1Sou huet et sech dem Schellem
Nach eemol gutt geschéckt;
De Fiissche litt am Ganzen,
Kee Wiertche gëtt gefléckt.
5E kann de Lige Féiss man,
E mécht e Fliichten dack;
Se klénken als wi d’Wourecht
A ganz als wi eng Klack.
9Den Isegrem, dee steet do,
E bäisst sech alt op d’Zänn
A seet: „Et schéng, dat Léien
Vam Reenert kritt keen Enn.
13Dir loosst Iech, Här, najch féiren
Vam Näistert on der Nas;
En hatt vam Geld gelujen,
E léijt ojch nees vam Has.
17Säi Spéigel ass en Ligen,
Säi Kamp an ojch säi Rank.
Well misst hee son eng Wourecht,
Da géif e stierweskrank.
21Dat sot Dir wuel, Här Kinnek –
A wien da seet et néck? –
En ass net féx am Kiddel,
En dreift et dënn an déck.
25Dir sot: ,En ass e Schallek‘,
Wie weess dann dat ojch néck.
Äch son: ,En ass e Mierder,
Äch breechen em de Réck.‘
29Dir sot: ,En ass e Queeschen,
En huet néck vill Vernonneft‘;
En ass e Kommunist, Här,
A van der aargster Zonneft.
33Et gouf najch kee gehongen,
Sou schlecht, wi Reenert ass,
A loosst der all hie lofen,
Märr këmmt en néck méi lass.
37E soll mer néck entwëschen,
Äch hann e mat dem Kraajch;
Nu kommen all seng Spiller
Op eemol on den Daajch.
41Här Kinnek an Dir Hären,
Äch hann de Fuuss verklot,
Äch kloen najch, Här Kinnek,
Gesinn da, wat Der sot.
45Fir batter mech ze kränken,
Wor alt dem Fuuss säng Freckt,
Mä alles kritt eng Kiër;
Här Fuuss, mäin Daajch ass häckt.
49Äch hann em ’t alt geschwueren,
Äch méich em ees säint Bett;
Nu laustert mäch, Här Kinnek,
Ewell Dir héiert jett!
53Di Schlechtegkeet vam Reenert
Ze schreiwen, géif ent Boujch;
Äch son hei dräi där Saajchen,
An eng wier schunns genoujch.
57Mäng Fra wor ees ëm Houfelt;
Va Schni wor alles wäiss.
De Fuuss souz om Kanal do
A moujch ent Lajch an d’Äis.
61Mäng Fra, se frot: ‚Wat maajcht Der?‘
Hie sot: ,Gesitt, äch laajchen;
Elo gëtt heieranner
Mäi Schwanz emol gestajchen.
65Dir wäert dajch dat wol wossen,
Sou finkt ee Masse Fësch.
’t ass schad, äch muss e wéineg
Dohannen an de Bësch,
69An d’Lajch, et ass nu fierdeg,
Äch braujch en Stonn or zwou;
Äch fierten, do an därbaants,
Da fréiert d’Lajch mer zou.‘
73Mäng Fra, déi wor verwonnert
A mengt, se iss ojch Fësch;
Hie sot: ‚Dir kënnt der finken,
Soulaang äch sinn am Bësch.
77Da steecht eran de Schwanz hei,
Sëtzt roueg, stäif a fest,
Da bäisst u jéider Hor sech
E Fësch an alt di best.‘
81Hie gung. Mäng Fräche follegt.
Mä ’t wor Iech greilech kal;
De Schwanz ass hir jefrueren
An d’Äis, a vill ze bal.
85Se fung ees on ze zéien
An daajcht: ,Do klonken d’Fësch.‘
Du kuam de Fuuss geflujen
Wi d’Wieder aus dem Bësch
89A fung du on ze jäizen:
‚E Wollef ‘, a keen Enn.
Du kuam eng Dosend Bauren
Mat Flënten duerch d’Gefenn.
93Wat sollt mäng Fräche maajchen?
Här Kinnek, wëllt Der ’t wossen?
Se hatt vu lauter Ängsten
De Schwanz am Äis gelossen.
97Dat sinn dem Fuuss säng Dénger;
A wann et Iech gefält,
Hei ass se: Wëllt Der kucken,
Wi ass mäng Fra entstellt!“
101Do musst de Kinnek laachen,
Vill aner laachten och,
An ’t héiert een derniewent
Nach munche queesche Sproch.
105De Kinnek sot zum Reenert:
„Wi steet et mat där Saach?“
De Fiissche sot: „Här Kinnek,
S’ass klar als wi der Dag.
109De Schwanz, dee stouch am Waasser,
An d’Waasser ass gefruer,
D’Fra jaut an d’Baure koumen:
Du war de Schwanz verluer.
113Wann si de Schwanz wollt stiechen
An d’Äis, dat goung si un.
Souz ech dann do am Weier?
Hunn ech hir dru gezunn?
117Ech dro’ jo kee B’rometer
An och kee gringe Fräsch,
Keen éiwege Kalenner
Och no a menger Täsch.
121Mä allerhand gëtt d’Wieder
An enger Wanteschnuecht;
Ech sot jo, ’t kënnt wuel fréiren,
Dann hëlt een sech an Uecht!
125A giddweree soll wëssen,
Sou mengen ech dach ganz,
Or hien sech d’Nues soll botzen
Or wéitsche mat dem Schwanz.
129S’ass jo verschampeléiert,
Di Fra, dat ass nu klar,
Dach wetten ech, am Iessen,
Do deet et hir keen Har.
133De Schwanz, et war e Miwwel,
En huet se dack genéiert,
An dach, en ass en Iwwel,
Dat nëmmescht gär verléiert.
137Kee Schwanz, o féi der Donner!
Se gläicht nu enger Geess!
An alles muss wuel laachen,
Wann s’opsteet vun dem Seess.
141Se hat mam Schwanz vill Wiesen,
Den Houfert war ze grouss;
Se huet mam Schwanz gesëndegt,
Um Schwanz och krut se d’Bouss.
145Fir d’Deemut nun ze éiwen,
Do ass d’Geleeënheet!
’t ass keng, déi an den Himmel
Mat Schleef a Schinjong geet.
149Mä kuerz, wat wëllt de Wollef?
Seng Frächen ass jo do.
An hunn ech si beleedegt,
Se komm dann hier a klo!“
153Du stung dann op d’Fra Gormang
A sot: „Dir sidd voll Trotz,
Här Fuuss, a voller Ligen
An najch derbäi näist notz.
157Der schwätzt wi d’Affekoten,
’t ass näist géint d’Ried ze son,
Ma wien Iech kennt am Ganzen,
Dee finkt näist mat Iech on.
161Der mengt vläicht, Kënzeg wier mer
An d’Ierzkaul schunns verjeessen?
Do hatt Der an em Eemer
Sechs Duenen déif jeseessen.
165Äch sot: ,Här Fuuss, wi kuamt Der
An d’Lajch, wat maajcht Der dran?‘
Dir sot: ,Hei ass en Iessen,
Wat Gutts ee wënsche kann.
169Et si gebroden Dauwen;
O hätt äch najch e Baujch!
Mä kommt eraf, da fëllt Der
Dermatt ojch Iere Schlaujch!
173Du kloum äch an den Eemer,
Deen iwwer d’Lajch najch houng;
All Onheel kënnt vum selwen,
Wi och den Eemer goung.
177Kaum fung äch on ze klonken,
Du foungt Dir on ze fléien;
Dat moujch de Kapp mer dronken,
Du daacht äch on Iert Léien.
181,’t geet op an af ‘, sou schwat Der,
,Kuckt, d’Welt, déi ass e Pëtz;
Den Dabo zitt Iech néier,
Erop brängt mäch de Wëtz.‘
185A gunge mer du d’Aen
Och op, et wor ze spitt.
An Ier gebroden Dauwen?
Jo, Brigel hann äch kritt!
189Mer wossen, déi am Ierzbroch
Sinn zimmlech ongeschlaff;
Dier koumen zwei mäch kucken,
Di Kärle wore graff.
193Den Ale sot zum Jongen:
,Kuck hei, wat ass am Pëtz!
De Schofsdéif an der Däiwel,
Deen hëlt elo der Blëtz!‘
197De Jong foung on ze kierpen,
Den Ale séicht e Poul;
’t wor alles, datt äch deemol
Net schwaajch am Eemer foul.
201An iewel blouf äch sëtzen
Äch daajcht: Du mächs e Spronk;
A krut äch uewe Brigel,
’t hätt méi am Lajch gestonk.
205En Honnert kuam gelofen,
All Ierzkaul spaut e Lëmmel;
Se wuussen aus dem Buedem;
Do kuam äch an d’Getëmmel!
209Do waren där Piouschen
A Spueten a Geschëpps!
Mäng Hor, se fluën ëm mech
Sou déckvoll als wi Stëbs.
213Se hätten, dat gesouch äch,
Mäch gären duckt geschlon,
Op eemol wutsch! entsprung äch;
Do hann se Fléich gedon.
217Kreenon! als wi ruckt Jukden;
Äch daajcht: ,Nu floujcht Iech hees!
Äch huelen d’Fléijch najch léiwer
Wi Brigel mat op d’Rees.‘
221Nu uurteelt Dir, Här Kinnek.
En Näistert ass de Fuuss,
Kee schlechter ass ze fannen
Vu Beeles bis no Bous.“
225Du sot dann drop de Reenert:
„Dir denkt, Madamm, un d’Schléi;
Déi muss een dach vergiessen,
Se du blouss eemol wéi!
229Mä wien net wëllt bedenken
Dat Gutts, dat d’Brigel hunn,
Deen huet och ganz natierlech
Alt nëmmen d’Péng dervun.
233Wuerfir stécht bei all Bauer
Di laangeg Bierkerutt
Fir d’Jongen op der Auer?
A fannt Dir dat net gutt?
237Gesitt Der wuel, dem Lousen
Gëtt d’Léier agetriichtert,
Beim Domme gëtt duerch Brigel
Déi Aarbecht vill erliichtert.
241Dir wäert dach nu verhalen,
Soss hätt Der guer kee Wëtz;
Kee Wollef soll dat gleewen,
Wat Fiissche schwätzt am Pëtz.
245A leet Dir Iech déi Léier
An Ierem Häerz an d’Weech,
Dann ass se guer net deier;
S’ass wuelfeel fir déi Streech.
249’t muss een di Brigel kréien;
Ech hunn se gär entbuer;
Bei Iech sinn déi och nëmmen,
Déi laanscht ginn, jo verluer.
253An nu gesitt, eng Ierzkaul,
Da’s Ierer Plaze keng;
Do maachen d’Fiiss hir Spiller,
Déi sinn Iech dach ze reng.
257E Wollef an e Bauer,
Dat sinn zwéin aarmer Hellgen
Bei Fiiss a Kuelebrenner
Vum Guttland an aus Belgen.
261Ewell do gëtt et Mäifel,
Dee schlechsten ass eng Dauf;
Iech aner passt dach besser
Eng Ouerfei un d’Hauf.
265Mer mussen Iech dack brauchen,
Ma keemol fir ze deelen;
A mengt Dir d’Saach vläicht anescht,
Da lousst Iech huerteg heelen!“
269„Wat schlo’ mer äis mat Ligen“,
Sot du den Isegrem,
„A mat esou em Spëttler
Najch laang elei erëm?
273Ech kann hie jo beweisen
Als Spëtzbouf duerch an duerch;
Nu laustert dat elei najch;
’t geschoujch bei Lëtzebuerg.
277Do druf äis zwin den Naswëtz
An najch den Honger méi;
Mer goungen an di Gruewen
Am Wanter muerjes fréi.
281Do weist de Fuuss e Schloff mer,
En nennt et Kasematt,
A sot: ‚Do fannt der z’iessen,
’t luet keen et op eng Hatt!‘
285Seng Méimche géif dra wanen,
Se wier äng frëndlech Fra.
Äch krojch eran: Wat krut äch?
Ent Iessen? O maja!
289Do war ent Lajch, féi Däiwel!
Zéng Afe souzen dran
An ’t stonk als wi eng L…r,
Déi nëmmescht réiche kann.
293Bei deene kuam äch wëllkëmm
Wi d’Sau an d’Jukdenhaus;
Zum Gléck, äch sinn e Flénken,
Soss war et mat mer aus.“
297„Här Kinnek“, sot de Reenert,
„Nu leie mer am Dreck;
Mir gëtt et ganz onheemlech,
De Wollef ass jo Geck.
301Wat seet en do vun Afen?
Mierkaze sollt e son,
Ech wëll Iech kuerz verzielen,
Da wäert der d’Saach verston.
305Dräi Jor sinn nun eriwwer,
Du gounge mer bei d’Stad;
Hie sollt sech dann duer opschlon –
Sou huet en dach geschwat.
309E koum als wi e Wandjann
Am Quetschendéif, am Frack,
Mam Brëll un enger Ficelle,
Kurzëm: am Léiweschrack.
313Mer goungen nuets an d’Gruewen;
,Jëss‘, sot en, ,do si Schlëff.
Hei wëllt ech gäre wunnen,
Mä ’ch fierten, dat gëtt Hëff.
317Di Stad, déi huet eng Police,
Se leeft op Hänn a Féiss,
Zweehonnert Mann Zaldoten
An eng verdeiwelt Schéiss.‘
321Drop sot en du op eemol:
,Dat richt mer aus der Stad;
Ech wëllt, ech hätt en Iessen,
Ech sinn net eeschtlech sat.‘
325Ech sot: ,Ma looss mer sichen,
Do dämpt et aus er Hiel,
Wunnt ëmmescht dran, dann hu mer
En Iessen an der Wiel.
329Verstitt Der, an de Stieden,
’t ass net als wi om Land;
Hei kritt een Häerz, wat wëlls de?
Ma d’Suen an der Hand.
333Wann d’Suen engem feelen,
Dann ësst een desto méi.
An ’t waart een op den Dissär,
Ma iewel net op d’Schléi.
337A war ee gëscht beim Hastert,
Haut geet een net méi duer;
Da geet ee bei de Fendius,
Zum Wester geet ee muer.‘
341,Da gitt‘, sot du de Wollef
A luecht sech faul an d’Gras.
(Mam Iessen, dat em bruecht gëtt,
Huet hien am meeschte Spaass.)
345Ech foung do un ze krichen
Di Schlëff duerch ouni Rascht.
Du koum ech an eng Kichen,
E gellegt Däiwelsnascht.
349Do souz eng ural Mierkaz
Mat ’m Kapp als wi eng Bomm,
Bei Kanner, gräisslech Krotten,
Mat Mailer grouss a kromm.
353Se glachen hirer Mudder
Vum Ufank bis zum Enn:
Flappouren, laangeg Kloen,
Dënn Schwänz a freesslech Zänn.
357Der mengt, ’t hätt een en d’Nuesen
Sou an d’Figur geséit
An d’Schwänz, déi wären hinnen
Bei d’hënnescht Dier geléit.
361Mä huelt en hëlzen Däiwel,
Vum Ongeschéck gehan,
Da kënnt Dir Iech eng Iddee
Vun deenen Déier man.
365Di schwaarz abscheilech Kanner,
Se louchen do am Knascht;
Ech war vun hiren Eetem
Zum éischte bal gebascht.
369Di Al, dat war en Déier
Méi grouss als wi de Wollef;
Ech duecht, wie liewesmidd wär,
Hei kritt dee liicht gehollef;
373O wäers du mat Gelëmp nun
Dach hannescht iwwer d’Schwell!
Dat hei ass jo e Middel
Fir d’Pried’ger vun der Häll.
377Hei heescht et, lues ze maachen,
Soss gëtt der Däiwel béis;
Hei hält een d’Wourecht un sech
An d’Lige mécht ee séiss.
381Du gréissen ech dann héiflech,
Zemol d’al Wiederhex,
Ginn allen d’Hänn sou vëlleg,
Als wier et menger sechs.
385Hei gouf dat Véi jo frëndlech;
Se sprangen aus dem Pech
A maache mech mat Lecken
Alt all Abléck méi frech.
389An d’Lige spuert ech wuessen
Wi d’Kochlen op der Zong;
Di Al war nu meng Mattant,
Meng Niichte sinn di Jong.
393Gewëss, ’t si gräisslech Biller
Als wi zéng Schuechtechfeeër.
Ech sot: ,Wat aartlech Kanner!
Gerad wi Ouschtereeër.
397Bei sou er grousser Schéinheet
Ass och Verstand derhanner;
Dir huet jo wierklech, Mattant,
En Himmel bei dee Kanner.‘
401Du bruecht dann d’Mierkaz z’iessen
A gläich war d’Ham om Dësch,
De Quetschekoch, de Jelli
A Kuddelfleck ganz frësch.
405Gestuel war nu wuel alles,
Sou kacht hiert Dëppen net;
Ech luewen dach hir Kichen
A léien dat an dët.
409Mer foungen un ze kallen,
Hir Wëtze si wuel domm;
Dach laachen ech der Aler
Zur Freed mech hallef kromm.
413A well ech hir gefall hunn,
Du gouf ech vill gewuer;
Se deet mer gläich en A zou
A féiert mech entzwuer;
417Do stoung e grousse Kessel
Net wäit vun hirem Bett.
Se sot: ‚Wat mengt Der, datt ech
Do an deem Kessel hätt?
421Gesitt Der, doa kachen
Ech villen Hären d’Tënt,
An domat kann ee schreiwen,
Wat kee mat aanrer kënnt.
425Ech hunn där Zeitongsschreiwer
En ettlech an der Konn,
A jéide brauch op d’Joer
Där Tënt elei eng Tonn.
429Ma huelen s’an dem Léien
Als wi bis heihin zou,
Da geet et net mat enger,
Da brauchen se der zwou.
433Nu fir di Tënt ze brauen,
Der rot net, wat ech brauch:
De Spaut vun enger Trauliicht,
E Schouss voll Schlaangenhauch;
437Dann: Wënschechten eng Gaaschel
Vum aarmen Hat an Hätt;
Nu d’Strass vun dausend Fräschen
A gëlde Kloefett.
441Dat kachen ech am Kessel
Mat Waasser ouni Dauer;
Zum éischte schmaacht et batter,
Zum leschten och nach sauer.
445Der huelt eng Échelsfieder,
An zappt der s’an dat Gëft,
Dat gëtt Iech dann Artiklen –
Oei! a wat eng Schrëft!
449Wann Dir emol e Wiertchen
Gär géint den Noper schreift,
Da kommt dees Saaft hei sichen,
Dat schwäerzt en, datt et bleift.‘
453Ech sot: ,Wa mir zum Rieden
Net steet emol de Kapp,
Da kommen ech Iech bieden,
Da gëtt Der mer eng Zapp.‘
457Dach duecht ech heemlech bei mer:
,Nach eemol hei eraus,
Da kanns du Hex alt brauen
Däi Spirtes vun er Laus!
461Ech léiss dech dran ersaufen!
Ech brauch jo denger net;
Ech schmidde mir meng Keilen
A menger eegner Schmëdd.‘
465Drop sot ech du: ,Léif Mattant,
Iert Gléck, dat mécht mer Freed,
An datt ech schunns muss fortgon,
Dat deet mer wierklech leed.
469Ma kommt Dir an eis Geegend,
Da spriecht Dir bei mir zou,
A briecht Der mat meng Niichten,
Da wär ech duebel frou.‘
473An zu de Krotte sot ech:
,Nu hieft Dir gudde Mutt!
Ier Schéinheet ass e Räichtom,
Ma schéckt Iech iewel gutt.‘
477,Ma, Nëwwéi‘, sot du d’Mudder,
,Kommt dack ons dach besichen;
Dir sidd mer wéi e Brudder
An Iech steet op meng Kichen.
481Drop wéckelt s’an eng Zeitonk
En décke Kallefsbrot
A sot: ,Deen huelt Der mat Iech,
Gellt Dir, Här Reenert?, dot!‘
485Sou koum ech frou a fréilech
Aus dem verwënschte Lach.
De Wollef sot: ,Wou waart Der
Sou laang, Här Reenert, dach?‘
489Ech sot: ,Dot, iesst dee Breetchen,
Deen ass Iech net vu Stréi.
Et ass fir Iech wuel wéineg,
Dobanne krit Der méi.
493Dobannen ass Iech z’iessen!
Ech koum bal net ewech.
Déi Lett, déi kënne fléiwen!
Ma ’t huet och alt säi Pech!
497Dien hitt sech vir der Wourecht,
Deen doeranner schëfft;
Se daacht net vill heibaussen,
Dobannen ass se Gëft.‘
501Hien ouss a fonnt de Breetchen
Wuel gutt, ma vill ze kleng
A sot: ,Wat Dir konnt woen,
Ass mir och net ze reng.‘
505Du sot ech him dann alles,
A wéi en ’t maache soll.
Hie sot: ,Loosst mech gewäerden,
Ech man de Bauch mer voll!‘
509Ma wéi ech duecht, sou goung et:
Soubal de Wollef koum,
Du sot en zou der Aler:
,Véilouder, wat eng Moum!
513Wat Aen a wat Pratzen!
Ier Maul, mortjëft, wi ellen!
Esou en Déier méich ee,
Meng Séil, jo mat em Bellen!
517A sinn dat do Ier Kanner?
Déi héil ech mat der Zaang
An dréich se ’luer an d’Uelzecht;
Hei bleiwen ech net laang!
521Bréngt huerteg mer dat Iessen –
Kertjëft, do ass Gestank!
Bréngt vill an och dees Besten! –
Hei ginn ech stierweskrank.‘
525An d’Iesse koum net huerteg;
Du geet en dann a schnauft
A wëllt et selwer huelen,
Du krut en der gepauft!
529E gouf mat honnert Kropen
An zwanzeg Gräpp geholt
An d’ënnescht d’iewescht koum en
Zum Schloff erausgetrollt.
533Säi Pelz, dee wor a Fatzen,
En Ouer wor gespléckt;
Ech sot: ,Ma kuckt, di Fratzen,
Wéi hunn s’Iech dach zerpléckt!
537Dir huet och net gefollegt!
Wat gëllt, Dir huet geschwat,
Als wann Der wäert heibaussen
An nach fir aacht Deeg sat.‘
541,Ech konnt net anescht‘, sot en,
,Et war mer géint d’Gemitt.
Ech sollt déi Mattant nennen?
A wann Der mer net gitt!
545’t ass Pak, ’t si gräisslech Krotten,
Di Al als wéi hir Jong;
Sou krut ech d’Wuert op d’Liewer,
Sou goung et iwwer d’Zong.‘
549,Ma, Monnonk‘, sot ech zou em,
,Ma da sidd Dir mer een!
Dir kuéimt jo mat de Mënschen
Gelat net noeneen.
553Zemol net mat de Räichen:
Wien do seng Meenonk seet,
Ass Brudder Iwweränzeg,
Dee leschten op der Weed.
557Wien d’Waasser net kann halen,
Dee läit om naasse Läpp;
Ma loosst Der d’Wourecht lafen,
Da’s schlechter, dat gëtt Kläpp.
561Wien d’Muecht huet, huet de Biesem;
En deet emol kee Spronk,
E reecht Iech mat de Spëtzten,
E reecht Iech mat dem Stronk.
565Denkt, wat Der wëllt, mä nennt d’Lett
Schéin, brav an och behänn,
Soss gräift Der alle Kéier
D’Broutschéiss um breeden Enn.
569Well wann Der d’Lett net schmeechelt
An net mat Ligen éizt,
Dann hënnert Der beim Feier,
A wann D’r om Haaschtbam séizt.
573Ma dien ass Gëldeguetskand,
Dien d’Lett dermeescht bedritt;
Se gleewen näischt sou gären,
Wéi wann der héiflech litt.
577A wann ee jo mat Schuelen
An d’Plaz mat vollen Eeër
Seng Pättre ka bezuelen,
Da gëtt een hinnen däër.‘
581Vill nëtzlech Léire gouf ech
Dergläichen nach dem Wollef,
Se hunn em awer leeder!
Net eeschtlech vill gehollef!“
585„’t si Ligen!“, jaut de Wollef,
„Well Schanke si kee Brot,
A wéi de Pelz mer zrass wor,
Du koums de mat dem Rot.
589Nu sinn äch najch néck fierdeg,
Hei ginn ech op de Grond;
Ech huele fir e Fuuss mer
Kee Blat méi vir de Mond!
593Ech schlon der de Regëster
Vun dänge Sënden op,
An all däng Schellmendénger,
Op kengem bleift e Stopp.
597Wien hatt di Steng dem Damppäerd
Laascht d’Atert a laascht d’Sauer
An d’Féiss geluecht? Gellt, Reenert,
Dat war gewëss e Bauer?
601Wat dir néck bréngt en Notzen,
Dat werfs du aus dem Schaff,
A géing et dängem Noper
Och knatsch fir Haus an Haff.
605Di Tënt vun dänger Mierkaz
An d’Lige wore giedlech;
Gëff Uecht, dat huet eng Kéier,
Well d’Wourecht ass der schiedlech.
609Däi Wol ass scheef gelueden
An hei, kuckt, fléicht en ëm,
An hält och stëll all Déier,
Da weisen äch mäng Stëmm.
613An häss de s’all bestajchen,
Da kuéims de néck dervun;
Ech roufen Äerd an Himmel
Géint dech als Zeien un.
617Jo, d’Steng an d’Wolke ruffen:
‚Kuckt dee mam roude Baart,
Ma kuckt deem falsche Judas
Dach endlech nun an d’Kaart;
621Gëscht wollt en najch all Vigel,
Wie weess zou welchem Präis,
Jo liwwre sängem Komper,
Dem Goldfuuss, no Paräis.
625Hätt géif en se gär fänken
A schécken no Berlin
A muerge fir en Hammel
Verkéif en s’alt an d’Chine.‘“
629„Bewäiser!“, sot de Fiisschen,
„Bewäiser, Monnonk Wollef!
Mat Spaweck fänkt ee Mécken,
Bäim Reenert braucht de Kollef!“
633„Bewäiser?“, jaut de Wollef,
„’t ass klar als wéi der Daajch,
Däin Handel mat de Vigel,
Här Kinnek, hei ass d’Saajch.
637Ech koum ees bei de Reenert
Am Bambësch bei der Stad,
Do huet e grousseg Ziedlen
Ze liesen da gehat.
641E sot: ,Jëss, hätt äch nëmmen
Ier Stëmm an Iere Kapp;
Gesitt der hei, kuckt, Monnonk,
Do hätt äch d’Gléck am Grapp.
645Ech wier an eng, zwou Wojchen
Sou fett als wéi an Atter.
Ma näischt vum Drock ze kennen,
Dat ass verfluchte batter.
649Dir wësst, mäi léiwe Monnonk,
Ech hat Iech ällzäit gär,
Soss siet ech net e Wiertchen.
Et ass e groussen Här,
653Deen hätt gär all eis Vullen,
En héil se no Paräis;
En huet mer offeréiert
Derfir en Heedepräis.
657’t ass alles féx a fierdeg.
E Lidd blouf nach z’erdenken,
Dat steet nun hei om Ziedel,
Fir d’Vigel all ze fänken.
661All, déi dat Liddchen héiren,
Déi ginn als wi gekockelt,
Da wutschteg! se gefaangen
An aus dem Land geschmockelt!
665Nu hunn ech leeder Gottes
Zum Sange guer keng Stëmm.
Ja, kënnt äch nëmme liesen.
Wat géif ech, Monnonk, drëm!
669Da géif mer déi Affärchen
Zerguttst an d’Rei geluecht
An ’t siet een dann dem Aarmutt
Fir ëmmer gudde Nuecht!‘
673Sou sot en, du verstoppt en
D’Affichë bei mer zou
A sot, e géing an d’Léier
Nu najch eng Wojch or zwou.
677Här Kinnek an Dir Hären,
Sinn d’Vigel najch am Land,
Dat huet Der mir ze danken,
Deen d’Ziedlen huet verbrannt!“
681Drop sot zum Fuuss de Kinnek:
„Här Reenert, ’t wär mer léif,
Dir géift mer dat erklären.
Dat Dénge schéngt mer dréif.“
685De Reenert kuckt dem Kinnek
Ganz hardi an d’Gesiicht
A seet: „Gesitt, Här Kinnek,
Hei ass d’Erkläre liicht.
689Ech lafe fir dem Wollef
Seng Ligen a kee Greef;
Seng Riede si wuel schmotzeg;
Ma, d’Wourecht ass gutt Seef.
693A wat e seet vum Damppäerd,
Da’s Fabel an eng Seechen;
Sou zielt een der am Wanter
Zum Zäitverdräif beim Greechen.
697Well d’Damppäerd ass en Déier,
’t huet méi als honnert Been,
An ’t géing mer vill ze séier,
Deem Steng an d’Wee ze leeën.
701Nu vum Affiche, da’s richteg,
Deen ech am Bambësch hat;
Drop war vu ,Vive la France‘
An allerhand geschwat.
705Warscheinlech hat e Mënsch se
Deen Dag am Bësch gestreet;
Dat anert all si Ligen,
Wat do de Wollef seet.
709Ech hu mech amuséiert,
Him vill dervun z’erzielen;
Ech denken, ’t war un him du,
Dat Best erauszewielen.
713Ma ’t weess ee, fir en Iessen
Mécht Wollef, wat e kann,
A steet enzwousch eng Fal op,
D’Geloscht, déi bréngt en dran.
717Ech goung gläich menger Weeën,
De Wollef blouf nach do.
Ech duecht: ,Deem do schéngt d’Liewen
Nach eemol himmelblo.‘
721Hien holt d’Affiche, setzt op sech
Eng rout Fransouse-Kap,
Schläift owens op de Fëschmaart
A mat er Schossel Pap,
725Klieft d’Liddchen op en Ecksteen –
Esou verstoung en d’Saach –,
Kaum foung en un ze sangen,
Holt d’Police e mam Krag.
729A wat en do erlieft huet,
Dat wënscht ee kengem Déier;
Wie soss alt blouss zwou Hänn hat,
Schlouch drop als wi mat véier.
733,Wat sängt deen hei fir Lidder?
Ma schlot en dout, den Hond,
A vun der Schlassbréck nidder
Geheit en an de Grond.‘
737Sou jauten s’aus dem Himmel
A vun dem Hellger-Geescht,
Vum Hällepull, vum Knuedler
A wi all Eck dann heescht.
741D’ganz Stad war ëm de Wollef,
Se waren als wi wëll,
All Kréimer hat seng Ielen,
All Wäschfra hire Blëll.
745Den Uergste war en Eecher
Mat senger Knätzel Goss;
Dee foung un drop ze dreschen
Wi op e Sak voll Moss.
749Zum Gléck war fir de Wollef
E Mann nach an der Stad,
Deen huet mat Iwerleeonk
A mat Verstand geschwat.
753E sot: ,Dir Häre Bierger,
Hei huelt Iech gutt an Uecht,
Mer hunn de Véimaart endlech
Eran an d’Stad nu bruecht,
757Ma mécht sech nu de Wollef
Vun Ängschten hei sech wéischt,
Da bleift vun dem Geroch ons
Heibanne méi kee Béischt;
761Se ginn dann all wi rosen,
Se halen näischt méi un sech
A Schléi a Stéiss a Rosen,
Déi ginn se heefeg vun sech.
765Begräift, kee Véimaart kënnt méi
Heibanne gi gehalen
An d’Stad géif an den Aarmutt
Duerch do dee Wollef falen.
769Et misst een dann all Bauren
An d’Kanner mat den Eltern
Nom Maart an d’Stad nach huelen
An d’Suen aus e keltren.‘
773Esou, a vill därgläichen,
Wousst fein den Här ze son,
De Bierger an dem Stadrot
Hunn d’Aen op musst gon.
777De Wollef huet du missen
Mat Blutt sech ënnerschreiwen,
Säi Liewe lank vum Véimaart
Aus Lëtzebreg ze bleiwen.
781Drop konnt en endlech wëschen
Mam Ufank vun de Brigel.
An dat, gesitt, Här Kinnek,
Ass d’Liddche vun de Vigel.“
785Sou sot de Fuuss. De Wollef
Gouf all Abléck méi béis,
E fänkt nu un ze jäizen
A steet op d’hënnescht Féiss:
789„Wien Dir an d’Haus wëllt kommen,
Dee gräif net no der Klensch;
Ech schlon der wupp däng Dier an;
Hei, Fuuss, do läit mäng Händsch!
793A muer, da gi mer fiechten,
A gleef, den Danz gëtt heess,
An ’t ass gesuergt, ech hoffen,
Dass du mer néck entgees.“
797E Bouf, dee frou um Bämchen
Gestuele Promme schnappt
An da vum graffen Noper
Op eemol gëtt erdappt,
801Dee kann net méi erféiren
Als wi de Reenert du,
An iewel mouch en huerteg
Aus engem P e Q.
805„Dir mengt, Dir géift mech packen,
Här Wollef“, sot e king,
„Ech dunn Iech awer quacken,
A kuéimen Ierer zing.“
809Drop gouf en dann dem Kinnek
Seng Händsch an déi vum Wollef
A sot zou allen Hären:
„Nu ass et mer gehollef!
813De Groe gëtt laxéiert,
Da kritt en eemol Rou.
Lo kuckt Der no: Ech maachen ’t
Wi d’Meedche mat der Flou.“
817De Kinnek sot: „Dir Hären,
Ier Saach leit duercherneen.
Dir sot verwurelt Rieden
A Recht huet bei mir keen.
821Ech wëll, Dir sollt Iech meeschtren!
Nu bréngt Ier Zeien hier;
Déi hu fir d’Graaft ze suergen
An och fir d’Doudebier.
825Well ee muss d’Liewe loossen,
Soss kréien ech kee Fridd;
Beim Schetzelbuer ass d’Fiechtplaz,
Wou een de Biddi zitt.“
829Du koum de Braun mam Kueder
Als Wollefssekundanten,
Den Atter koum mam Maarder,
Dem Fiissche seng Trabanten.
833De Reenert a seng Frënn all
Gi mateneen an d’Uucht;
De Fuuss gouf do zum Beschten,
A vill!, der ganzer Zuucht.
837’t gouf z’iessen an ze drénken
An ëmmer koum es nach
A munche Gänse goufen
Deen Owend d’Häls gebrach.
841Dat ass jo d’Fuussmanéier:
Der gëtt e freien Dësch,
Der werft eng Méck an d’Waasser
A fänkt dermat e Fësch.