Jump to content

Reenert/03

From Wikisource
(Redirected from Renert/3)
351760Reenert1872Michel Rodange

Drëtte Gesank



1Drop léisst de Kinnek ruffen
Erëm säi ganze Rot,
Zéng Riichter léisst e kommen
An och en Affekot.

5Ewell d’Affär vum Reenert,
Dat ass en haarde Knuet;
Se goufen nammol eeneg,
Ze schécken nach e Buet.

9A fir de Buet ze wielen,
Dat huet sech streng gemaacht:
De Kiebche krut dräi Stëmmen,
De Kueder krut der aacht.

13De Kinnek wénkt dem Kueder,
De Kueder trëtt ervir:
„Dir hat e schlaue Vueder,
Här Hinz, Dir gläicht him schier.

17Nu gitt an drot dës Buetscheft
Dem Reenert op seng Buerg,
Datt, wann en net géif kommen,
Et géing em net méi duerch.

21Da loossen ech e fänken,
Säi Schlass, dat gëtt besat;
E gëtt gestrooft mam Stillchen,
Mam Gaalgen a mam Rad.“

25„Der Jomer“, duecht den Hinzchen,
„Dat Déngen ass net liicht!“
E sot duerop dem Kinnek:
„Ech fierten, ’t räisst net riicht.

29Ech packe wual en Maischen,
Alt zwu an och wual dräi;
Ech meenen, hei beim Reenert,
Do ass mein Konst verbäi.

33Här Kinnek, ’t ass en Iër,
Vun Iech geschéckt ze gon.
Wean zréckkëmmt, wi de Biär koum,
Dea ka vun Ungléck son.“

37Sou sot den Hinz zum Kinnek;
De Kinnek sot zo him:
„E Mann, deen, wann et misst sinn,
Och op en Haaschtbam klimm,

41Deen ass dach och dem Reenert,
Ech mengen, vill ze lous;
Ech ka keen aner schécken,
A sinn s’och all méi grouss.

45Ech kenne kee méi lousen
A mengem ganze Raich.
Dir sidd, als wéi ech héiren,
Jo Fuuss an Hues zuglaich.“

49Du stréilt den Hinz de Schnorres,
E geet wi an de Mäerz,
E setzt an d’Loft de Schwänzchen,
Sou riicht als wi eng Käerz.

53Net wäit, du fënnt e kräizwees
Am Pad zwéin Hällem Stréi:
Dat ass en iwwelt Zeechen
An deet dem Kueder wéi.

57E koum nun an der Schlënner
Och ëm den Owend un,
Gesouch de Fuuss do sëtzen,
An ’t war em net eendun.

61An ier e schwätzt ee Wiertchen,
D’éischt kuckt en no er Buch;
E war als wéi erliichtegt:
Do stoungen der genuch.

65„E schinne gouden Owend“,
Foung du de Kueder un,
„A wat Dir wënscht, Här Reenert,
Dat wëllt ech, sollt Dir hunn.

69De Kinnek léisst Iech roufen;
Dir sidd him staark verklot,
En héiert Iech gär selwer
A wat Dir doarzou sot.

73Mä wann Dir net gifft kommen,
Da giff Äert Schlass besat,
Dir gifft gehoolt, gestrooft ginn,
Mam Gaalgen a mam Rad.

77Är Kanner sollen ’t béissen
An Äre ganze Stot.
Nu hualt mer näist fir onggout,
Su huat de Liw gesot.“

81„O wëllkëmm hei, mäin Nëwwéi“,
Sot Reenert du zum Buet,
„Era kommt bei meng Frächen,
Era kommt bei Ier Gued.

85Huelt Plaz a kommt Iech setzen,
Wat schléit een Iech zu Häerd?
Wat d’Haus vermécht, mäi Léiwen,
Dir sidd des Beschte wäert.

89A muerje ginn ech mat Iech
An hënt sidd Dir mäi Gaast;
Nu Fräche, bréng äis z’iessen,
Den Hinz huet laang gefaast.

93Gutt iessen a gutt drénken,
Dat ass esou mäi Goût,
An dann eng Amusettchen;
De Rescht ass Tuterlu.

97’t gëtt haut wuel vill vum Denken
Bei domme Leit gesot;
Fir mech di schéinsten Iddee,
Dat ass en Hämmelsbrot.

101Natierlech ass net allzäit
Esou e Bëssen do,
Net ëmmer ass äis aner,
Här Hinz, den Himmel blo.

105Eist Ebel nu, meng Frächen,
Dat muss ech Iech geston,
Ass dach eng extra Kächen –
An dat wëllt eppes son!

109Se kennt all Schneekereien,
Wat munchereng net weess;
Hir Spënnchen ass kees liedeg:
Mer hunn dat feinst Gebeess,

113Mer hunn dee schéinsten Hunneg,
Sou klar als wéi eng Sonn,
An Äppelschnëtz a Molber
A Wieremcher eng Tonn.“

117„Et misst e winneg kruppen,
En Maische wier mer léif“,
Sot Hinz, „an nach am léifsten,
Wann s’alt nooch leawe géif.“

121„Eng Maus“, sot Fuuss –
„En Dausend oder keng,
An alleguerche lieweg,
Ech weess Iech der eng Meng.

125Da kommt!“ A vir de Reenert,
De Kueder schläift em no.
De Fiissche war e Schellem,
Dat héiert Dir elo.

129Am Stall beim Här Paschtouer,
Lei an der Houserdéckt,
Do hat de lesten Owend
De Fuuss en Hunn gepléckt.

133An d’Kächen hat de Fiissche
Bei hirem Här beschwat,
Deen hat deem du e Seelstrack
An d’Hingerlach gesat.

137Den Hinz koum mat dem Reenert
Ëm Hallefnuecht an d’Déckt;
De Fiissche weist de Schloff em,
De Kueder awer zéckt.

141Du sot de Reenert: „Nëwwéi,
Ma dutt Iech keng Gewalt!
Eist Ebel huet nach huerteg
En Iessen ugestallt.

145A wann et och keng Mais sinn,
Da sinn et Äppelschnëtz.“
Du spréngt de Kueder schimmeg
An d’Lach als wéi der Blëtz.

149„O jerom usch!“ jaut Kueder:
En hat am Hals de Strack.
„Wat ass Iech“, sot de Reenert,
„Här Hinz, Der huet de Schlack.

153Dir musst Iech net sou fläissen,
Gellt, d’Maisercher sinn déck?
Gellt, Kiederchen, dat kruppt sech?
Mä iesst se mat Geschéck!

157Vläicht bréngt dem Här seng Kächen
Iech Moschter och derzou
An och eng Schlippche Mëllech
Vun enger – hëlze – Kou.

161Dat Meedchen weess, wat gutt ass,
Den Här, dee weess et och.
Dir sidd eenzock, mäiwärreg,
An d’richtegt Lach gekroch.“

165De Kueder huet vun Ängsten
Sech alt am Lach gekrëmmt;
De Fiissche geet mat Laachen
Fort op eng aner Schlëmmt.

169De Wollef war beim Kinnek,
D’Fra Gormang war eleng;
De Fuuss geet an hir Wunnecht
A fënnt doheem hir Kleng.

173„Wéi ass et dann, dir Krotten?“
Sot Reenert, wéi e koum,
„Wou ass dann iere Vueder,
Wou ass seng uersche Moum?“

177Du spréngt aus engem Wénkel
Hir Mamm op Reenert lass;
De Fiissche musst entsprangen,
Si huet sech nogeflass.

181Om ale Schlass zu Schibbreg,
Do wutscht en duerch e Schaart,
Si no – du blouf se steechen;
Du laacht de Reenert haart.

185De Schallek mécht eng Kéier,
Këmmt hannebäi erëm;
Do deet en er nach Schmot un
A laacht aus heller Stëmm.

189A wéi en dat gestiicht hat,
Du mécht en sech an d’Schlënner
Op d’Festonk no Malpaartes
Bei d’Fra a bei d’Gesënner.

193An där Zäit louch de Kueder
Am Seelchen nach, a schlecht!
Säi Wéimren a säi Jäizen
Hat d’Käche schunn erwächt.

197Déi koum mat enger Lanter,
Se koum mam Biesemstronk,
Den Här werft ëm de Mantel
A këmmt an engem Spronk.

201Dee sot: „Hues du den Hinnche
Mer niechter hei gefëscht?
Da gëtt elo dat siwent
Gebott der ees erfrëscht.“

205E mengt, et wier de Reenert –
Du drescht en op e lass:
Voll Ängschten huet de Kueder
Du d’Seelchen duerchgerass.

209E spréngt dem Här Paschtouer
Wi rosen op eng Plaz,
’t ass näischt esou ongiedlech
Op där als wi eng Kaz.

213Du jäizt den Här: „O Gréitchen,
Mäi Gott, ech hu meng Saach!“
An d’Käche leeft zum Koster,
De gudden Här gëtt schwaach.

217Du wëscht duerch d’Lach de Kueder,
All Mais sinn him nu feel,
An iewel muss e schleefen
Bis heem dat louder Seel!

221Zwee schéiner gringer Aen
Hat Hinz zum Fuuss gedron.
Nu muss en zréck mat engem
De Wee zum Kinnek fron.

225Dee konnt déi Nuecht net schlofen,
War op an aller Fréicht,
Du koum den aarme Kueder
Getoopt dann iwwer d’Héicht.

229Ech brauch net hei ze zielen,
Wat du de Kinnek sot.
Hie léisst voll Äifer ruffen
Erbäi säi ganze Rot.

233De Kinnek freet hir Meenonk,
Se so’ mat enger Stëmm:
„De Reenert ass veruurteelt,
Här Kinnek, bréngt en ëm!“

237Dat goung dem Dachs zu Häerzen,
Et gung em an d’Gemitt:
De Reenert ass säi Koseng,
A seele léit d’Geblitt.

241„Här Kinnek“, sot en, „loosst mech,
Dir Hären, loosst mech bai!
Zum Reenert schéckt nach eemol,
All gudder Déng sinn drai.

245Bedenkt, ’t ass keen en Engel
Vun deenen, déi hei stinn:
Ginn d’Schellmen all gehaangen,
Muss Fuuss den éischte sinn?

249O sidd net ongedëlleg,
Vläicht huet mäi Monnonk recht;
De Biär ass net onschëlleg,
De Kueder net gerecht.“

253„Här Grimpert“, sot de Kinnek,
„Dir maacht et schlecht esou,
Well ’t deckt ee jo kee Feier
Mat roude Kuelen zou.

257Jo, giddwereen huet Feeler,
De Reenert, deen huet s’all:
Ech louss en zweemol ruffen,
Ech halen net méi stall.

261En drëtte Buet, Här Grimpert?
Wiem ass sai Liewe feel?
Den Hinz ass ëm en A kommt,
De Biär ass nach net heel!“

265„A schéckt Dir mech, Här Kinnek,
Da géing di Saach op d’Enn“,
Sot Grimpert, „déi zwéi Bueten,
Se woren net behänn.

269Wie mat dem Fuuss wëllt danzen,
Huel d’Ae sech an d’Hand,
Well wien e kritt gelueden,
Deen huet e béise Stand.

273De Reenert ass ganz héiflech,
Glat Wierder sinn em léif,
Mä ’t daarf een hee beileiwen
Net tredden op eng Zéif.“

277„Da gitt a Gottes Namen“,
Sot du zum Dachs de Léiw,
„A sot, et wär kee Rot méi,
Wann hien net komme géif.“

281E Kinnek, dee muss denken,
Wann alles ëm e riet;
E Kinnek muss och rieden,
Wann een ëm d’Recht e biet.