1Drop lousst de Kinnek ruffen
Déi Kliigst aus sengem Rot,
Zéng Riichter léisst e kommen
An och en Affekot.
5Ewell d’Affär vum Reenert,
Déi ass an haarde Knuet.
Se goufen endlech eeneg,
Ze schécken him e Buet.
9De Buet, dee sollt dem Reenert
Ganz däitlech son dat hei:
E sollt zoum Kinnek kommen,
Soss géing et net an d’Rei.
13A fir de Buet ze wielen,
Dat huet sech streng gemaacht:
De Kueder krut dräi Stëmmen,
De Bier, dee krut der aacht.
17Du zitt de Bier de Jabot,
E bléist sech greilech op
A seet: „Ech wäert e bréngen,
Här Kinnek, zielt duerop.“
21Drop goung en un, a reeseg,
Op Schlënnermanescht lass.
E wosst all Wee a Steen,
E wosst dem Fuuss säi Schlass.
25Seng Fra, déi goung e Stéck Wees
Nach mat em iwwer d’Heed
A sot: „O Braun, mäi Léiwen,
Dee Gank méch mir keng Freed.
29De Reenert ass e Judas
An Dir sidd vill ze brav;
Nach eppes, wat net gutt ass:
Ier Gloscht mécht blann an daf.“
33De Bier, dee sot: „Wat sot Der?
Märr ass de Fuuss ze domm;
Fir märr och eng ze zéien,
Dat ass him vill ze romm.“
37Hee goung, a queesch duerch d’Bëscher
An iwwer Dall a Biereg,
An hei an do erwëscht en
E Lämmche bei der Pierech.
41E Mann, deen op der Rees ass,
Lieft net vun Hänn a Féiss,
An d’Éiseleker Lamer,
Déi si besonnesch séiss.
45De Bier koum ëm den Owend
Beim Schlass Malpaartes un:
Do woren zou all Dieren,
D’Fallbréck war opgezunn.
49Malpaartes ass eng Festonk,
Di schéinst, déi Reenert huet,
An dat vu senge Schlässer,
Dat him am beste guet.
53En huet de Plang sech selwer
Gemaacht an auserduecht
An du de ganze Grondrëss
Och selwer ugeluecht.
57Mat Gruewen a vill Dieren,
Mat Schlëff an heemlech Gäng;
De Vobang war e Meeschter,
De Fiisschen ass méi reng!
61De Bier nu stung um Glacis,
Do kuckt e ronderëm,
En zitt e festen Otem
A rifft mat haarder Stëmm:
65„Hee! Koseng, hee! Wou sidd Dir?
Ech si vum Kinnek hei;
Dir musst mat zou em kommen,
Soss geet et nit an d’Rei.
69A géift Dir haut nit kommen,
Da spillt Dir fir de Kapp,
Da géif ech fir Iert Liewen
Och nit e Boxeknapp!
73Well ’t koume Kloe géint Iech,
Streng Riichter sëtzen do.
Duerfir nit laang bedenkt Iech
A kommt mer huerteg no!
77De Fiissche lauschtert heemlech
A sengem Schlass a laacht
An denkt: „Wat gëllt, dem Flappes,
Deem gëtt eng Farce gemaacht!“
81E këmmt a rifft: „Ei, Koseng,
Sidd Dir dat, deen do riet?
Verzeit, ech louss Iech waarden:
Ech war jëst um Gebiet.
85Mä wëllkëmm dann, mäi Léiwen!
Et huet ee gär e Frënd,
A wann een och zoufälleg
Mat schlechter Buetscheft kënnt.
89Datt Dir Iech musst beméien,
Dat deet mer nu wuel leed,
Mä ’t ass zu mengem Notzen.
Dir stitt beim Kinnek breet.
93O hëlleft mer beim Kinnek,
E gleeft Iech, wat Dir sot;
Op Trei kann ech och schwieren,
Ech si ganz falsch verklot.
97A muerje ginn ech mat Iech.
Et ass e weide Gank,
Ech hu musst eppes iessen,
Dat mécht fir hott mech krank.“
101„Wat war et?“, frot de Bier du,
„Dir ousst vläicht iwwer d’Mooss?“
„Beileiwen neen“, sot Reenert,
„’t war Hunneg mat der Ros.
105E Fuuss ass jo kee Barrong,
An ass näischt anescht do,
Da muss een Hunneg iessen:
Dee läit mer queesch am Mo.“
109„Wat? Hunneg?“, sot de Brongen,
„Wann ech sat Hunneg wär,
Dann tësch ech nit mam Kinnek!
An iesst Dir deen nit gär?“
113„Wann dat ass“, sot de Rouden,
„– ech menge, Braun, ’t wier Spaass –
Op Féischent weess ech Hunneg,
Nach wuel e Fudderfaass.“
117„O Hunneg! Gëtt mer Hunneg!“,
Huet du de Bier gesot,
„Här Fuuss, ech denken un Iech
Beim Kinnek an am Rot.“
121„Zwar fält de Gank mer schwéier,
Mä Koseng, Iech zuléif,
Wat géift Dir vu mir denken,
Wann ech net mat Iech léif?“
125Sou sot de Fuuss. Se gungen
Eenzock op Féischent lass.
Dat läit eng hallef Stënnchen
Vum Reenert sengem Schlass.
129De Roude gung de Viischten,
De Brongen daast em no,
De Fiissche war e Schellem,
Dat héiert Der elo.
133E wosst e Plach op Féischent
Beim Staarke senger Schmëdd,
Dat war mat Aax a Käilen
Gespaalt bis bal an d’Mëtt.
137Se koumen un op Féischent,
Um Himmel stoung schonn d’Liicht,
Du sot zum Braun de Reenert:
„Nu Koseng, kuckt gediicht!
141Gesitt Der net dat Plach do?
Do läit et bei der Mëscht.
Seng Bascht ass voller Hunneg;
Nu laaft, streckt d’Nues derzwëscht.
145Do wäert Der Hunneg fannen,
Sou vill, als wéi Der wëllt.“
’t ass alles, datt de Brongen
Vu lauter Freed net brëllt.
149E streckt bis iwwer d’Ouren
An d’Bascht den décke Kapp;
E sicht mam Maul nom Hunneg,
E sicht derno mam Grapp.
153Du rappt um Käil de Fiisschen,
Datt haart säin Ielbou kléckt.
Wupp! ass de Käil heibaussen –
De Brongen ass gezwéckt.
157Dat huet de Fuuss gekëddelt,
An ’t goung dem Bier un d’Fleesch;
De Bier fänkt un ze brommen,
De Fuuss deet Schellmekreesch.
161„Gellt, Koseng, do ass Hunneg!
Gefält Iech säi Geschmaach?
Mä iesst en hett net all op,
Well muer ass nach en Dag.“
165Drop jaut heen: „Hee, um Hunneg!
De Bier hei frësst Iech d’Plach!“
Di Féischter lousse leien
De Läffel an der Brach.
169Se jäizen an se kommen,
Do krut de Bier da Kläpp,
An ’t koum e ganze Katzhaf,
Dem Bier entfuere Sträpp.
173Den Haans, de Jann, den Hännes,
Den Néckel, Nick a Klos –
Se koumen all mat Staangen,
Ersierklech war d’Geros:
177De Staarke koum mam Wissbam,
Mam Huemer koum de Pitt,
An d’Giedel koum mam Racken,
Si goufen es net midd.
181De Braun, dee sollt vergeestern,
Du mécht en nach e Rass;
A blouf d’Paréck och steechen,
E krut de Kapp dach lass.
185E krut eraus och d’Fanger,
Mä d’Händsche blouwen do.
E wenzelt bis op d’Fielsen,
Di Féischter lafen no.
189Zerbengelt an zerhuemert,
D’Gesiicht an d’Hänn voll Blutt,
Sou bunzelt en de Bierg of:
Zum Gléck, e foul nach gutt!
193Well ënnen ass en Tunnel
An ’t koum gerad en Zuch:
De Bier fält op e Waggon –
Di Féischter dunn e Fluch!
197E Mann, deen an der Bretz war,
Deen ass eraus wuel gär.
E Bier op engem Waggon
Ass iewel nach keen Här.
201„Am Waggon ouni Billjee,
Am Keelespill en Hond“ –
Denkt Braun, a léisst sech falen
Vum Waggon op de Grond.
205E Jong, deen op der Kiermes
Geschlo gouf hol a blo,
Dee geet op heem nach besser
Als wéi de Bier elo.
209E geet als wéi op Kuelen,
Barbaresch ass seng Péng.
E fäert de raue Buedem,
A méi nach fäert en d’Steng.
213Om Bierdner Hals waart Reenert
Bis Dag a laacht sech frou.
„Wi ass et, Hunnegskinnek?“,
Rifft hien dem Bier du zou.
217„Mä kuckt, do gouft Der Bëschef!
D’rout Käppche steet Iech gutt;
Ier Händschen hu, mäiwärreg,
Eng Faarf och als wi Blutt.
221Dir wäert wuel schunns om Wee sinn
No Roum an zum Konzill;
Bei sou en Expermenten
Ass Ierer keen ze vill.
225Well wat Der net am Kapp huet,
Dat huet Der an der Stëmm;
A fir e klengen Hellgen
Stousst Dir e groussen ëm.
229Gesäi, wat dach den Hunneg,
Mat Brigel iwwerzuën,
Aus engem Bier ka maachen!
Do hat Der net geluën.
233Wien tësch nach do mam Kinnek?
Kuck, kuck de Bier, wi lous!
Gutt Rees! A wann Der hikommt,
Da maacht dem Poopst mäi Grouss!“
237Sou sot de Fuuss, de Schallek,
Du mouch en sech derduerch
Voll Freeden no Malpaartes
An d’Schlënner op seng Buerg.
241Mat Wéimern a mat Hipplen
Koum Braun dach endlech drun
Ze treede vir de Kinnek.
De Kinnek rifft en un:
245„Ass dat de Braun, de braavste
Vu menge Leiden all?
Dat huet gedunn de Reenert:
Säi Wierfel ass gefall.
249Net heesche wëll ech Kinnek,
Net Kroun nach Seewel dron,
Bis datt dem Fuuss, dem Mierder,
De Kapp ass afgeschlon.
253Här Braun, Dir gitt sechs Wochen
No Munnref an de Bad,
Dann huet Ier Haut, ech hoffen,
Sech ganz erëm ersat.
257Ech schécken Iech meng Doktren:
De Flëpp vum Kuebebuer,
De Miller och vu Mierzeg
An d’Mamer Zockerkuer.
261A gitt mer an en Hotel,
Wou Häre sinn, wi Dir,
Wi dat zum Groussen Helden,
Mä d’Käschte loosst Der mir!“
265Sou sot zum Bier de Kinnek.
Nun ass et sécher dach,
De Bier goung net no Munnref,
En ass keen Dag gewach.
269E war ze vill am Äifer,
Da léisst en sech net zëssen,
Wi all seng Frënn an Noper
Am Préizerdall wuel wëssen.
273Hee selwer wollt nach d’Leeder
Dem Fuuss beim Gaalge riichten
An huerteg aus dem Liewen
Zum Doud dem Schellem liichten.