deen op d'Lëffen;
De Männche lääft zum Kessel,
Hëlt Rouscht mat béide Grëffen

A reift sai Rousenengel
Sou schwaarz als wéi en Héil.
En Noper koum, do sot en:
Do hutt der wuel, meng Séil!

Mat Botzen a mat Wäschen
Do gët kee Bauer raich;
Nu sid dir schéin zefridden
An allen drai iech glaich.

Esou, gesitt wuel, Monnonk,
'T ass kee vun ons gedëlleg;
Ass Strait an engem Hausstot,
Si Mann a Fra dru schëlleg.

'T bleift vill derbai ze wënschen;
Mir sinn ze vill oniirdeg,
An d'Geeschtlech man alt Feeler,
Soss wär dat Schéinst jo fierdeg.

Kuckt, wann s'och féiert d'Hénkel,
Da bleift en Hong dach d'Kluck;
E Geeschtlech ass keen Engel
An och keen Hingerjuck.

Ma kënnt e Mann mer d'Prouf man,
Se wire Wollefsbeem
An hien dréit Härebiren,
Dann héil ech alt mat deem.

Ech wëll di Sach verglaichen
Mat engem Bur am Flouer,
Geféiert bis op d'Wäsch iech
An d'Kichen duerch e Rouer.

Wann nu vum klore Bierchen,
Deen duerch de Rouer spillt,
Sech lei an do e Fräschchen
Och an dem Rouer zillt,

A kënnt de Fräsch un d'Wutschen
An d'Waasser bréngt e mat:
Wat sollt dir iech entbutschen?
Dir schäfft en aanre Patt!

Dir werft net zou e Biirchen,
Well d'Waasser ass ze gutt! --
Nu follegt engem Wiirtchen,
Da wësst der, wat der dutt:

Donk aanre wi dir selwer,
Da'ss d'Wuerzel an de Bam.
All Beemchen huet och Blieder,
Déi fléie wi den Dram.

Dat Wuert ass net geléiert,
'T versteet et gidwereen;
Ma hu mer aus tornéiert,
Da follegt em bal keen.

Géint aner jaizt mer: hareg!
Vu sech do schwätzt mer lues,
An 't hätt ee vëlleg Aarbecht
Mam Schnapp a senger Nues.

Mer kënnen all schéi schwätzen
Als wi eng Geieseet;
Ma d'Wollefsschwänz verstoppe mer
Heemlech ënn'rem Kleed.

Mer glaichen den Ältären,
Esou gemunnt et mech:
Vir hu mer blénkeg Fuerwen
An hanne Wuremstéch.

Mer hunn als wi al Triichtren
D'Gewëssen all zerbëlzt;
Gitt un de Beschte richen,
Da fant der, datt e wëlzt.

Der laaft dem Globjeskrëschtes
Och dës Sait aus de Féiss
Da gët den Här Bonjour iech
Do iwwer méi haart Stéiss.

Sou ass et an sou bleift et,
An d'Welt ass iwwel druen!
Mer wëllen d'Saach verbessren
A fänke queesch et uen.

Friem Feeler auszeschniewlen
Do si mer ganz mändéideg:
Den aanre gi mer d'Brigel,
Mir selwer hunn se néideg.

Héil gidwereen sain Hausstot
Sou renglech wéi e sollt,
Da wär am Land op eemol
All Schmotz ewech geholt.

Sou fonten se ze sproochen
De ganze Wee genuch;
De Fiissche schwat als Schellem,
Den Dachs als wi e Buch.

Om Plankebierg bei Blaaschent
Begéinen se den Af
Mat senger Këscht om Bockel;
E goung als Photograph.

De Léiw hätt gär e Portrait
Vun engem Liberalen,
Die grad op d'Volleksfräiheet
Als wi op seng géif halen.

Och wënscht en sech en Älbum
Vun alle Gottgeschenken,
Déi un de Klackeseler
Als Wahlpatréiner hänken.

Dat Éischt ass dënn ze richen,
Vläicht sicht een 't ëmmesoss,
Déi aner si ganz hefeg,
Besonnesch déi vu Goss.

Du sot den Af zum Renert:
Här Fuuss, wi geet et? Gutt?
Sieft dir guer net ledeg
A schäfft dir frësche Mutt!

Dir huet nach Frënn, dat wësst der,
A méi nach als et schingt.
Ech brauch iech net ze rieden,
Wivill schons een iech dingt.

Do ass meng Fra, onst Babel,
Déi steet beim Kinnek breet;
A kann se lass iech maachen,
Dat wär fir si eng Freed.

A braucht dir och zéng Zeien.
Dir kritt se: dir huet Geld,
An domat dreift een d'Wourécht
Duerch Ligen aus der Welt.

Ech danke, sot de Renert,
Här Mäerten, fir de Rot;
Gutt Réit si wuel ze brauchen,
Als wi mäi Papp dack sot.

Se goungen an se koumen
Beim Kinneksschlass och un.
Vill Mutt krut do de Grimpert,
De Fuuss war iwwel drun.

Kuraasch! sot Dachs zum Renert,
A weist iech hei als Mann!
Bedenkt nu, datt de Kingen
Sech d'Gléck erzwange kann!
 
Bedenkt, all Schrom dee lait nun
Om Dësch an engem Streech,
Tromp-Äss dran, Fuuss! a sid mer
Am Léien dach net weech!

Der huet et vun der Échel,
Nu maacht och, datt et dingt,
An huet der den Tromp-Äss net,
Da maacht en aus der Ningt!

Elefte Gesank.[edit]

Am Schlass hieft Fuuss de Schwänzchen
Sou riicht als wi e Poul,
Geet matzen duerch seng Feinden
Eeriicht zum Kinneksstoul.

E setzt sech duer op d'Knéien,
De Kinnek kuckt ewech.
De Fuuss fängt un ze léien,
An all Äbléck méi frech:

Här Kinnek, kënnt dir liesen
Op jéidem senger Stir,
A stéing hir Schold
Geschriwwenop allen hirer dir;

Kënnt dir an d'Häerzer kucken
Wi an eng Wisebaach:
Da kéim elo meng Onschold
Hei huerteg un den Dag.

Da géif dir menge Feinden
Hir Falschheet klar gesin,
Déi fréi a spéit hei géint mech
Mat hire Kloe stin.

Hal stëll! du schlechte Kirel,
Sou sot de Kinnek béis,
Déng Doten, déi si batter,
Déng Rieden nëmme séiss.

Ech hunn nun denger Ligen
Genoch an dees Geschwätz;
Du gës mer nu veruertelt
No Laut och vum Gesetz.

Genéidgen Här a Kinnek,
Sot Renert do zum Léiw,
Bedenkt, wat ech gemaacht hunn
Meng Deeg laang iech zu léif!

Wann aner Raute wénkten,
Da stoung de Renert fest;
A wann dir mech veruertelt,
'T wir net fir iech dat Best.

A mengt dir, wir ech schëlleg,
Ech stéing dann och elei?
Am Éislek fënd ech Plazen
Méi sicher wi déi hei.

De Grimpert koum mech ruffen,
Du koum ech da gelaf;
Um Plankebierg bei Blaaschent
Begéinte mer dem Af.

Dee sot: Här Fuuss, gitt hardi,
A wiert iech, wéi der kënnt.
Ech weess mech, sot ech,
Komper, ganz fräi vun aller Sënd.

Nu fannen ech, d'Kanéngchen
Dat huet mech hei verklot,
An dir sid béis: Ech denke,
Keng Wourécht gouf gesot.

Ech souz mat menger Biwel
Bei menger dir doheem,
An d'Vigelcher se songen
An Hecken an op Beem.

Ech sin e Frënd vum Fréijor,
An 't mécht mer ëmmer Freed,
Wann d'Réi do ëm mech sprangen
Wi d'Lamer op der Heed;

Wann d'Huese stin de Männchen
An d'Duerteldaifche sengt;
Wann d'Dréischel hire Jongen
Am Nascht hiert Iesse bréngt.

Den Hunn geet mat den Hinger
Am Bësch dann op an zou;
An op dem Milleweier
Do schwammen d'Inte frou.

Wie soll dann net vergiessen
De Wanter a seng Nout?
Ech souz an deer Betrachtonk
Em d'Zäit vum Owebrout.

Du koum dohier den Duckler,
E gréisst; du sot ech dann:
Ma gitt net laast hei, Komper,
A kommt dach mat eran.

Dann huelt der eppes un iech,
Frësch Krädder an eng Kuuscht;
Ech weess, dir iesst keng Fleeschspeis,
Soss briecht ech och eng Wuuscht.

Hie koum. En ësst, mir sproochen,
Mer hunn nach vill gelaacht,
An alles huet dem Komper
Och séier gutt geschmaacht.

Mä wësst der, Här, meng Kanner,
Déi sin, wi aner sin;
Se wëllen ëmmer iessen,
Soubal s' e Ruecht gesin.

Se kucken dem Kanéngchen
A senge Mäifel no;
Entfoul em dann eng Grimmel,
Wupp, war mäin Eelsten do.

Mäin Eelsten ass e flénken,
De Jéngsten ass net faul;
Op eemol heet de Komper
Deem Klengen eng op d'Maul.

Do gouf den Eelste rosen,
En hëlt de Mann mam Krag,
An 't goung em fir en Ouer;
Här Kinnek, do ass d'Saach.

Et war mäin Haus, meng Guttheet,
Meng Kanner a mäi Brout;
Ech hätt se loosst gewäerden,
Da war d'Kanéngchen dout.

Ma ech erwëschen d'Jongen,
A weider net gefaxt,
Ech werfen s'ënner d'Siddel,
Dee Klengen huet gequackst.

Kuckt, wann een ass onschëlleg,
Dann deet d'Verkloë wéi,
An 't wiert een sech op d'Ongescht
Géint Karmësch oder Kréi.

Se wëlle mech verdillgen
Mat Fra a Kand a Knueb.
Sou goung et mam Kanéngchen;
Wéi goung et mat dem Kueb?

De Gakhans huet d'lescht traureg
Op eiser Fiischt gesiess,
E sot, seng Fra déi hätt sech
U Fëschen dout gefriess.

Ma wou, a wann? Wat weess ech?
Ech gouf net weider uecht;
Wat gëlt, en huet nach selwer
Dat Mënsch ëm d'Liewe bruecht!

'T ass liicht e Mann verkloen,
Ech fuedren hei Bewäis;
Ech loosse mech net féiren
Als wi e Schof op d'Äis.

Wie wëllt mech nach verkloen?
Dee komm, nu stin ech hei!
A kann en näischt beweisen,
Da schlo mer äis elei.

Nu stounge senger Feinden
Vill do mat laanger Nues;
Déi haart sonst géint e jauten,
Se schwaten nu féng lues.

De Kueb an och d'Kanéngchen,
Déi mouchen sech ewech,
Se soten sech: Dat Déngen
Dat richt verflucht nom Pech.

Wi sollte mir äis meeschtren
Mam Fuuss? Dat ass kee Spaass!
Mir missten do jo bäissen
Dach ouni Feel an d'Gras.

Ma béis stinn do ze kucken
De Wollef an de Bier.
De Kinnek sot: Wie Kloen
Nach huet, dee komm nu Her!

Du duechten déi zwéin Helden
Datt Fiechte lett kee Läif.
De Renert ass e Flénken,
Ma Bier a Wollef stäif.

Se stoungen do ze zécken
A maachen d'Fauscht am Sak;
Dem Renert säi Gewëssen
Blouf haart als wi e Wak.

Gesitt der, sot en hardi,
Mir maachen s'op de Réck,
Ma sollten s'et beweisen,
Da sinn se net méi fléck.

Abbee, sot drop de Kinnek.
Da bass de nach net lass.
Wien huet dem brave Lampert
De Kapp erofgebass

An deen zum Spott mam Widder
Geschéckt am Ranzel mir?
Ech louss de Widder déiten,
An d'Schold bleift, ScheUem, dir.

Du hues mech frech beluen
Mat Bittgäng a mat Geld;
Kurzëm, esou en Naischnotz
Dee schaaft een aus der Welt.

Här Kinnek, sot de Renert,
Wou steet mer mäi Verstand?
Ass Lampert dout? O Bläckert,
Waars du dat do amstand!

Konns du den Hues ermuerden?
Miserabelt Gold!
Ech hat em jo de Ranzel
Mat Iedelsteng gefollt

A mat de schéinste Saachen
Fir iech an d'Kinnegin.
Wiem soll een nu nach trauen,
Wa Bläckert dat konnt dinn?

Net héire konnt de Léiw méi
Dem Phariseier no:
E goung a seng Gemaacher
A fond seng Fra och do.

A bei hir war och d'Babel,
Dem Af seng aartlech Fra;
Si huet en dichtegt Mondstéck
De Léiw op si en A.

Déi sot: Mäin Här a Kinnek,
Der maacht iech vill Verdross,
An 't wär, mech uenzehéiren,
Vlaicht guer net ëmmesoss.

De Renert ass mai Koseng,
An 't ass e kluge Mann,
An deen een an dem Konzel
Net gutt entbiere kann.

Et ass an deer Familjen,
Sai Papp wor och gescheit;
An 't koumen och wuel Kloë
Géint hie vu falsche Leit.

Mä 't konnt een op en zielen
Als Diplomat am Rot,
An iere Papp huet allzait
Seng Menong him gefrot.

A braucht en och eng Schlëmmtchen,
Wéi dat jo dack geschitt,
De Fiissche bruecht se flirdeg,
Wéi Lentz an Dicks e Lidd.

Esou ass och de Renert.
E riet als wi gedréckt.
Wou huet dir fir Gesanten
Een, deen sech besser schéckt?

De Bier an och de Wollef,
Se suerge blous fir sech,
A géif et naischt ze schlécken,
Se léissen iech am Stéch.

Se schmiren d'Vollek ëmmer
Mat sengem eg'ne Fett.
Se schreiwe grouss Artikeln
An dës an déi Gazette:

Do wëssen se ze plangen
Fir d'Land bal dët an dat,
An hunn um Enn dach ëmmer
Fir d'egen Täsch geschwat.

'T ass een als wi deen aner,
Wi d'ganz Familjen ass,
An iwwerall erkennt der
Dann och hir Wollefsrass.

Dir kennt se, wann se pléien:
Do fierchten se keng Maark.
Schwaach sin s'och am Bezuelen,
Am Fuedren ower staark.

Dir kennt se, wann se delen:
Do hunn se guer keng Mooss;
De Wollef hëlt sech d'Brocken,
Deen aanre léisst en d'Zooss.

Beim Wane lait Saint hannen,
Beim Dreschen ower vir.
Dir sid eng Klensch him schëlleg,
Da bréngt en iech ëm d'Dir.

A fällt e gudde Kirel
De Lëmmlen an d'Gegrëps,
Deem drécken se dann d'Hiirzblutt
Eraus bis op eng Drëps.

Sin s'eemol an der Schamber,
Dann hunn s'et an der Hand:
Se kéiren op hir Millen
Sech d'Buren all vum Land.

Op d'Gripsen an op d'Grapsen
Hunn s'ailzait hiirt Gebiichts;
A mécht een deer ee Koschter,
Da stielt e sai Geliichts.

E schwätzt da géint de Mammon,
E fiddert sech de Krapp;
E weist mam Daum géint Himmel
An hält de Su am Grapp.

Ech kënnt iech der verzielen
Vum Wollef bis zur Kaz.
Déi Mëttel, déi se wielen!
Ma hei ass net di Plaz!

De Renert ass onggiedlech,
Hie kuckt dem Déngen no;
A mécht dann een eng Foutaise,
Dann ass de Fiischen do.

Hie schreift sech op hir Spichten,
Mä guer net un den Héil.
Här Kinnek, do ass d'Uursaach,
Hie lait en op der Séil.

D'Fra Babel huet net onrecht,
Sot drop och d'Kinnegin,
De Bier als wi de Wollef,
'T ass naischt op déi ze ginn.

Se hunn ersierklech Mënner,
Grouss Mee a greilech Zänn.
Mä wann der déi dann ofzielt,
Da sid der och um Enn.

Weil wou et heescht ze halen
Fir d'Land am haarde Strait,
Dann zéien d'Schwänz se widder
An drécken sech op d'Sait.

A gët et eemol Brigel,
A graift een se mam Fleesch,
Se huelen dann hir Deel alt,
An nach mat graisslech Kreesch.

E Wollef an ër Festonk
Dee kënnt net aus der Bretz,
Bis datt en dran erhingert.
Wéi goung et deem zu Metz?

Mat honnertachzeg Dausend
Nach wosst en sech kee Rot;
Du louss en sech da fänken:
Et wor fir d'Welt eng Schmot.

Mam Renert ass et anescht.
Geschitt him och eng Fapp,
Hie weess se gutt ze maachen,
Ewell bei him ass Kapp.

Verzeit him! Wann de Wollef
Sech dann och vun iech scheet,
De Fuuss ass een, mat deem een
Zéng aner siche geet.

En huet eng grouss Familjen,
Dat loosst net aus der Wo!
Dohin, wou déi hinzéien,
Do gi vill aner no.

Dir huet nach vill ze maachen,
Bedenkt et wuel, main Här!
Kee Budget ass votéiert,
Dir héicht nach d'Schätzéng gär.

'T ass wouer, sot de Kinnek,
De Renert huet vill Frënn;
An zéien déi sech vu mer,
Da sti meng trei Leit dënn.

Trei Männer hunn ech néideg,
Weil d'Geld ass eeschtlech rar,
E jidden hält et uen sech,
An ech, ech braicht et bar.

D'Arméi ass schlecht montéiert,
An duera geet eng Zomm.
De Biere feele Kapen,
De Fräschen uen ër Tromm.

Nei Mäntel braichten d'Raten,
An d'Béck och méi laang Schwänz,
Och d'Maulefen nei Brëllen,
An d'Wëllef méi kleng Pänz.

Ech schaaft de Kaze giren
Ganz aner Kloen uen,
Den Ochse méi grouss Hueren,
Bang Spuren och dem Huen.

De Schwéngen eise Schnëssen,
Den Huese fënnef Been;
E fonkelneit Gewëssen
Hätt néideg gidwereen.

A Chassepot a Kanounen,
Zëndnolen, Muerd an Doud,
Dat huet d'Arméi méi néideg
Als wi de Bauer d'Brout.

An dat och net, Här Kinnek,
Sot duerop d'Kinnegin.
Et bleift jo, ouns d'Arméi,
Iech vill Bessres nach ze dinn.

D'Zaldoten, déi verzieren,
Den Aarbechtsmann erniert;
Wa kee méi Krich wëllt féiren,
Da brauch ee keen, dee wiert.

Mä Stroosse sin ze bauen;
De Schliek ass iwwel drun,
Wann hien e Schrack wëllt fueren,
Muss e Virspan hunn.

Besonnesch huet der d'Schoulen,
Do braicht der nach vill Geld,
Fir d'Vollek gutt z'erzéien,
Dat Néidegst vun der Welt.

Do si jo d'Schwain an d'Stéiren,
An d'Ieselen, d'Honn an d'Béck,
Se si jo ouni Léier
A schleechvoll Ongeschéck.

Se saufen als wéi d'Béischten,
Se rolzen op der Gaass,
Se klappe Fra a Kanner,
Dat nennen se da Spaass.

Se hu keng eenzeg Iddee;
Eng liewe fir hir Pänz,
Déi aner glewe ferrem,
'T géif Daiwele mat Schwänz.

An huet ee sain Diplëmmchen
Fir d'Lige vun der Échel,
Dee kann dem Véi verkafen
Als Riichtschait och eng Séchel.

Se loossen all sech féiren,
Wi d'Schof, an ouni Fro;
E Schallek zitt den Hiemsläpp,
Da leeft d'ganz Häerd em no.

Se glewe schéine Spréchen,
Ma méi nach dem Geschmaach;
A bleift hir Guergel dréchen,
Da war kee gudden Dag.

Mat engem fette Maufel
Scho féiert een s'an d'Fal;
Dann huelt se mat de Schwänzen
A fuert dermat an d'Wal!

Do stëmmt den Ochs den Tiger,
De Widder stëmmt de Wollef;
Se kréien d'éischt e Friessen
An hannendrop de Kollef.

Do, Här, do ass nach Aarbecht,
Se lait do laang a breet.
All Männer missen helfen,
Am meeschten déi gescheet.

Mä bréngt dir ëm de Renert,
Da ginn seng Frënn iech grob.
Si sin elo nach mat iech,
Da stin se géint iech op.

Ech weess wuel, sot de Kinnek,
Ma kuckt, en ass ze schro:
Kaum huet een him verziën,
Da kënnt eng aner Klo.

Dach wëllt dir mech berieden!
Dem Schellem haalt der zou.
Mä schwéier ass beweisen,
Eng Scherbel sief e Krou.

Dir Fraleit huet dach Mënner!
Dir maacht dat Schlecht ons léif;
Dir maacht et hei mam Renert
Als wéi mam Apel d'Éiv.

Zwielefte Gesank.[edit]

Drop goung eraus de Kinnek
Verdrësslech zum Geriicht,
Gesouch do all déi Hären
A munnech loust Gesiicht.

Do sti korjéis Gesellen,
Dack graff am rengen Duch;
Notären, Zeitongsschreiwer
A Bauren och genuch;

An all finanzeg Käerlen
Vu Beler bis no Esch,
Se stounge Kapp u Käppchen
Als wéi am Gaart de Mäsch;

Och d'Gym, an d'Wäsch, d'Poeten ...
Déi mat an ouni Wëtz...
Déi Dräizéng, den Theater,
D'Kadette vun der Sprëtz;

All Äerzfiiss an hir Trauliicht,
An déi vum Minettsbroch;
Déi Belsch an dann d'Berliner,
An d'Franzkilljongen och;

Professer, Ältertëmler,
Den dronkne Rousekranz,
Dann d'Klack mat hirem Schwengel
An d'Käerzenhäerche ganz;

Och Häre vun der Schamber
A munchen Affekot.
Ee wënscht dem Fuuss de Gaalgen,
Deen aner gët em Rot.

Et woren zwou Parteien,
Eng Fiiss, déi aner Wëllef;
Dem Fuuss seng war déi klengst net:
En hat eng dichteg Hëllef.

Du rifft de Léiw de Renert,
All Oure si gespëtzt;
De Fiissche geet zum Kinnek,
Deen an der Fotell sëtzt.

E setzt sech duer op d'Knéien.
Du koum och d'Kinnegin,
Se wollt de Renert héiren
An hire Rot och hunn.

Loosst héiren, Fuuss, Sot Léiw du,
Wéi maacht der hei iech reng?
Wéi goung déi Saach mam Lampert?
Ma Lige sot mer keng!

Ech wëll iech uen nach héiren,
Obschon der 't net verdingt.
Ma sid sou frou, als wann der
Alt schuns beim Gaalge stingt.

A roueg sollt der rieden,
A maacht mer kee Gejaiz!
De Fuuss stoung virum Kinnek
Als wi e Frounekraiz.

Wiem näischt sech recht wëllt schécken,
Sou sot en treisch a lues,
Dee kann de Schwanz sech briechen,
A féil en och op d'Nues.

Ech gouf fir iech dem Lampert
Mat fort de gréisste Schaz;
De Widder stielt a bréngt iech
Dem Hues säi Kapp an d'Plaz.

Hie ka sech gutt verstellen,
E spillt de frumme Mann...
So war jo guer näischt liichter:
En zitt de Renert dran.

Mir léig nun näischt um Liewen,
Hätt dir de Schaz erëm:
Géif Bläckert nun nach liewen,
Här, wat géif ech drëm!

Wou sichen? A wou fannen?
O, 't ass de gréisste Schued.
'T ass kee méi um Äerdbuedem,
Deen iech deen do erstuet.

Geleeft mer dat, Här Kinnek:
Wann dir déi Saachen hätt,
Da géif ech gäre stierwen,
'T sief muergen oder hett.

Et waren dräi deer Saachen,
Déi ech iech do wollt hunn;
E Rank fir iech, e Spigel,
E Kamp fir d'Kinnegin.

'T sinn al Familjestécker,
Wou grousseg Kraaft a läit
Se stamen aus Ägypten,
Laang vir der Réimerzäit.

Um Rank... et ass e gëlden,
A mat Karfonkelsteen...
Sti Wierder agravéiert,
Déi liest am Land blous een.

Dat ass de Spiecht, den alen,
Professer, Philosooph,
Dee liest d'ägyptesch Schrëften
Gerad wéi däitsch erof.

All Ältertëmmer kennt en
Sou nee als wi säin Hutt,
Als wi seng Box, déi hien sech
Schuns zéngmol huet gebutt.

Dee louss de Rank ech kucken.
Yaa, sot hien, mäi Frënd,
Do ass am Land kee Barrong,
Deen dee bezuele kënnt.

Hei steet jo drop geschriwen:
Wien dëse Rank huet un,
Kee Schéissen a kee Stiechen
Kann deem méi eppes dunn.

An hätt en och eng Krankheet,
En hätt am Häerz och Pech,
Dee Rank elei deen hëlt em
All Leed eenzock ewech.

En heelt all gëfteg Wonnen,
Beschitzt vir aller Nout,
Et feelt dem Rank näischt weider,
Als d'Kraaft nach géint der Doud.

Dann huet de Rank nach un sech
Dat bräicht nun net ze sinn --
Datt, wien en huet um Fanger,
Deen d'Fraleit gär gesinn.

Mam Fanger dréit um Schnorres!
Wann dann de Stengche blénkt,
Da gleeft der net, wat wonnesch
E Framënsch vun iech denkt.

A wann em ale Kärel
Kee Meedche wëllt so jo,
Huet deen de Rank am Fanger,
Da lafen zéng em no.

Hei kuckt, steet nach e Wiertchen,
Dat klengt op dëser Säit;
'T ass wonnerbar, Här Renert,
Wat do eng Kraaft a läit.

E Kinnek, deen, sou heescht et,
Dee Rank am Fanger hätt,
Geséich e ganzt Jorhonnert
Virun di aner Lett.

Dat wär dee weiste Kinnek,
Här Fuuss, verloosst iech drop,
Dee gréissten aller Zäiten,
Well diem hunn d'Aen op.

Die géif keng Lett mat Flënten,
Kee Sewel, keng Kanoun,
Keen Diplomat voll Fënten
Méi brauchen ëm säin Troun.

Die fäert keng Zeitongsschreiwer,
Souguer keng liberal,
Die man och d'Sozialisten
Net warem an net kal.

Geléift ass hie vum Vollek
An net vum Ruhm geplot,
An ëmmer wäerd e wëssen
Zum Fridd e weise Rot.

Weil hien erkennt déi Wourécht,
Datt mir all Bridder sinn,
Vu London bis no Peking,
Vu Bordeaux bis Berlin.

E kennt och gläich all Häerzer
Mat engem schwaarze Fleck
An hält sech kee Minister,
Deen Täschen huet wi Säck.

E wëllt op keen sech stäipen,
E stäipt sech blous op d'Recht,
A mengt een, hie géif näipen,
Dann ass en hell erwächt.

Wa Bounepart, de Keser,
Gehuet hätt dëse Rank,
Da séiz en net zu Kassel
Un honnert Halwe krank.

Sou sot mer de Professer,
An 't ass e brave Mann,
Op deem seng grousseg Léier
Een sech verloosse kann.

Ech war dës Rank net wurdeg,
Dat muss ech selwer son;
Iech wollt de Rank ech schenken,
Mäi Kinnek sollt en dron.

Ech hat mam Kamp a Spigel
Ier Damm och net vergiess;
Meng Fra huet fir déi Stécker
Mer d'Häerz bal ofgefriess.

Se huet och wuel net onrecht:
De Spigel war e Stéck,
'T ass eppes wi e Wonner
A fir en Haus e G1éck.

Seng Rumm, aus engem Bernsteen,
Ass schéin ovaleg rond;
'T si Biller drop geschnëtzelt,
Wat Schéins ee kucke konnt.

Ech kënnt iech och beschreiwen
All Biller op der Rumm,
Gemaacht vun engem Meeschter,
Alluja war säin Numm.

Ech hunn se drop loosst schnëtzlen
Zur Zäit, wou ech de Freier
Gemaacht hunn un onst Ebel;
Di Aarbecht koum mech deier.

Dat schéinst vun alle Biller,
Déi drop sinn, Här, ass dat,
Wéi ees Prënz Heinrech
Komm ass no Lëtzebreg an d'Stad.

'T gesäit een hien do kommen
Duerch d'Groussgaass schéin a fräi,
All Haiser si voll Fändlen,
All Biirger leeft erbäi.

Se werfen hie mat Blummen,
D'Gesiichter all si frou;
'T jäizt alles: Vive Prënz Heinrech!
An alles sengt derzou:

Prënz Heinrech, dee mer léiwen,
Kee Bessre kann et hunn,
Mir wëlle glécklech bleiwen
Mat him als wi mer sinn.

Do ware fredeg Häerzer,
Do war e Land voll Gléck.
Sou war dat Bild geschnëtzelt,
Et war e Meeschterstéck.

Nu wëll ech nach verzielen,
Wi 't och mam Spigel steet,
A wuerfir och den Déifstall
Mer mécht esou vill Leed.

Gesitt, Här, d'Fraleitsstauten,
Deer ass eng grousseg Rei:
Dräihonnertfënfasechzeg,
Fir allen Dag eng nei.

An hätt e Jong eng Dosen
Deer Joffren an der Wiel,
Se géiwen hie bedréien,
Wi d'Äppel duerch hir Schiel.

Di eng, di huet keen Ufank,
Di aner huet keen Enn;
Friemt Hor dréit dës am Schinjong,
Hiert egent op den Zänn;

Eng Quisel an eng Hechel,
Eng Pënternell di sechst,
Di siwent ass un d'Maansleit
Vu Geck als wi behext.

Hir Feeler all ze nennen,
Do feelt mer dach de Mutt;
A kuurz, 't ass vun der Dosend
Déi dräizéngt nëmme gutt.

Déi ass nun och en Engel
Als wi eis Kinnegin:
All Leit och hunn se gären,
Déi s'eemol hu gesinn.

Se blénkt net op de Gaassen,
Mä s'ass eng Sonn doheem;
Se zillt di beste Kanner
A Jongen als wi Bäm.

A wou de Mann um Enn ass
Mam Wëtz a mam Verstand,
Da ass esou eng Fräche
Mat guddem Rot bei Hand.

Hie kuckt se frou an d'Aen,
Hie lauschtert wat se seet;
Bei hir vergësst en d'Kloen
A schäfft nei Liewensfreed.

Esou eng Fra, Här Kinnek,
Ass fir e Mann e Gléck;
Mä fir se just ze fannen,
Do ass 't: Se stin net déck.

Mä hätt een do mäi Spigel,
Da wär dat Denge liicht,
Da géif ee blous dra kucken
Der Freiesch hiert Gesiicht.

De Spigel weist iech viraus
Zéng Jor laang wi se gët.
Rondëm s'en Träppche Kanner
A si steet an der Mëtt.

A kann een dann nach denken:
Meija, ech huelen dës;
Dann ass et och di dräizéngt,
Dees sid der da gewëss.

Meng Fra huet fir dee Spigel,
Ech son, mech vill gehäit:
En aner huet alt Jongen,
An d'Mammen denke wäit.

Kënnt d'Zäit no etlech Joren,
Wou een sech gär bestuet,
Dann hätt ee gär eng Schnauer,
Déi fir en Hausstot guet.

Mä kuckt dir, Här, ech liewen
Fir iech an d'Kinnegin:
Fir d'GIéck vun ere Prënzen
Gouf ech de Spigel hin.

Fir Geld ech hätt mäi Liewen
De Spigel net entbuer:
Nu ass e mengem Kinnek
A mir zugläich verluer! ...

Ech hat dermat e Kamp nach
Fir d'Kinnegin geschéckt;
Fir deen ass och meng Frächen
Uerg hanner mech geréckt!

Dee Kamp huet d'Melusina
Op hirem Houchzäitsdag
Um Kapp gedron, Här Kinnek.
Verstitt nu, hei ass d'Saach.

Seng Zänn, déi si vu Sëlwer,
Vu purem Gold säi Buert;
Dru si Saphir, Demanten:
Näischt Schéines ass gespuert.

Eng Fra, déi deen um Kapp huet,
Behält en treie Mann;
Géint d'sechst Gebot ze feelen,
Dat fällt em guer net an.

A wann en no Paräis kéim,
A kéim en och no Wéin,
E siet: Vun alle Fraen
Ass meng dach nëmme schéin.

An dréit de Kamp eng Joffer,
Da gët se fein a lous,
An dach, se bleift onschëlleg
Wéi hirer Mamm om Schouss.

Well all oniewe Schwätzer,
Déi si bei hir geschlon,
Schuns ir se sech erkingen,
Hir frech e Wuert ze son.

Wat misst ee fir dee Kamp nu,
Genéideg Kinnegin,
Wann dir en hätt, ech froen,
Da fir eng Zomm iech hunn?

An dat, kuckt, waren d'Saachen,
Déi ech dem Widder gouf:
Meng Guttheet huet gegruewen
Mir hei meng ege Grouf.

Wie muss een nu bedauren?
Här Kinnek, iech a mech?
De Widder huet seng Strof kritt,
Ma d'Leed behalen ech.

Ech gouf wuel mengem Kinnek
Den allergréisste Schaz;
An iewel wär ech léiwer
Am Wollef senger Plaz.

Wat huet fir iech de Wollef
Säi Liewen nach gemaacht?
Gouf hien iech schuns en Iessen,
Dat eppes huet gedaagt?

Dir wësst dach, wéi en d'Kallef
Gestuel dem Bauer hat;
Dir koumt a wollt et hallef.
Wéi huet en du geschwat?

En huet... als wi e Wollef...
Ze kucken do gesiess:
Dräi Deg laang, sot en, hunn ech
Kee Maufel schuns méi giess.

Nu fond ech hei de Bëssen,
An deen ech néideg brauch;
Här Kinnek, heft Gewëssen,
Well ech hunn och e Bauch!

Du krut en dann ier Pratzen ...
Ech hätt en doutgedréckt;
Sou léiert ech déi Fratzen
Ze wëssen, wat sech schéckt.

Ech koum dohier, du sot dir:
Hei deel ons, Fuuss, dat Kallef!
Du gouf ech iech eng Halschecht,
An nach déi aner hallef.

Dem Wollef gouf ech d'Ouren,
An d'Liewer, déi ouss ech;
De Rescht, dee krut dir selwer;
An duerop lueft dir mech:

Wien huet dech dat geléiert?
Sou sot der zou mer, Här.
Sou deelt e mat dem Kinnek,
An dat gesin ech gär.

Ech wäerd dir hierun denken;
A bas d'ees iwwel drun:
Erënner mech un d'Kallef,
Da wäerd ech Mäint schons dun.

Dir wäerd och dat nach wëssen,
Wi ees mäi Papp gottréist
Iech huet vun enger Féiwer
Mam Wollefshäerz erléist.

Keen Dokter konnt iech helfen,
Der lougt schuns bal am Zécken;
Mäi Papp, dee kuckt Äert Waasser
A sot: Et kann sech schécken.

Ech weess en eenzegt Mëttel,
'T ass d'Häerz vun engem Wollef,
An iesst der 't och blous hallef,
Dann ass iech ganz gehollef.

Wat sot dann du de Wollef?
En huet sech jo gestallt
Wéi d'Kand, deem d'Mamm en Däerchen
Erauszitt mat Gewalt.

Hie sollt iech d'Liewe retten,
Du gouf de Kärel wëll;
Zum Gléck, an dene Saachen
Do war mäi Papp net mëll.

De Wollef gouf gebonnen,
Geschluecht als wi e Bock;
E wonsch iech nach zum Däiwel
Am leschten Otemzock.

Dir krut säin Häerz nu z'iessen,
A wupp ewech war d'Féiwer.
Dir hat mäi Papp soss gären,
Drop krut der hien nach léiwer.

Dir sot em dann och diemol:
Här Fuuss, dir sid e Mann;
An huet der mech ees néideg,
Dann dun ech wat ech kann.

Géint iech an Ier Familjen,
Sollt kommen och eng Klo,
Da kuckt ech iech zu Gonschten
Der Saach alt zweemol no.

Sou sot der him, Här Kinnek.
Nu sinn ech an der Nout;
Falsch Zeie stin hei honnert,
Se wëllen all mäin Doud.

Ech ka mer net méi helfen;
De Wollef mécht mech schlecht;
E klenge Mann muss ledden,
An hätt en duebel recht.

'T ass Schued, ech wär e Raichen,
Deer éischter een am Land,
Da wären aner Zeien
A Riichter bei der Hand!

Ech si verklot, da's richteg,
De Rescht ass all gelunn;
Dat muss sech nu beweisen,
Dir Hären, gitt nu drun!

Et bleift net méi bei Wierder,
Mer spille fir de Kapp;
Wie Loscht huet säin ze setzen,
Huel d'Aen an de Grapp!

Erbei nu, Bier a Wollef,
A wien huet Kloen nach?
Wien näischt méi ka beweisen,
Dee spillt om leschte Lach.

Mä fannt der mech am Feeler,
A liwwert dir mer d'Prouf,
Da wëlle ech vun iech ledden,
Wat Kiewerlénk vum Bouf.

Der kënnt mech domat strofen,
Wat engem Mann geschéich,
Dee Lëtzebreg franséisch,
Belsch oder preisesch méich:

Der kënnt e Wissbaamsseel
Mer da schlëppen ëm de Krag
An an der Loft mech wéitschen,
Zwou Nuechten an en Dag.

Wie klot an näischt beweist mer,
Deen danzt dee selwen Danz.
Hei, d'Spëtzt fir d'Ee! dir Hären,
Et geet fir Kapp a Schwanz.

Sou weist jo d'Recht fir aner,
Här Kinnek, fir mech och!
An huet dir äis gehéiert,
Dann dutt dir, Här' de Sproch.

Ech lauschtre, sot de Kinnek,
Op kengem sai Geschwätz;
Fir kee gët hei geännert
En Tëppel um Gesetz.

Dir kënnt iech all nu wiren,
Wie recht huet, kritt de Prais;
Wéi streng ech beim Gesetz sinn,
Dat gouf de Widder wais.

Ech fuerdren hei Bewaiser,
D'Verkloen ass keng Konscht.
Fir mech, ech muss dem Renert
Verzeien, a mat Gonscht.

De Renert war mer ëmmer
Ganz zougedunn an trei;
Ech ka vu senge Feinden
Net son dat selwecht hei.

Ech danken iech, Här Kinnek,
Sot Fuuss, mäi Liewe lank.
Kënnt ech iech beweisen
Meng Onschold mat dem Dank!

Wat huet gemaacht de Widder,
De Mierder an den Déif?
Gesitt der wuel, Här Kinnek,
De Lampert wor mer léif.

Mä léiwer hätt ech d'Saachen,
Fir iech s'elo ze hunn.
Wuer geet een déi nu sichen,
Wie seet mer, wou se sinn?

Ech wëll se dach go sichen,
E Jor laang an och zwee,
Vum Mäerz an duerch de Summer,
Vum Hierscht bis an de Mee;

All Bëscher duerch, all Hecken,
All Fielze mat er Huel,
Bis datt mer un de Schungen
Net ganz méi ass eng Suel!

Ech hoffen, se ze fannen,
Ech weess all Gruecht a Griecht;
Ma dankt mer net, Här Kinnek,
Ech si blous Iere Kniecht.

De Kinnek a seng Damm och,
Se haten du eng Freed,
Als hätten se schons d'Saachen;
De Fiissche stoung sech breet.

Dräizengte Gesank.[edit]

Sou huet et sech dem Schellem
Nach eemol gutt geschéckt:
De Fiissche litt am ganzen,
Kee Wiertche gët gefléckt.

E kann de Lige Féiss man,
E mécht e Fliichten dack;
Se klénken als wi d'Wourécht,
A ganz als wi eng Klack.

Den Isegrem, dee steet do,
E bäisst sech alt op d'Zänn
A seet: Et scheng, dat Léien
Vam Renert kritt keen Enn.

Dir loosst iech, Här, najch féiren
Vam Näistert on der Nas:
En hart vam Geld gelujen
E léijt ojch nees vam Has.

Säi Spéigel ass en Ligen,
Säi Kamp an ojch s Rank.
Well misst hee son eng Wourécht,
Da géif e stierweskrank.

Dat sot dir wuel, Här Kinnek
A wien da seet et néck? --
En ass net féx am Kiddel,
En dreift et dënn an déck.

Dir sot: En ass e Schallek,
Wie weess dann dat ojch néck.
Ach son: En ass e Mierder,
Äch breechen em de Réck.

Dir sot: En ass e Queeschen,
En huet néck vill Vernonneft:
En ass e Kommunist, Här,
A van der aargster Zonneft.

Et gouf najch kee gehongen,
Sou schlecht wi Renert ass;
A loosst der all hie lofen,
Märr kënnt en néck méi lass.

E soll mer néck entwëschen,
Äch hann e mat dem Kraajch;
Nu kommen all seng Spiller
Op eemol on den Daajch.

Här Kinnek an dir Hären,
Äch hann de Fuuss verklot;
Äch kloen najch, Här Kinnek,
Gesinn da, wat der sot.

Fir batter mech ze kränken
Wor alt dem Fuuss säng Freckd:
Mä alles kritt eng Kiër;
Här Fuuss, mäin Daajch ass heckt.

Äch hann em 't alt geschwuren,
Äch méich em ees säi Bett.
Nu laustert mäch, Här Kinnek,
Ewell Dir héiert jett!

Déi Schlechtegkeet vam Renert
Ze schreiwe, géif ent Boujch;
Äch son hei dräi deer Saajchen,
An eng wir schuns genoujch.

Mäng Fra wor ees ëm Houfelt.
Va Schni wor alles wäiss.
De Fuuss souz om Kanal do
A moujch ent Lajch an d'Äis.

Mäng Fra se frot: Wat maajcht der?
Hie sot: Gesitt, äch laajchen;
Elo gët heieranner
Mäi Schwanz emol gestajchen.

Dir wäerd dajch dat wol wossen,
Sou finkt ee Masse Fësch.
'T ass schad, äch muss e wéineg
Dohannen an de Bësch;

An d'Lajch et ass nu feerdeg,
Äch broujch en Stonn or zwou;
Äch feerten do an deerbans
Da fréiert Lajch mer zou.

Mäng Fra déi wor verwonnert
A mengt: Se iss ojch Fësch.
Hie sot: dir kënnt der finken
Sou lang äch sen am Bësch.

Da steecht eran de Schwanz hei,
Sëtzt roueg, stäif a fest:
Da bäisst u jéider Hor sech
E Fësch' an alt di best.

Hie gung. Mäng Fräche follegt.
Mä 't wor iech greilech kal;
De Schwanz ass hir jefrueren
An d'Äis, a vill ze bal.

Se fung ees on ze zéien
An daajcht: Do klonken d'Fësch.
Du koum de Fuuss geflujen,
Wi d'Wieder aus dem Bësch

A fung du on ze jäizen:
E Wollef, a keen Enn.
Du koum eng Dosend Bauren
Mat Flënten duerch d'Gefenn

Wat sollt mäng Fräche maajchen?
Här Kinnek' wëllt der 't wossen?
Se hatt vun lauter Angsten
De Schwanz am Äis gelossen.

Dat sen dem Fuuss säng Denger,
A wann et iech gefällt,
Hei ass se: wëllt der kucken,
Wi ass mäng Fra entstellt!

Do musst de Kinnek laachen,
Vill aner laachten och,
An 't héiert een derniewent nach
Munche queesche Sproch.

De Kinnek sot zum Renert:
Wéi steet et mat dar Saach?
De Fiissche sot: Här Kinnek,
S' ass klar als wi der Dag.

De Schwanz, dee stouch am Waasser,
An d'Waasser ass gefruer,
D'Fra jaut, an d'Baure koumen:
Du war de Schwanz verluer.

Wann si de Schwanz wollt stiechen
An d'Äis, dat goung si un.
Souz ech dann do am Weier?
Hun ech hir dru gezunn?

Ech dro jo kee Brometer
An och kee gringe Fräsch,
Keen éiwege Kalenner
Och no a menger Täsch.

Mä allerhand gët d'Wieder
An enger Wanteschnuecht.
Ech sot jo, 't kënnt wuel fréiren:
Dann hëlt een sech an uecht!

A gidweree soll wëssen,
Sou mengen ech dach ganz,
Or hien sech d'Nues soll botzen,
Or wéitsche mat dem Schwanz.

S'ass jo verschampeléiert,
Déi Fra, dat ass nu klar;
Dach wetten ech am Iessen
Do deet et hir keen Har!

De Schwanz, et war e Miwwel,
En huet se dack jenéiert,
An dach, en ass en Iwwel,
Dat nëmmescht gär verléiert.

Kee Schwanz, o féi der Donner!
Se gläicht nun enger Grees!
An alles muss wuel laachen,
Wann s'opsteet vun dem Seess.

Se hat mam Schwanz vill Wiesen,
Den Houfert war ze grouss.
Se huet mam Schwanz gesëndegt,
Um Schwanz och krut se d'Bouss.

Fir d'Demut nun ze éiwen,
Do ass d'Geleënheet!
'T ass keng, déi an den Himmel
Mat Schleef a Schinjong geet.

Mä kuerz, wat wëllt de Wollef?
Seng Frächen ass jo do.
An hunn ech si beledegt,
Se komm dann hier a klo!

Du stung dann op d'Fra Gormang
A sot: Dir sid voll Trotz,
Här Fuuss, a voller Ligen
An najch derbäi näist notz.

Der schwätzt wi d'Affekoten:
'T ass näist géint d'Ried ze son,
Ma wien iech kennt am ganzen,
Den fänkt näist mat iech on.

Der mengt vläicht, Kënzeg wir mer
An d'Äerzkaul schuns verjeessen?
Do hatt der an em Emer
Sechs Duenen déif geseessen.

Äch sot: Här Fuuss, wéi koum der
An d'Lajch, wat maajcht der dran?
Dir sot: hei ass ängt Iessen,
Wat Gutts ee wënsche kann.

Et si gebroden Dauwen;
Hätt äch najch e Baujch!
Mä kommt eraf, da fëllt der
Dermatt ojch iere Schlaujch!

Du kloum äch an den Emer,
Deen iwwer d'Lajch najch houng
All Onheel kënnt vam selwen,
Wi ojch den Emer goung.

Kaum fung äch on ze klonken,
Du foungt dir on ze fléien;
Dat moujch de Kapp mer dronken,
Du daacht äch on iert Léien.

'T geet op an af, sou schwat der,
Kuckt, d'Welt déi ass e Pëtz;
Den Dabo zitt iech néier,
Erop brängt mäch de Wëtz.

A gunge mer du d'Aen
Ojch op' et wor ze spin.
An fir gebroden Dauwen?
Jo, Brigel hann äch kritt!

Mer wossen, déi am Äerzbrojch
Sinn zimlech ongeschlaff.
Dier koumen zwei mäch kucken,
Déi Kärle wore graff.

Den Äle sot zum Jongen:
Kuck hei, wat ass am Pëtz!
De Schoofsdéif an dër Däiwel,
Deen hëlt elo der Blëtz!

De Jong foung on ze kiirpen,
Den Äle séicht e Poul:
'T wor alles, datt äch deemol
Net schwaajch am Emer foul.

An iewel blouf äch sëtzen,
Äch daajcht: Du mächs e Spronk;
A krut äch uewe Brigel,
'T hätt méi am Lajch gestonk.

En Honnert koum gelofen,
All Äerzkaul spaut e Lëmmel;
Se wuussen aus dem Buedem:
Do koum äch an d'Getëmmel!

Do waren deer Pioschen
A Spueden a Geschëpps!
Mäng Hor se fluen ëm mäch
Sou déckvoll als wi Stëbs.

Se hätten, dat gesoujch äch,
Mäch gären duckt geschlon
Op eemol wutsch! entsprung äch,
Do hann se Fléich gedon.

Crénom! als wi ruckt Jukden;
Äch daajcht: Nu floujcht eech hees!
Äch huelen d'F1éijch najch léiwer
Wéi Brigel mat op d'Rees.

Nun uurtelt dir, Här Kinnek.
En Näistert ass de Fuus;
Kee schlechter ass ze fannen
Va Beles bis no Bus.

Du sot dann drop de Renert:
Dir denkt, Madamm, un d'Schléi;
Déi muss een dach vergiessen;
Se du blous eemol wéi!

Mä wien net wëllt bedenken
Dat Gutts, dat d'Brigel hunn,
Deen huet och ganz natiirlech
Alt nëmmen d'Péng dervun.

Wuerfir stécht bei all Bauer
Déi laangeg Bierkerutt
Fir d'Jongen op der Auer?
A fannt dir dat net gutt?

Gesitt der wuel, dem Lousen
Gët d'Léier abgetriichtert;
Beim Domme gët duerch Brigel
Déi Aarbecht vill erliichtert.

Dir wäerd dach nu verhalen,
Soss hätt der guer kee Wëtz:
Kee Wollef soll dat glewen,
Wat Fiissche schwätzt am Pëtz.

A leet dir iech déi Léier
An ierem Häerz an d'Weech,
Dann ass se guer net deier,
S'ass wuelfeel fir déi Streech.

'T muss een di Brigel kréien;
Ech hunn se gär entbuer.
Bei iech sinn déi och nëmmen,
Déi laanscht ginn, jo verluer.

An nu gesitt, eng Äerzkaul,
Da's ierer Plaze keng;
Do maachen d'Fiiss hir Spiller,
Déi sinn iech dach ze reng.

E Wollef an e Bauer,
Dat sinn zwéin aarmer Helgen
Bei Fiiss a Kuelebrenner
Vum Guttland an aus Belgen.

Ewell do gët et Mäifel,
Dee schlechsten ass eng Dauf;
Iech aner passt dach besser
Eng Ouerfei un d'Hauf. --

Mer mussen iech dack brauchen,
Ma keemol fir ze delen;
A mengt dir d'Saach vläicht anescht,
Da loosst iech huerteg helen!

Wat schlo mer äis mat Ligen,
Sot du den Isegrem,
A mat esou em Spëttler
Najch laang elei erëm?

Äch kann hie jo beweisen
Als Spëtzbouf duerch an duerch.
Nu laustert dat elei najch;
'T geschoujch bei Lëtzebuerg.

Do druf äis zwing de Naswëtz
An najch den Honger méi;
Mer goungen an di Gruewen
Am Wanter muerges fréi.

Do weist de Fuuss e Schloff mer,
En nennt et Kasematt,
A sot: Do fant der z'iessen,
'T luet keen et op eng Hatt!

Seng Méimche géif dra wanen,
Se wir äng frëndlech Fra.
Äch krojch eran: Wat krut äch?
Ent Iessen? O maja!

Do war ent Lajch, féi Däiwel!
Zéng Afe souzen dran,
An 't stonk als wi eng Louder,
Déi nëmmescht réiche kann.

Bei dene koum äch wëllkëmm,
Wi d'Sau an d'Jukdenhaus;
Zum Gléck, äch sinn e Flénken,
Soss war et mat mer aus.

Här Kinnek, sot de Renert,
Nu leie mer am Dreck.
Mir gët et ganz onheemlech,
De Wollef ass jo Geck.

Wat seet en do vun Afen?
Mierkaze sollt e son.
Ech wëll iech kuerz verzielen,
Da wäerd der d'Saach verston.

Dräi Jor sinn nun eriwwer,
Du gounge mer bei d'Stad;
Hie sollt sech dann duer opschlon --
Sou huet en dach geschwat.

E koum als wi e Wandjann, --
Am Quetschendéif, am Frack,
Mam Brëll un enger Ficelle,
Kurzëm, am Léiweschrack.

Mer goungen nuets an d'Grouwen.
Jëss, sot en, do si Schlëff;
Hei wëllt ech gäre wunnen,
Mä 'ch fierten, dat gët Hëff.

Déi Stad, déi huet eng Police,
Se leeft op Hänn a Féiss,
Zweehonnert Mann Zaldoten
An eng verdäiwelt Schéiss.

Drop sot en du op eemol:
Dat richt mer aus der Stad!
Ech wëllt, ech hätt en Iessen,
Ech sinn net eeschtlech sat.

Ech sot: Ma looss mer sichen,
Do dämpt et aus ër Hiel;
Wunnt ëmmescht dran, dann hu mer
En Iessen an der Wiel.

Verstitt der, an de Stieden,
'T ass net als wi om Land:
Hei kritt een Häerz, wat wëlls de?
Ma d'Suen an der Hand!

Wann d'Suen engem feelen,
Dann ësst een desto méi.
An 't waart een op den Dissär,
Ma iewel net op d'Schléi.

A war ee gëscht beim Hastert,
Haut geet een net méi duer:
Da geet ee bei de Fendius,
Zum Wester geet ee muer.'

Da gitt, sot du de Wollef,
A luegt sech faul an d'Gras.
(Mam Iessen, dat em bruecht gët,
Huet hien am meeschte Spaass.)

Ech foung do un ze krichen
Déi Schlëff duerch ouni Rascht.
Du koum ech an eng Kichen,
E gellegt Däiwelsnascht.

Do souz eng ural Mierkaz
Mat 'm Kapp als wi eng Bomm,
Dräi Kanner, gräisslech Krotten,
Mat Mailer grouss a kromm.

Se glachen hirer Mudder
Vum Ufank bis zum Enn:
Flappouren, laangeg Kloen,
Dënn Schwänz a freesslech Zänn.

Der mengt, 't hätt een en d'Nuesen
Sou an d'Figur geséit
An d'Schwänz, déi wären hinnen
Bei d'hënnescht dir geléit.

Mä huelt en hëlzen Däiwel,
Vum Ongeschéck gehan,
Da kënnt dir iech eng Iddee
Vun denen Déier man.

Déi schwaarz abscheilech Kanner,
Se lougen do am Knascht;
Ech war vun hiren Etem
Zum éischte bal gebascht.

Déi Al, dat war en Déier,
Méi grouss als wi de Wollef.
Ech duecht, wi liewesmidd wär,
Hei kritt dee liicht gehollef.

Wäers du mat Gelëmp nun
Dach hannescht iwwer d'Schwell!
Dat hei ass jo e Middel
Fir d'Priedger vun der Häll.

Hei heescht et lues ze maachen,
Soss gët dër Däiwel béis;
Hei hält een d'Wourécht un sech,
An d'Lige mécht ee séiss.

Du gréissen ech dann héiflech,
Zemol d'al Wiederhex,
Ginn allen d'Hänn sou vëlleg,
Als wir et menger sechs.

Hei gouf dat Véi jo frëndlech;
Se sprangen aus dem Pech,
A maache mech mat Lecken
Alt all Abléck méi frech.

An d'Lige spuurt ech wuessen,
Wéi d'Kochlen op der Zong:
Déi Äl war nu meng Mattant,
Meng Niichte sinn déi Jong.

Gewëss, 't si gräisslech Biller
Als wi zéng Schuechtechfeër.
Ech sot: Wat aartlech Kanner!
Gerad wi Ouschtereër.

Bei sou ër grousser Schéinheet
Ass och Verstand derhanner;
Dir huet jo wiirklech, Mattant,
En Himmel bei dee Kanner.

Du bruecht dann d'Mierkaz z'iessen,
A gläich war d'Ham om Dësch,
De Quetschekuch, de Jelli
A Kuddelfleck ganz frësch.

Gestuel war nu wuel alles,
Sou kacht hiirt Dëppen net;
Ech luewen dach hir Kichen
A léien dat an dët.

Mer foungen un ze kallen:
Hir Wëtze si wuel domm;
Dach laachen ech der Aler
Zur Freed mech hallef kromm.

A well ech hir gefall hunn,
Du gouf ech vill gewuer;
Se holt mech mat der Hand och
A féiert mech entzwuer.

Do stoung e grousse Kessel
Net wäit vun hirem Bett.
Se sot: Wat mengt der,
Datt ech do an deem Kessel hätt?

Gesitt der, doa kachen ech
Villen Hären d'Tënt;
An domat kann ee schreiwen,
Wat kee mat aanrer kënnt.

Ech hunn deer Zeitongsschreiwer
En etlech an der Konn;
A jidde brauch op d'Joer
Deer Tënt elei eng Tonn.

Ma huelen s'an dem Léien
Als wi bis heihin zou,
Da geet et net mat enger,
Da brauchen se der zwou.

Nu fir déi Tënt ze brauen,
Der rot net, wat ech brauch:
De Spaut vun enger Trauliicht,
E Schouss voll Schlaangenhauch;

Dann: Wënschechten eng Gaaschel
Vum aarmen Hat an Hätt;
Nu d'Strass vun dausend Fräschen
A gëlde Kloëfett.

Dat kachen ech am Kessel
Mat Waasser ouni Dauer;
Zum éischte schmaacht et batter,
Zum leschten och nach sauer.

Der huelt eng Échelsfieder,
An zappt der s'an dat Gëft,
Dat gët iech dann Artiklen --
Oei! a wat eng Schrëft!

Wann dir emol e Wiertchen
Gär géint den Noper schreift,
Da kommt dees Saaft hei sichen,
Dat schwäerzt en, datt et bleift.

Ech sot: Wa mir zum Rieden
Net steet emol de Kapp,
Da kommen ech iech bieden,
Da gëtt der mer eng Zapp.

Dach duecht ech heemlech bei mer:
Nach eemol hei eraus,
Da kanns du Hex alt brauen
Däi Spirtes vun ër Laus!

Ech léiss dech dran ersaufen!
Ech brauch jo denger net;
Ech schmidde mir meng Käilen
A menger eegner Schmëdd.

Drop sot ech du: Léif Mattant,
Iert Gléck dat mécht mer Freed,
An datt ech schuns muss fortgon,
Dat deet mer wiirklech leed.

Ma kommt dir an eis Géigend,
Da spriecht dir bei mir zou;
A briecht der mat meng Niichten,
Da wär ech duebel frou.

An zu de Krotte sot ech:
Nu hieft dir gudde Mutt!
Ier Schéinheet ass e Räichtom,
Ma schéckt iech iewel gutt.

Ma, Nëwéi, sot du d'Mudder,
Kommt dack ons dach besichen;
Dir sid mer wéi e Brudder,
An iech steet op meng Kichen.

Drop wéckelt s'an eng Zeitong
En décke Kallefsbrot
A sot: Deen huelt der mat iech,
Geldir, Här Renert, dot!

Sou koum ech frou a fréilech
Aus dem verwënschte Lach.
De Wollef sot: Wou waart der
Sou laang, Här Renert, dach?

Ech sot: Dot, iesst dee Breetchen,
Deen ass iech net vu Stréi.
Et ass fir iech wuel wéineg,
Dobanne kritt der méi.

Dobannen ass iech z'iessen!
Ech koum bal net ewech.
Déi Lett, déi kënne fléiwen!
Ma 't huet och alt säi Pech!

Deen hin sech vir der Wourécht,
Deen doëranner schëfft;
Se daagt net vill heibaussen,
Dobannen ass se Gëft.

Hien ouss a fond de Breetchen
Wuel gutt, ma vill ze kleng,
A sot: Wat dir konnt woën,
Ass mir och net ze reng.

Du sot ech him dann alles,
A wéi en 't maache soll.
Hie sot: Loosst mech gewäerden,
Ech man de Bauch mer voll!

Ma wéi ech duecht, sou goung et.
Soubal de Wollef koum,
Du sot en zou der Ader:
Véiouder, wat eng Moum!

Wat Aen a wat Pratzen!
Ier Maul, mortjëft, wi ellen!
Esou en Déier méich ee,
Meng Séil, jo mat em Bellen!

A sinn dat do ier Kanner?
Déi héil ech mat der Zaang
An dréig se 'luer an d'Uelzecht.
Hei bleiwen ech net laang!

Bréngt huerteg mer dat Iessen.
Kertjëft, do ass Gestank!
Bréngt vill an och dees Besten!
Hei ginn ech stierweskrank.

An d'Iesse koum net huerteg;
Du geet en dann a schnauft
A wëllt et selwer huelen,
Du krut en der gepauft!

E gouf mat honnert Kropen
An zwanzeg Gräpp geholt,
An d'ënnescht d'iewescht koum en
Zum Schloff erausgetrollt.

Säi Pelz, dee wor a Fatzen,
En Ouer wor gespléckt.
Ech sot: Ma kuckt, di Fratzen,
Wéi hunn s'iech dach zerpléckt!

Dir hutt och net gefollegt!
Wat gëlt, dir huet geschwat,
Als wann der wäert heibaussen
An nach fir aacht Deeg sat.

Ech konnt net anescht, sot en,
Et war mer géint d'Gemitt.
Ech sollt déi Mattant nennen?
A wann der mer net gitt!

'T ass Pak, 't si gräisslech Krotten,
Di Al ass wéi hir Jong;
Sou hut ech d'Wuert op d'Liewer,
Sou goung et iwwer d'Zong.

Mä Monnonk, sot ech zu em,
Ma da sid dir mer een!
Dir kéimt jo mat de Mënschen
Gelat net noëneen.

Zemol net mat de Raichen:
Wien do seng Menonk seet,
Ass Brudder Iwweränzeg,
Dee leschten op der Weed.

Wien d'Waasser net kann halen,
Dee läit om naasse Läpp;
Ma loosst der d'Wourécht lafen,
Da's schlechter: Dat gët Kläpp.

Wien d'Muecht huet, huet de Biesem:
En deet emol kee Spronk,
E reecht iech mat de Spëtzen,
E reecht iech mat dem Stronk.

Denkt wat der wëllt, mä nennt d'Lett:
Schéin, brav an och behenn:
Soss gräift der alle Kéier
D'Broutschéiss um breden Enn.

Well wann der d'Lett net schmeechelt
An net mat Ligen éizt,
Dann hënnert der beim Feier
A wann D'r om Haaschtbam séizt.

Ma deen ass Gëldeguetskand,
Deen d'Lett dermeescht bedritt;
Se glewen näischt sou gären,
Wéi wann der héiflech litt.

A wann ee jo mat Schuelen,
Amplaz mat vollen Eër,
Seng Pättre ka bezuelen,
Da gëtt een hinnen deër.

Vill nëtzlech Léire gouf ech
Dergläichen nach dem Wollef.
Se hunn em awer, leder,
Net eeschtlech vill gehollef!

'T si Ligen! jaut de Wollef,
Well Schanke si kee Brot;
A wéi de Pelz mer zrass wor,
Du koums de mat dem Rot.

Nu sinn äch najch néck fierdeg,
Hei ginn ech op de Grond,
Ech huele fir e Fuuss mer
Kee Blat méi vir de Mond!

Ech schon der de Rëgester
Vun dänge Sënden op,
An all däng Schelmendenger,
Op kengem bleift e Stopp.

Wien hatt di Steng dem Damppäerd
Laascht d'Atert a laascht d'Sauer
An d'Féiss geluegt? Gelt, Renert,
Dat war gewëss e Bauer?

Wat dir néck brengt en Notzen,
Dat werfs du aus dem Schaff,
A géing et dängem Noper
Och knatsch fir Haus an Haif.

Déi Tënt vun dänger Mierkaz
An d'Lige wore giedlech;
Gëf uecht, dat huet eng Kéier,
Well d'Wourécht ass der schiedlech.

Däi Wol ass scheef gelueden,
An hei, kuckt, fléigt en ëm,
An hält ojch stëll all Déier,
Da weisen äch mäng Stëmm.

An häss de s'all bestajchen,
Da kéims de néck dervun;
Ech roufen Äerd an Himmel
Géint dech als Zeien un.

Jo, d'Steng an d'Wolke ruffen:
Kuckt dee mam roude Baart,
Ma kuckt deem falsche Judas
Dajch endlech nun an d'Kaart!

Gëscht wollt en najch all Vigel,
Wie weess zou welchem Präis,
Jo liwre sängem Komper,
Dem Goldfuuss, no Paräis.

Heckt géif en se gär fänken
A schécken no Berlin,
A muerge fir en Hammel
Verkéif en s'alt an d'Chine.

Bewäiser! sot de Fiisschen,
Bewäiser, Monnonk Wollef!
Mat Spaweck fänkt ee Mécken,
Bäim Renert braucht de Kollef!

Bewäiser! jaut de Wollef,
'T ass klor als wéi der Daajch,
Däin Handel mat de Vigel,
Här Kinnek, hei ass d'Saach.

Äch koum ees bei de Renert
Am Bambësch bei der Stad,
Do huet e grousseg Ziedlen
Ze liesen da gehat.

E sot: Jëss, hätt äch nëmmen
Ier Stëmm an iere Kapp;
Gesitt der hei, kuckt, Monnonk,
Do hätt äch d'Gléck am Grapp.

Ech wir an eng zwou Wojchen
Sou fett als wéi an Atter;
Ma näischt vum Drock ze kennen,
Dat ass verfluchte batter.

Dir wësst, mäi léiwe Monnonk,
Äch hat iech ällzäit gär,
Soss siet äch net e Wiertchen!
Et ass e groussen Här,

Deen hätt gär äll eis Vullen,
En héil se no Päräis;
En huet mer offeréiert
Derfir en Hedepräis.

'T ass alles féx a fierdeg.
E Lidd blouf nach z'erdenken,
Dat steet nun hei om Ziedel --
Fir d'Vigel all ze fänken.

All déi dat Liddchen héiren,
Déi ginn als wi gekockelt:
Da wutschteg! se gefaangen
An aus dem Land geschmockelt!

Nu hunn ech leder Gottes
Zum Sange guer keng Stëmm.
Ja, kënnt äch nëmme liesen.
Wat géif äch, Monnonk, drëm!

Da géif mer déi Affäerchen
Zerguttst an d'Rei geluegt;
An 't siet een dann der Aarmutt
Fir ëmmer gudde Nuecht!

Sou sot en, du verstoppt en
D'Affische bei mer zou
A sot, e géing an d'Léier
Nu najch eng Wojch or zwou.

Här Kinnek an dir Hären,
Sinn d'Vigel najch am Land,
Dat huet der mir ze danken,
Deen d'Ziedlen huet verbrannt!

Drop sot zum Fuuss de Kinnek:
Här Renert, 't wir mer léif,
Dir géift mer dat erklären.
Dat Denge schéngt mer dréif.

De Renert kuckt dem Kinnek
Ganz hardi an d'Gesiicht,
A seet: Gesitt, Här Kinnek,
Hei ass d'Erkläre liicht.

Ech lafe fir dem Wollef
Seng Ligen a kee Greef.
Seng Lige si wuel schmotzeg;
Nu, d'Wourécht ass gutt Seef.

Ma wat e seet vum Damppäerd
Da's Fabel an eng Seechen;
Sou zielt een der am Wanter
Zum Zäitverdreif beim Greechen.

Well d'Damppäerd ass en Déier,
'T huet méi als honnert Been,
An 't géing mer vill ze séier,
Deem Steng an d'Wee ze leen.

Nu vum Affisch da's richteg,
Deen ech am Bambësch hat;
Drop war vu Vive la France,
An allerhand geschwat.

Wahrscheinlech hat e Mënsch se
Deen Dag am Bësch gestreet;
Dat anert all si Ligen,
Wat do de Wollef seet.

Ech hu mech amuséiert,
Him vill dervun z'erzielen;
Ech denken, 't war un him du,
Dat Best erauszewielen.

Ma 't weess ee, fir en Iessen
Mécht Wollef, wat e kann,
A steet enzwousch eng Fal op,
D'Geloscht déi bréngt en dran.

Ech goung gläich menger Weën,
De Wollef blouf nach do.
Ech duecht: Deem do schéngt d'Liewen
Nach eemol himmelblo.

Hien holt d'Affisch,
Setzt op sech eng rout Fransouse-Kap,
Schläift owens op de Fëschmaart,
A mat ër Schossel Pap,

Klieft d'Liddchen op en Ecksteen --
Esou verstoung hien d'Saach.
Kaum foung en un ze sangen,
Holt d'Police e mam Krag.

A wat en do erlieft huet,
Dat wënscht ee kengem Déier.
Wie soss alt blous zwou Hänn hat,
Schloug drop als wi mat véier.

Wat sengt deen hei fir Lidder?
Ma schlot en dout, den Hond,
A vun der Schlassbréck nidder,
Geheit en an de Grond!'

Sou jauten s'aus dem Himmel
A vun dem Hellge-Geescht,
Vum Hällepull, vum Knuedler,
A wéi all Eck dann heescht.

D'ganz Stad war ëm de Wollef,
Se waren als wi wëll,
All Kréimer hat seng Ielen,
All Wäschfra hire Blëll.

Den Uergste war en Eecher
Mat senger Knätzel Goss;
Dee foung un drop ze dreschen
Wi op e Sak voll Moss.

Zum Gléck war fir de Wollef
E Mann nach an der Stad,
Deen huet mat Iwerleeong
A mat Verstand geschwat.

E sot: dir Häre Biirger,
Hei huelt iech gutt an uecht,
Mer hunn de Véimaart endlech
Eran an d'Stad nu bruecht,

Ma mécht sech nu de Wollef
Vun Ängschten hei sech wéischt,
Da bleift vun dem Geroch ons
Heibanne méi kee Béischt.

Se ginn dann all wi rosen,
Se halen näischt méi un sech,
A Schléi a Stéiss a Rosen,
Déi ginn se hefeg vun sech.

Begräift, kee Véimaart kënnt
Méi heibanne gi gehalen,
An d'Stad géif an den Aarmutt
Duerch do dee Wollef falen.

Et misst een dann all Bauren
An d'Kanner mat den Eltern
Nom Maart an d'Stad nach huelen
An d'Suen aus e keltren.

Esou a vill deergläichen
Wousst fein den Här ze son.
De Biirger an dem Stadrot
Hunn d'Aen op musst gon.

De Wollef huet du missen
Mat Blutt sech ënnerschreiwen,
Säi Liewe lank vum Véimaart
Aus Lëtzebreg ze bleiwen.

Drop konnt en endlech wëschen
Mam Ufank vun de Brigel.
An dat, gesitt, Här Kinnek,
Ass d'Liddche vun de Vigel.

Sou sot de Fuuss. De Wollef
Gouf all Abléck méi béis,
E fänkt nun un ze jäizen
A steet op d'hënnescht Féiss:

Wien dir an d'Haus wëllt kommen,
Dee gräif net no der Klensch!
Äch schlon der wupp däng dir an:
Hei, Fuuss, do läit mäng Händsch!

A muer da gi mer fiechten,
A gleef, den Danz gët heess,
An 't ass gesuergt, äch hoffen,
Dass du mer néck entgees.

E Bouf, dee frou um Bäämchen
Gestuele Promme schnappt
A da vum graffen Noper
Op eemol gët erdappt'

Dee kann net méi erféiren,
Als wi de Renert du;
An iewel mouch en huerteg
Aus engem P e Q.

Dir mengt, dir géift mech packen,
Här Wollef, sot e king,
Ech dun iech awer quacken,
A kéimen ierer zing.

Drop gouf en dann dem Kinnek
Seng Händsch an déi vum Wollef;
E sot zu allen Hären:
Nu ass et mer gehollef.

De Groë gët laxéiert,
Da kritt en eemol Rou.
Lo kuckt der no, ech maachen 't
Wi d'Meedche mat der Flou.

De Kinnek sot: Dir Hären,
Ier Saach lait duercherneen.
Dir sot verwurelt Rieden,
A recht huet bei mir keen.

Ech wëll, dir sollt iech meeschtren;
Nu bréngt ier Zeien hir:
Déi hu fir d'Graaft ze suergen
An och fir d'Doudebir.

Well ee muss d'Liewe loossen,
Soss kréien ech kee Fridd;
Beim Schetzelbur ass d'Fiechtplaz,
Wou een de Biddi zitt.

Du koum de Braun mam Kueder
Als Wollefssekundanten,
Den Attert koum mam Maarder,
Dem Fiissche seng Trabanten.

De Renert a seng Frënn all
Gi mateneen an d'Uucht;
De Fuuss gouf do zum Beschten,
A vill, der ganzer Zuucht.

'T gouf z'iessen an ze drénken,
An ëmmer koum ës nach,
A munche Fläsche gouwen
Deen Owend d'Häls gebrach.

Dat ass jo d'Fuussmanéier:
Der gët e fräien Dësch;
Der werft eng Méck an d'Waasser
A fänkt dermat e Fësch.

Véierzengte Gesank.[edit]

Am Gréngewald om Hiwwel
Stin Tannen ëm de Sand,
Do ass di feinste Fiechtplaz,
Keng schéiner ass am Land.

Fréimuerges war de Kinnek
Mat allen Déier do.
De Renert koum och lëfteg
An all seng Frënn em no.

E wor geschuer potzplakeg
Vum Hals bis bei de Schwanz;
Nach ëm de Käppche stung em
Vu roudem Baart e Kranz.

Dat hat gemaacht d'Fra Babel
Nom Iessen an der Nuecht.
De Fiisschen hat déi Fiffen
Schons laang sech auserduecht.

E koum dohier sou lëschteg
Als géing et fir eng Boun,
An trëtt mat Reverenzen
Virun de Kinnekstroun.

Bei d'Kinnegin zum éischten
Goung hien sech näipen déif,
A bal bis op de Buedem och
Näipt en sech beim Léiw.

E war vu Fett an Ueleg
Sou glat als wi en Éil:
De Kinnek laacht a sot em:
Do ass e Fuuss, meng Séil!

Wéi bas de sou geschmeideg
A flénk a liicht zu Fouss!
Wien huet dech dat geléiert?
Fuuss, du bas ze lous!

De Wollef kuckt onäerdeg,
Seng Frënn, se knoutren haart;
Den Hinz bekuckt seng Kloën,
De Bier, dee knat um Baart.

Du bruecht de Luuss e Kléiblat
Mat véier op em Trapp
A leet dem Fuuss a Wollef
Den Heeltem op de Kapp.

Drop schwiert de Wollef hardi:
De Renert ass en Hond,
En Déif; e brengt säi Liewen
Keng Wourécht aus dem Mond.

De Fiissche schwiert och helleg,
E wär onschëlleg ganz
A schléig hei fir seng Éier
Gär Läif a Séil an d'Schanz.

Drop mécht de Luuss de Kreez op
A rifft mat haarder Stëmm:
Dir Streider op de Suewel,
An d'Vollek ronderëm!

D'Fra Babel bruecht dem Fuuss
Nach eng Salef an ër Lued
A sot, e soll dru richen,
Da méich kee Feind him Schued.

Se sot dobäi dach heemlech,
Datt Fuuss et net konnt mierken:
Et kann op kee Fall schueden,
Déi Gleweg muss ee stierken.

An du mat zwéin, dräi Sprénken
War Wollef op der Plaz,
De Renert stoung virun em
Berdank! mat engem Saz.

De Wollef streckt seng Pratzen,
De Schwanz alt bis un d'Enn;
E setzt seng Buuschten d'Luucht aus,
A greilech schielt en d'Zänn.

Se stin nu do ze schnaren
Wéi Bloswänn géint eneen,
Ze kucken, wi zwéi Bauren,
Déi queesch en Drumm durchseen.

De Wollef hëlt en Unzock,
E krompt sech wi eng Kaz,
A wuppteg! lass op Renert;
De Fuuss ass aus der Plaz.

Deen zitt nun zwëschen d'Bee sech
De Schwanz als wi de Wand,
E seecht drop iwrem Lafen
A schleeft e gutt am Sand.

De Wollef schnaapt nom Fiisschen,
Se lafen an em Kranz,
A pankteg! heet de Renert
An d'Aen hie mam Schwanz.

An d'Piss vun engem Rouden,
Et weess een, datt déi pëffert;
De Sand geet rau un d'Aen:
Den aarme Wollef mëffert.

E steet nun do ze reiwen;
De Fiissche laacht an d'Fäischt
A seet: Här Wollef, braucht
Der vläicht eppes Aen-Näischt?

Dir gitt, als féingt der Schleken
An doudeg Flantermais.
An ëmmer salzt de Lousen
Em d'Aen op en Neis.

Wann ee vun dausend Beien
Um Kapp hätt honnert Quälz,
Deem wir et wi dem Wollef;
E fiirt bal aus dem Pelz.

Gelt, Monnonk, sot de Fiisschen,
Nu feelt iech nach eng Gei;
Dir stéingt mam blannen Teis nu
Jo prächteg an der Rei.

Dir géingt op d'Dierfer spillen,
Da wär Iert Brout gebak;
A bei em Mo wi ierem,
Der bräicht emol kee Sak.

Der bräicht wuel nach e Schnëppel
An dann e Bounepaartshutt,
Derbei nach géing iech wiirklech
Eng bluttrout Box och gutt.

Da méich een aus dem Portrait
Vun iech en Hedegeld,
Well 't géif een drënner schreiwen:
Vun Esdang, kuckt deen Held!

Sou sot de Spëttler huerteg,
Da spréngt en op e lass
A bäisst dem blanne Wollef
Op eemol sech un d'Strass.

E gräift och mat de Kloën
Barbaresch a gediicht
A räisst dem aarme Kärel
En A aus dem Gesiicht.

Do gouf de Wollef bänzeg,
E musst de Renert hunn!
E kritt e mam Gewëssen,
Du war de Fiisschen drun!

Ah, Spëtzbouf, schlechten Däiwel,
Du hass däin Här nu fond,
Sot Wollef, du muss stierwen
A mängen Hännen, Hond!

Nu piss a schier a schmier däch,
A wull am Sand däch mickt
Lo hurteg sinn äch feerdeg,
An d'Opsto gët der spickt.

Du duecht de Fuuss un d'Stierwen,
Der Doud dee goung en an;
En hat wuel Rei eng Grimmel,
Dach blouf de béise Sann.

En denkt: Wann ech mech wieren,
Da bäisst dat Véi mech dout;
Ergin ech mech dem Wollef,
Dann hunn ech Schan an Nout.

Du sot en dann zum Wollef:
Dir mäi léiwen Eim,
Wi géif ech mech bedanken,
Soubal ech lass hei kéim!

Dann hätt dir om Äerdbuedem
Keen treier Frënd wi mech;
Ech léiss iech da mäi Liewen
Gewëss net méi am Stéch.

Da wär ech an de Walen
Mol éischtens iere Mann;
Ech sinn nach zimlech fiffeg,
Ech maache, wat ech kann.

Ech géing och an der Schamber
Mat iech durch déck an dënn;
Steeräich och misst dir, Monnonk,
Mer ginn, a ganz geschwënn.

Zou allen Anterprisen
Verspréich ech iech meng Hëllef,
Zemol fir nei Gesetzer
Zu Gonschte vun de Wëllef.

Dir sid e Staarke, Monnonk,
Ech hunn e louse Geescht;
Wa mir zesummenhalen,
Der wësst wuel, wat dat heescht.

Ech wär net un iech gaangen,
Ma dir, dir wollt et hunn!
Meng Kräften houl ech u mech,
Fir iech net wéi ze dun.

An datt dir ëm dat A koumt,
Dat deet mer leed genuch,
'T geschouch mer onverhuttens.
Ma kuckt, ech hunn e Buch,

An doa steet e Mëttel,
Dat heelt dat A iech hannescht;
Et ass en heelzemt Krättchen,
An 't wusst bei Schlënnermannescht.

A kuckt, ech widderruffen,
Soubal der mech gët lass,
An allen Zeitongsblieder,
Sou wahr en Himmel ass.

Ech son, ech hätt geluen,
Dir wäert dee braavste Mann;
A wat dir wëllt, dat man ech,
A wat ech nëmme kann.

Ech ma bei alle Banken
Vun ierer Schold iech quäit;
Ech schafen och all Geeschtlech
A Weltlech op Ier Säit.

Ech man iech d'Zeidongsschreiwer
Gläich allguerte mëll:
De Breisdorf an de Joris,
An d'Wäschfra wi de Schroell.

Ech loossen iech besangen
Vun all Poet am Land,
E jéide schreift e Liddchen,
De Steffe schreift e Band.

A wann der da géift wëllen,
Géif d'Giertelbunn gebaut,
A vläicht och net: 't wir deemno,
Als wi ier Menonk laut.

A, Schkura, sot de Wollef,
D'gutt Kaarten dingen näist,
Du kënns mer néck méi liewig,
Du Judas, aus de Fäist!

Verspreechen an néck halen,
Dat kanns du, Feelen,
Wuel; a léiss äch däch nu lofen,
Äch kritt keng Eërschuel.

Wéi géifs de mäch verspotten,
Mäng Kanner a mäng Fra!
Du sees najch vam Verschounen,
Da kuck elei mäint A!

Kanaaljen, Kommunister,
Fräimaurer, Jesuit,
Preiss, Franskilljong, Äerzschellem!
Ach hunn däch an der Witt.

Du Néirevir muss blugden,
Erweck nu d'Rei an d'Leed,
Bekuck däin Här, deen op
Der hei graatschebengches stett!

Op eemol gräift de Renert,
De Schallek, duer mam Grapp,
A kritt mäi gudde Wollef
Ze pake mat dem Schlapp.

E rappt a pëtzt e mierdesch,
Op räisst de Wollef d'Maul,
Du jaut de Fiissche spëttesch:
Nu, rosend Déier, haul.

Jee! wi hault de Wollef!
Den Abléck späizt e Blutt;
Nu ass en ëm den Otem,
De Renert gëtt kee Sputt.

De Wollef kritt den Tommel;
Du fällt en op de Grond.
De Renert für alt virun
Ze bäisse wat e konnt.

Do ruffen d'Frënn vum Wollef --
A munchen deet e Fluch:
De Renert ass e Mierder,
Här Kinnek, 't ass genuch!

De Kinnek war zefridden,
E schéckt dohin de Luuss:
'T ass gutt, sot deen zum Renert,
An dir sid Meeschter, Fuuss.

De Fuuss kuckt gravetéitesch
Rondëm, als wëllt e fron.
Seng Frënn all jäizen: Hurra!
De Fuuss huet Säint gedon.

Se koume frou du bei en,
Munch ale Feind koum och;
Wie soss en net konnt leiden,
Deen hält em nun e Sproch.

Drop goung de Fuuss zum Kinnek
Demiddeg, dach aläert;
E knitt sech vir em nidder
An näipt sech bis op d'Äerd.

Stitt op, sot du de Kinnek,
Dir hat e gudden Dag;
Dir huet iech gutt gewisen,
Gewonnen ass ier Saach.

Vergiess sinn all ier Feeler,
Verziën ass Ier Strof;
Dir waart bis haut blous Barong,
Vun haut u sid der Grof.

Dir sid vun haut den éischte
Vum Land a mengem Rot,
A wat dir sot, Här Renert,
Dat ass a bleift gesot.

Méi spéit dann iwerlee mer
Déi Saach vum Wollef och;
Ech loosse gir der Schamber
Do an den Uertelssproch.

Zum Kinnek sot de Renert:
Ech danke fir all Éier,
Ech sinn iech alles schëlleg,
Mäi Schicksal huet eng Kéier.

Ech brauch mech net ze dréien,
Dat wësst dir selwer klar;
Ech sinn iech nun dräiduebel
Dat, wat ech eenzeg war.

Ech weess wuel, sot de Kinnek
A reecht dem Renert d'Hand;
'T feelt nëmmen um Gefill iech,
Mä keemol um Verstand.

A sicht dir déi zwou Saachen
Gehéireg ze verbannen,
Da wierd et sech schons maachen;
De Rescht, dee wierd sech fannen.

Sou huet bei all deen Hären
De Léiw sech ausgesprach.
Drop freet en ass gattswouer
Den Dachs nom Wollef nach.

De Grimpert sot: Här Kinnek,
E lait an nonzeg Schmiirzen
An ass en och e Wollef,
Mir goung et dach zu Hiirzen.

'T si wéineg Frënn em bliwwen:
Seng Fra, de Bier an d'Kaz;
Déi aner hu méi mënschlech
Gedanke kritt an d'Plaz.

E lait am Blutt om Suewel,
Voll Wonnen ass sai Laif,
E mécht nach wuel e Struewel,
Da lait en nammol staif.

Déi puer, déi sti rondëm en
Am Dauer an am Leed.
De Kueder frot de Feldscher
Verdrësslech, wéi et steet.

De Feldscher holt e Kraitchen,
Dat wiisst dohier om Flouer;
E stécht dem kranke Wollef
E wéineg dees an d'Ouer.

Du fung en uen ze néitschen
Op zweërlee Manéier;
Drop sot de Feldscher:
Kanner, nun ass en op der Kéier.

E muss sech nun eng Zaitlaang
Nach wuel vum Iessen hidden,
Da kann en 't gutt regéieren,
Sai Mo huet naischt gelidden.

Du foungen s'un ze reiwen
Um Wollef alle véier;
Ech konnt net länger bleiwen,
Ewell ech sinn ze kéier.

Drop holt de Renert Ofscheed
A seet zum Kinnek nach:
Géing et, wi dem Wollef,
All iere Feinden dach!

Zur Kinnegin och seet en:
Lieft laang zum Gléck vum Land!
An huet der menger néideg,
Da rufft, ech si bei Hand.

E seet der Léiwin Äddi
A kësst dem Kinnek d'Patt.
Du goung en dann, an honnert
Nei Frënn an aler mat.

All Déier wëllt dem Fiisschen
Zu léif nach eppes din,
E jéide wëllt de Viischten
Nu bei dem Renert sinn.

Se schmeechlen hien, se stréilen,
Man him e Lorberkranz;
Di nidderträchtegst Séilen
Entbléisen nu sech ganz.

De Mitock jeet em d'Mécken,
D'Réi leckt de Schweess em of.
Ech dron lech, sot eng Maischen,
Wuel Iere Schwanz, Här Grof.

Den een, dee lueft seng Patten,
Den aner lueft seng Zänn.
En drëtte seet: Seng Bravheet,
Déi huet eemol keen Enn!

D'Kanéngche sot: En hat mech,
En hätt mech kënnen tucken.
An d'Gäns sot: Dee ka Sprénk dun;
'T ass Freed em nozekucken.

Seng Fënte gi bewonnert;
Wie soss en net konnt richen,
Dee seet: Gitt ënner Honnert
E Fiische mer nach sichen!

Säi Muerden nennt een daper;
Seng Schlëmmten nennt ee klug,
Seng Lige sinn eng Priedegt,
Säi Schwätze géif e Buch.

Nu foung dann un ze rieden
Den Dittche Batterséiss;
Kaweechelchen och heescht en,
E schreift mat Hänn a Féiss.

E setzt sech op den Hiwwel,
De Vulle rifft en zou:
Dir Häre, jäizt all Hurra
A maacht de Renert fron.

En ass jo nu allmächteg,
Gët uecht, e lett kee Stouss;
Iert Fléien, dat verdréisst en,
Ech rode, gitt zu Fouss!

Well hien als Grof muss lafen
Alt nach op alle Véier,
An dir sollt bei em fléien!
Wéi! dir arem Déier!

Et ass fir iech näischt besser
Als him sech nozeriichten:
A wann der mir wëllt folgen,
Da schnett der of ier Fliichten.

Zewidder ass em d'Päifen
Zemol dat op de Beem;
Beileiwe loosst ier Lidder
An d'Schniewlen och doheem!

Gët uecht op all seng Launen,
An haalt iech och deemno;
A géif e gär ee friessen,
Da sot: Hei sti mer jo!

Sou wosste vill deer Déiren
Ze rieden, wéi gedréckt;
An alles goung beim Fiischen
Bis bal op d'Äerd gebéckt.

De Renert sot: dir Hären,
Dir sid mer séier léif;
Um Himmel blénkt mäi Stär nu,
Nach gëschter war en dréif.

Mir hate vill Spëtakel
Eng Zäitlaang schuns mam Wollef;
Dee mécht méi kee Merakel,
Äis allen ass gehollef.

Ech wäerd och un iech denken,
An dir kritt all eng Plaz;
A besser sollt der liewen
Wéi an der Spënnchen d'Kaz.

Du ginn dann d'Déier fréilech
Op heem an halen déck
Vum Fuuss bei Fra a Kanner
A luewe säi Geschéck.

Mam Maarder, Dachs an Atter
Mouch Renert sech derduerch,
E koum mat denen dräien
Voll Freden op seng Buerg.

Do koum en eeschtlech wëllkëmm.
D'Fra Ebel koum gesprongen;
Op Réck a Schëller kloumen
Zu frieks em all seng Jongen.

Gebonnen huet et, Kanner,
Sot Renert, mä 't gong gutt;
Nu liewe mer fir ëmmer
Mat fonkelneiem Mutt.

De Wollef ass gezeechent,
Den Adel ass mäi Loun;
Ech sinn am Land den Zweten,
Den Éischte bei dem Troun.

En zielt der Fra du alles
Vum Ufank bis zum Enn;
An heemlech soten d'Jongen:
Mäi Papp, deen ass behenn!

Voll Freed ass Malepaartes,
D'ganz Festonk gët geschauert;
D'Fra Ebel mécht eng Kiermes,
Déi véier Deeg laang dauert.

Gedanzt gouf a gesprongen,
A munchen Hunn gepléckt;
An 't gouf gemëscht, gecouleurt,
Zum Schloss och nach gezwéckt.

Fir d'Freed nu voll ze maachen,
Kënnt d'Grasmësch och erbei
A séngt de Kirmesspässen
Zum Schloss dat Liddchen hei:

All mir Déier si ganz dichteg,
An eis Fiissercher si brav;
All eis Räre schreiwe richteg,
Keen ass och fir d'Wourécht daf.

Kanner, dat misst sinn e Glotten,
Deem net schméich hir Schreiwerei,
A wat sinn se Paterjotten,
A kee Schallek ass derbei!

Hei geschitt kee blanne Lärem,
'T kann een traue grad op d'Wuert,
Wéi e Kand om Papp seng Ärem,
Déi et droen duerch de Fuurt.

Well vum Kapp bis zou de Suelen
Si reëll mir, als wi Gold;
A mir wëlle net bezuelen
Mat Schéischwätzen all eis Schold.

Blumme wuessen, wuer mer trieden,
Pëlgre mir no Lëtzebuerg;
Jo, mir sinn, als wéi mer bieden,
Krëschtkatoulesch duerch an duerch.

Hei ass d'Bravheet guer kee Wonner,
D'Land ass allenenne voll;
Eist Gewëssen hält schéi sonner,
Wat een dun a loosse soll.

D'Honn an d'Kaze si verdréiglech,
D'Schof an d'Wëllef hunn sech gier;
An de Stiede geet et déiglech
Wer an enger Kiirch dohier.

Alles ass zum Gudde wëlleg,
All mir Männer dun eis Flicht;
An eis Fraen, wéi onschëlleg,
An eis Kanner ma keng Spicht.

Dann eis Kueben, o wat Englen!
An eis Stéiren, wéi gedam!
Bei Mauliesle si keng Benglen
Néideg hei an och keen Zam.

All eis Arem sinn och glécklech
Duerch hir Éier, an der Nout;
An eis Räich sinn do ablécklech,
Wou et bënnt, mat engem Brout.

Nëmmescht geet bei d'Gléck hei
Gäipen fir eng Knippche senges Gold,
Net sech nidderträchteg näipen duer,
Wou DaI're gi geschmolt.

Vill ze grouss sinn all eis Ielen,
A kee Sieschter ass ze kleng.
Wien sech wëllt en Hellge wielen,
Komm heihin, mer hunn eng Meng!

Wien sech wëllt Patréiner praffen,
Alles steet voll Gammen hei!
A keng eenzeg vun de graffen
Fënt ee fir d'ganz Welt derbei.

Wi d'Kiirmes du verbäi war,
Du goungen heem dann d'Gäscht;
Se kruten z'iesse mat sech,
D'Fra Ebel gouf e Läscht.

De Fuuss, seng Fra a Kanner
Déi sëtzen nu am Gléck:
De Renert denkt mat Freden
Un all seng Spichten zréck.

De Maarder, Dachs an Atter
Gi mateneen e Sträppchen.
Ja, sot den Dachs, dir Hären,
A réckt op d'Ouer d'Käppchen,

Ech sinn e Frënd vum Renert
A frou, datt d'Gléck em blitt,
Ma wësst der wuel, ech fiirchten,
Da's d'Enn nach net vum Lidd.

Gët uecht, et ass nach eppes
Mi lous als wi mir Déier,
Dat geet net op dem Buedem,
Wi d'Fiiss, op alle Véier.

Et fënt all Schloff a Schlëffchen,
Och ouni vill ze sichen;
An 't héiert, wou mir lauschtren,
'T gesait, wou mir blous richen.

'T entgeet net liicht en Déif em,
'T gët selen een em al,
Kee Schellem ass sou léif em
Wi deen a senger Fal.

Et schläift duerch Heck a Bëscher,
'T geet luusseg duerch de Flouer,
'T ka blosen aus ons d'Liewen
Vu färe mat em Rouer.

'T ass staark als wi der Jomer
An huerteg wi der Donner:
Sollt Renert him entwëschen,
'T wir eppes wi e Wonner!