1Drop schlaufen di zwéi Kompren
Duerch Gruechten an duerch Sanken,
Se féiren an de Käppen
Alt allerhand Gedanken.
5„Ma, Monnonk“, sot de Grimpert,
„Dir dreift et dach zou béis;
Kaum frai, da faalt der ëmmer
Erëm op d’selwecht Féiss.“
9„D’Geleeënheet“, sot Reenert,
„An d’Bäispill maachen d’Déif,
An dee misst sinn en Hellgen,
Deen hett onschëlleg bléif.
13E Mann, deen duerch e Bësch geet,
Mécht oft e feele Schrack,
A wie mat Hunneg handelt,
Dee leckt sech d’Fanger dack.
17Mä kuckt, ’t ass meeschtens Iertom,
Wann niewelaanscht ee geet,
Wuerfir, wa kee géif feelen,
Wier dann och Rei a Leed?
21Den Hiesche war sou mockleg,
En ass dohier getoopt,
Ech konnt mech net enthalen,
Du hunn ech duergekroopt.
25Wat soll ech ower maachen?
De Feeler ass nun do;
Well d’Loscht, déi koum zum Éischten
An d’Rei koum hannenno.
29A wa mer ’t och bedenken:
’t läit alles déif am Pech,
Well d’Schellmerei am Groussen,
Déi mécht am Klenge frech.
33Wann s’alleguerte rappen,
No engem ale Sproch,
Um allgemengen Heehauscht,
Da rappt en aner och.
37Vun uewenu bis ënnen
Geet Léien a Bedroch,
Vu Roum bis no Hannover,
Wi hei am Ländchen och.
41Den Huer, de Bier, de Wollef,
Se stielen, datt et flaamt;
Grouss Schellme gi veréiert,
Di butzeg gi verdaamt.
45D’Welt ass e Sak voll Kriibsen,
Wou een deen aner zwéckt;
Di iewescht gi gejuppelt,
Di ënnescht ginn zerdréckt.“
49„Ja, Monnonk“, sot den Dächschen,
„Wuel wouer ass Ier Ried.
Ma bei dem ville Schwätzen
Vergiesst net, wuer Der triet!
53Friem Feeler kritizéiren
Ass ettlechmol wuel gutt;
Bedenkt Dir och derniewent,
Wat Dir alt loosst an dutt?
57Wien d’Gaassen all wëllt kieren,
Dee fënnt dees Dreck eng Mass;
Wien d’Boxen all wëllt flécken,
Behéil seng eegen zrass.
61E jéide wëllt haut pried’gen
Vum Bauchstull héich erof
A weess net, datt de Schéifer
Dach kliger ass wi d’Schof.“
65„Sou heescht et“, sot de Reenert,
„Ech gläwen dat souguer,
Well d’Schéifre, kuckt, déi schieren,
An d’Schof, déi gi geschuer.
69Wann d’Häre Biere schëdden,
Dem Vollek gëtt et baang;
Dat gëtt derbäi als Klëppel
Gebraucht an och als Staang.
73Wann d’Kinneken sech streiden,
Huet d’Vollek d’Saach um Leif;
Dat dingt derbäi als Kugel,
Als Schëld an och als Scheif.
77’t léiss vill sech do verbessren,
Ma d’Welt leeft ëmmer kromm;
Wat d’Hären ze behänn sinn,
Da’s d’Vollek och ze domm.
81Hunn ech e klengen Hieschen
Om Dësch, da sinn ech frou;
Wie gëtt dem Léiw, dem Tiger
Dann d’Recht nach un eng Kou?
85Se so’ wuel: ,Fuuss begann dech!‘
A wëll ech mech begannen,
Da fueren an de Pelz mer
Hir Pratze vir an hannen.
89De Räiche kann alt domm sinn,
Da wäert en nach gedeien;
Ma d’Dommheet bei em Aarmen
Ass guer net ze verzeien.
93Di Topeg halen d’Stroossen.
Fir mech, ech léiwen d’Schlëff;
Am Bësch, do mécht en aner
Di allerbeschte Grëff.
97Ech hu meng Deeg gelies vill
An allerhand stodéiert
An endlech och dat Giedlechst
Als Grondsaz ausgeschnéiert.
101Ech mouch mer eng Scholastik –
Voll Lächer wi meng Buerg –
Eng Seibar vu Gommlastik,
Do bréngt een alles duerch.
105Se liicht als wi eng Trauliicht
A keemol op de Grond;
Fir d’Wourecht ze verstoppen,
Näischt Bessres gouf erfonnt.
109Se ass eng fei Magnéitnol
Vun Holz, an d’Plaz vun Eisen,
Drop kann een dann den Nordpol
Do, wou ee wëllt, Iech weisen.
113Se gläicht dem Klautjesriedchen;
Dra setzt de Mann eng Kaz,
Déi mengt, se géif entlafen,
A kënnt net vun der Plaz.
117Verstand këmmt mat de Jaren,
Mir koum en alt mam Baart;
Da kuckt ee groussen Hären
Dack heemlech jo an d’Kaart.
121Wann déi Geléiert rieden,
Da mengt een nach, wat Wonnesch;
Se hale wuel op d’Bravheet,
Dach op de Su besonnesch.
125Si kennen och Scholastik
An d’Kaarte gi geluecht;
Do ka kee Streech verluer gon,
Besonnesch an der Nuecht.
129Hir Wierder si wi d’Waasser,
Dat passt jo an all Dëppen;
Wann d’Iddie gefruer sinn,
Dann dron se s’an de Grëppen.
133Stachdäischter man hir Rieden,
Hir Konscht ass bal allmächteg;
Se schmiert Iech zou mat Mastik
Ier Aen, a ganz prächteg.
137Se kënnen Iech beweisen –
An do ass näischt ze gecksen –
Hir Heekreep wieren Hellgen,
All aner nëmmen Hexen.
141A fänken s’un ze schwätzen
Vun deem, wat d’Mëllech notzt,
Dann hunn se vun all Brachen
Schunns laang de Schmant gebotzt.
145Ech hunn aus deene Konschten
Dat Giedlechst mer gesuen
An och bis heihin ëmmer
Mech gutt erausgezuen.
149Kuckt, d’Dommheet ass e Gäertchen,
Dra wiisst di beste Speis;
Den Eefalt muss ee mästen,
Da gëtt e keemol weis.
153De Schäin, deen ass nun Herrgott,
Dat anert ass all näischt,
Ma fir e Mann ze weien,
Da leet op d’Wo seng Fäischt.
157Et ginn duerch d’Welt zwéi Weeën:
Sief Wollef oder Schof.
E gudde Fuuss ass béides
Als echte Philosoph.
161Ech dunn di ronnsten Eeter,
Meng Dote si Gefautels,
Ech wëll am Dréiwe fëschen
An halen op d’Gepautels.
165Ech schwätze géint d’schlecht Sitten,
Ech stelle mech skrëpléis
A wieren dach fir d’Schellmen
Um Enn mat Hänn a Féiss.
169Wat läit mir un de Sitten,
Hu meng Papeire Kurs!
De schéinste Credo sangen
Meng Dal’ren an der Bourse.
173Haalt meng Partei, Dir Schurken,
A maacht da, wat Der wëllt;
De Braavste sief och géint mech,
Da gëtt en doutgebrëllt.
177D’Erfaronk seet mer däitlech:
Fir ëmmer ze gewannen,
Da soll een sech dat Geestlecht
An d’Weltlecht gutt verbannen.
181Dat Geestlecht ass mir d’Dëppen,
Dat Weltlecht ass de Brot;
Dat Geestlecht deet ee kachen,
De Maufel ass d’Genod.
185A wie recht frumm wëllt stielen
Als wi de Miller Schranz,
Die stréck un d’Molterschossel
En décke Rousekranz.
189Mä kritt een en ze packen,
Deen dréckt een hol a blo.
A wann een d’Schof gefriess huet,
Da schenkt ee Gott de Mo.
193A schléit een engem heemlech
De Klëppel knatsch op d’Nues,
Da rifft een haart: ‚Strof Gottes!
An ’t goung nach vill ze lues.‘
197A kritt bei enger Quisel
De Geescht emol de Schnapp
A werft se hirem Hellgen
D’Gebietbuch an de Kapp,
201Da wäert den Hellge ruffen:
,Mäi Gott, déi ass beseess‘
A mécht all Exorzismen
A Konsten, déi e weess.
205Sou maache scholastesch Ploostre
Mam blanne Maulef Spott,
An ier di recht em bruecht gëtt,
Ass d’Déier laang kapott.
209Den Iesel kann ee lueden,
Soulaang als hien nach trëppelt,
Sollt d’Nielebou och briechen:
Alt ëmmer dru geschnëppelt!
213Esou gëtt d’Welt gefouert,
Ech féiren s’och net anescht,
An ’t sinn där Fiiss am Land hei
Net ’leng zu Schlënnermanescht.
217Beim Scheefchen an de Wisen,
Do friesse mir mat Gras,
Bis datt et roueg idderzt,
Da ma’ mir eise Spaass.
221Mir ginn och mat op d’Bittgäng
Fir Roum an nach féng wäit,
Mä wann d’Paschtéier wéissten,
Wat äis um Poopst och läit!
225Se mengen äis ze féiren,
Mir féiren si um Seel,
Well fir e fetten Hinnchen
Ass Roum a Poopst äis feel.
229Blouss dat, wat bréngt en Notzen,
Dat halen mir fir weis;
Fransous och beim Champagner,
Beim Rhäinwäin si mer Preiss.
233Wat läit mer un dem Kinnek
A wat um beschte Prënz,
Soulaang als ech ka schmëlzen
Mer selwer alt meng Mënz!
237Wat ass dann och d’Getreiheet?
’t ass Aarmeletts-Gekniwwels;
Ech man als wi d’grouss Hären
An denken: ’t ass näischt Iwwels.
241Ech wëll net weider schwätzen,
En aner muss sech ducken.
Dat sinn di Blannst vun allen,
Déi guer net wëlle kucken.“
245Sou sot de Fuuss a réckt sech
Op d’Ouer frou den Hutt,
Ma ’t war dem Dachs onheemlech
Beim Reenert do zumutt.
249En duecht: „Dat ass e Wéischten
A schlechter gëtt et keen,
Wat soss op zéng verdeelt ass,
Hien huet et beieneen.“
253Du sot en dann: „Kuckt, Monnonk,
Ech wëll dat hei Iech son:
Wou d’Leit sech all verieren,
Duer soll e Fuuss net gon.
257Spréingt Dir da glaich an d’Feier,
Wann ech an d’Flame spring?
Mä wat de Weise gro ass,
Dat ass de Gecke gring!
261Well d’Wourecht fiert um Iesel,
Den Onsënn rennt zu Päerd,
Zum Gudde geet e schleekeg,
Zum Schlechte ganz aläert.
265Mer schwätzen all vum Ganzen,
Ma jéide suergt fir sech
A léisst dann d’Wuel vum Ganzen
Och fir eng Maus am Stéch.
269Mer pléckten Abrikosen
Un allen Hecke gier,
Wie geet nun ower praffen
Am Bambësch d’Schléiwendier?
273’t ass ëmmer wi Nécklosdag,
A Stiede wi om Duerf,
An ’t steet bei allen Dieren
E groussen eidle Kuerf.
277Mer hätten all gier Mëtschen,
Nëss, Äppel an e Bild,
Mä ’t feelt um Zënnéckleeschen,
’t ass keen, deen dee gier spillt.
281An ower d’Bierkerudden,
Déi kommen dënn an déck;
Well d’Land ass voller Noper,
An déi sinn d’Houserbéck.
285Frou Määssegkeet ass Kiermes,
Zefriddenheet erniert;
Ma kuckt, dat ass en Iessen,
Dat nëmmescht méi begiert.
289All Schellme wëllen deelen –
Mer kenne jo déi Knueben –
All Jar, an dann am léifsten
Wi d’Piissenger hir Kueben.
293Se rose géint d’Gesetzer
A liewen ongebonnen,
O Dir, politesch Schwätzer,
Wi domm an onbesonnen!
297Dir baut gier Republicken
An ’t feelt Iech uen de Steng;
Geschäerbels huet Der vëlleg
An Ecksteng huet Der keng.
301Ons eiropéiesch Bieren
Hu vill ze laangeg Patten,
An ’t gëtt keng lëfteg Wuenecht
An onse Kasematten.
305Di schéinst vun onsen Nuesen
Huet Spaweck an de Lächer,
Den Haarki hängt ons hannen
Eraf bis un de Kächer.
309Wat d’Freiheetsklucke bréien
Och bei dem beschte Wëll,
Gëtt hei elauter Huenen
An net eng eenzeg Pëll.
313Di Leit, déi wëllen huelen
Friem Reitpäerd zwëschent d’Been,
An déi fir hott an harem
Hunn Hierzer als wi Steen;
317Di Leit, déi fir e Groschen
Iech rësse vuneneen;
Di Leit, déi all Gesengnen
Hir Hand op d’Ae lee’n;
321Di Leit, déi wëlle werfen
All Kesslen duercherneen,
Sinn dat Republikaner?
Ech mengen, Reenert, neen.
325’t mécht keen en Huesenziwwi,
En hief dann d’éischt en Hues,
An déi dat do net richen,
Hu Klamen op der Nues.
329Nu sinn di geeschtlech Hären,
Do gëtt da vill geschwat;
Deen een, deen nennt se Pafen,
Deen aner Nëmmersat.
333,Der Jomer‘, seet en aner,
,Begreif di droleg Zonneft;
Relioun hunn s’iwweränzeg
An net e Batz Vernonneft.‘
337’t si Kierzenhiercher, heescht et,
An Hexefeierbränn;
Se dreiwe Scharlakunda
Voll Politik um Enn.
341A wann se missten iessen
Blann Grompren oune Speck,
Da géiwe vill wuel hänken
Hiert heelegt Kleed op d’Heck;
345Hir Täschen hu grouss Schlécken,
Hir Säck hu guer kee Buedem.
Sou falen dack hir Tëtlen
Wi d’Krällen aus em Fuedem.
349Ech weess och nu wuel selwer,
’t léisst vill sech driwwer son;
Se sinn och hirem Meeschter
Net all jo nogeschlon.
353Ma kuckt, se son ons d’Wourecht,
An d’Wourecht mécht gehässeg,
Där maachen d’Leit Gesiichter
Méi sauer als wi Esseg.
357Mir fuerdre vill vun hinnen,
Si fuerdre vill vun ons,
An zwëschen dreeg Bezieler
Ass allzait vill Gestronz.
361Ech wëll Iech eng verzielen
Vum Mann a vun der Fra.
Hie kënnt eran an d’Kichen,
Si puddelt an der La.
365An hire klenge Béifchen,
Dee krabbelt un em Dëppen
A reift seng schéi rout Baken
Voll Rouscht mat béide Grëppen.
369Do jaizt de Mann der Frächen:
,Du Ruckels, kuck dat Kand!
Ech son, du solls et wäschen!
Ass d’Waasser vlaicht verbrannt?‘
373Du spréngt d’léif Fräche géint en,
Se staipt hir Hänn an d’Sait
A jaizt: ,Du dreckegt Schuerzfell,
Nu looss mech ongehait!
377Wat wëlls de mech vernennen?
Ech son der, schwätz méi lues,
Patréiner vun de Knaschtpäck,
Mat eelef un der Nues!‘
381Nu gëtt de Männche gëfteg,
Jaizt ,Rampelfatz‘ a ,Knëpp‘!
Do fiert der gudder Frächen
D’Gedold dann aus der Strëpp.
385Se hëlt e Grapp am Äschdoch
A werft em deen op d’Lëffen;
De Männche lääft zum Kessel,
Hëlt Rouscht mat béide Grëffen
389A reift sai Rousenengel
Sou schwaarz als wi en Héil.
En Noper koum, do sot en:
,Do hutt Der wuel meng Séil!
393Mat Botzen a mat Wäschen,
Do gëtt kee Bauer raich;
Nu sidd Dir schéin zefridden
An allen drai Iech glaich.‘
397Esou, gesitt wuel, Monnonk,
’t ass kee vun ons gedëlleg;
Ass Strait an engem Hausstot,
Si Mann a Fra dru schëlleg.
401’t bleift vill derbai ze wënschen;
Mir sinn ze vill onierdeg,
An d’Geeschtlech man alt Feeler,
Soss wär dat Schéinst jo fierdeg.
405Kuckt, wann s’och féiert d’Hénkel,
Da bleift en Hung dach d’Kluck;
E Geeschtlech ass keen Engel
An och keen Hingerjuck.
409Ma kënnt e Mann mer d’Prouf man,
Se wiere Wollefsbeem
An hien dréit Härebieren,
Dann héil ech alt mat deem.
413Ech wëll di Saach verglaichen
Mat engem Buer am Flouer,
Geféiert bis op d’Wäsch Iech
An d’Kichen duerch e Rouer.
417Wann nu vum klore Bierchen,
Deen duerch de Rouer spillt,
Sech lei an do e Fräschchen
Och an dem Rouer zillt,
421A këmmt de Fräsch un d’Wutschen
An d’Waasser bréngt e mat,
Wat sollt Dir Iech entbutschen?
Dir schäfft en aanre Patt!
425Dir wäerft net zou e Bierchen,
Well d’Waasser ass ze gutt.
Nu follegt engem Wiertchen,
Da wësst Der, wat Der dutt:
429‚Donk aanre wi dir selwer‘,
Da’s d’Wuerzel an de Bam.
All Beemchen huet och Blieder,
Déi fléie wi den Dram.
433Dat Wuert ass net geléiert,
’t versteet et giddwereen;
Ma hu mer austornéiert,
Da follegt em bal keen.
437Géint aner jaizt mer: „hareg“!
Vu sech do schwätzt mer lues,
An ’t hätt ee vëlleg Aarbecht
Mam Schnapp a senger Nues.
441Mer kënnen all schéi schwätzen
Als wi eng Geieseet;
Ma d’Wollefsschwänz verstoppe
Mer heemlech ënn’rem Kleed.
445Mer glaichen den Altären,
Esou gemunnt et mech;
Vir hu mer blénkeg Fuerwen
An hanne Wuremstéch.
449Mer hunn als wi al Triichtren
D’Gewëssen all zerbëlzt;
Gitt uen de Beschte richen,
Da fannt Der, datt e wëldst.
453Der laaft dem Globjeschrëschtes
Och dës Sait aus de Féiss,
Da gëtt den Här Bonjour Iech,
Do iwwer méi haart Stéiss.
457Sou ass et an sou bleift et
An d’Welt ass iwwel druen;
Mer wëllen d’Saach verbessren
A fänke queesch et uen.
461Friem Feeler auszeschniewlen,
Do si mer ganz mändéideg;
Den aanre gi mer d’Brigel,
Mir selwer hunn se néideg.
465Héil giddwereen sain Hausstot,
Sou renglech wi e sollt,
Da wär am Land op eemol
All Schmotz ewechgeholt.“
469Sou fonnten se ze sproochen
De ganze Wee genuch;
De Fiissche schwat als Schellem,
Den Dachs als wi e Buch.
473Om Plankebierg bei Blaaschent
Begéinen se den Af
Mat senger Këscht om Bockel,
E goung als Fotograf.
477De Léiw hätt gär e Portrait
Vun engem Liberalen,
Die grad op d’Volleksfräiheet
Als wi op seng géif halen.
481Och wënscht en sech en Album
Vun alle Gottgeschenken,
Déi un de Klackeseeler
Als Walpatréiner hänken.
485Dat Éischt ass dënn ze richen,
Vläicht sicht een ’t ëmmesoss,
Déi aner si ganz heefeg,
Besonnesch déi vu Goss.
489Du sot den Af zum Reenert:
„Här Fuuss, wi geet et? Gutt?
O sieft Dir guer net leedeg
A schäfft Dir frësche Mutt!
493Dir huet nach Frënn, dat wësst Der,
A méi nach als et schingt;
Ech brauch Iech net ze rieden,
Wi vill schonns een Iech dingt.
497Do ass meng Fra, onst Babel,
Déi steet beim Kinnek breet,
A kann se lass Iech maachen,
Dat wär fir si eng Freed.
501A braucht Dir och zing Zeien.
Dir kritt se; Dir huet Geld,
An domat dreift een d’Wourecht
Duerch Ligen aus der Welt.“
505„Ech danken“, sot de Reenert,
„Här Mäerten, fir de Rot;
Gutt Réit si wuel ze brauchen,
Als wi mäi Papp dack sot.“
509Se goungen an se koumen
Beim Kinneksschlass och un;
Vill Mutt krut do de Grimpert,
De Fuuss war iwwel drun.
513„Kuraasch!“, sot Dachs zum Reenert,
„A weist Iech hei als Mann;
Bedenkt nu, datt de Kingen
Sech d’Gléck erzwange kann!
517Bedenkt, all Schrom, dee lait nun
Om Dësch an engem Streech,
Tromp-Äss dran, Fuuss! a sidd mer
Am Léien dach net weech!
521Der huet et vun der Échel,
Nu maacht och, datt et dingt,
An huet Der den Tromp-Äss net,
Da maacht en aus der Ningt!“