1Sou gungen Dachs a Fiisschen;
De Grimpert mécht him Mutt,
An heemlech denkt de Reenert:
„Vläicht geet et alt nach gutt.“
5Se koumen u beim Pallaast,
Do bléist de Fuuss sech op:
En hieft de laange Schwanz och
Sech stolz bis iwwer d’Kopp.
9E schréckt als wi e Barrong,
Als wi e Prënz duerch d’Strooss;
E steet am Kinnekspallaast,
Als wär den Troun em Mooss.
13„Genéidegsten Här Kinnek“,
Sou fung de Reenert un,
„Vun äis sidd Dir den éischten,
Am Roden an am Dunn.
17Vun allen, déi hei ëm Iech
Beim Troun am Wee mir stinn,
Sou trei, Dir wësst, Här Kinnek,
Ass keen, wi ech Iech sinn.
21Wat ass et, kënnt e Falschen
Mat enger Klo géint mech?
Ech bleiwe stëll an denken:
‚De Kinnek kennt jo dech.‘“
25„Haalt stëll“, sot du de Kinnek,
„Iert Schwätzen déngt Iech naischt,
Denkt uen den aarme Kueder,
Um Bier seng éimeg Faischt!“
29„Erlaabt“, sot Fuuss, „Här Kinnek!
Dem Bier ass recht geschitt.
Wien d’Beie leckt, wat wonnesch,
Wann dien en Aangel kritt?
33De Féischter ass de Mann net,
Die sech bestiele léisst;
Ech son och nu wuel selwer:
E gouf ze haart gebéisst.
37Ech wollt e jo bekäschten,
Mä hie wollt Hunneg hunn.
Ech hunn em dees gewisen:
Do ass mäin Dank dervun.
41Dem Kueder wollt ech Hunneg,
Ech wollt em Biere ginn.
Hie mouch de spatze Mëndchen:
Et misst eng Maische sinn.
45Ech wollt emol net matgon,
Ech hunn em vill geschwat.
Hat ech dann och de Strack em
An d’Hingerlach gesat?
49De Braun, deen ass e Schneekert,
De Kueder ass gelott:
Dat féiert all mäi Liewen
Zu näischt als Schléi a Spott.
53Dir huet d’Gewalt, Här Kinnek,
Dir huet s’a béiden Hänn;
Nu loosst mech d’Kloen héiren;
Mer man der Saach en Enn.“
57Du stungen op seng Feinden,
Et war eng greilech Zuel;
An ’t war der méi als zwanzeg,
Et war der honnert wuel.
61Do koum de Widder Bläckert,
Den Iesel Ouerjann,
D’Kanéngchen, d’Maus an d’Wisel
An d’Geess mat hirem Mann.
65Den Uess a seng Familljen,
De Kueb an d’Int an d’Kréi,
D’Kaweechelchen, de Maarder,
Den Hues, den Hiersch an d’Réi.
69A giddwereen hat Kloen,
Se bruechten un hir Saach;
Se bruechten al Geschichten
An neier un den Dag.
73Di alleruergst vun allen
Si Wollef, Bier a Kaz:
Déi loussen sech net schwätzen
En Har déck aus der Plaz.
77Mä Fiisschen ass keen Topert,
Dee Mann, deen huet e Mond!
Se soten, wat se wollten;
Hien huet en Auswee fonnt.
81Zum Leschte koume Männer,
A Männer vu Gewiicht,
Déi riede géint de Reenert;
Du gouf de Fuuss geriicht.
85De Kinnek sprécht en Uurteel,
Datt munchen heemlech laacht;
De Fiissche gëtt gebonnen,
Datt him den Ielbou kraacht.
89A Wollef, Bier a Kueder,
Se gi wi an der Loft,
Den Hiesche schléit e Riedchen,
D’Wëllschwäi vu Freede bofft.
93De Kiebche schläift de Schniewel
An d’Kréi, déi juppt mam Schwanz;
De Widder mécht dem Reenert
Zum Spott en Dillendanz.
97De Réibock steet de Männchen,
E mécht en eescht Gesiicht;
Sou gouf de Fuuss gefouert
Mat Freeden zum Geriicht.
101’t wollt alles hie begleeden,
An alles leeft dohin:
All Häre ginn, de Kinnek
Geet mat der Kinnegin.
105Bei Aangber stung de Gaalgen:
Dräi Staangen un em Nol.
„Nu Fiissche“, sot de Wollef,
„Bekuckt Ier Plaz emol!
109Klammt hardi do enoppen!
Dir sidd e frumme Mann,
Nu jitt Der riicht zum Himmel;
’t ass wat ee wënsche kann.
113Dir hatt mäch jo jefouert
Mäng Deeg op d’Äis féng brav.
Hei braucht der néck ze fiärten;
Do trëllt der néck eraf.“
117„Här Fuuss, do ass och Hunneg,
’t ass dees vum Féischterhaff“,
Jaut Bier, „a wann e gutt ass,
Da wäerft erof e Graff!“
121„Do oawen hinkt en Maischen“,
Sot Hinz, an een mat Speek;
Ä géift Der droan erwiargen,
Éich giff vua Freede Geek.“
125„Ech och“, sot du den Hieschen,
„Dat géif eng Kanddafsfreed:
Mer géifen Iech begruewen
Op d’Kopeleschter Heed.“
129De Fuuss gesouch vir Aen
Der Doud do uewe ston;
Hee konnt sech net enthalen,
Hee musst alt nach eng son.
133„Et feelt Iech vläicht nach“, seet en,
„Un engem gudde Seel?
Ech mengen, do de Kueder,
Deen hat dës Do eent feel.
137Hei ass et Freed ze stierwen,
Ech hu jo guer keng Nout;
Dir géift mech gär begruewen,
Mä hätt Der mech ees dout.
141De Wollef ka gutt sangen,
Den Hues kann d’Uergel schlon,
De Bier, deen ass tonséiert,
Dee wäert mer d’Mass wuel don.
145Brav kräische kann de Kueder,
Dat weess d’ganz Houserdéckt;
Dat hunn ech s’all geléiert
An ’t huet sech gutt geschéckt.“
149Du gräifen se zur Leeder,
Se setzen em se schacks,
An alles schlouch mat Hand un,
Als net den Nëwwéi Dachs.
153De Fiissche klëmmt op d’Leeder,
En denkt alt, wat e kann.
E war schunns bal do uewen,
Du krut en ’t an de Sann.
157En dréit sech op de Sprëssen
A rifft dem Kinnek zou:
„Här Kinnek, dierft ech beichten,
Da stierf ech vill méi frou.
161Ech hunn der vill beleedegt,
Déi hei nun ëm mech stinn;
Déi biet ech ëm Verzeionk,
Ier an den Doud ech ginn.“
165De Kinnek, dee bejoozt em ’t.
„O spirtus mendax“, sot
De Fuuss bei sech, „o stéi mer
Nu bäi mat dengem Rot.“
169Du fung en un ze beichten:
„Nach als e klenge Knueb
Schunns fung ech un ze stielen.
Dat éischt, dat war e Kueb.
173Drop hoolt ech mer e Lämmchen,
Ech schnappt mer hei eng Dauf,
Krut do e Panestäerzchen,
Eng Gäns hei mat der Hauf.
177Mäi Papp huet mech gewisen,
Ech hat e gudde Kapp;
Net laang, du konnt ech stielen
Bal besser wi mäi Papp.
181A wéi heen du konnt denken,
Et ging bal mat mir Bouf,
Du schéckt e mech bei d’Eilen
Am Mëllerdall op Prouf.
185Déi wunnen an de Leeën
Vu Paaschent bis op d’Sauer;
Se liewen nuets wi d’Schellmen,
Am Do als wéi eng Auer.
189Ech gung a koum zur Moolzecht
Bei enger räicher Échel,
Mat Schniewel a mat Kloen,
Sou kromm als wéi eng Séchel.
193Se hat Iech och zwee Aen
Wi d’Glieser vun er Lanter,
Se war gekleet an d’Plommen
Wi d’Schof an d’Woll am Wanter.
197Sou souzen hirer zwanzeg
An nach wuel honnert Gäst.
Om Buedem louch och z’iessen
Vun allerhand dat Best.
201Di Al, se housch mech wëllkëmm;
Ech hu mech duergeluecht,
A gläich koum eng där Fratzen,
Déi mir en Äerdbier bruecht.
205Se moucht geléiert Aen,
Se huet ganz héich geschwat
A sot: ‚Dat ass Iert Iessen,
Nun iesst Iech net ze sat!
209Well dat ass d’Häerz vum Iesel,
Die wosst déi Fiiss zu fänken,
Fir un hir Schwänz dem Samson
Seng Fakelen opzehänken.‘
213Du foung ech un ze laachen;
Dat hëlt di Échel queesch,
Se spréngt mer riicht an d’Aen
An deet di ellenst Kreesch.
217An all di aner Échlen,
Se koumen op mech lass,
An d’Gäst och, all di Méchlen,
Se hätte mech gär z’rass.
221Du hunn ech dann där Kloen
A Schniewlen Iech gespuert!
Ech duecht, ech géif gegrimmelt
An da geworf duerch d’Huert.
225‚Mä‘, sot ech du, ‚Dir Dammen,
Mä loosst mech dach ees schwätzen!
Ech géif jo wuel ganz gären
Um Ierdbier mech ergetzen.
229An hat ech och en Zweiwel,
Ech hunn net méi Verstand;
Ech sinn en dommen Deiwel,
En aremt Fuussekand.‘
233Du gouf dann alles frëndlech,
An d’Échlen hu gekluckst;
Di Al foung u vu Freeden
Ze kräischen, datt se schluckst.
237Ech ouss dann du mäin Ierdbier
A sot: ,O Mamm, wi sat!‘
Gott weess, a wat fir Ligen
Ech nach dervun alt schwat.
241Du féiert mech och d’Meeschtesch
Méi déif eran an d’Donkelt,
Do huet eng naass faul Wuerzel
An engem Eck gefonkelt.
245Se sot: ,Géi net dru richen,
Soss brennst de dir eng Wonn.
Well dat, kuck hei, mäi Männchen,
Ass d’Mudder vun der Sonn.‘
249Ech sot: ,Meng léif Fra Échel,
O loosst mech hei eraus;
Di Hëtzt, dat feiregt Blénken:
Ech halen ’t net méi aus.‘
253Du weist se mer nach weider
E schéine gëlde Vugel
A sot: ,Deen do ka fléien
Wi aus der Flënt eng Kugel.
257’’t ass d’Bild vum Vugel Guckuck,
’t ka fléie, wuer et wëllt,
Mä wéi deem, wou et hiflitt,
Deen do ewech et hëlt!‘
261Du sat ech mech verwonnert
Virun de Vull op d’Knéien
An duecht: ,Wär ech eleng hei,
Da géif de Guckuck fléien.‘
265An d’Eil fung un ze pus’len,
Se kraazt sech ees am Ak,
Du stiechen ech de Vugel
Mer heemlech an de Sak.
269Du gi mer bei di aner
’rëm hannescht an de Sall.
Ech sot: ,Mä kuckt, Dir Dammen,
Wat hu mer hei e Fall!
273Do ass de gëlde Guckuck
Mir hier an d’Täsch gefluën.‘
(Ech duecht: ,Wou d’Lige gëllen,
Do gëtt nun och geluën.‘)
277Do gouf et da Gesiichter!
Di Seeche wollt net schmaachen,
Mä oune d’Wuert ze friessen,
Wat sollten se do maachen?
281Du sot di Al: ,Komm bei mech,
Nu kriss de däin Diplomm!‘
Se stécht mer op den Hittchen
Aus hirem Baart eng Plomm.
285Ech duecht: ,Diplomm – di Plëmmchen,
Se ass verfluchte liicht‘,
A mouch der aler Échel
Zum Dank en dommt Gesiicht.
289Do goung ech da mam Guckuck
Op heem zou an net lues;
Ech goung, als wi ech komm war,
Well viraus goung meng Nues.
293Mäi Papp gesouch mech kommen
(E war als wéi e Luuss).
E rifft meng Mamm a seet hir:
,De Fiissche këmmt als Fuuss.‘
297Drop louss e mech da lafen,
Bei Dag als wi bei Nuecht,
A sot: ,Mäi Jong, huel nëmmen
Vir Jeeër dech an Uecht.‘
301Sou koum ech bis op d’Musel,
’t war an der Drauwenzäit,
Do fonnt ech mech mam Wollef;
En hat eng kleng Schlabäit.
305E sot, ech sollt mech setzen,
A frot, wouhier ech kéim;
Ech sot em ’t: ,Mä da sinn ech‘,
Sot hien du, Ieren Éim.‘
309En nannt mer du mäi Pätter,
Meng Urgroussmamm a seng.
Ech duecht: ,’t ka wuel Familljen
Nach sinn, mä s’ass dach kleng.‘
313Du goung ech da mam Monnonk,
Mer hunn äis d’Wuert och ginn,
Ze deelen all Schlabäitchen,
Als wéi zwéi Bridder dinn.
317Foung hien e wëlle Béier,
Ech foung dann alt e Schof.
Mä, gleeft mer dat, Här Kinnek,
’t goung spatz fir mech erof.
321Ech hätt net kënne liewen –
Zum Gléck, ech hat nach Gold,
An ’t hätt een och zéng Maandlen
A méi dermat gefollt.“
325Du lauschtert ees de Kinnek:
„Wat?“, sot en, „gellt,
Ech hu mech net verlauschtert,
Dir sot elo vu Geld?
329Wou krut Dir dat da, Reenert?“
Drop sot de Fiisschen dann:
„Wat soll ech hei vermëmplen,
Wou näischt méi schuede kann?
333Dat Geld, wat soll ech léien,
Ech hat dat Geld gestuel,
Fir d’Liewen Iech ze retten,
An nu – mäi Loun ass schmuel!
337Se wollten Iech ermuerden,
A wien, dat wëll ech son;
Dat Geld, dat war hiert Mëttel,
Dat hat ech all verschlon.“
341Drop sot de Kinnek: „Reenert,
Bedenkt Dir, wou Dir stitt?
An dass Dir aus dem Liewen
Net schéi mat Lige gitt!
345Duerfir bekennt mir d’Wourecht,
Well ech se wësse wëll;
Erof kommt vun der Leeder –
A giddwereen hal stëll!“