Renert/4

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange

Véierte Gesank.


De Grimpert goung, a reseg,
E koum beim Monnonk un;
Dee souz mat Fra a Kanner
Do ëm e fetten Hunn.

Den Dachs gouf schéin empfaangen,
Säi Monnonk leckt em d'Maul,
An d'Fra an d'Kanner waren
Mat Schnoffien och net faul.

Ech komme, sot de Grimpert,
Iech nun als drëtte Buet,
A géift dir nach net kommen,
Dat wär e grousse Schued.

Dir huet eng eeschtlech Léier,
Dir huet e kluge Geescht,
Ier Kingheet awer, Monnonk,
Verwonnert mech dermeescht.

Datt dir dem Kinnek d'Schnell schlot,
Dat huet ons all ereescht:
Ech musst alt heemlech laachen,
Deen aner gouf et eescht.

De Virsaz, iech ze hänken,
Deen ass beim Kinnek staif,
Dir héift nu wuel ze folgen,
Sonst leit et dach kee Laif.

Ech wëll, sot drop de Renert,
Ech ginn, an nach mat Gléck:
Ech brieche ménge Feinden dach
Alleguer de Réck.

E sot der Fra du Ädjes,
A sénge Knueben och, --
Déi warem an e Wénkel
Vun 'lauter Leed gekroch.

De Renert an de Grimpert,
Se ginn nu mateneen.
De Fiissche goung op laangen,
Den Dachs op kuurze Been.

Se koume bis bei Angsbreg,
Do steet eng kleng Kappell.
Kuckt, Monnonk, sot de Renert,
Wi schweessen ech ewell!

Dachs, wat hunn ech Ängsten,
Mir ma méng Sënde Rei.
Ech wëllt wuel gäre beichten,
Mä 't ass kee Pater hei.

Am Noutfall, sot de Grimpert,
Da beichten ech iech wuel:
Da knéit, bekennt ier Sënden
A nennt mer och hir Zuel!

Confitebor, Dir Pater,
Foung du de Renert un.
Ech hu gefriess munch Pëllchen
A munche fetten Hunn.

Ech hunn den Hinz betëppelt,
De Bier bei d'Bei geleet,
Dem Hänning frouss ech d'Kanner,
Mä d'Fra net, 't ass mer leed.

Ech hunn den Hues beschnëppelt,
Wi dack, ech weess keen Enn,
Hunn zwanzegmol geféischtert
E Scheefche mat den Zänn.

Zu Lëtzebreg ees hunn ech
De Rousekranz gefouert,
An d'Fraen hätte gär mech
Als Heeltem ugerouert.

Du maachen se mech Schéifer
Zu Maarnech op der Strooss,
Do huet dann dack e Lämmche
Mer Läif a Séil gelooss.

A wou ech konnt erdappen
E Bëtschel an em Eck,
Do goung ech mer et schnappen
A schlefen hannert d'Heck.

A koumen d'Baure kloen,
Da sot ech: 't war de Wollef,
A foung een un ze kräischen,
Dann hunn ech alt gehollef.

Op eemol sténken d'Lompen!
'T war duerch en Heeschebouf,
Deen hat méng Grëff a Geste
Gesin, a munnech Prouf.

D'ganz Land war op de Bengen,
D'Néckloshaus an d'Geriichter,
D'Gendaarmen a vill Feeschter
An all déi schro Gesiichter.

Mäi Komper, kuckt, Här Pater,
E frumme brave Krëscht,
Dee koum mech avertéieren:
Du sinn ech dann entwëscht.

Drop huet fir mech mäi Komper
Séng Zeitonk voll geluen.
En hätt, mortjën, mam Schwieren
All Riichter bal bedruen.

E wosst der Saach mech schëlleg
A schwiert, ech wär et net;
Du koumen zwanzeg Lamer,
Déi zeien dat an dët.

Drop gouf ech du veruurtelt
In contumacium; ech duecht:
Dir kënnt mech klibbren,
Sobald ich wiedrum kumm.

Den Hunn goung nach trompetten
Zu Maarnech no der Mass:
Wa mir de Renert hätten,
Mer hänkten hie gewass.

Kleng Sënde loosst mer lafen!
Ech beichten iech déi déck.
De Wollef huet net onrecht:
Ech war em dack ze fléck.

Ech koum dem Bock vun Heischent
Jo eemol u séng Kleng,
Ech paken eent: De Wollef,
Dee wosst déi Saach eleng.

Nun ass de Bock e rauen,
En huet kee gutt Gesiicht;
Fir eng gequellte Gromper
Héil deen een op d'Geriicht.

Ech faart, de Wollef siet et,
Da ging dat Dénge queesch:
Zu Esch, ech wosst, beim Graffen,
Do kouf en all säi Fleesch.

Säi Wee goung laanst méng Festonk,
Du gouf ech muerges uecht:
E war, dat wosst ech ecklech,
Op Esch déi selwecht Nuecht.

E koum. Wéi geet et? sot en.
O Monnonk, wéi et kann.
Wat feelt? A kann ech helfen?
Mä kommt emol eran.

Do loug méng Fra um Palljas
Ze wéimren a gekrëmmt;
Se kann sech gutt verstellen,
Verstitt, do war méng Schlëmmt.

Ech sot: 't si Reimatismen;
Kuckt, wéi dat Mënsch do läit!
Se seet, ech soll se schmieren,
An ech hu guer keng Zäit.

Ech si geruff vum Kinnek;
Ewell e schrouf mer hënt.
'T ass eppes, wat presséiert;
Gär bléif ech, wann ech kënnt.

Géif Dir net wëlle bleiwen
Eng Stënnchen hei beim Bett
A si e bësse reiwen
Mat hei deem Ieselsfett?

Dir sid jo halwer Dokter,
An 't ass mer guer net baang,
Dir waart jo am Freckeisen
An och beim Päerdsklos laang.

O jo, sot du den Dëlpes,
An och beim Hexentréis;
Drop fillt en dann der Kranker
De Bols un Hänn a Féiss.

Weil d'Schmeechlen dreift den Efalt
Him op wi Hief den Deeg;
E wiisst als wéi eng Kochel
Vun lauter domme Streech.

Drop houl ech da mäi Stiefchen,
Ech gouf der Fra eng Bees
A sot, et wäerd sech bessren,
A goung als wéi op d'Rees.

De Wollef goung geheeschlech
Dann u séng Aarbecht och --
Ech koum mat véier Noper
Geschwënn erëm gekroch.

(Well mat em gudde Maufel,
Kuckt, féieren ech méng Hechten
Wi d'Honn un engem Seelchen,
Zum Gudde wi zum Schlechten.)

Méng Fra foung un ze jäizen,
Se rifft no hirem Mann:
Du koum ech mat de Véier
Op eemol jo eran!

A, Knuewlekskleesche, jaut ech,
Wat hues du hei ze dun?
Du Dokter Néirevir!
Dir Jongen, hei gräift un!

Du gouf mäi gudden Dokter
An d'Fanger da geholt;
Ech hätt fir Neibresiljen
Déi Bëss net hale wollt.

Zum leschten du versprécht en
Mer, wat ech wëllt, ze don,
A biet, ech soll ëm Guetswëll
Dach sénger Fra näischt son.

Wann si näischt heivun héiert,
Dann dréig en d'Schléi gedëlleg,
An déit dem Bock zéng Eter:
De Renert wär onschëlleg.

Ech sot: Et freet mech, Monnonk,
A mech erweecht ier Rei,
Well gidweree ka feelen,
Zemol wi dir elei.

Dir huet ier Strof gelidden;
Ech hunn e mëllt Gemitt:
Hei hunn ech och eng Saleft,
Déi kitt der, ir der gitt.

Gesitt, dat ass e Waasser,
Säin Numm deen ass Petroll,
Et kënnt aus Pengselwaniom;
Ech hunn eng Buttel voll.

An domat heelt ee Wonne
Vu Kuglen a vu Schrout,
All Bëss och vun den Honnen --
Kee Jëer kritt iech dout.

Mir huet et dack gehollef,
Ech hat schuns dräi deer Fläschen --
A fir iech gläich ze helen,
Da loosst iech domat wäschen.

A loosst dir gutt iech netze
Vum Kapp bis aus zum Schwanz,
Da kommt dir hei ewechen,
Här Wollef, a mat Glanz.

De Wollef louss sech netzen
Vum Schwanz bis iwer d'Kopp;
Du sot en héiflech Ädjes --
Ech mouch em d'Diren op.

Du rennt mat enger Fakel
Méng Fra em ënner d'Panz:
O hellege Spëtakel,
Wat gouf dat do en Danz!

A Kreesch! a Sprénk! -- o Himmel,
Wat huet en der gedon?
A fort voll Flam a Feier
Wi Elias om Won.

Ech sot: Gelt, dee ka lafen!
Der Däiwel géif e fänken!
E wäerd mer nach eng Zäitlaang
Un d'Ieselsfett dach denken!

Ech louf em op de Virzock
A fond e bei der Sauer
Ze wéimren a potzplakeg
Gesengt, et war en Dauer.

Ech sot: Ma kuckt de Monnonk,
Do louf en aus dem Pelz!
Ma rëselt déi blo Plazen
Och af an do déi Quälz!

Mäi Monnonk ass keen Topert:
Wann hien sech buede wëllt,
Nu brauch en net ze fäerten,
Datt een em d'Kleder hëlt.

Dat nennt ee, wësst der, Monnonk,
Spëdéiert gi mat Glanz;
Wi wäerd d'Fra Gormang kucken!
Do kommt Der wëllkëmm zanz!

Petroll mat enger Fakel,
Dat Mëttel misst ee wielen,
Fir all dee groe Sënder
De Schoofspelz afzeschielen.

Mä sid dir awer roueg,
Ier Fra gët näischt gewuer,
Dir huet jo mat den Hoër
Ier Naupen net verluer.

Aus Fuurcht, ech siet der Fra et,
Musst Wollef sech erbäissen,
Mä heemlech war e rosen,
Genuch fir mech ze zräissen.

De Bock hat soss keng Zeien,
De Wollef war am Wach:
Du blouf dat Dénge leien.
Här Pater, héiert nach!

Zur Zäit emol, bei Harel,
Der wësst jo wuel, dat Duerf,
Do hat de Wollef Gold fond;
En hat et an em Kuerf.

Jëft, sot ech, Monnonk,
Verspäert der net dat Gold?
Ech hätt eng brächteg Këschtchen,
Hei gët et iech geholt.

Ech géif iech d'Këscht wuel léinen,
Well iech esou eng feelt;
Mä wësst der wuel, gesitt der,
Di Këscht ass ugeneelt.

Mä wann dir d'Gold wëllt bréngen,
Se steet bei méngem Bett:
Et ass versuergt dra, besser
Als wann dir 't selwer hätt.

De Wollef bréngt séng Dubblen
A späert s'an d'Këschtchen an,
E stécht an d'Täsch de Schlëssel.
Du goung mäin Ouerjann.

Drop goung ech bei méng Noper
A sot: Et huet en Déif
Mer gëscht gestuel e Schlëssel,
Dee Schlëssel war mer léif.

En ass vun enger Këschtchen,
Dran hunn ech all mäi Gold.
Keen aner als de Wollef,
Deen huet mer dee geholt.

Ech biede, beicht méi séier,
A maacht mer d'Säach méi liicht,
Sot Grimpert du zum Renert:
Wi gung et um Geriicht?

Do ass den Hok', sot Renert;
Gutt Leit hu mir gehollef:
Beim Tausch behoul ech d'Dubblen,
An d'Brigel krut de Wollef.

Mäi Wollef gouf beaarbecht
No läut dem Code zevill:
Ech duecht e spréng zum leschten
Äis bluddeg aus dem Still.

Ech sot: Mä kuckt, Här Riichter,
Do gët de Groe rout;
En ass Republikaner!
Dä schlot den Näischtert dout.

Deen International do!
Mä briecht em Hals a Been!
Dat géif äis och nach feelen,
Kéim deen nach noëneen!

Mer hunn deer Kommunisten
Schuns ouni hie genuch,
Se si fir Räich an Arem
A fir d'ganz Welt e Fluch.

Ech war gewëss jo selwer
Nach allzäit liberal,
Mä wou? a wéi? ä keemol
Ze spéit an net ze bal.

Ech hunn iech um Gewëssen
Nach net emol di Boun,
Ech krut méng Schof an Huesen,
Nach all durch Annexioun.

An du zum Leschte sot ech:
Oä! nu loosst e lafen;
Der hutt e jo gezeechent:
'T wäerd kee fir gutt e kafen.

'T ass alles. Gët, Här Pater,
Mer d'Bouss; ech dun se ganz,
A ging et fir en Ouer,
Och fir mäin halwe Schwanz.

Sou sot de Fuuss demiddeg,
Louss Schwanz an Ouren hänken
A mouch, als hätt e wëlles
Séng Bessronk unzefänken.

Den Dachs zitt déif den Otem
A mécht, als wann e biet,
Da fängt en un ze schwätzen,
Als wéi e Pater riet:

O bessert dach iert Liewen
A schwiirt der Falschheet of.
Sid klug wuel als wi d'Schlaangen,
Mä frumm als wi e Schof.

Demiddeg sid vun Hiirzen
A gläweg wi e Kand,
Gehoujem sid géint d'Geeschtlech;
A riicht iech no dem Wand.

Behutsem sid am Liesen,
Soss geet de Gläf iech fort,
A liest keng aner Zeitonk,
Als d'Luxemburger Wort.

Besonnesch meit den Danzsall,
Dat ass eng weltlech Freed;
Do richt et staark nom Knuewlek,
Mai Kand, als wi mer seet.

A gleeft och net, wat aner
Iech so vum neie Liicht
Well dat versengt de Pelz iech,
'T verdiirft iech och d'Gesiicht.

Dir musst iert A bewaachen,
Wi een en Déif bewaacht;
Ass d'Sonn dee schéinste Stir och,
Mir si fir d'Nuecht gemaacht.

Enthaltsem sid am Iessen,
Am Denken ower d'meescht
A loosst iech giren zéien
Wi Schoofsbléis op de Leescht.

Drop schléit den Dachs en Hallem
Dem Renert op de Fouss
A seet: Dee misst Der këssen
Nach fir Ier heelzem Bouss.

De Fuuss versprécht em alles,
E kësst den Hallem Stréi;
Da schnappt en no ër Maischen
A kuckt no enger Kréi.

E konnt sech net enthalen;
Gesouch en och eng Pëll
Zum Hingerstall entlafen,
Da war en als wi wëll.

An hätt ee mat em Sewel
De Kapp em ofgehan;
Dee wir eeriicht gefluen
Zum Hingerstall eran.