Renert/14

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange

Véierzengte Gesank.


Am Gréngewald om Hiwwel
Stin Tannen ëm de Sand,
Do ass di feinste Fiechtplaz,
Keng schéiner ass am Land.

Fréimuerges war de Kinnek
Mat allen Déier do.
De Renert koum och lëfteg
An all seng Frënn em no.

E wor geschuer potzplakeg
Vum Hals bis bei de Schwanz;
Nach ëm de Käppche stung em
Vu roudem Baart e Kranz.

Dat hat gemaacht d'Fra Babel
Nom Iessen an der Nuecht.
De Fiisschen hat déi Fiffen
Schons laang sech auserduecht.

E koum dohier sou lëschteg
Als géing et fir eng Boun,
An trëtt mat Reverenzen
Virun de Kinnekstroun.

Bei d'Kinnegin zum éischten
Goung hien sech näipen déif,
A bal bis op de Buedem och
Näipt en sech beim Léiw.

E war vu Fett an Ueleg
Sou glat als wi en Éil:
De Kinnek laacht a sot em:
Do ass e Fuuss, meng Séil!

Wéi bas de sou geschmeideg
A flénk a liicht zu Fouss!
Wien huet dech dat geléiert?
Fuuss, du bas ze lous!

De Wollef kuckt onäerdeg,
Seng Frënn, se knoutren haart;
Den Hinz bekuckt seng Kloën,
De Bier, dee knat um Baart.

Du bruecht de Luuss e Kléiblat
Mat véier op em Trapp
A leet dem Fuuss a Wollef
Den Heeltem op de Kapp.

Drop schwiert de Wollef hardi:
De Renert ass en Hond,
En Déif; e brengt säi Liewen
Keng Wourécht aus dem Mond.

De Fiissche schwiert och helleg,
E wär onschëlleg ganz
A schléig hei fir seng Éier
Gär Läif a Séil an d'Schanz.

Drop mécht de Luuss de Kreez op
A rifft mat haarder Stëmm:
Dir Streider op de Suewel,
An d'Vollek ronderëm!

D'Fra Babel bruecht dem Fuuss
Nach eng Salef an ër Lued
A sot, e soll dru richen,
Da méich kee Feind him Schued.

Se sot dobäi dach heemlech,
Datt Fuuss et net konnt mierken:
Et kann op kee Fall schueden,
Déi Gleweg muss ee stierken.

An du mat zwéin, dräi Sprénken
War Wollef op der Plaz,
De Renert stoung virun em
Berdank! mat engem Saz.

De Wollef streckt seng Pratzen,
De Schwanz alt bis un d'Enn;
E setzt seng Buuschten d'Luucht aus,
A greilech schielt en d'Zänn.

Se stin nu do ze schnaren
Wéi Bloswänn géint eneen,
Ze kucken, wi zwéi Bauren,
Déi queesch en Drumm durchseen.

De Wollef hëlt en Unzock,
E krompt sech wi eng Kaz,
A wuppteg! lass op Renert;
De Fuuss ass aus der Plaz.

Deen zitt nun zwëschen d'Bee sech
De Schwanz als wi de Wand,
E seecht drop iwrem Lafen
A schleeft e gutt am Sand.

De Wollef schnaapt nom Fiisschen,
Se lafen an em Kranz,
A pankteg! heet de Renert
An d'Aen hie mam Schwanz.

An d'Piss vun engem Rouden,
Et weess een, datt déi pëffert;
De Sand geet rau un d'Aen:
Den aarme Wollef mëffert.

E steet nun do ze reiwen;
De Fiissche laacht an d'Fäischt
A seet: Här Wollef, braucht
Der vläicht eppes Aen-Näischt?

Dir gitt, als féingt der Schleken
An doudeg Flantermais.
An ëmmer salzt de Lousen
Em d'Aen op en Neis.

Wann ee vun dausend Beien
Um Kapp hätt honnert Quälz,
Deem wir et wi dem Wollef;
E fiirt bal aus dem Pelz.

Gelt, Monnonk, sot de Fiisschen,
Nu feelt iech nach eng Gei;
Dir stéingt mam blannen Teis nu
Jo prächteg an der Rei.

Dir géingt op d'Dierfer spillen,
Da wär Iert Brout gebak;
A bei em Mo wi ierem,
Der bräicht emol kee Sak.

Der bräicht wuel nach e Schnëppel
An dann e Bounepaartshutt,
Derbei nach géing iech wiirklech
Eng bluttrout Box och gutt.

Da méich een aus dem Portrait
Vun iech en Hedegeld,
Well 't géif een drënner schreiwen:
Vun Esdang, kuckt deen Held!

Sou sot de Spëttler huerteg,
Da spréngt en op e lass
A bäisst dem blanne Wollef
Op eemol sech un d'Strass.

E gräift och mat de Kloën
Barbaresch a gediicht
A räisst dem aarme Kärel
En A aus dem Gesiicht.

Do gouf de Wollef bänzeg,
E musst de Renert hunn!
E kritt e mam Gewëssen,
Du war de Fiisschen drun!

Ah, Spëtzbouf, schlechten Däiwel,
Du hass däin Här nu fond,
Sot Wollef, du muss stierwen
A mängen Hännen, Hond!

Nu piss a schier a schmier däch,
A wull am Sand däch mickt
Lo hurteg sinn äch feerdeg,
An d'Opsto gët der spickt.

Du duecht de Fuuss un d'Stierwen,
Der Doud dee goung en an;
En hat wuel Rei eng Grimmel,
Dach blouf de béise Sann.

En denkt: Wann ech mech wieren,
Da bäisst dat Véi mech dout;
Ergin ech mech dem Wollef,
Dann hunn ech Schan an Nout.

Du sot en dann zum Wollef:
Dir mäi léiwen Eim,
Wi géif ech mech bedanken,
Soubal ech lass hei kéim!

Dann hätt dir om Äerdbuedem
Keen treier Frënd wi mech;
Ech léiss iech da mäi Liewen
Gewëss net méi am Stéch.

Da wär ech an de Walen
Mol éischtens iere Mann;
Ech sinn nach zimlech fiffeg,
Ech maache, wat ech kann.

Ech géing och an der Schamber
Mat iech durch déck an dënn;
Steeräich och misst dir, Monnonk,
Mer ginn, a ganz geschwënn.

Zou allen Anterprisen
Verspréich ech iech meng Hëllef,
Zemol fir nei Gesetzer
Zu Gonschte vun de Wëllef.

Dir sid e Staarke, Monnonk,
Ech hunn e louse Geescht;
Wa mir zesummenhalen,
Der wësst wuel, wat dat heescht.

Ech wär net un iech gaangen,
Ma dir, dir wollt et hunn!
Meng Kräften houl ech u mech,
Fir iech net wéi ze dun.

An datt dir ëm dat A koumt,
Dat deet mer leed genuch,
'T geschouch mer onverhuttens.
Ma kuckt, ech hunn e Buch,

An doa steet e Mëttel,
Dat heelt dat A iech hannescht;
Et ass en heelzemt Krättchen,
An 't wusst bei Schlënnermannescht.

A kuckt, ech widderruffen,
Soubal der mech gët lass,
An allen Zeitongsblieder,
Sou wahr en Himmel ass.

Ech son, ech hätt geluen,
Dir wäert dee braavste Mann;
A wat dir wëllt, dat man ech,
A wat ech nëmme kann.

Ech ma bei alle Banken
Vun ierer Schold iech quäit;
Ech schafen och all Geeschtlech
A Weltlech op Ier Säit.

Ech man iech d'Zeidongsschreiwer
Gläich allguerte mëll:
De Breisdorf an de Joris,
An d'Wäschfra wi de Schroell.

Ech loossen iech besangen
Vun all Poet am Land,
E jéide schreift e Liddchen,
De Steffe schreift e Band.

A wann der da géift wëllen,
Géif d'Giertelbunn gebaut,
A vläicht och net: 't wir deemno,
Als wi ier Menonk laut.

A, Schkura, sot de Wollef,
D'gutt Kaarten dingen näist,
Du kënns mer néck méi liewig,
Du Judas, aus de Fäist!

Verspreechen an néck halen,
Dat kanns du, Feelen,
Wuel; a léiss äch däch nu lofen,
Äch kritt keng Eërschuel.

Wéi géifs de mäch verspotten,
Mäng Kanner a mäng Fra!
Du sees najch vam Verschounen,
Da kuck elei mäint A!

Kanaaljen, Kommunister,
Fräimaurer, Jesuit,
Preiss, Franskilljong, Äerzschellem!
Ach hunn däch an der Witt.

Du Néirevir muss blugden,
Erweck nu d'Rei an d'Leed,
Bekuck däin Här, deen op
Der hei graatschebengches stett!

Op eemol gräift de Renert,
De Schallek, duer mam Grapp,
A kritt mäi gudde Wollef
Ze pake mat dem Schlapp.

E rappt a pëtzt e mierdesch,
Op räisst de Wollef d'Maul,
Du jaut de Fiissche spëttesch:
Nu, rosend Déier, haul.

Jee! wi hault de Wollef!
Den Abléck späizt e Blutt;
Nu ass en ëm den Otem,
De Renert gëtt kee Sputt.

De Wollef kritt den Tommel;
Du fällt en op de Grond.
De Renert für alt virun
Ze bäisse wat e konnt.

Do ruffen d'Frënn vum Wollef --
A munchen deet e Fluch:
De Renert ass e Mierder,
Här Kinnek, 't ass genuch!

De Kinnek war zefridden,
E schéckt dohin de Luuss:
'T ass gutt, sot deen zum Renert,
An dir sid Meeschter, Fuuss.

De Fuuss kuckt gravetéitesch
Rondëm, als wëllt e fron.
Seng Frënn all jäizen: Hurra!
De Fuuss huet Säint gedon.

Se koume frou du bei en,
Munch ale Feind koum och;
Wie soss en net konnt leiden,
Deen hält em nun e Sproch.

Drop goung de Fuuss zum Kinnek
Demiddeg, dach aläert;
E knitt sech vir em nidder
An näipt sech bis op d'Äerd.

Stitt op, sot du de Kinnek,
Dir hat e gudden Dag;
Dir huet iech gutt gewisen,
Gewonnen ass ier Saach.

Vergiess sinn all ier Feeler,
Verziën ass Ier Strof;
Dir waart bis haut blous Barong,
Vun haut u sid der Grof.

Dir sid vun haut den éischte
Vum Land a mengem Rot,
A wat dir sot, Här Renert,
Dat ass a bleift gesot.

Méi spéit dann iwerlee mer
Déi Saach vum Wollef och;
Ech loosse gir der Schamber
Do an den Uertelssproch.

Zum Kinnek sot de Renert:
Ech danke fir all Éier,
Ech sinn iech alles schëlleg,
Mäi Schicksal huet eng Kéier.

Ech brauch mech net ze dréien,
Dat wësst dir selwer klar;
Ech sinn iech nun dräiduebel
Dat, wat ech eenzeg war.

Ech weess wuel, sot de Kinnek
A reecht dem Renert d'Hand;
'T feelt nëmmen um Gefill iech,
Mä keemol um Verstand.

A sicht dir déi zwou Saachen
Gehéireg ze verbannen,
Da wierd et sech schons maachen;
De Rescht, dee wierd sech fannen.

Sou huet bei all deen Hären
De Léiw sech ausgesprach.
Drop freet en ass gattswouer
Den Dachs nom Wollef nach.

De Grimpert sot: Här Kinnek,
E lait an nonzeg Schmiirzen
An ass en och e Wollef,
Mir goung et dach zu Hiirzen.

'T si wéineg Frënn em bliwwen:
Seng Fra, de Bier an d'Kaz;
Déi aner hu méi mënschlech
Gedanke kritt an d'Plaz.

E lait am Blutt om Suewel,
Voll Wonnen ass sai Laif,
E mécht nach wuel e Struewel,
Da lait en nammol staif.

Déi puer, déi sti rondëm en
Am Dauer an am Leed.
De Kueder frot de Feldscher
Verdrësslech, wéi et steet.

De Feldscher holt e Kraitchen,
Dat wiisst dohier om Flouer;
E stécht dem kranke Wollef
E wéineg dees an d'Ouer.

Du fung en uen ze néitschen
Op zweërlee Manéier;
Drop sot de Feldscher:
Kanner, nun ass en op der Kéier.

E muss sech nun eng Zaitlaang
Nach wuel vum Iessen hidden,
Da kann en 't gutt regéieren,
Sai Mo huet naischt gelidden.

Du foungen s'un ze reiwen
Um Wollef alle véier;
Ech konnt net länger bleiwen,
Ewell ech sinn ze kéier.

Drop holt de Renert Ofscheed
A seet zum Kinnek nach:
Géing et, wi dem Wollef,
All iere Feinden dach!

Zur Kinnegin och seet en:
Lieft laang zum Gléck vum Land!
An huet der menger néideg,
Da rufft, ech si bei Hand.

E seet der Léiwin Äddi
A kësst dem Kinnek d'Patt.
Du goung en dann, an honnert
Nei Frënn an aler mat.

All Déier wëllt dem Fiisschen
Zu léif nach eppes din,
E jéide wëllt de Viischten
Nu bei dem Renert sinn.

Se schmeechlen hien, se stréilen,
Man him e Lorberkranz;
Di nidderträchtegst Séilen
Entbléisen nu sech ganz.

De Mitock jeet em d'Mécken,
D'Réi leckt de Schweess em of.
Ech dron lech, sot eng Maischen,
Wuel Iere Schwanz, Här Grof.

Den een, dee lueft seng Patten,
Den aner lueft seng Zänn.
En drëtte seet: Seng Bravheet,
Déi huet eemol keen Enn!

D'Kanéngche sot: En hat mech,
En hätt mech kënnen tucken.
An d'Gäns sot: Dee ka Sprénk dun;
'T ass Freed em nozekucken.

Seng Fënte gi bewonnert;
Wie soss en net konnt richen,
Dee seet: Gitt ënner Honnert
E Fiische mer nach sichen!

Säi Muerden nennt een daper;
Seng Schlëmmten nennt ee klug,
Seng Lige sinn eng Priedegt,
Säi Schwätze géif e Buch.

Nu foung dann un ze rieden
Den Dittche Batterséiss;
Kaweechelchen och heescht en,
E schreift mat Hänn a Féiss.

E setzt sech op den Hiwwel,
De Vulle rifft en zou:
Dir Häre, jäizt all Hurra
A maacht de Renert fron.

En ass jo nu allmächteg,
Gët uecht, e lett kee Stouss;
Iert Fléien, dat verdréisst en,
Ech rode, gitt zu Fouss!

Well hien als Grof muss lafen
Alt nach op alle Véier,
An dir sollt bei em fléien!
Wéi! dir arem Déier!

Et ass fir iech näischt besser
Als him sech nozeriichten:
A wann der mir wëllt folgen,
Da schnett der of ier Fliichten.

Zewidder ass em d'Päifen
Zemol dat op de Beem;
Beileiwe loosst ier Lidder
An d'Schniewlen och doheem!

Gët uecht op all seng Launen,
An haalt iech och deemno;
A géif e gär ee friessen,
Da sot: Hei sti mer jo!

Sou wosste vill deer Déiren
Ze rieden, wéi gedréckt;
An alles goung beim Fiischen
Bis bal op d'Äerd gebéckt.

De Renert sot: dir Hären,
Dir sid mer séier léif;
Um Himmel blénkt mäi Stär nu,
Nach gëschter war en dréif.

Mir hate vill Spëtakel
Eng Zäitlaang schuns mam Wollef;
Dee mécht méi kee Merakel,
Äis allen ass gehollef.

Ech wäerd och un iech denken,
An dir kritt all eng Plaz;
A besser sollt der liewen
Wéi an der Spënnchen d'Kaz.

Du ginn dann d'Déier fréilech
Op heem an halen déck
Vum Fuuss bei Fra a Kanner
A luewe säi Geschéck.

Mam Maarder, Dachs an Atter
Mouch Renert sech derduerch,
E koum mat denen dräien
Voll Freden op seng Buerg.

Do koum en eeschtlech wëllkëmm.
D'Fra Ebel koum gesprongen;
Op Réck a Schëller kloumen
Zu frieks em all seng Jongen.

Gebonnen huet et, Kanner,
Sot Renert, mä 't gong gutt;
Nu liewe mer fir ëmmer
Mat fonkelneiem Mutt.

De Wollef ass gezeechent,
Den Adel ass mäi Loun;
Ech sinn am Land den Zweten,
Den Éischte bei dem Troun.

En zielt der Fra du alles
Vum Ufank bis zum Enn;
An heemlech soten d'Jongen:
Mäi Papp, deen ass behenn!

Voll Freed ass Malepaartes,
D'ganz Festonk gët geschauert;
D'Fra Ebel mécht eng Kiermes,
Déi véier Deeg laang dauert.

Gedanzt gouf a gesprongen,
A munchen Hunn gepléckt;
An 't gouf gemëscht, gecouleurt,
Zum Schloss och nach gezwéckt.

Fir d'Freed nu voll ze maachen,
Kënnt d'Grasmësch och erbei
A séngt de Kirmesspässen
Zum Schloss dat Liddchen hei:

All mir Déier si ganz dichteg,
An eis Fiissercher si brav;
All eis Räre schreiwe richteg,
Keen ass och fir d'Wourécht daf.

Kanner, dat misst sinn e Glotten,
Deem net schméich hir Schreiwerei,
A wat sinn se Paterjotten,
A kee Schallek ass derbei!

Hei geschitt kee blanne Lärem,
'T kann een traue grad op d'Wuert,
Wéi e Kand om Papp seng Ärem,
Déi et droen duerch de Fuurt.

Well vum Kapp bis zou de Suelen
Si reëll mir, als wi Gold;
A mir wëlle net bezuelen
Mat Schéischwätzen all eis Schold.

Blumme wuessen, wuer mer trieden,
Pëlgre mir no Lëtzebuerg;
Jo, mir sinn, als wéi mer bieden,
Krëschtkatoulesch duerch an duerch.

Hei ass d'Bravheet guer kee Wonner,
D'Land ass allenenne voll;
Eist Gewëssen hält schéi sonner,
Wat een dun a loosse soll.

D'Honn an d'Kaze si verdréiglech,
D'Schof an d'Wëllef hunn sech gier;
An de Stiede geet et déiglech
Wer an enger Kiirch dohier.

Alles ass zum Gudde wëlleg,
All mir Männer dun eis Flicht;
An eis Fraen, wéi onschëlleg,
An eis Kanner ma keng Spicht.

Dann eis Kueben, o wat Englen!
An eis Stéiren, wéi gedam!
Bei Mauliesle si keng Benglen
Néideg hei an och keen Zam.

All eis Arem sinn och glécklech
Duerch hir Éier, an der Nout;
An eis Räich sinn do ablécklech,
Wou et bënnt, mat engem Brout.

Nëmmescht geet bei d'Gléck hei
Gäipen fir eng Knippche senges Gold,
Net sech nidderträchteg näipen duer,
Wou DaI're gi geschmolt.

Vill ze grouss sinn all eis Ielen,
A kee Sieschter ass ze kleng.
Wien sech wëllt en Hellge wielen,
Komm heihin, mer hunn eng Meng!

Wien sech wëllt Patréiner praffen,
Alles steet voll Gammen hei!
A keng eenzeg vun de graffen
Fënt ee fir d'ganz Welt derbei.

Wi d'Kiirmes du verbäi war,
Du goungen heem dann d'Gäscht;
Se kruten z'iesse mat sech,
D'Fra Ebel gouf e Läscht.

De Fuuss, seng Fra a Kanner
Déi sëtzen nu am Gléck:
De Renert denkt mat Freden
Un all seng Spichten zréck.

De Maarder, Dachs an Atter
Gi mateneen e Sträppchen.
Ja, sot den Dachs, dir Hären,
A réckt op d'Ouer d'Käppchen,

Ech sinn e Frënd vum Renert
A frou, datt d'Gléck em blitt,
Ma wësst der wuel, ech fiirchten,
Da's d'Enn nach net vum Lidd.

Gët uecht, et ass nach eppes
Mi lous als wi mir Déier,
Dat geet net op dem Buedem,
Wi d'Fiiss, op alle Véier.

Et fënt all Schloff a Schlëffchen,
Och ouni vill ze sichen;
An 't héiert, wou mir lauschtren,
'T gesait, wou mir blous richen.

'T entgeet net liicht en Déif em,
'T gët selen een em al,
Kee Schellem ass sou léif em
Wi deen a senger Fal.

Et schläift duerch Heck a Bëscher,
'T geet luusseg duerch de Flouer,
'T ka blosen aus ons d'Liewen
Vu färe mat em Rouer.

'T ass staark als wi der Jomer
An huerteg wi der Donner:
Sollt Renert him entwëschen,
'T wir eppes wi e Wonner!