1Et war esou ëm d’Päischten,
’t stung alles an der Bléi,
An d’Villercher di songen
Hir Lidder spéit a fréi.
5Du rifft de Léiw, de Kinnek,
All Déier op e Fest
Am Gréngewald zesuemen,
An ’t koumen all seng Best.
9Di Räich als wéi di Arem,
Den Hiersch an d’Päerd an d’Réi,
Se waren all geruff ginn,
A Mitock, Mësch a Kréi.
13Se koumen all mat Träppen,
’t gesouch ee bal keen Enn,
Zu Fouss an op de Fliichten,
Mat Schniewlen a mat Zänn.
17A wann och kee géif feelen,
Dat wier dem Kinnek léif;
Wien hätt geduecht, datt Reenert,
De Fuuss, ewech do bléif?
21Dien hat e béist Gewëssen,
Dat scheit den hellen Dag,
Ze go’ bei all di Hären,
Dat war net senger Saach.
25En hat sech s’all gelueden,
E musst et selwer son;
Dem Dachs blouss, sengem Nëwwéi,
Diem hat en näischt gedon.
29De Kinnek hat verbueden
Den Déier, grouss a kleng,
All Stielen a Bedréien
An d’Doutschléi eeschtlech streng.
33De Reenert kennt d’Gesetzer
An d’Schlëff dra wi seng Buerg,
Mä këmmt en net gutt driwwer,
Da kricht en drënner duerch.
37En duecht: „Du bass beim Kinnek
Dach wierklech schunns verklot,
An ’t weess een: Wäit vum Feier
Kann al ginn den Zaldot.“
41Nun hat um Fest och Fiissche
Keng Grimmel sech verroch:
Vill Déier si beim Kinnek,
Dem Fuuss seng Feinden och.
45Den Isegrem, de Wollef,
Fung gläich ze kloen un:
Deen hat de louse Fiisschen
Am uergsten opgezunn.
49E koum mat senge Frënnen,
A munchen, deen do steet,
Ass féng e raue Brudder,
Trotz sengem renge Kleed.
53Se hiewen d’Schwänz an d’Ouren,
Se drécken sech erbäi;
De Wollef trëtt zum Kinnek
A fiert net ëm de Bräi.
57Hie sot: „Mäin Här a Kinnek,
O héiert dajch mäng Klo!
Allmächteg a verstänneg,
Dat woort Dir ëmmer jo.
61Dir misst Iech dajch erbaarmen!
Wat äch jelidden hann
Mäi Liewe lank vam Reenert
Jett Schoad a Schimp a Schann!
65En hatt mer d’Fra bejaajchelt,
Mat Schwätze bland jemaajcht,
A wi en hirer mikt wor,
Äis allebitt auslaajcht.
69Dann hatt e mer meng Jongen
Bei Clierf a menger Hiel
Jetëltert a jeschmassen,
Ee schlamp, deen anner schiel.
73Äch luss e schonn zitiren,
E kwam ojch op d’Jeriicht.
Den Näistert hatt jeschwuren,
En hätt dat néck jestiicht.
77Kuckt, wann äch ojch kënnt schwätzen
Als wi de Metz van Eech,
Sechs Wojche giff äch rieden
Vam Reenert senge Streech.
81A kënnten d’Wëlzer Gierwer
All Ieselshäckt ojch hann
An ditten näist da brägden
Als Parjement dervan,
85Da kënnt een néck drop schreiwen
Di Streech, di dee scho moujch
An déi en najch wäert maajchen, –
Nujee, äch schwatt genoujch!“
89Drop koum den Hond, de Finnett,
Erbäi zum Kinneksstoul;
Franséisesch kann dee schwätzen
Als wi eng Gabberjoul.
93Hie sot: „Där wëscht, Här Kinnek,
Ech sinn zu Bieles Wiert;
D’lescht owes koum de Reenert,
En huet den Dronk gespiert.
97E sat sech roueg nidder,
Om Hiwwel ënn’rem Kuescht,
A sot: ,Eng Schappe Greechen,
Vum beschten, deensch de hueschst.‘
101Mär fungen un ze sproochen,
Dee Mann ass vill gereescht;
E ka féng gutt erzielen,
Am Spaz an och am Eescht.
105En dronk en etzlech Schappen,
E gouf recht frou derbei.
Op eemol koum et klappen;
Wien ass do? ,D’Polizei!‘
109Wat sollte mär do maachen?
Här Kinnek, wi Där wëscht,
Ech hunn, bedeckt mat Blieder,
Do ston eng heemlesch Këscht.
113Déi op, an dran de Reenert;
Du koum dann d’Polizei.
Ech sot: ,Gesitt, Dir Hären,
Gesitt, ’t ass nëmmescht hei.
117Bei mär ass Uerder‘, sot ech,
,Am Zap als wi am Stot.
Där wäert mech net erdappen,
Dir Hären‘, hunn ’ch gesot.
121Berdouf! mécht du de Reenert
E Saz an aus der Këscht,
An oune ze bezuelen
Ass mär de Fuuss entwëscht.
125Du duescht ech u meng Wuurschten;
Déi Këscht wor hallef voll.
Mäin Iessen hat de Reenert,
An ech säi Protokoll!“
129„Här Finn“, jaut du de Kueder
A sprung vu sengem Seess,
„’t ass reecht, datt Iech de Fiisschen
Déi Wuusten huat gefreess.
133Wat wëllt Dir hea verkloen?
Här Finn, Är Klo ass hual:
Dir hat dem uarme Kuader
Déi Wuuste jo gestual!
137Ech denken dru mäi Leawen,
Et ass scho Jar ent Dag,
Du gung ech mëttes fëschen
Ëm Veinen béi der Baach.
141Ma d’Weader war net ginsteg,
Kee Fëschche koum eraus;
Du doocht ech: ‚Gi an d’Millen
A fänk der do en Maus.‘
145Ech schloff eran an d’Kichen:
Keen Maische bäi nooch no,
Ma d’Geadel op der Siddel,
Déi sutz ze näipen do.
149Ech sat mech bei en Brandrout,
Ech schilzen ees an d’Hoost:
Do hungen awer Wuusten,
Et war mein Sill e Quoost.
153Ech doocht, ’t wier net gesëndegt,
Well d’Millre sinn och Déif;
An hei and do en Wiistchen,
Su eppes ass eem léif.
157A kuerz ech wor do uawen,
Erof och mat em Saz.
Op eemol jäizt du d’Millesch:
,Hei Finnett, hual mer d’Kaz!‘
161Ech doocht net, datt dean do wier,
Ma hea mat Bill a Ball
Mir no, an an der Hoossegt
Ass d’Wiistche mir enfall.
165An d’Plaz du mat der Wiistchen
Op d’Millen zréckzegon,
Huat Finnett se no Bieles
An a seng Këst gedron.
169Su këmmt en Hond uan d’Wuusten,
Här Kinnek, net mat Reecht!
De Reenert ass kee Gouden,
De Finnett, dean ass schleecht.“
173De Réibock souz ze rëffle
Mat Ongedold om Wues,
En hat och vill ze kloen
Als Affekot vum Hues.
177En ass e räiche Kärel,
En dréit e grousse Baart
A wunnt net wäit vu Frummbreg,
Bei Lëschen an der Haart.
181Dee sot: „Mer geet vum Reenert
Hei net zum Finn erof,
Ewell als Déif a Mäerder
Verdéint de Fuuss sein Strof.
185Vu Bieles bas no Beier,
Vun Ell bas Eechternooch,
Wou gëtt, äich fron, Dir Héiren,
Esu en Näistert nooch?
189Ging Räich a Kinnek ënner,
Dem Reenert lig näist dron,
Giff heen derbäi gewannen
E Muefel vun em Hon.
193Wat déinen is d’Gesetzer?
Hee micht sech näist deraus,
Hee lieft, als wann heen Héir wier,
A laacht de Kinnek aus.
197Wi hot en et mam Lampert
Gemaacht, mam uermen Hos?
Dee Man, dee kee beleedegt,
Do läit e grank om Wos.
201Den Heesche wor op d’Kiermes
Bei seiner Fra hir Mamm,
Déi gouf em Kouch fir d’Kanner
An och e bisschen Ham.
205Hee gung op häm voll Fräden
Mat seinem Granz am Douch;
Om Krondhof fonnt e bieden
De Fuuss an eenem Bouch.
209En hoat gestréckt ëm d’Leenen
e kruusse Rusegranz,
Verstoppt war ënn’rem Mantel
Säi laange Fuusseschwanz.
213,Gekloppt-sech-Grëstnech, Prouder!
Ma gitt e bissche los,
Äich giff géir mat eech schweetzen‘,
Sot Reenert du zum Hos.
217,Äich si jo nau Pëstuër
Om Kroeknop, Der wësst,
Ma ’t feelt mer un em Koster;
Dir seid e goude Grëst:
221Wat denk Eech? Gifft Dir wëllen
Als Koster bei mir ston?
Äich giff Eech d’Nutte liren
A liren d’Oargel schlon.‘
225Den Heesche wor zefriden,
A kläich gung d’Liër on:
De Reenert sollt hee weisen,
Fir d’Massgebiet ze son.
229Et geet dem Hoas schunns zimmlech,
En hëppt dohier am Moos,
Du kräift de Fuuss nom Bëntel
A micht sech d’Douch ees los.
233E schnauft nach ëm d’Schlabaitchen,
De Koster hemmst alt ees,
Ma ier een sech ëmsinn hat,
War d’Ham mam Kouch gefreess.
237Här Kinnek an Dir Héiren,
Äich prouch Eech net ze son:
Et hot dem uermen Heesche
Gewass net goutgedon.
241E suz do dreisch ze denken:
,O wiers du aus dem Kuër!‘
An du an d’Blaz ze scheelen,
Du graazt en hann’rem Uër.
245‚Däich hëlt en Tonnerwieder,
Lo këmmt däi Jéngsterdag,
Dou Boz!‘, jaut Reenert
An holt den Hoas mam Grag.
249Äich koam dohier gegaang du,
Soss wier den Hos net mi.
Wi hot de Man gelidden,
All Klidder déin hem wi!
253Wat soll äich nooch vill rieden?
Hei hëlleft kee Geschweez.
Den Duddschlag ass verbueden
An d’Schlon och duerch d’Geseez.
257’t ass Zäit de Fuuss ze strofen,
Héir Kinnek, strooft en hett,
Soss gritt Der ’t héich veriwwelt
Vun alle prave Lett.“
261„Zum Galge!“, rifft de Wollef,
„En hatt die lank verdéint;
Wie weess najch, bleift e lofen,
Zu wat en sech erkéint?“
265De Kinnek sot: „Dir Hären,
Dir koumt vu weit e breet
A fannt Iech hei zesuemen,
Dat mécht mer grousseg Freed.
269Mam Reenert ass et anescht:
Ier Kloe sinn net nei
A wär hie ganz onschëlleg,
Da wär en och wuel hei.
273’t këmmt selten eppes Guddes
Vum Reenert dach eraaus;
Ech wor schunns laang gedëlleg,
Nu geet d’Gedold mir aaus.
277Et schingt, en uecht mech wéineg,
A mai Gesetz fir naischt,
E mécht, wat onerlaabt ass,
Da laacht heen sech an d’Faischt.
281Ass ee vleicht vun Iech Hären,
Deen d’Saach méi klor gesait?
Ech wëll nun alles wëssen,
An och, wou d’Wourecht lait.“
285Du stung dann op Dachs Grimpert
Dem Fuuss als Affekot:
„Här Kinnek“, sot en héiflech,
„Dann héiert ue mäi Rot.
289An nu fir uenzefänken:
Sou hält ee kee Geriicht;
Well Reenert guer net hei ass,
Do ass d’Verkloe liicht.
293Här Wollef, loosst dat Kloen!
Ech son, et ass Iert Gléck,
Datt net mai Monnonk hei ass,
Soss léicht Dir schunns om Réck.
297Well wie mat Iech musst iessen,
Dee gouf nach seele fett,
A sidd Dir engem schëlleg,
Da wëllt een, datt een ’t hätt.
301Här Kinnek an Dir Hären,
De Wollef ass net weech;
Dat wëll ech Iech beweisen
Aus méi als engem Streech.
305Mai Monnonk an de Wollef,
Déi haten d’Wuert sech ginn,
Ze deelen all Schlabaitchen,
Als wi zwee Bridder dinn.
309Se woren d’lescht am Wanter
Bei Fléiber op der Juegd,
Se haten naischt gefaangen
An ’t gung schunns haart un d’Nuecht.
313De Wollef wor vun Honger
A Middheet hallwer béis,
Du koum en Hiewerlänner
Mat enger Kar voll Kéis.
317Se konnten dees kee kafen,
Well keen e Groschen hat;
Du huet de louse Wollef
Dem Fiissche gutt geschwat.
321E sollt him dach erdenken
E Mëttel fir de Mo!
An huerteg wor de Reenert
Mat sengem Mëttel do.
325Hee leeft a leet sech nidder
(Et wor, meng Sexter, frech)
Op d’Strooss, als wann heen dout wär,
Streckt Aarm a Been ewech.
329De Kéismann këmmt a fënnt en,
Deen huet em eng gekraacht;
Dem Monnonk huet de Rimmchen
Net greilech gutt geschmaacht
333An iewel bleift e leien,
Sai Spillche mécht e ganz;
Du hëlt de Kéismann endlech
Mai Monnonk mat dem Schwanz.
337,Dat gëtt e feint Puer Moulen,
Esou e Fonnt ass rar!‘
Sou sot en, an du werft hen
De Fiissche wupp op d’Kar.
341Wat brauch ech nach z’erzielen?
Mai Monnonk maust am Doch
A wäerft dees Kéis dem Wollef
Eraf a bis genoch.
345Du endlech hien eraf och
A lass op d’Deel vum Kéis,
Do hat de brave Wollef
De Rescht schunns am Gefréiss!
349Net besser goung et hauer
Mat engem Schwain emol,
Dat hung bei engem Bauer
Geschluecht un engem Nol.
353Mai Monnonk licht dem Wollef
Duerch d’Fënster d’Schwain eraaus;
Op eemol gung d’Gedibber
An d’Jäizen un am Haaus!
357Se koume mat de Greefen
A mat der Wisenha,
An deemol koum mai Monnonk
Op d’Hoer ëm en A.
361Zum Gléck en ass e Schmocken,
Du mécht en dann e Saz
A wutscht Iech duerch e Schlëffchen,
’t kuéim kaum derduerch eng Kaz.
365‚Ma Nëwwéi‘, sot de Wollef,
‚Et schingt, dat goufe Rëss!
Kommt iessen, wat nach hei ass,
Dat schmaacht elo gewëss.‘
369Hee werft em duer de Sprenkel,
Eng Schank och vun der Héiss!
Ech froen Iech, Dir Hären,
Wie géif dann do net béis?
373Här Kinnek, kuckt de Wollef
A kuckt seng Zeien un,
Déi fir e faulen Apel
E Wollefseed Iech dunn!
377Do steet seng ganz Familljen
A jéiden huet e Krack:
De Schrappjann vun der Knappshéicht,
De Stupp mam laange Schrack.
381De Grapphans vun der Flaissdech,
De Krop vum Lëmmelshaff,
De Fléif–rz och an d’Goldlaaus,
De Bass vum haarde Graff.
385Dat si verflucht Gesellen,
Déi huel si bis op d’Féiss,
’t gesait een, datt e jéiden
Drai Pierd zu Botz opfréiss.
389Setzt een no Esch op d’Uelzecht
An een no Iechternach,
En drëtte setzt no Wolwen
An een noch Beesslek nach
393A sot, se solle friessen,
A kuckt net weider no,
Drai Deeg laang, an ech wetten,
Dann hunn se d’Land am Mo.
397Gemächlech ass d’Verkloen
Der Onschold op de Réck,
A rufft der hier de Rouden,
Da steet de Groen zréck.
401Ewell wat do de Wollef
Vu senger Fräche sot,
Wat ass dann do ze kloen,
Soulaang als si net klot?
405Wien hei sech wëllt bekloen,
Bréng Saache mat Bewais!
Dir géift ons vleicht nach féieren,
Här Wollef, gier op d’Ais.
409Ja, wann een där Artiklen
Sollt huelen op d’Geriicht,
Verdierwen dausend Greffjer
Mam Schreiwen sech d’Gesiicht.
413A winnt de Fuuss Ier Jongen,
Dann huet e vill Verstand,
Well ’t sinn déi onerzuënst,
Di schlechst vum ganze Land.
417Mä géif dach Gott sai Seegen,
En hätt se dout geschlon,
Da misst ee jo maiwärreg
En op den Hännen dron!
421Fir déi, ech bieden, Wollef,
Maacht guer net vill Gejaiz!
Well wien se géif erwiergen,
Verdingt en Éirekraiz.
425A wat sot Dir, Här Réibock,
Vum Hues, dem domme Mann?
Gellt, ’t gëtt een engem d’Léier
Och nach mat Liefkoch an!
429Wien zou er Plaz wëllt kommen,
Dat wiert Dir dach verston,
Diem muss et op e Kränzchen
An op eng Ham net gon.
433Wat soll ech so’ vum Finnett?
A weess de Mann dann net,
Datt Schellmemiel dach ëmmer
Och Schellmepankech gëtt?
437Mer hunn et jo gehéiert,
Dee Mann, dee litt a stielt,
A wär ech Här, da géif en
Gehéiereg ersielt.
441Ech rëss em d’Strauss vum Tiischelt
An aus dem Faass de Krunn;
Do, wou esou Leit zapen,
Gëtt Welsch an Daitsch bedrunn.
445De Kinnek ka sech freeën,
Datt alt nach Männer sinn,
Déi dann and wann den Déiwen
E gudde Weeweis ginn.
449Well ’t ass e Sproch, dee seet ons,
Datt d’Onrecht net gedeit;
De Reenert sicht z’erfëllen,
Wat dat ons prophezeit.
453Mä, Ondank, seet en anert,
Deen ass de Loun der Welt –
Schwätzt all och géint de Reenert,
Ech son: Heen ass en Held!
457Ech son Iech méi, Här Kinnek,
An denkt net, ’t wär eng Flaus:
Mai Monnonk ass nu Brudder
Bei Hénkel op der Klaus.
461Dat këmmt vun enger Priedegt.
Et wor Missioun enzwou’;
Mai Monnonk héiert lauden,
Du hat e guer keng Rou!
465E musst eraan an d’Priedegt,
Mä d’Kierch wor agestéckt;
Mai Monnonk huet net noginn,
En huet sech agedréckt.
469E koum bis op den Duxall,
Well ënne wor eng Wull:
Do sëtzt de Bier, de Wollef
An d’Kaz am viischte Stull.
473Den Huer sëtzt do mat Moulen
An d’Kaz mat enger Moff,
De Finnett huet och extra
Deen Dag sech net besoff.
477Den Hiesche mécht de Koschter,
Hie knéit sech, datt et knuppt,
An d’Schwain huet sech beim Beichtstull
Deemiddeg duergehuppt.
481De Bock ass ganz andächteg,
E mécht e frummt Gesiicht;
En huet sech ganz raséiert,
Als wi fir d’Jéngst Geriicht.
485Mat Kierze sëtzen d’Échlen
An d’Gäns am waisse Wuel –
Mä wann ech s’all sollt nennen,
Dat géif eng Abberzuel.
489De Pater klëmmt op d’Kanzel:
‚Wat do den Här Iech riet!‘
Den Tiger schléit op d’Broscht sech,
De Stéier selwer biet.
493Den Hunn, dee wëllt sech Pater,
An d’Geess sech Nënnche man,
Souguer mai brave Monnonk
Alt kuckt reimiddeg dran.
497An no der Priedegt gungen
Wi Englen s’all eraaus;
Mä schunns beim Weiwaaschkessel
Fänkt Kueder sech eng Maaus.
501De Wollef frësst e Lämmchen,
Den Tiger zraisst eng Kou,
Den Huer, dee pléckt eng Pëllchen
An nach eng Dauf derzou.
505De Finnett leeft an d’Wiertshaus
A saift als wéi e Lach,
Den Hunn huet och sai Virsaz
Op enger Mëscht gebrach.
509Vun allen, déi do woren,
Di Grouss als wéi di Kleng,
Wien hat sech nu gebessert?
Mai Monnonk Fuuss eleng.
513E lieft zu Giischt om Klaischen,
Wéi d’Reesender mer son,
E mécht bal naischt als bieden
An Aanre Gutts ze don.
517En ësst e Wëllkuerstierzel,
Derbai eng dréche Kuuscht,
An hei and do en Apel,
Eng Bierche fir den Duuscht.
521Och ettlechmol eng Hämmchen,
Déi him eng Giedel bréngt,
Fir déi en hir dann d’Vesper
Zur Éire Gottes séngt.
525En dréit e Schkapeléier,
E Gierel ëm de Leif,
An Aarbecht a Kasteionk,
Dat ass sain Zaitverdreif.
529Schéi Kraizer kann e schnëtzlen,
E kettent Rousekränz,
Mécht Kierwercher fir d’Kanner
Vu gringe Kazeschwänz.
533Här Kinnek, loosst e ruffen,
Bedenkt sain hellegt Kleed!
Sou kënnt Der ’n net veruurteln!
Gëtt Uecht, et géif Iech leed.“
537De Grimpert wor kaum fierdeg,
Du koum den Hunn dohier;
Seng Schweeër drouchen doudeg
Seng Fra op enger Bier.
541Hee jaut: „O Här, meng Frächen!
Nun ass d’ganz Welt mer näischt;
Dat best vun allen Hinger,
’t luecht Eeër als wi Fäischt!
545Meng Kanner hat de Reenert,
Zéng Diechter, schunns gefriess;
Ech hunn sou gär bei deenen
Om Hingerjuck gesiess!
549Zwou wäisser an dräi schwaarzer,
Se hunn sech gutt geschéckt,
Gepierpelt ware fënnef;
En hat mer s’all erschléckt.
553Drop housch et, hie wier Brudder,
E ging net méi op d’Juegd;
Du gi mer da spadséiren,
Meng Fra an ech, op d’Uecht.
557Do souz e mam Gebietbuch
Bei sengem Beiebitt,
Ze sange ganz andächteg
En hellegt Kierchelidd.
561Mer waren oune Suergen,
Mä d’Fraleit sinn ze king:
Meng duecht net, datt e Pater
Nach un en Hingche ging.
565Se gung no alle Kärcher
Bis bei den Huewerkaast,
Du spréngt erbäi de Judas,
En hat sech drop gefaasst.
569Ech ruffen an ech kecksen,
Du koum gelaf en Hond;
De Fuuss entspréngt, du hu mer
Meng aarme Fräche fonnt.
573A wéi! Elei gesitt Der,
Do läit der Fra hir Läich,
Déi mir méi léif gewiest ass
Wi Iech Äert Kinnekräich.
577Mat wiem soll ech nun hausen,
Wiem soll mäi Leed ech klon?
Nu ass kee Mann am Land méi
Sou haart, wi ech, geschlon.“
581Du goufen d’Aen allen
De groussen Hären naass,
An och dem Kinnek selwer
Entfoul eng Tréin an d’Gras.
585Hie sot dann och zum Grimpert:
„Kommt hier a kuckt déi Laich!
Et schéngt, Dir sidd am Léien,
Här Dachs, dem Reenert glaich!“
589Zum Hinnche sot de Kinnek:
„Här Hänning, sidd getréist,
Ier Fra gëtt schéi begruewen,
De Fuuss gëtt streng gebéisst.“
593D’Begriefnes gouf gehalen,
Vill Käerzen hu gebrannt;
Op Maarwel steet geschriwwen,
Wou d’Hingche läit am Sand:
597„Hei lait begruewe Krazfouss,
Se luecht vill Är an d’Nascht.
Se huet getraut dem Reenert,
Dat huet se d’Liewe kascht.“