1Am Schlass hieft Fuuss de Schwänzchen
Sou riicht als wi e Poul,
Geet matzen duerch seng Feinden
Eeriicht zum Kinneksstoul.
5E setzt sech duer op d’Knéien,
De Kinnek kuckt ewech.
De Fuuss fänkt un ze léien
An all Äbléck méi frech.
9„Här Kinnek, kënnt Dir liesen
Op jéidem senger Stier,
A stéing hir Schold geschriwwen
Op allen hirer Dier;
13Kënnt Dir an d’Häerzer kucken
Wi an eng Wisebaach,
Da kuéim elo meng Onschold
Hei huerteg un den Dag.
17Da géift Dir menge Feinden
Hir Falschheet klar gesinn,
Déi fréi a spéit hei géint mech
Mat hire Kloe stinn.“
21„Hal stëll, du schlechte Kierel“,
Sou sot de Kinnek béis,
„Deng Doten, déi si batter,
Deng Rieden nëmme séiss.
25Ech hunn nu denger Ligen
Genoch an dees Geschwätz;
Du gëss mer nu veruurteelt
No laut och vum Gesetz.“
29„Genéid’gen Här a Kinnek“,
Sot Reenert do zum Léiw,
„Bedenkt, wat ech gemaacht hunn
Meng Deeg laang Iech zuléif!
33Wann aner Raute wénkten,
Da stoung de Reenert fest;
A wann Dir mech veruurteelt,
’t wier net fir Iech dat Best.
37A mengt Dir, wier ech schëlleg,
Ech stéing dann och elei?
Am Éislek fënnt ech Plazen
Méi sicher wi déi hei.
41De Grimpert koum mech ruffen,
Du koum ech da gelaf;
Um Plankebierg bei Blaaschent
Begéinte mer dem Af.
45Dee sot: ,Här Fuuss, gitt hardi,
A wiert Iech, wi Der kënnt.‘
,Ech weess mech‘, sot ech, ,Komper,
Ganz fräi vun aller Sënd.‘
49Nu fannen ech, d’Kanéngchen,
Dat huet mech hei verklot,
An Dir sidd béis. Ech denken,
Keng Wourecht gouf gesot.
53Ech souz mat menger Biwel
Bei menger Dier doheem,
An d’Vigelcher, se songen
An Hecken an op Beem.
57Ech sinn e Frënd vum Fréijor
An ’t mécht mer ëmmer Freed,
Wann d’Réi do ëm mech sprangen
Wi d’Lamer op der Heed,
61Wann d’Huese stinn de Männchen
An d’Duerteldaifche séngt,
Wann d’Dréischel hire Jongen
Am Nascht hiert Iesse bréngt.
65Den Hunn geet mat den Hinger
Am Bësch dann op an zou
An op dem Milleweier,
Do schwammen d’Inte frou.
69Wie soll dann net vergiessen
De Wanter a seng Nout?
Ech souz an däër Betrachtonk
Ëm d’Zäit vum Owebrout.
73Du koum dohier den Duckler,
E gréisst, du sot ech dann:
,Ma gitt net laast hei, Komper,
A kommt dach mat eran.
77Dann huelt Der eppes un Iech,
Frësch Krädder an eng Kuuscht;
Ech weess, Dir iesst keng Fleeschspeis,
Soss briecht ech och eng Wuuscht.‘
81Hie koum. En ësst, mir sproochen,
Mer hunn nach vill gelaacht,
An alles huet dem Komper
Och séier gutt geschmaacht.
85Mä wësst Der, Här, meng Kanner,
Déi sinn, wi aner sinn;
Se wëllen ëmmer iessen,
Soubal s’e Ruecht gesinn.
89Se kucken dem Kanéngchen
A senge Mäifel no;
Entfoul em dann eng Grimmel,
Wupp, war mäin Eelsten do.
93Mäin Eelsten ass e Flénken,
De Jéngsten ass net faul;
Op eemol heet de Komper
Deem Klengen eng op d’Maul.
97Do gouf den Eelste rosen,
En hëlt de Mann mam Krag,
An ’t goung em fir en Ouer;
Här Kinnek, do ass d’Saach.
101Et war mäin Haus, meng Guttheet,
Meng Kanner a mäi Brout;
Ech hätt se loosst gewäerden,
Da war d’Kanéngchen dout.
105Ma ech erwëschen d’Jongen,
A weider net gefaxt,
Ech werfen s’ënner d’Siddel,
Dee Klengen huet gequackst.
109Kuckt, wann een ass onschëlleg,
Dann deet d’Verkloe wéi
An ’t wiert een sech op d’Ongescht
Géint Karmësch oder Kréi.
113Se wëlle mech verdillgen
Mat Fra a Kand a Knueb.
Sou goung et mam Kanéngchen;
Wi goung et mat dem Kueb?
117De Gakhans huet d’lescht traureg
Op eiser Fiischt gesiess,
E sot, seng Fra, déi hätt sech
U Fëschen dout gefriess.
121Ma wou, a wann? Wat weess ech?
Ech gouf net weider Uecht;
Wat gëllt, en huet nach selwer
Dat Mënsch ëm d’Liewe bruecht!
125’t ass liicht, e Mann verkloen,
Ech fuerdren hei Bewäis;
Ech loosse mech net féiren
Als wi eent Schof op d’Äis.
129Wie wëllt mech nach verkloen?
Die komm, nu stinn ech hei!
A kann en näischt beweisen,
Da schlo mer äis elei.“
133Nu stounge senger Feinden
Vill do mat laanger Nues;
Déi haart sonst géint e jauten,
Se schwaten nu féng lues.
137De Kueb an och d’Kanéngchen,
Déi mouchen sech ewech,
Se soten sech: „Dat Déngen,
Dat richt verflucht nom Pech.
141Wi sollte mir äis meeschtren
Mam Fuuss? Dat ass kee Spaass!
Mir missten do jo baissen
Dach oune Feel an d’Gras.“
145Ma béis stinn do ze kucken
De Wollef an de Bier.
De Kinnek sot: „Wie Kloen
Nach huet, dee komm nu hier!“
149Du duechten déi zwéin Helden,
Datt Fiechte lett kee Läif.
De Reenert ass e Flénken,
Ma Bier a Wollef stäif.
153Se stoungen do ze zécken
A maachen d’Fauscht am Sak;
Dem Reenert säi Gewëssen
Blouf haart als wi e Wak.
157„Gesitt Der“, sot en hardi,
„Mir maachen s’op de Réck,
Ma sollten s’et beweisen,
Da sinn se net méi fléck.“
161„Abee“, sot drop de Kinnek.
„Da bass de nach net lass.
Wien huet dem brave Lampert
De Kapp erafgebass
165An deen zum Spott mam Widder
Geschéckt am Ranzel mir?
Ech louss de Widder déiten,
An d’Schold bleift, Schellem, dir.
169Du hues mech frech beluën
Mat Bittgäng a mat Geld;
Kuerzëm, esou en Naischnotz,
Dee schaaft een aus der Welt.“
173„Här Kinnek“, sot de Reenert,
„Wou steet mer mäi Verstand?
Ass Lampert dout? O Bläckert,
Waars du dat do amstand!
177Konnts du den Hues ermuerden?
O miserabelt Gold!
Ech hat em jo de Ranzel
Mat Iedelsteng gefollt
181A mat de schéinste Saachen
Fir Iech an d’Kinnegin.
Wiem soll een nu nach trauen,
Wa Bläckert dat konnt dinn?“
185Net héire konnt de Léiw méi
Dem Phariseier no;
E goung a seng Gemaacher
A fonnt seng Fra och do.
189A bei hir war och d’Babel,
Dem Af seng aartlech Fra;
Si huet en dichtegt Mondstéck,
De Léiw op si ent A.
193Déi sot: „Mäin Här a Kinnek,
Der maacht Iech vill Verdross,
An ’t wär, mech uenzehéiren,
Vlaicht guer net ëmmesoss.
197De Reenert ass mai Koseng
An ’t ass e kluge Mann
An deen een an dem Konzel
Net gutt entbiere kann.
201Et ass an där Familljen,
Sai Papp wor och gescheit,
An ’t koumen och wuel Kloen
Géint hie vu falsche Leit.
205Mä ’t konnt een op en zielen
Als Diplomat am Rot,
An Iere Papp huet allzait
Seng Meenong him gefrot.
209A braucht en och eng Schlëmmtchen,
Wi dat jo dack geschitt,
De Fiissche bruecht se flierdeg
Wi Lentz an Dicks e Lidd.
213Esou ass och de Reenert.
E riet als wi gedréckt.
Wou huet Dir fir Gesanten
Een, deen sech besser schéckt?
217De Bier an och de Wollef,
Se suerge blouss fir sech,
A géif et naischt ze schlécken,
Se léissen Iech am Stéch.
221Se schmieren d’Vollek ëmmer
Mat sengem eegne Fett.
Se schreiwe grouss Artiklen
An dës an déi Gazette,
225Do wëssen se ze plangen
Fir d’Land bal dët, bal dat
An hunn um Enn dach ëmmer
Fir d’eegen Täsch geschwat.
229’t ass een als wi deen aner,
Wi d’ganz Familljen ass,
An iwwerall erkennt Der
Dann och hir Wollefsrass.
233Dir kennt se, wann se pléien,
Do fierchten se keng Maark;
Schwaach sinn s’och am Bezuelen,
Am Fuedren ower staark.
237Dir kennt se, wann se deelen,
Do hunn se guer keng Mooss;
De Wollef hëlt sech d’Brocken,
Deen aanre léisst en d’Zooss.
241Beim Wane lait saint hannen,
Beim Dreschen ower vir.
Dir sidd eng Klensch him schëlleg,
Da bréngt en Iech ëm d’Dier.
245A fält e gudde Kierel
De Lëmmlen an d’Gegrëpps,
Deem drécken se dann d’Hierzblutt
Eraus bis op eng Drëps.
249Sinn s’eemol an der Chamber,
Dann hunn s’et an der Hand;
Se kéiren op hir Millen
Sech d’Bueren all vum Land.
253Op d’Gripsen an op d’Grapsen
Hunn s’allzait hiert Gebiichts;
A mécht een där ee Koschter,
Da stielt e sai Geliichts.
257E schwätzt da géint de Mammon,
E fiddert sech de Krapp;
E weist mam Daum géint Himmel
An hält de Su am Grapp.
261Ech kënnt Iech der verzielen
Vum Wollef bis zur Kaz.
Di Mëttel, déi se wielen!
Ma hei ass net di Plaz!
265De Reenert ass ongiedlech,
Hie kuckt dem Déngen no;
A mécht dann een eng Futtes,
Dann ass de Fiisschen do.
269Hie schreift sech op hir Spiichten,
Mä guer net un den Héil.
Här Kinnek, do ass d’Ursaach,
Hie lait en op der Séil.“
273„D’Fra Babel huet net Onrecht“,
Sot drop och d’Kinnegin;
„De Bier als wi de Wollef,
’t ass naischt op déi ze ginn.
277Se hunn ersierklech Mënner,
Grouss Mee a greilech Zänn.
Mä wann Der déi dann afzielt,
Da sidd Der och um Enn.
281Weil wou et heescht ze halen
Fir d’Land am haarde Strait,
Dann zéien d’Schwänz se widder
An drécken sech op d’Sait.
285A gëtt et eemol Brigel
A graift een se mam Fleesch,
Se huelen dann hir Deel alt,
An nach mat graisslech Kreesch.
289E Wollef an er Festonk,
Dee këmmt net aus der Bretz,
Bis datt en dran erhingert;
Wi goung et deem zu Metz?
293Mat honnertachtzegdausend
Nach wosst en sech kee Rot;
Du louss en sech da fänken;
Et wor fir d’Welt eng Schmot.
297Mat Reenert ass et anescht;
Geschitt him och eng Fapp,
Hie weess se gutt ze maachen,
Ewell bei him ass Kapp.
301Verzeit him! Wann de Wollef
Sech dann och vun Iech scheet,
De Fuuss ass een, mat deem een
Zing aner siche geet.
305En huet eng grouss Familljen,
Dat loosst net aus der Wo!
Dohin, wou déi hinzéien,
Do gi vill aner no.
309Dir huet nach vill ze maachen,
Bedenkt et wuel, main Här!
Kee Budget ass votéiert,
Dir héicht nach d’Schätzeng gär.“
313„’t ass wouer“, sot de Kinnek,
„De Reenert huet vill Frënn,
An zéien déi sech vu mer,
Da sti meng trei Leit dënn.
317Trei Männer hunn ech néideg,
Well d’Geld ass eeschtlech rar,
E jäidden hält et uen sech,
An ech, ech braicht et bar.
321D’Arméi ass schlecht montéiert,
An duera geet eng Zomm.
De Biere feele Kapen,
De Fräschen uen er Tromm.
325Nei Mäntel braichten d’Raten
An d’Béck och méi laang Schwänz,
Dann d’Maulefen nei Brëllen
An d’Wëllef méi kleng Pänz.
329Ech schaaft de Kaze gieren
Ganz aner Kloen uen,
Den Ochse méi grouss Hueren,
Laang Spueren och dem Huen,
333De Schwéngen eise Schnëssen,
Den Huese fënnef Been;
E fonkelneit Gewëssen
Hätt néideg giddwereen.
337A Chassepot a Kanounen,
Zëndnolen, Muerd an Doud,
Dat huet d’Arméi méi néideg
Als wi de Bauer d’Brout.“
341„An dat och net, Här Kinnek“,
Sot duerop d’Kinnegin.
„Et bleift jo ouns d’Arméi Iech
Vill Bessres nach ze dinn.
345D’Zaldoten, déi verzieren,
Den Aarbechtsmann erniert;
Wa kee méi Krich wëllt féiren,
Da brauch ee keen, dee wiert.
349Mä Stroosse sinn ze bauen,
De Schliek ass iwwel drun;
Wann hien e Schrack wëllt fueren,
Da muss e Virspan hunn.
353Besonnesch huet Der d’Schoulen,
Do braicht Dir nach vill Geld,
Fir d’Vollek gutt z’erzéien,
Dat Néidegst vun der Welt.
357Do si jo d’Schwain an d’Stéiren
An d’Ieselen, d’Honn an d’Béck,
Se si jo oune Léier
A schleechvoll Ongeschéck.
361Se saufen als wi d’Béischten,
Se rolzen op der Gaass,
Se klappe Fra a Kanner,
Dat nennen se da Spaass.
365Se hu keng eenzeg Iddee;
Eng liewe fir hir Pänz,
Di aner gleewe ferrem,
’t géif Daiwele mat Schwänz.
369An huet ee sain Diplëmmchen
Fir d’Lige vun der Échel,
Dee kann dem Véi verkafen
Als Riichtschait och eng Séchel.
373Se loossen all sech féiren
Wi d’Schof, an oune Fro;
E Schallek zitt den Hiemsläpp,
Da leeft d’ganz Häerd em no.
377Se gleewe schéine Spréchen,
Ma méi nach dem Geschmaach,
A bleift hir Guergel dréchen,
Da war kee gudden Dag.
381Mat engem fette Maufel
Scho féiert een s’an d’Fal;
Dann huelt se mat de Schwänzen
A fuert dermat an d’Wal!
385Do stëmmt den Ochs den Tiger,
De Widder stëmmt de Wollef;
Se kréien d’éischt e Friessen
An hannendrop de Kollef.
389Do, Här, do ass nach Aarbecht,
Se lait do laang a breet.
All Männer missen helfen,
Am meeschten di gescheet.
393Mä bréngt Dir ëm de Reenert,
Da gi seng Frënn Iech grob.
Se sinn elo nach mat Iech,
Da stinn se géint Iech op.“
397„Ech weess wuel“, sot de Kinnek,
„Ma kuckt, en ass zou schro;
Kaum huet een him verziën,
Da këmmt eng aner Klo.
401Dach wëllt Dir mech berieden!
Dem Schellem haalt Der zou.
Mä schwéier ass beweisen,
Eng Scherbel sief e Krou.
405Dir Fraleit huet dach Mënner!
Dir maacht dat Schlecht ons léif;
Dir maacht et hei mam Reenert
Als wéi mam Apel d’Éiv.