Jump to content

Reenert/07

From Wikisource
(Redirected from Renert/7)
351756Reenert1872Michel Rodange

Siwente Gesank



1De Léiw louss d’Déier ruffen,
Di grouss als wéi di kleng;
Se koumen all mat Heefen
A keemol eent eleng.

5Zur Fiels am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
Duer koumen d’Musikanten
An d’Sänger all di best.

9Vu Lëtzebreg, vun Dikrech,
Vu Wolz an Iechternach,
Vu Réimech, Gréiwemaacher,
Vu Miersch an Esch am Lach.

13Vu Béibreg och, vu Veianen,
An déi vun Ettelbréck;
Jee, wann ech s’all sollt nennen,
Da géif mäi Buch ze déck.

17An d’Baure vun dem Ëmkrees,
Se koumen all zu Haf,
An eng, di gunge séier,
Di aner si gelaf.

21Do war eng Meng vu Ledden,
Et koum ee kaum derduerch.
An ’t gouf gespillt, gesongen
Um Maart an op der Buerg.

25An owens gouf en Iessen,
Schéin Drénkspréch héiert een,
A munche war zum Lesten
Net sécher op de Been.

29Vill dausend faarweg Lampen
Hunn op der Buerg gebrannt,
Drop gouf e Freedefeier,
Näischt schéiner ass bekannt.

33Sou koumen hei och d’Déier
Fir d’Fest erbei zum Léiw
An ’t wier och net geroden,
Wann eent net komme géif.

37Se koumen op de Fliichten,
An ’t koumen der zu Fouss,
An déi net konnte kommen,
Déi schéckten hire Grouss.

41’t gesouch een d’Réi an d’Hierschen,
D’Wëllschwäin an d’Rär an d’Schnepp,
An d’Päerd an d’Schof an d’Ranner,
An d’Gäns mat groussen Träpp.

45Den Atter, d’Fëss an d’Wisel,
An d’Däreldéier och;
Den Hierz, dee koum gefluën,
De Goldschmadd koum gekroch.

49Zum Éischte gouf en Iessen
Vun allerhand Geschmaach,
Do war och Häerz, wat wëlls de,
’t krut giddweree seng Saach.

53De Bier an d’Wëllef souzen
Dem Kinnek un der Säit;
Dat huet di dräi geschmeechelt,
Mä ’t huet den Dachs gehäit.

57Zum Leste gouf och Musek,
Dat goung nu fäin an d’Rei;
Um Picc’lo spillt de Léiweck,
An d’Grasmësch op der Gei.

61Om Waldhuer spillen d’Märlen,
An d’Nuechtegailchen d’Flitt,
An no de Musekanten
Séngt Pillo nach e Lidd.

65’t goung alles frou a lëschteg,
Dräi Deeg laang goung et gutt;
Du koum erbäi d’Kanéngchen,
Den Duckert, ouni Hutt.

69Een Ouer léisst en hänken,
Dat anert war erof:
„O kënnt Dir dach erdenken“,
Sou sot en, „Här, eng Strof!

73O kuckt, wat huet de Reenert,
De Mierder, mer gedon!
A wann ech net entlaf wier,
En hätt mech dout geschlon.

77Ech goung haut laascht Malpaartes,
Ech wollt zou Iech heihin,
Do souz de Fuuss ze lauren;
Ech hunn e wuel gesinn.

81Ech mouch mech aus de Féissen,
Ech duecht, en ass net gutt;
Du koum en duergesprongen
A schlouch mech op den Hutt.

85,Du Flantes kanns net gréissen!
Du weess dach, wien hei wunnt!‘
Sou jaut en, an du huet en
Mech nach emol gedunnt.

89Mir goung den Hutt an d’Aen.
Du huet en duergebass;
Zum Gléck, ech louss em d’Ouer,
Soss war mäin Doud gewass.“

93D’Kanéngche wor kaum fierdeg,
Du koum de Kueb gerannt.
E koumt a jaut am Fléien
A krasch als wi e Kand.

97„Här Kinnek! O meng Frächen,
De Reenert huet s’erbass!
Här Kinnek, ’t war eng Hausfra,
Wi néiren eng méi ass.

101Wie fiddert mer meng Kanner,
Wien hält mer déi nu warem?
Se hunn nach guer keng Plommen,
Mäi Gott and Här wi arem!

105Mer ware Molber plécke
Fir déi op d’Weller Heed,
Do louch de Reenert doudeg;
Äis béiden deet et leed.

109Meng Fräche sollt bal kräischen,
Se kuckt em an de Mond;
Vläicht zéich en nach den Otem;
Du schnaapt no hir den Hond.

113Ech koum nach op e Beemchen;
Wi hunn ech do gesiess!
Här, viru mengen Aen
Huet Reenert se gefriess!“

117De Kinnek steet vum Troun op,
Werft of säi Kinnekskleed;
En ass als wi onsandels
A schwiert e greilecht Eed.

121„Dat soll de Reenert béissen!
E gëtt gehoolt, erschoss,
Gehaangen a verbrannt dann;
Dat ass an ’t bleift beschloss!“

125De Bier an och de Wollef,
Déi laachten sech an d’Fäischt.
Mä d’Kinnegin gouf monkeg,
Se sot zum Éischten näischt.

129Se sot derno: „Här Kinnek,
Dir leet Iech greilech uen,
Dir musst dach d’éischt och wëssen,
Wat Reenert seet dervuen.

133En huet eng raich Familljen
A vill dervu si brav;
Bedenkt, sou géilje brécht een
Om Knéi di Saach net af.“

137Dat selwecht mengt de Réibock,
De Wollef awer net;
Dee sot: „Dir wäert najch héiren,
Wat aus deem Näistert gëtt.

141Dir losst e léijen a bedréijen,
En triet d’Gesetz mat Féiss;
Dir huelt en, losst e lofen,
Am Enn da gëtt Der béis.

145Da fänkt een on ze dreeën
An ’t micht een d’Faust am Sack;
’t ass schad drëm: ’t wier en Uermen,
Deen hing schunns lank am Strack.

149Äch hunn em ’t dack versprajchen,
Äch son et hei ojch najch;
Äch kann em ’t néck verkajchen,
Seng Fleet, se kritt ent Lajch.“

153De Kinnek sot: „Se huet et;
Där Kloe si genoch.
Den Doud verdéngt de Reenert
Duerch Muerden a Bedroch.

157En huet mech frech beluën,
Mer Kug’l a Kap versprach
A Kräiz a Kraaft geschwuer mer –
An deem verzeit ech nach!

161Bei Hand nun all Gewierer!
Nu geet de Sturem lass:
An Zait vu fënnef Deegen
Verbrenne mir sai Schlass.“

165An alles war zefridden;
Dem Grimpert deet et leed;
En zitt sech op eng Säit aus
A schlabbert iwwer d’Heed.

169An op a fort duerch d’Bëscher
Op d’Uewerschlënner zou;
De Fuuss musst alles wëssen,
Den Dächschen hat keng Rou.

173E fonnt e bei zwou Dauwen
Do leien an der Rast,
En hat sech déi gerëselt
Vum Beemche mat dem Nast.

177„Ei, Nëwwéi“, sot de Fiisschen,
„Wat bréngt Dir dann nach ees?
Der louft Iech aus dem Otem,
Dir sidd an engem Schweess.“

181„O Monnonk“, sot den Dächschen,
„’t ass alles ëmmesoss;
Dir gëtt verbrannt, gehaangen
An hannendrop erschoss.“

185„Net méiglech“, sot de Reenert,
„Dat deet de Kinnek net.“
„Hien deet et“, sot de Grimpert,
„A wësst Dir, wat et gëtt?

189D’Arméi ass op de Been schunns,
Si stiermen hei Ier Buerg;
De Léiw ass net ze zëssen;
Dir wësst och wuel wuerduerch.

193De Kueb, an dann d’Kanéngchen –
Wat hutt Der och geduecht?
Dir hutt de Stréck Iech selwer
Jo ëm den Hals geluecht.

197Se hunn deen an den Hännen,
E gëtt och zougezunn;
O Monnonk, Dir mai Léiwen,
Sou ass et: Dir sidd drun.“

201„Mä Nëwwéi“, sot de Reenert,
„Net méi als wi dat do?
Dat deet mir net e Päffchen;
Ech froen näischt derno.

205Well muerje ginn ech mat Iech,
Se si mer vill ze domm;
Wat kromm ass, kann ech riichten,
Wat riicht ass, man ech kromm.

209Nu kommt eran, da rout Der,
Wat sti mer an der Sonn?
Dann iesst Der hei di Dauwen,
Se schmëlzen Iech am Monn.

213Kuckt hei, dat ass en Iessen,
Se sinn dach sch’udderfett!
Mer sproochen drop eng Stënnchen,
Da lee’ mer äis an d’Bett.

217Eis Fra, se daarf näischt wëssen,
Dir wësst jo wuel, gesitt,
Meng Fra ass zimmlech féngslech,
Wi d’Fraleit all, verstitt.“