1Drop goung eraus de Kinnek
Verdrësslech zum Geriicht,
Gesouch do all di Hären
A munnech loust Gesiicht.
5Do sti korjéis Gesellen,
Dack graff am rengen Duch:
Nottären, Zeitongsschreiwer
A Bauren och genuch
9An all finanzeg Kierlen
Vu Beeler bis no Esch,
Se stounge Kapp u Käppchen
Als wi am Gaart de Mäsch;
13Och d’Gym an d’Wäsch, d’Poeeten –
Déi mat an oune Wëtz –
Di Dräizéng, den Theater,
D’Kadette vun der Sprëtz,
17All Äerzfiiss an hir Trauliicht
An déi vum Minettsbroch,
Di Belsch an dann d’Berliner
An d’Franzkilljongen och,
21Professer, Ältertëmler,
Den dronkne Rousekranz,
Dann d’Klack mat hirem Schwengel
An d’Kierzenhierche ganz,
25Och Häre vun der Chamber
A munchen Affekot;
Ee wënscht dem Fuuss de Gaalgen,
Deen aner gëtt em Rot.
29Et woren zwou Parteien,
Eng Fiiss, di aner Wëllef;
Dem Fuuss seng war di klengst net,
En hat eng dichteg Hëllef.
33Du rifft de Léiw de Reenert –
All Oure si gespëtzt –
De Fiissche geet zum Kinnek,
Deen an der Fotell sëtzt.
37E setzt sech duer op d’Knéien.
Du koum och d’Kinnegin:
Se wollt de Reenert héiren
An hire Rot och ginn.
41„Loosst héiren, Fuuss“, sot Léiw nu,
„Wi maacht der hei Iech reng?
Wi goung di Saach mam Lampert?
Ma Lige sot mer keng!
45Ech wëll Iech uen nach héiren,
Obschoun der ’t net verdingt.
Ma sidd sou frou, als wann Der
Alt schunns beim Gaalge stingt.
49A roueg sollt Der rieden
A maacht mer kee Gejaiz!“
De Fuuss stoung virum Kinnek
Als wi e Frounekraiz.
53„Wiem näischt sech recht wëllt schécken“,
Sou sot en treisch a lues,
„Dee kann de Schwanz sech briechen,
A féil en och op d’Nues.
57Ech gouf fir Iech dem Lampert
Mat fort de gréisste Schaz;
De Widder stielt a bréngt Iech
Dem Hues säi Kapp an d’Plaz.
61Hie ka sech gutt verstellen,
E spillt de frumme Mann –
Do war jo guer näischt liichter;
En zitt de Reenert dran.
65Mir léich nu näischt um Liewen,
Hätt Dir de Schaz erëm;
Géif Bläckert nu nach liewen,
O Här, wat géif ech drëm!
69Wou sichen? Wou nu fannen?
O, ’t ass de gréisste Schued.
’t ass kee méi um Äerdbuedem,
Dien Iech deen do erstuet.
73Geleeft mer dat, Här Kinnek:
Wann Dir déi Saachen hätt,
Da géif ech gäre stierwen,
’t sief muergen oder hett.
77Et waren dräi där Saachen,
Déi ech Iech do wollt ginn:
E Rank fir Iech, e Spigel,
E Kamp fir d’Kinnegin.
81’t sinn al Familljestécker,
Wou grousseg Kraaft a läit,
Se stamen aus Ägypten
Laang vir der Réimerzäit.
85Um Rank – et ass e gëlden
A mat Karfonkelsteen –
Sti Wierder agravéiert,
Déi liest am Land blouss een.
89Dat ass de Spiecht, den alen,
Professer, Philosoph,
Dee liest d’ägyptesch Schrëften
Gerad wi Däitsch erof.
93All Ältertëmmer kennt en
Sou ’nee als wi säin Hutt,
Als wi seng Box, déi hien sech
Schunns zéngmol huet gebutt.
97Diem louss de Rank ech kucken.
,Yaa‘, sot hien, ,mäi Frënd,
Do ass am Land kee Barrong,
Deen dee bezuele kënnt.
101Hei steet jo drop geschriwen:
„Wien dëse Rank huet un,
Kee Schéissen a kee Stiechen
Kann deem méi eppes dunn.“
105An hätt en och eng Krankheet,
En hätt am Häerz och Pech,
Dee Rank elei, deen hëlt em
All Leed eenzock ewech.
109En heelt all gëfteg Wonnen,
Beschitzt vir aller Nout,
Et feelt dem Rank näischt weider
Als d’Kraaft nach géint der Doud.
113Dann huet de Rank nach un sech –
Dat bräicht nun net ze sinn –,
Datt, wien en huet um Fanger,
Deen d’Fraleit gär gesinn.
117Mam Fanger dréit um Schnorres,
Wann dann de Stengche blénkt,
Da gleeft Der net, wat wonnesch
E Framënsch vun Iech denkt.
121A wann em ale Kärel
Kee Meedche wëllt so’ „jo“,
Huet dien de Rank am Fanger,
Da lafen zing em no.
125Hei kuckt, steet nach e Wiertchen,
Dat klengt op dëser Säit;
’t ass wonnerbar, Här Reenert,
Wat do eng Kraaft a läit.
129E Kinnek, dien, sou heescht et,
Dee Rank am Fanger hätt,
Geséich e ganzt Joerhonnert
Virun di aner Lett.
133Dat wär dee weiste Kinnek,
Här Fuuss, verloosst Iech drop,
Dee gréissten aller Zäiten,
Well diem ginn d’Aen op.
137Dee géif keng Lett mat Flënten,
Kee Seewel, keng Kanoun,
Keng Diplomate voller Fënten
Méi brauchen ëm säin Troun.
141Die fiert keng Zeitongsschreiwer,
Souguer keng liberal,
Die man och d’Sozialisten
Net warem an net kal.
145Geléift ass hie vum Vollek
An net vum Ruhm geplot
An ëmmer wäert e wëssen
Zum Fridd e weise Rot.
149Well hien erkennt déi Wourecht,
Datt mir all Bridder sinn,
Vu London bis no Peking,
Vu Bordeaux bis Berlin.
153E kennt och gläich all Häerzer
Mat engem schwaarze Fleck
An hält sech kee Minister,
Deen Täschen huet wi Säck.
157E wëllt op keen sech stäipen,
E stäipt sech blouss op d’Recht,
A mengt een, hie géif näipen,
Dann ass en hell erwächt.
161Wa Bounepart, de Keeser,
Gehuet hätt dëse Rank,
Da séiz en net zu Kassel,
Un honnert Hallwe krank.‘
165Sou sot mer die Professer,
An ’t ass e brave Mann,
Op deem seng grousseg Léier
Een sech verloosse kann.
169Ech war dës Rank net wurdeg,
Dat musst ech selwer son;
Iech wollt de Rank ech schenken,
Mäi Kinnek sollt en dron.
173Ech hat mam Kamp a Spigel
Ier Damm och net vergiess;
Meng Fra huet fir déi Stécker
Mer d’Häerz bal ofgefriess.
177Se huet och wuel net Onrecht:
De Spigel war e Stéck,
’t ass eppes wi e Wonner
A fir en Haus e Gléck.
181Seng Rumm, aus engem Bernsteen,
Ass schéin ouvaleg rond;
’t si Biller drop geschnëtzelt,
Wat Schéins ee kucke konnt.
185Ech kënnt Iech och beschreiwen
All Biller op der Rumm,
Gemaacht vun engem Meeschter,
Alluja war säin Numm.
189Ech hunn se drop loosst schnëtzlen
Zur Zäit, wou ech de Freier
Gemaacht hunn un onst Ebel;
Di Aarbecht koum mech deier.
193Dat schéinst vun alle Biller,
Déi drop sinn, Här, ass dat,
Wi ees Prënz Heinrech komm ass
No Lëtzebreg an d’Stad.
197’t gesäit een hien do kommen
Duerch d’Groussgaass schéin a fräi,
All Haiser si voll Fändlen,
All Bierger leeft erbäi.
201Se werfen hie mat Blummen,
D’Gesiichter all si frou;
’t jäizt alles: ,Vive, Prënz Heinrech!‘
An alles séngt derzou:
205,Prënz Heinrech, dee mir léiwen,
Kee Bessre kann et ginn,
Mir wëlle glécklech bleiwen
Mat him, als wi mer sinn.‘
209Do ware freedeg Häerzer,
Do war e Land voll Gléck.
Sou war dat Bild geschnëtzelt,
Et war e Meesterstéck.
213Nu wëll ech nach verzielen,
Wi ’t och mam Spigel steet
A wuerfir och den Déifstall
Mer mécht esou vill Leed.
217Gesitt, Här, d’Fraleitsstauten,
Där ass eng grousseg Rei:
Dräihonnertfënfasechzeg,
Fir allen Dag eng nei.
221An hätt e Jong eng Dosend
Där Joffren an der Wiel:
Se géifen hie bedréien
Wi d’Äppel duerch hir Schiel.
225Di eng, di huet keen Ufank,
Di aner huet keen Enn;
Friemt Hor dréit dës am Schinjong,
Hiert eegent op den Zänn;
229Eng Quisel an eng Hechel,
Eng Pënternell di sechst,
Di siwent ass un d’Maansleit
Vu Geck als wi behext.
233Hir Feeler all ze nennen,
Do feelt mer dach de Mutt,
A kuerz, ’t ass vun der Dosend
Di dräizéngt nëmme gutt.
237Déi ass nun och en Engel
Als wi eis Kinnegin;
All Leit och hunn se gieren,
Déi s’eemol hu gesinn.
241Se blénkt net op de Gaassen,
Mä s’ass eng Sonn doheem;
Se zillt di beste Kanner
A Jongen als wi Beem.
245A wou de Mann um Enn ass
Mam Wëtz a mam Verstand,
Da ass esou eng Frächen
Mat guddem Rot bei Hand.
249Hie kuckt se frou an d’Aen,
Hie lauschtert, wat se seet;
Bei hir vergësst en d’Kloen
A schäfft nei Liewensfreed.
253Esou eng Fra, Här Kinnek,
Ass fir e Mann e Gléck;
Mä fir se jest ze fannen,
Do ass ’t: Se stinn net déck.
257Mä hätt een do mäi Spigel,
Da wär dat Dénge liicht,
Da géif ee blouss dra kucken
Der Freiesch hiert Gesiicht.
261De Spigel weist Iech viraus
Zéng Jor laang, wi se gëtt.
Rondëm s’en Träppche Kanner
A si steet an der Mëtt.
265A kann een dann nach denken:
,Meija, ech huelen dës‘,
Dann ass et och di dräizéngt,
Dees sidd Der da gewëss.
269Meng Fra huet fir dee Spigel,
Ech son, mech vill gehäit,
En aner huet alt Jongen,
An d’Mammen denke wäit.
273Këmmt d’Zäit no ettlech Joren,
Wou een sech gär bestuet,
Dann hätt ee gär eng Schnauer,
Déi fir en Hausstot guet.
277Mä kuckt Dir, Här, ech liewen
Fir Iech an d’Kinnegin,
Fir d’GIéck vun Iere Prënzen
Gouf ech de Spigel hin.
281Fir Geld! ech hätt mäi Liewen
De Spigel net entbuer;
Nu ass e mengem Kinnek
A mir zugläich verluer!
285Ech hat dermat e Kamp nach
Fir d’Kinnegin geschéckt;
Fir deen ass och meng Frächen
Uerg hanner mech geréckt!
289Dee Kamp huet d’Melusina
Op hirem Hochzäitsdag
Om Kapp gedron, Här Kinnek.
Verstitt nu, hei ass d’Saach.
293Seng Zänn, déi si vu Sëlwer,
Vu puerem Gold säi Buert;
Dru si Saphir, Demanten,
Näischt Schéines ass gespuert.
297Eng Fra, déi deen um Kapp huet,
Behält en treie Mann;
Géint d’sechst Gebot ze feelen,
Dat fält em guer net an.
301A wann en no Paräis kuéim,
A kuéim en och no Wéin,
E siet: ,Vun alle Fraen
Ass meng dach nëmme schéin.‘
305An dréit de Kamp eng Joffer,
Da gëtt se fein a lous,
An dach, se bleift onschëlleg
Wi hirer Mamm om Schouss.
309Well all oniewe Schwätzer,
Déi si bei hir geschlon,
Schunns ier se sech erkingen,
Hir frech e Wuert ze son.
313Wat misst ee fir dee Kamp nu,
Genéideg Kinnegin,
Wann Dir en hätt, ech froen,
Da fir eng Somm Iech ginn?
317An dat, kuckt, waren d’Saachen,
Déi ech dem Widder gouf;
Meng Guttheet huet gegruewen
Mir hei meng eege Grouf.
321Wie muss een nu bedauren?
Här Kinnek, Iech a mech!
De Widder huet seng Strof kritt,
Ma d’Leed behalen ech.
325Ech gouf wuel mengem Kinnek
Den allergréisste Schaz
An iewel wär ech léiwer
Am Wollef senger Plaz.
329Wat huet fir Iech de Wollef
Säi Liewen nach gemaacht?
Gouf hien Iech schunns en Iessen,
Dat eppes huet gedaacht?
333Dir wësst dach, wéi en d’Kallef
Gestuel dem Bauer hat;
Dir koumt a wollt et hallef.
Wi huet en du geschwat?
337En huet – als wéi e Virbëtz –
Ze kucken do gesiess;
,Dräi Deeg laang‘, sot en, ,hunn ech
Kee Maufel schunns méi giess.
341Nu fonnt ech hei de Bëssen
An deen ech néideg brauch;
Här Kinnek, hieft Gewëssen,
Well ech hunn och e Bauch!‘
345Du krut en dann Ier Pratzen –
Ech hätt en dout gedréckt –
Sou léiert ech di Fratzen
Ze wëssen, wat sech schéckt.
349Ech koum dohier, du sot Dir:
,Hei deel ons, Fuuss, dat Kallef.‘
Du gouf ech Iech eng Hallschecht
An nach di aner hallef.
353Dem Wollef gouf ech d’Ouren,
An d’Liewer, déi ouss ech;
De Rescht, dee krut Dir selwer
An duerop lueft Dir mech:
357,Wien huet dech dat geléiert?‘,
Sou sot Der zou mer, Här.
,Sou deelt e mat dem Kinnek
An dat gesinn ech gär.
361Ech wäert Dir hierun denken,
A bass d’ees iwwel drun,
Erënner mech un d’Kallef,
Da wäert ech mäint schonns dunn.‘
365Dir wäert och dat nach wëssen,
Wi ees mäi Papp gottréist
Iech huet vun enger Féiwer
Mam Wollefshäerz erléist.
369Keen Dokter konnt Iech helfen,
Der loucht schunns bal am Zécken;
Mäi Papp, dee kuckt Iert Waasser
A sot: ,Et kann sech schécken.
373Ech weess en eenzegt Mëttel,
’t ass d’Häerz vun engem Wollef,
An iesst der ’t och blouss hallef,
Dann ass Iech ganz gehollef.‘
377Wat sot dann du de Wollef?
En huet sech jo gestallt
Wéi d’Kand, deem d’Mamm en Därchen
Erauszitt mat Gewalt.
381Hie sollt Iert Liewe retten,
Du gouf de Kärel wëll;
Zum Gléck, an deene Saachen,
Do war mäi Papp net mëll.
385De Wollef gouf gebonnen,
Geschluecht als wi e Bock;
E wonsch Iech nach zum Däiwel
Am leschten Otemzock.
389Dir krut säin Häerz nu z’iessen,
A wupp ewech war d’Féiwer.
Dir hat mäi Papp soss gären,
Drop krut Der hien nach léiwer.
393Dir sot em dann och diemol:
,Här Fuuss, Dir sidd e Mann,
An huet Der mech ees néideg,
Dann dunn ech, wat ech kann.
397Géint Iech an Ier Familljen
Sollt kommen och eng Klo,
Da kuckt ech Iech zu Gonschten
Der Saach alt zweemol no.‘
401Sou sot Der him, Här Kinnek.
Nu sinn ech an der Nout:
Falsch Zeie stinn hei honnert,
Se wëllen all mäin Doud.
405Ech ka mer net méi helfen;
De Wollef mécht mech schlecht;
E klenge Mann muss ledden,
An hätt en duebel Recht.
409’t ass schued, ech wär e Räichen,
Där éischter een am Land,
Da wären aner Zeien
A Riichter bei der Hand!
413Ech si verklot, da’s richteg,
De Rescht ass all gelunn;
Dat muss sech nu beweisen;
Dir Hären, gitt nu drun!
417Et bleift net méi bei Wierder,
Mer spille fir de Kapp;
Wie Loscht huet säin ze setzen,
Huel d’Aen an de Grapp!
421Erbei nu, Bier a Wollef,
A wien huet Kloen nach?
Wien näischt méi ka beweisen,
Dee spillt om leschte Lach.
425Mä fannt Der mech am Feeler
A liwwert Dir mer d’Prouf,
Da wëll ech vun Iech ledden,
Wat Kiewerlenk vum Bouf.
429Der kënnt mech domat strofen,
Wat engem Mann geschéich,
Dee Lëtzebreg franséisch,
belsch oder preisesch méich.
433Der kënnt e Wissbamsseel mer
Da schlëppen ëm de Krag
An an der Loft mech wéitschen
Zwou Nuechten an en Dag.
437Wie klot an näischt beweist mer,
Deen danzt dee selwen Danz.
Hei, d’Spëtzt fir d’Ee! Dir Hären,
Et geet fir Kapp a Schwanz.
441Sou weist jo d’Recht fir aner,
Här Kinnek, fir mech och!
An huet Dir äis gehéiert,
Dann dutt Dir, Här, de Sproch.“
445„Ech lauschtre“, sot de Kinnek,
„Op kengem sai Geschwätz;
Fir kee gëtt hei geännert
En Tëppel um Gesetz.
449Dir kënnt Iech all nu wieren,
Wie Recht huet, kritt de Prais;
Wi streng ech beim Gesetz sinn,
Dat gouf de Widder wais.
453Ech fuerdren hei Bewaiser,
D’Verkloen ass keng Konscht.
Fir mech, ech muss dem Reenert
Verzeien, a mat Gonscht.
457De Reenert war mer ëmmer
Ganz zougedunn an trei,
Ech ka vu senge Feinden
Net son dat selwecht hei.“
461„Ech danken Iech, Här Kinnek“,
Sot Fuuss, „mäi Liewe lank.
O kënnt ech Iech beweisen
Meng Onschold mat dem Dank!
465Wat huet gemaacht de Widder,
De Mierder an den Déif!
Gesitt Der wuel, Här Kinnek,
De Lampert wor mer léif.
469Mä léiwer hätt ech d’Saachen,
Fir Iech s’elo ze ginn.
Wuer geet een déi nu sichen,
Wie seet mer, wou se sinn?
473Ech wëll se dach go’ sichen,
E Jor laang an och zwee,
Vum Mäerz an duerch de Summer,
Vum Hierscht bis an de Mee;
477All Bëscher duerch, all Hecken,
All Fielze mat er Huel,
Bis datt mer un de Schungen
Net ganz méi ass eng Suel!
481Ech hoffen, se ze fannen,
Ech weess all Gruecht a Griecht;
Ma dankt mer net, Här Kinnek,
Ech si blouss Iere Kniecht.“
485De Kinnek a seng Damm och,
Se haten du eng Freed,
Als hätten se schonns d’Saachen;
De Fiissche stoung sech breet.