1Wann d’Lige fléie kënnten,
Di Reenert du erduecht:
’t géif däischter ëm de Mëtteg
Als wi ëm Hallefnuecht.
5E sot: „De grousse Sigfrid
Vu Lëtzebreg, de Grof,
Deen hat e Geldspill, heescht et,
Vu kengem Gläich erof.
9En hat et kritt vum Däiwel,
Deem hat en sech verschwuer;
Mäi Papp, als wi de Sigfrid,
Goung duerch dat Geld verluer.
13Et louch enzwou begruewen
Schunns iwwer dausend Jar
Ëm d’Uelzecht an de Fielsen,
Ech weess di Plaz net klar.
17Och wéi mäi Papp et fonnt hat,
Dat gouf ech net gewuer;
Genuch, e musst et fonnt hunn
An du verstoppt enzwuer.
21Drop huet en eeschtlech Plangen
Sech an de Kapp gesat,
Vu Republik a Fräiheet
Etcetra blouss geschwat.
25E gouf ersierklech houfreg,
D’ganz Welt war him ze kleng;
Ze go’ mat Albekannten,
Dat war em zou gemeng.
29De Bier, den Dachs, de Wollef,
Dat waren du seng Frënn,
A wat déi véier plangten,
Verlauschtert ech geschwënn.
33Se sollten Iech ermuerden,
Kee Kinnek sollt méi sinn;
Mäi Papp, dee war mat Dubblen
Fir d’Käschte gutt versinn.
37Se hate fir hiert Feier
Sech d’Reiser stëll gebrach
A véier Zeitonksschreiwer
Mat schwéirem Geld bestach.
41Mäi Papp sollt heemlech dangen
Zaldoten iwwerall,
Ëm d’Ouschtre sollt et lassgon –
Op eemol Knall a Fall.
45Dat hunn se nuets kalennert
Um alen Hiergerschlass;
Den Hingerdéif an d’Échel,
Déi wëssen, wou dat ass.
49Ech hat vun allem eppes
Sou hallwer schunns mam Läpp
An duecht: ,Ech kommen
Dach hanner Iech al Däpp.‘
53Du krute mer en Ierwen,
An ’t foul mer an eng Fax:
Wien huelen ech fir Pätter?
Ech hoolt mäin Nëwwéi Dachs.
57Ech duecht, do muss dee Quëtschert
Jo stellen all den Dronk,
Mä well en och muss blechen,
Da säift e wi eng Onk.
61Ech wielt em eng Gevuedesch,
Di soss seng Freiesch war,
An ’t war bei Hand eng Hämmchen
A Kéis eng dichteg Bar.
65De Kanddaf gouf gehalen,
An ’t war eng lëschteg Uucht;
Am Stëbs war gläich de Pätter,
Do hate mer eng Fuucht.
69Och d’Moume goufe spaasseg,
Se man de Schwäizerdanz
An haten dach hir Gellech
Mam Dächsche sengem Schwanz.
73Ech schwat em an ech fléift em,
Ech holt en op eng Säit;
Du gouf en da granaten –
Ech duecht: ,Nun ass et Zäit.‘
77Ech fänken un ze frécklen
An dunn, als wësst ech d’Saach,
An hien, e seet mer alles,
A bis op Stonn an Dag.
81,Ho‘, duecht ech, ,ho, Dir Hären,
Do rennt Dir op e Stack;
Nu, Reenert, weis däi Spiertes
A féier s’an de Strack!
85De Léiw bleift eise Kinnek,
Dir Häre gëtt erwëscht,
Gëtt Uecht, Dir Kinneksmierder:
Ech krauchen Iech an d’Këscht!‘
89Mäi Papp gung heemlech Weeën;
Ech duecht: ,Deen do leeft kromm,
Den Alen ass keen Topert –
De Jongen och net domm.‘
93Ech schlabbert allenennen
Dem Ale luusseg no,
An dack, ech son, Här Kinnek:
Hie war Iech net sou do.
97Ech louch ees an de Blieder,
Net wäit vu sengem Wee,
Du kroch e stëll a fuusseg
Aus enger hueler Lee.
101E kuckt emol rondëm sech,
Stoppt d’Lach geheeschlech zou,
Dir hätt geschwuer, Här Kinnek,
De Schloff wier soss enzwou.
105Ech duecht: ,Gesäi den Alen!
Läit do säi gëlde Kallef?
Ech mengen, ’t léiert lafen;
Ech traut alt nëmmen hallef.‘
109E goung no ettlech Deegen,
E sot, et wär fir laang.
Ech wonsch em Gléck an duecht alt:
,Ier Saach ass gutt amgaang.‘
113E goung mam Pelzemantel
Als wi de räichsten Här,
Als wär e President schunns.
(Ech wosst, e wier dat gär.)
117En Här, die wëllt an d’Chamber,
Vu Baure wëllt genannt,
Dee stécht an d’Täsch seng Dubblen
A reest eraus op d’Land.
121Keen Duerf ass him ze dreckeg,
Kee Bauer him ze domm,
Kee Wiertshaus him ze niddreg,
E seet: ,Mäin Alen, komm!
125Hei huele mir eng Schappen.
Wat mécht dann Ier Madamm?
Wi geet et Iere Joffren
An Ierer braver Mamm?‘
129Do sëtzen hirer honnert,
Den Här sëtzt an der Mëtt;
Di Baure luewen alles,
Wat hien e seet a gëtt.
133’t gëtt Bordeaux a Champagner
An Zigar’n, Ham a Wuuscht;
A géif en d’Box zum Beschten,
E läscht net hiren Duuscht.
137Gott Vater lieft net besser
Als wi di Bauren do,
A spréing den Här an d’Feier:
Di Kierle spréingen no.
141Do schmit en nei Gesetzer,
An d’Schätzeng muss eraf!
E schwätzt ëm eelef Auer
Géint d’Lompeklack se daf.
145E plangt di schéinste Stroossen,
Duerch d’Duerf geet d’Eisebunn,
All Dierfche kritt eng Haltplaz,
An zwou, di schonns eng hunn.
149E mécht och d’Lieder wuelfeel,
Ma deier mécht en d’Lou,
Späert d’Grenz och, wéi se wëllen,
Bal op an och bal zou.
153Mäi Papp war bei de Walen
Dack heemlech bäigekroch;
En hat dat all geléiert,
A léie konnt en och.
157E litt a gëtt zum Beschten,
Huet Geld a béiden Hänn;
Zaldote kritt e moltom,
Mat Schniewlen a mat Zänn.
161Se hunn sech ënnerschriwwen
Op wäisse Pergament.
Wat sollt de Kinnek denken,
Wann ech hir Nimm hei nennt?
165Et stinn där grousser Hären,
Här Kinnek, ëm den Troun,
Se géifen Iech verroden
Och fir eng Gaardeboun.
169Wi du mäi Papp ereemkoum
(’t war an der Faaschtenzäit),
Du louf en huerteg kucken,
Wou d’gëlde Källef läit.
173O Jeerom! Wat gesouch en?
Säi Källef war entlaf,
Säi Gott war operstanen,
A liedeg fonnt en d’Graf.
177Ech hat mat grousser Aarbecht
Néng Deeg laang dru geschleeft;
Do louche gëlde Saachen,
’t ass keen och, deen et gleeft.
181Här Kinnek, wann se hei wier,
Meng Fra, déi kënnt et son;
Se huet mer dru gehollef,
Ech hätt mech doutgedron.
185Mäi Päpp, deen hat Choräkter,
Säi Wuert och hätt e ginn;
Nu konnt en dat net halen,
Wat musst ech du gesinn!
189E goung sech drop erhänken –
Ech holt en aus dem Strack –
Wann ech – duerun denken –
Da kräischen ech – nach dack.
193Sou hunn ech Iech, Här Kinnek,
Iert Liewen do gerett;
Mäi Päpp wier wuel gestuerwen
Ouns dat op sengem Bett.“
197De Kinnek zouch de Fiisschen
E wéineg op eng Säit
A sot: „Mä weist mer, Reenert,
Iert Gold, a wou et läit.“
201„Wät géif et mer och helfen“,
Sot Reenert du zum Léiw,
„Wann ech dem Kinnek alles,
Mäi Geld a Gutt och géif?
205Dir gleeft den Déif a Mierder,
Dir dreift mech an den Doud,
E loosst meng Frä ä Kanner
Am Leed an an der Nout,
209Mä wëllt Dir mir verzeien
A gëtt Dir mech hei lass,
Da son ech Iech all Zeechen,
Wou ’t läit ä wou et ass.“
213„Verzeit dem Fuuss, Här Kinnek“,
Sot lues du d’Kinnegin
A mouch derbei dem Reenert
Eng séier frëndlech Minn.
217„Verzeien?“, sot de Kinnek,
„Ech gleewen em kee Wuert;
Well kënnt vum Fuuss eng Wourecht,
Dann huet en se gestuert.“
221„Bedenkt“, sot si, „Här Kinnek,
En huet säi Päpp geschännt;
Esou géif keen dach léien,
Deen een e Fiisschen nennt.
225An denkt dat Gold, di Saachen,
E sot och Iedelsteng;
Wat kënnt een dovu maachen!
An ’t schingt, et ass eng Meng.“
229Du gouf et klar dem Kinnek,
An d’Saach di schéngt em ganz:
Fir engem gutt ze liichten,
Huet d’Gold de beste Glanz.
233E sot: „Nu héiert, Reenert,
Ech ginn Iech nun nach frai,
Mä bessert mer Iert Liewen,
Sonst ass et dach verbai.“
237„Gott wëll Iech dat erstueden“,
Sot Fuuss voll Freeden du,
„Sou räich ass om Äerdbuedem
Wéi Dir kee Kinnek nu.
241Dir kéift den Ierz an d’Minett
Vun Diddleng bis no Grass,
Zéng Dunnen déif am Buedem,
Wat drop an drënner ass.
245Da kënnt Dir nach gutt bauen
D’ganz Giertelbunn eleng,
De Wëlzer an de Fielzer
Derniewent nach eng kleng.
249Nu lauschtert hei, Här Kinnek:
Do uewen op der Heed
Bei Beeler stinn zwou Bierken,
Keen Haus ass wäit a breet.
253Do läit mäi Gold begruewen,
D’Plaz heescht: om Kale Räis,
Ganz liicht och ass se fannen,
Well d’Bierke si schluetwäiss.
257Just zwëschent den zwou Bierken,
Do steet am Buedem d’Këst;
Ech roden Iech, gitt selwer,
’t ass besser, wéi Dir wësst.“
261Drop rifft de Fuuss den Hieschen.
Dee këmmt – de Reenert seet:
„Om Kale Räis, wou ass dat?
Sot hei, de Kinnek freet.“
265Du sot den Hues an ziddert
Als wi en Espeblat,
Seng Béinercher, di foulen,
Sou séier, wéi e schwat.
269„Äm Éiselek bei Beeler,
Do heescht eng Plaz esou,
’t sti Bierken drop, a wäisser,
A beieneen der zwou.
273Se stinn op engem Berreg,
’t ass wäit a brät keen Dorref,
All Kraider, déi do wuessen,
Déi gingen an ee Korref.
277Do gouf ech dack geängschtegt
Vum Quääsche sengen Honn.
Vill Schni ass do am Wanter,
Am Summer winneg Sonn.“
281„Nu gutt“, sot drop de Kinnek,
„Ma Reenert, wéi et schéngt,
Ech fënnt déi Plaz dach besser,
Wann Dir och mat mer gingt.“
285Si Ligen opzefänken,
De Fiissche fänkt s’am Flock.
Ouns d’Ouren och ze renken,
Sot hien dem Léiw eenzock:
289„Et ass mer leed, Här Kinnek,
Ech muss op Iechternach,
Well muerjen ass Päischtdënsteg –
Ech son Iech dat och nach:
293Hei gutt gesot, Här Kinnek,
Mäin Eelste fält an d’Kränkt,
An ’t ass een ëmmer leedeg,
Soubal een duerun denkt.
297Well ’t ass de léifste Fiisschen,
En huet di schéinsten Zänn,
E bäisst als wéi en Alen,
E leeft a spréngt behänn.
301Sou dack als wéi en owes
Eraus an d’Bëscher geet,
Da ka meng Fra net schlofen,
Dann ass s’an engem Leed!
305E klëmmt Iech och op Plazen,
Duer kléim där aner keen;
A wann en do an d’Kränkt féil,
Da bréich en Hals a Been.
309Här, d’Nout, déi léiert bieden!
Ech hunn d’Gelibd gedon,
Als muer, soulaang ech liewen,
No Iechternach ze gon.
313Ech hoffen, ’t soll em helfen,
Ewell ech hu mech nach
Vun do no Iewescht-Klausen
An enger Rees versprach.
317Ouns dat, da géing ech mat Iech,
Ech roden, waart keen Dag,
Well ’t hunn der vill gelaustert,
Den Hues huet scho Verschlag.“
321„Nujee“, sot du de Kinnek,
„Wann dat esou sech huet,
Da kann ech Iech net ploen,
Da sidd Dir schlecht geguet.“
325Drop steet dann op de Kinnek
A seet zum ganze Rot:
„Dem Reenert ass verziën;
En huet mer vill gesot,
329Wat gutt ass fir ze wëssen;
A muenchen, deen hei steet,
Ka frou sinn, datt de Reenert
Nu fort op d’Bittgäng geet.
333Ech hu mech hannert villen
Ersierkelech versinn.“
An dobai mécht de Kinnek
Dem Bier eng däischter Minn.
337Du sollt de Wollef baschten,
De Kueder dréit sech ëm,
De Bier, dee kacht vun Äifer;
Mä ’t héiert ee keng Stëmm.
341De Fiissche koum zum Ofscheed,
Wi alles nach do stung,
A sot: „Et feelt mer un em Ranzel,
Mer feelen zwee Puer Schung.
345Soss wär ech féx a fierdeg,
Da méich ech mech op d’Rees;
Mä ’t geet een net gutt baarbes,
Do géif een huerteg hees.
349An huet een net eng Täschchen,
Dann ass een iwwel drun;
De Bier, deen huet e Paltong,
Do géif e Ränzel vun!
353Dat viischt Puer Schung vum Wollef,
Dat hënnescht vun der Fra,
Déi géife mech montéiren,
Se sti mer gutt an d’A.“
357Du räisst de Léiw dem Bier dann
Eng Fatz vum Réck erof
Dem Reenert fir e Ranzel:
Et war eng Kinneksgof.
361Dat viischt Puer Schong musst Wollef,
Seng Fra dat hënnescht ginn;
Et huet een om Äerdbuedem
Nach näischt esou gesinn,
365Wi do di Déier stungen
Mat wonde Réck a Féiss;
Den dräie war et batter,
Dem Fiissche war et séiss.
369Die stung do nei gestiwwelt,
Mam Ränzelchen om Réck;
D’Geschenker hëlt e mat sech,
Mä d’Lige léisst en zréck.
373„Den Hues an och de Widder,
Déi ginn e Stéck Wees nach
Mam Reenert“, sot de Kinnek,
„Dat hunn ech em versprach.“
377Du mécht mat Schellmentréinen
De Fuuss seng Aen naass.
En deet, als déit e kräischen,
A laacht am Häerz vu Spaass.
381Drop sot en nach zum Kinnek:
„Ech wënschen Iech dat Best.
O haalt déi zwéi Verréider
Am stierkste Prisong fest!
385Ech fierte fir Iert Liewen,
Se briechten ’t an d’Gefar,
Well trei huet Bier a Wollef
Um Leif keen eenzegt Har.“
389E gung mat deenen zwéinen,
Gedam als wéi e Schof,
Duerch Wisen an duerch Bëscher,
Duerch Feld biergop, biergof.
393E schwat als wéi e Pater,
Exempelweis, behänn;
E wosst den Iwegilljem
Vun Ufank bis zum Enn.
397A wéi se sollte scheeden,
Du sot de Schellem nach:
„O gitt, Dir guttste Männer,
Bis heem nu mat mer dach!
401Well géingt Der nu schunns hannescht,
Ech wësst net, wat ech méich;
’t gefält mer ënnerweeën
Sou gutt Iert frummt Gespréich.“
405Se loussen sech berieden,
Se koume bei säi Schlass;
„Kuckt, Bläckert“, sot de Reenert,
„Wat do e Fudder ass!
409Gring Gras a fuerweg Kraider,
Sou héich bis un de Knéi,
Besonnesch wäerte schmaachen
Iech d’Käpp vum Wäisse Kléi.
413Do kënnt Der Iech ergetzen.
Den Hues geet mat eran.
Meng Fra muss mat em schwätzen,
En ass e kluge Mann;
417Se huet en ettlech Saachen,
Se freet e gär ëm Rot;
Se huet mech schunns ganz heefeg
No sou em Mann gefrot.“
421Se goungen drop an d’Festonk,
Do gëtt et dann eng Freed,
Wéi Reenert vu Verzeionk
An duerch seng Lige seet.
425E sot och: „Hei den Hieschen
Huet d’Kinnnegin geschéckt
Fir Iech, dee sollt Der iessen;
Lo gëtt en dout gedréckt.“
429Hei goungen d’Dronkenellen
Den aarme Lampert un;
Wär hie gewiescht dobaussen,
Wat wär en ausgezunn!
433E wollt alt nach entwëschen,
De Reenert spréngt an d’Dier.
E kritt e mat dem Strempel
A wäerft en d’Hënnescht vir.
437Den Hues foung un ze kräischen,
Du packt de Fuuss e queesch
A seet: „Vill Jäizen
Verdierft äis nach däi Fleesch.“
441E räisst em vun de Schëllren
De Kapp mat engem Bass,
Säi Läif huet d’Fuussfamilljen
Op véier Deelen zrass:
445Fir d’Mamm a fir zwéi Jongen,
Di véiert fir de Papp;
Dee stécht drop an de Ranzel
Mat Spaass den Doudekapp.
449An där Zäit koum de Widder;
„O Bläckert, sidd Der do?“,
Sot Fuuss, „da gitt alt viraus,
Den Hues këmmt huerteg no.
453Mäi jéngste Sonn huet d’Broscht wéi
Vun engem feele Spronk;
De Lampert kennt all Kraider,
E kacht em nach en Dronk.
457Ech schrouf en etzlech Bréiwen,
’t sti wichteg Saachen dran.
Se stiechen hei am Ranzel,
Deen huelt Dir mat Iech dann.
461Versuergt se gutt, mäi Léiwen,
Dir sidd en treie Buet.
A maacht net lass de Rimmchen,
De Kinnek kennt mäi Knuet.
465Mä wëllt Der Iech de Männchen
Da maachen nach bei him,
Dann dutt, als wann dat Schreiwen
Vun Iech nach haalwer kimm.
469Ech weess jo wuel, Här Bläckert,
Dir sidd vu klugem Aart;
Iech brauch een net ze wénken
Mat enger Scheierpaart.“
473De Widder goung voll Freeden.
E koum beim Kinnek un;
Deen duecht: „Wat gëllt, de Reenert
Huet deem nees eng gezunn.“
477„Ech bréngen“, sot de Bläckert,
E Bréif, dee Reenert schrouf;
En huet esou geschriwwen,
Wéi ech de Rot em gouf.“
481De Kinnek wénkt dem Schreiwer,
Du koum de Bock mam Brëll;
Den Hinz mécht op de Ranzel,
An d’Déier all si stëll.
485Do wor e Bréif am Ranzel!
De Kinnek ass erschlon,
An d’Kinnegin net manner –
„Huet Reenert dat gedon?
489Fuuss, o falsche Judas?“
Sou rifft mat haarder Stëmm
Voll Rei a Leed de Kinnek,
„O hätt ech dech erëm!
493Dai Gold ass lauter Ligen,
Du hues mech frech bedrunn.
O aarme Bier a Wollef,
O wär ech hannendrun!“
497„Wat wëllt Der lamentéiren?
De Feeler ass nun do“,
Sot Réibock du zum Kinnek,
„An d’Rei këmmt hannenno.
501Dem Reenert gouf verziën,
Dobäi war nëmmescht frou;
Dem Proun ass zrass de Pelz ginn,
De Wollef koum ëm d’Schou.
505Dach weess äich nooch e Mëttel,
Dat son äich, wann Der ’t frot;
Den Träien gëtt de Widder,
Dee gouf zum Préif de Rot!“
509Du war de Léiw erliichtegt,
Steet op vum Troun a seet:
„Se sollen sech en deelen,
Ech ginn en dee mat Freed.
513De Widder a seng Kanner,
Soulaang main Troun besteet,
Déi sollen di drai friessen,
A bis an Éiwegkeet.
517Se sollen sech se huelen
Am Dall an op dem Bireg,
Am Bësch an op dem Flouer,
Am Stall wi an der Pirech.
521Dat gitt den Häre melden,
Sot hinnen och mai Grouss,
A sot, mer géiwe liewen
Wi soss op guddem Fouss.“
525De Réibock dréit di Buetscheft;
Den Dräien deet et gutt;
Gefriess gouf gläich de Widder,
De Léiw krut neie Mutt.
529Fir hinnen ze beweisen,
Wi gutt hien ’t mat e mengt,
Gouf du den Dräi zu Éiren
Aacht Deeg nach d’Fest verlängt.