1„Ech hu vum leschte Beichten
Gedunn munch schwéier Sënd“,
Sot Reenert du zum Grimpert,
„Verzeit mer, wann Der kënnt.
5Ech hunn de Léiw beluën,
Et goung dem Bier un d’Fell
An d’Wëllef sëtze baarbes;
Ech fierten, dat gëtt Knäll.
9Ech hunn erwiergt den Hieschen,
Säi Kapp dem Léiw geschéckt,
Ech hat och d’lescht d’Kanéngchen
Beim Hor no dout gedréckt.
13Drop hunn ech nach dem Kiebchen
Seng goureg Fra gefriess.
Ech hunn am leschte Beichten
Och eppes nach vergiess.
17En Dag emol goung Wollef,
Gebotzt am roude Schal,
Fir d’Wieler ze bestiechen
Virun der Chamberwal.
21E war versinn vum Lupart
(Deem ass keng Stëmm ze deier)
Mat Täsche voller Dal’ren –
Am Plang war d’Ochsesteier.
25Mer fonnten äis bei Réiser,
Net wäit vun enger Mier.
Hiert schwaarzt a mocklegt Fillen
Sproung op der Wiss dohier.
29,Jëss, wësst ech‘, sot de Wollef,
,De Präis vun do dem Fuel!
Ech géif e gär bezuelen;
Dir gitt a frot se wuel.‘
33Ech goung bei d’Mier a frot se;
Se sot: ,Du klenge Bouf,
Heihanne kanns de liesen
De Präis op mengem Houf.‘
37Ech sot: ,Ech kann net liesen,
De Wollef kéif e gär;
Ech sinn de Kniecht vum Wollef,
Dohanne steet mäin Här.‘
41Se sot: ,Da schéck hie selwer,
Da gëtt en es jo wäis;
Mer sinn och huerteg eeneg,
Wann him gefält de Präis.‘
45Du goung ech dann zoum Wollef,
Ech sot: ,Dir kritt de Fuel.
Se seet, et sting geschriwwen
De Präis op hirer Suel.
49Dir wësst, ech kann net liesen –
Et war mer dack schunns leed –
Dir kënnt; da gitt nu kucken,
wi deier d’Fille street.‘
53,Ech liesen‘, sot de Wollef,
,Op d’éischt Gesiicht eenzock,
‘t sief däitsch an och franséisesch,
An d’Schrëft als wi den Drock.‘
57Ech duecht: ,Et huet am Liesen
Sech him wi mir geschéckt:
De Wollef kann net schreiwen,
Mä léie wi gedréckt.‘
61He goung zur Mier a frot se:
,Wi deier ass de Fuel?‘
Se sot: ,Hei kënnt Dir liesen
De Präis op menger Suel.‘
65Du kuckt nom Fouss den Topert,
An d’Mier, déi hieft en op
A schléit dem domme Kärel
Esou eng iwwer d’Kopp,
69Datt wutsch! den Hutt ewechfuer
An d’Dal’ren aus der Täsch,
Datt d’Stëmmlëscht an all Ziedlen
Gefluë sinn om Päisch.
73Se foung drop un ze lafen
An d’Fille leeft er no.
De Wollef louch am Tommel
Wi dout om Buedem do.
77Ech goung dohin a frot en:
,Huet d’Fille gutt geschmaacht?
’t ass gutt fir op di Moolzecht,
Datt Dir e Schleefche maacht.
81Dann huet Dir Iech gesiedegt
Mam Lupart senge Suen?
De Vull war fett, net Monnonk?
’t ass schued, en ass entfluën.
85A gellt, do ware Schrëften!
Ech mengen, ’t war gedréckt;
An ’t huet sech jo mam Liesen
Och zimmlech gutt geschéckt.
89Ma d’Drécker waren topeg,
Se haten s’an der Wiel:
Aacht Neel an och aacht Lächer;
Nach eent, da war Der schiel.
93Ech danken eisem Harrgott,
Datt ech net liese kann.
Dat geet faméis un d’Aen;
Den Abléck wir ee blann.
97An ’t ass net mat der Léier
Esou, als wi et schéngt,
Se ass nach giddwerengem
Ganz eeschtlech net bedingt.
101Déi Mier, déi kennt Methoden!
Dat geet als wéi en Dapp;
Esou behéil en Iesel
Jo d’ABC am Kapp.
105Mä wësst Dir awer, Monnonk,
’t ass näischt derbäi verluer;
Dir kommt an d’Ochsesteier
A braucht emol keen Huer.
109,O Nëwwéi‘, sot de Wollef,
,Wat spott Der nach elo?
Ech krut fir d’Léier Flapen,
Mä kees eng wi déi do.‘
113E goung derno nach mat mer;
En ass als wi e Jouscht
An allzäit fir e Friessen
Der Éier gär getrouscht!
117Du koume mer no Pretten
An enger Faaschtennuecht,
Do hu mer de Paschtouer
Dann ëm en Hammel bruecht.
121Dat gouf eng dichteg Moolzecht,
Den Hammel war féng gutt.
Drop gounge mer an d’Éislek
Mat fonkelneiem Mutt.
125Mer haten ënnerweeën
Du allerhand Gespréich;
A wann de Wollef sat ass,
Da riet en eeschtlech héich.
129Do wosst en ze verzielen,
En hätt ze Mëtteg giess
Emol beim grousse Lupart
An uewenu gesiess.
133E sot: ,Do si geschwat ginn
Ganz héich politesch Saachen,
Well d’Mëttel gouf stodéiert,
Fir d’Mais all bland ze maachen
137A fir se dann ze fänken
Am Schacko vun em Preiss,
De Rescht, dee kënnt ech denken.‘
Ech sot: ,Mä sidd Der weis?‘
141,Jo‘, sot en, ,an dräi Raten
Hunn d’Saach gläich u musst paken,
Se man di Aesalleft
Vu Kuelestëbs a Schlaken.‘
145Ech sot: ,’t ass Iwwerdreiwonk,
Genéist ass net gedonnert;
Mä géiwen d’Mais gefaangen,
’t wär näischt, dat mech verwonnert.
149Se mussen endlech falen
De Lousen an d’Gegrëpps,
Mä d’Schmeechlen an d’Geschenker
Ma’ méi wi Kuelestëbs.
153Well weist e Menge Gréifchen
Dir op em grousse Blell,
Da lafen duerch den Himmel
Se mat Iech bis an d’Häll.
157Nu loosst di Lett gewierden!
Wat läit äis un dem Vollek?
Ech muss Iech son, mäi Léiwen,
Ech hunn am Geescht eng Wollek.
161Mech plot am Hierz e Wurem,
Dee léisst sech guer net zëssen.
Ech hunn am Mo den Hammel,
Mä d’Angscht och am Gewëssen.
165’t ass gutt, lo kommen d’Ouschtren,
Da wëll ech beichte gon;
Om Misär dem Paschtouer,
Deem kann een alles son.
169Vill aner si geléiert,
Se dreiwen ’t bis op d’Spëtz;
Deen hei ass ganz natierlech,
E kuckt net op eng Grëtz.
173Him seet een dann och alles,
Bei aanre mécht ee lues;
Et hänkt ee jo säin Eefalt
Net alle gär op d’Nues.‘
177,Do wëll ech‘, sot de Wollef,
,Wann dat esou een ass‘;
Mer goungen op de Misär
Den aner Owend lass.
181Dat war op Ellesonndeg;
Du koum fir d’Beicht en Dag;
Mir gounge mat de Millren.
Ech sot dem Här meng Saach.
185Ech sot, ech hätt e Lämmchen
Emol aus Nout geholt.
,Eng grousseg Sënd!‘ sot hen du,
,Dat häss du guer net sollt;
189Wiem war et?‘ An du sot ech:
,Et war dem Vullejann.‘
Du sot den Här: ,Wat? Vullen?
Du bass e Lamerjann!
193A weess de wuel, dat Lämmchen,
Dat muss du hannescht ginn.‘
Ech sot: ,Ma Här, Der wësst dach,
Wuer d’Fiiss di Lamer dinn.
197Ech misst en anert stielen,
Da kënnt ech vläicht et dunn;
Eng Bouss, Här Préister, gëtt mer,
Ech man, wat Dir wëllt hunn.‘
201,Da biet Der‘, sot den Här du,
Di do Lit’nei an dës.
A bessert mer Iert Liewen!‘
Ech sot: ,O jo, gewëss.‘
205Drop koum dann och de Wollef.
Ech souz ze bieden do
A lauschtren hire Wierder
Mat engem Ouer no.
209,Wiem war den Hammel?‘, housch et.
,Vu Pretten Zärekätt‘,
Sot Wollef. ,A wéi um Leif?‘
Drop sot hien en: ,Schludderfett.‘
213,Huet nëmmescht der gehollef?‘
,De Fiissche krut eng Grëtz,
Dee war derbei‘, sot Wollef.
Ech duecht: ,Hätt dech der Blëtz!‘
217Du sot den Här: ,Da gees de,
Wi ees Sankt Mëffert gung,
No Éilerenge bieden,
Mat Ierbsen an de Schung.
221Sou‘, sot en an du rifft en
Och mech erëm bei d’Briet,
Du krut ech da mat Ierzen
D’Gewëssen och gekniet.
225Ech duecht: ,Do ass nach Mëttel!‘
Ech wosst eng hënnescht Dier.
Drop koum den Dag. Mer goungen,
Mäin Éimche Wollef vir.
229Geschwënn du goung e knoutren,
Mer waren nach keng Stonn:
,Esou eng Bouss jo géif een
Net gären engem Honn.
233O Iesel, wie Paschtéiren
Och blouss en Apel hëlt!
Wien d’Roll huet an de Sieschter,
Ka miessen, wi e wëllt.‘
237Ech sot: ,Mäi léiwe Monnonk,
Mä hieft dach méi Gedold
An denkt och, datt ech leiden!
Ier topeg Beicht ass d’Schold.
241Mir hunn um fetten Hammel
Ons keeserlech ergetzt;
Hei ginn ons nu eis Sënden
Aus Läif a Séil gewetzt.
245Op d’Fuesecht kommen d’Faaschten,
Nom Summer gëtt et Dreck,
Nom Hammel koumen d’Ierbsen,
Vläicht këmmt derno de Speck.‘
249De Wollef hippt op dräien
Alt fort e Schrack or zéng;
E flucht an d’Plaz ze bieden
A wenzelt sech vu Péng.
253Mer koumen endlech iewel
Zu Éilerengen un,
Do huet seng Schung de Wollef
Mat Wéimren ausgezunn.
257Vill Kug’le ma vill Lächer!
Den aarme Wollef hacht.
,Mä jëmmen‘, sot ech, ,Monnonk,
Meng Ierbsen si gekacht!
261Jo, Monnonk, nu gesinn ech:
Dir dutt och net eng Grimmel
Fir d’eege Féiss ze spueren,
An alles fir den Himmel.‘
265Ech hunn esou därgläichen
Vill Schlechtes nach gemaacht
A munche brave Kierel
Dack heemlech ausgelaacht.
269Vill Schkura an der Liewer
An d’Ligen op der Zong,
Réi Ierbsen am Gewëssen,
Gekachter an de Schong.
273Ech hu mech dack gewieremt
Am Noper sengem Bett,
Geschmiert mäi Liewensfuedem
Mat aanrem hirem Fett.
277Ech gung emol ëm Bäerdref
Duerch Bëscher oune Wee,
Du fonnt ech dann de Wollef
An enger hueler Lee.
281,Wi geet et, Monnonk?‘, sot ech,
,Mä kuckt dach, wat en Här
Sidd Dir ewell, Här Wollef!
Mä dat gesinn ech gär.
285Dir huet de Bauch net eidel –
Ech gi vun Honger gro,
Als wi e Millebeidel,
Sou klabbert mir de Mo.
289Ech hu mer a mäi Schicksal
Gemaacht e groussegt Lach;
Ech si jo desertéiert
Elo zu Iechternach.
293Dir wësst, ech war Ramplassang,
Ramplassang fir e Fochs;
Ech hat e grénge Mantel
An och eng Supjesbox.
297Ech hat e Kabesmesser,
Eng Kap och mat er Flätsch,
E fei gewichste Schnorres,
Sou glat als wi eng Quetsch.
301Bal huet et un em Hiem mer,
Bal un de Schung gefeelt;
Well allzäit war de Prä mer
Am Wiertshaus ugeneelt.
305Du koum ech mengem Noper
D’lescht owens u seng Keess;
Ech stieche seng dräi Groschen
An d’Täsch, an du op d’Rees.
309Ech koum eluer no Konsdref,
Geroden do an d’Rull
A schlon dem rouden Zwackert
En Huer aus mat em Stull.
313Du fort. Nu kënnt Der denken,
Wi d’Dénge mat mer steet;
A sollten se mech fänken,
Et wier mer séier leed.‘
317Ech sot em all di Ligen –
Dir wësst jo, wéi en ass –,
Ech duecht: ,Da léisst den Näischtert
Mer hei säin Eefalt lass.‘
321E sot och du verdrësslech:
,Mir goung et net vill besser:
Ech war elo eng Zäit laang
Vum Iessekascht Professer.
325Du mouch ech dann eng Futtes –
Se war e bëssen uerg:
Ech hat den aarme Jongen
Hir Kuuschten am Versuerg.
329Mä kuckt, gesitt, Dir wësst wuel:
Mäin Appetit ass grouss.
Dat mouch, datt ech där Kuuschten
Ze vill de Jongen ouss.
333Eng Zäit laang konnt ech liewen
Als wi am Däich de Fräsch.
Ech musst um Enn dach sprangen,
Kee Groschen an der Täsch.‘
337Ech sot: ,E Mëttel! Monnonk!
’t ass Fuesecht a geroden;
Lo gi mer no Waldbëlleg
An heesche Fuesechsbroden.
341Do muss den Äerchesbauer
E fetten Hammel hunn.
E brauch en net ze schluechten;
Mir man e Brot dervun.
345A gitt Der mat mer, Monnonk,
Mer ginn op Bëlleg zou,
Do ass all Kand a Këndchen
Beim Fuesechsliddche frou.
349Se sangen d’Biergerjongen,
Se maache Paangechsdeeg,
Se heesche Bier’n a Bounen,
Speck, Äer, mä keng Streech.
353All Haus an och all Haischen
Huet do eng lësteg Zuucht,
Beim Paangech a beim Kaffee,
Beim Liddchen an der Uucht.
357An Äerches spillt de Wenzel
Beim Danzen op der Gei;
Do geet äis bei dem Lärem
Dat Dénge gutt an d’Rei.‘
361De Wollef war zefridden.
Mer goungen d’selwecht Nuecht
An all meng Plange waren
Zerguttster iwwerluecht.
365Zu Bëlleg steet eng Scheier,
Net wäit vum grousse Pull.
Se gouf ees kaaft vir Altesch
Vum Konzel fir eng Schull.
369Den Daach drop ass duerchsichteg,
Säi Stréi flitt uechter d’Duerf,
E passt fir op e Schoulhaus
Wi ’n Triichter op e Kuerf.
373An hanne läit s’am Buedem;
Do ass eng Kéistallsliicht.
Du sot ech dann zum Wollef:
,Elei, kuckt, ass et liicht.
377Dobannen ass den Hammel,
Nu sprangt Dir do erof,
Dir reecht de Fuesechsbreetchen,
Ech huelen Iech en of.‘
381E fluppt nu do erowen –
E fënnt nach net eng Maus.
Du sot ech: ,Här Professer,
Dir waart allzäit eng Laus.
385A, gellt, nu hänkt de Broutsak
Iech vill ze héich um Nol;
Der frousst zum éischten d’Kuuschten,
Nu haalt och d’Schoul emol.‘
389Geschwënn du koum bei d’Scheier
Eng Nopesch an der Fréi;
Se féing gär un hiert Feier,
A sicht e Gräppche Stréi.
393An déi gesäit de Wollef:
,O, Marja Jousebett!
Am Stall de Wollef ‘, jäizt se;
,Erbäi, erbäi, Dir Lett!‘
397De Koster mengt, ’t wär Feier
A leeft an d’Klackenhaus,
A wupp! aus alle Better
Spréngt d’Noperschaaft eraus.
401Den Hanes kënnt am Hiemsläpp
An d’Kätt an enger Schlapp,
De Välten huet de Bok op
An d’Liss säin Hutt om Kapp.
405An d’Jongen aus dem Wiertshaus,
Se lafen all erbei;
Den Hännes këmmt mam Strécher,
De Wenzel mat der Gei.
409Fir d’Saach och opzeschreiwen
Mat munchem louse Sproch,
Koum du mat sengem Bläistëft
Den Nannetts Méchel och.
413An ech an engem Schlëffchen,
Ganz heemlech an der Mauer,
Ech laache mer de Bauch voll
Beim Wollef sengem Dauer.
417,Ech fierte‘, sot ech, ,Monnonk,
Dir sidd e Vull fir d’Kaz,
Mäi léiwen Här Professer,
Ech mengen, ’t géing fir d’Plaz.
421Ma loosst Iech dat net leed sinn,
’t ass Ierer Plaze keng.
Wat Iere Mo ze grouss ass,
Dat ass Iert Häerz ze kleng.
425Mä datt se hei muss faulen,
’t ass schued dach fir Ier Stëmm;
Sou léif Iech ass den Otem,
Nu, Wollef, sidd Der drëm.
429Hei, lauschtert, wi se sangen!
Verstitt Dir dat Gejäiz?
Ech mengen, ’t ass Eeschmëttwoch,
Lo kritt Der d’Äschekräiz.
433A Stëbs an Äsche waars de,
Nu gëss de Stëbs an Äschen,
Dat ass den Troust op Äerden
Fir d’Wëllef a fir d’Fräschen.
437Nu héiert, wi se brëllen,
Se kennen net Ier Nout;
Professer vum Gutt-Liewen,
Heibausse steet der Doud.
441An héiert, wi se plangen,
Gellt, ’t ass e schéint Gespréich!‘
De Wollef kuckt géint Himmel;
Ech sot: ,O, deen ass héich!
445Ma stierft Dir awer roueg;
Ier Kanner hunn hir Kuuscht,
A mécht Ier Fra mech Momper,
Da leiden s’och keen Duuscht.
449A sollt ech s’och erseefen,
Da wier de Schued nach kleng,
Ëm desto besser lieften
D’ jong Fiiss, an dat si meng.‘
453Drop wëschen ech dann heemlech
Zum Haarthaff an op Haler;
Jonk Huese wollt ech sichen –
Ech foung en ettlech aler.
457Am Jamerdall, wie koum do?
Mäi gudden Isegrem!
Ech mengt, et wär net méiglech –
E kuéim als Geescht erëm!
461Ech sot: ,Mä Här Professer,
Mä ass da schunns Vokanz?
Der huet de Fuesechsbreetchen
Dach sécher an der Panz?‘
465,Nee‘, sot en, ,awer Schrouden
Aus méi als zwanzeg Leefen;
Der Däiwel soll och huelen
All Kueschten an all Greefen!‘
469,Am Schoulfach‘, sot ech, ,Monnonk,
Ass näischt, wat mech verwonnert;
Vill Bess’re gung et schlechter,
Ech nennt Iech der wuel honnert.
473Mä loosst Iech dat net reien,
Ech son et bei Iech zou:
Op Iech géif d’Schoulamt leien
Wi d’Gei op enger Koul.‘
477Sou mouch ech, kuckt, Här Pater,
Et deemol mat dem Wollef;
An datt e lieweg fortkoum,
Dat war mer net gehollef.
481Mer fonnten drop bei Néngsen
En Iesel gutt am Schlof;
De Stallbock gung drëm weeden.
De Wollef schéckt mech of.
485E sot: ,Dir huelt de Stallbock,
Den Iesel ech derno.‘
De Schallek duecht, de Bauer
Séiz vläicht mam Fisek do.
489Ech ginn a kucken ëm mech,
Dat ass esou mäin Zock.
,De Wollef géing gär un Iech,‘
Sou sot ech du zum Bock.
493,E seet, Dir wäert e Sténkert,
An nach därgläiche Stéch;
Ech wëllt, Dir géift e Meeschter,
Ech hunn en och um Stréch.
497Gëtt Uecht, an deet en d’Maul op,
Da rennt Ier Hueren – jumm! –
Bis hannen an d’Gefréiss em
A bretzt em s’un de Gumm.‘
501De Bock sot: ,Loosst e kommen!‘
Ech gung zum Wollef zréck
A sot: ,Gesitt Der, Monnonk,
Dir maacht elo Iert Gléck.
505De Bock wëllt mat Iech fiechten
A wann Dir Meeschter géift,
Da wär den Iesel Ieren,
Deen op der Wiss do schléift.
509An ’t ass Iech eppes Liichtes,
Dir huet e gudden Zock;
Dir dutt zur Zäit de Mond op,
Da rennt Iech dran de Bock.
513Da bäisst Dir him de Kapp of,
Dann ass dat meescht geschitt.
Mä denkt e wéineg u mech,
Wann Dir den Iesel kritt.‘
517De Wollef geet de Bierg an
An op de Stallbock lass;
E setzt an d’Loft seng Buuschten,
En ass der Saach gewass.
521An dës Säit steet de Wollef,
De Bock di aner Säit,
Derzwëschent ass den Iesel,
Deen nach am Schlof do läit.
525Du holt de Bock den Ulaf,
De Wollef war net faul,
An op dem Iesel krut en
Dem Bock seng Sprëss an d’Maul.
529An du geschouch Iech eppes,
A lieft ech honnert Jar,
Da géif ech net vergiessen,
Wat dat e Spaass do war:
533Erwächt vun dem Gebrësel
Den Iesel op eenzock,
An dës Säit hung de Wollef,
Di aner Säit de Bock.
537,Wuer rennt der‘, jaut ech, ,Monnonk?
Dat geet fir Spuer a Streech,
Ech duecht, Dir kritt den Iesel,
Nu huet den Iesel Eech.
541Ass haut da Pällemsonndeg,
Datt Dir um Iesel rett?
All Néngser komme géint Iech,
An dat si prächteg Lett!
545Do gëtt Der schéin empfaangen,
A kuckt, mat Kräiz a Funn.
Zwar mengt een, ’t wäre Staangen!
Mä sidd net iwwel drun!
549Dir huet eng greilech Léier,
Der haalt gewëss eng Ried,
Dat schéckt sech fir déi Éier!
Ech ma’ mech an de Schiet.‘
553Ech weess net, wéi e lass koum.
En hat de Kapp getéitscht
A sot derno: ,O Nëwwéi,
Do krut ech der gewéitscht!
557An do deem Duerf si Staangen!
Wi hunn se mech gedresch!
Zum Leschte blouf ech leien,
Gestreckt als wi e Fräsch.
561Du koumen se dann ëm mech,
All Meeschter, Kniecht a Mod
A Schéifer a Paschtouer,
A jéide gouf säi Rot.
565Eng jauten: „Schënnt e lieweg!“
„Neen, hänkt en un den Héil!“
„Neen, mat gelidd’gem Ueleg
Verbrennt em Läif a Séil!“
569„Neen, maacht en Eedem“, jaut du
Dem Knaps säin Eedem haart.
Mä wat se wollte maachen,
Ech hunn net drop gewaart.
573Ee Saz an ech entsprangen,
An du mer alles no.
Der kënnt wuel denken, Nëwwéi,
’t entfoul mer eppes do.‘
577,Mech freet et, Monnonk‘, sot ech,
,Mä laache muss ech dach;
Ech héiren Iech hei schwätzen
A g’sinn den Iesel nach.‘
581Sou hunn ech dack de Wollef
Um Nareseel geleet.
Ech hätt et net sollt maachen;
Här Pater, ’t ass mer leed.
585Mä wann esou e Flantes
Dat Seelchen net gesäit,
Wuerun de Brot gestréckt ass,
Deen hann’rem Giewel läit,
589A schléckt en dann de Maufel
An enger Eil eran,
Fir wuppdeg! dann z’entsprangen,
An dann net fort méi kann;
593Berdouf! spréngt aus dem Hierzel
De Bauer op e lass;
Dann hunn ech dack vu Laachen
Mer alt de Bauch bal zrass.
597Dat geet em wi zu Rulljen
Dem domme Jong derletzt.
Deen hat sech zwëschent d’Trueljen
De Kapp eragebretzt.
601E koum wuel a bei d’Lisschen,
Mä blouss bis un den Hals;
Kaum war de Vull gefaangen,
Du bruecht de Bauer d’Salz.
605Wat sollt een sich verwonnren,
Wann dat da Brigel gëtt?
Well wien esou ka wierpen,
Deem feelt den Anschlag net.
609Ech hunn de Kinnek selwer
Ëm d’Recht och eemol bruecht.
Ech hat e klenge Gisschen
Fir d’Fuesecht mer geschluecht.
613De Léiw sollt dovu kréien
Eng Ham an zéng Pond Speck.
Ech duecht: ,Dat wier gemächlech!
De Reenert ass kee Geck.‘
617Dat Recht do hat de Kinnek,
Dir wësst, Här Pater, dat?
Ech schluechte stëll an heemlech;
Mech huet de Bier beschwat.
621An d’Garde sollte kommen,
Ech krut dervun e Wand.
Zum Gléck, ech hat e Mëttel
Alt huerteg nees bei Hand!
625Meng Hechte koumen,
De Spierert an de Finn,
Du louch mäi Schwäi geboërt,
Net schéiner konnt et ginn.
629Gerëscht mat Mëspelblieder,
Ganz zougedeckt mat Gras;
Zu Kapp, zu Fouss zwou Käerzen
An d’Pällemstrauss am Glas.
633Meng Fra souz do ze kräischen,
Net besser konnt et gon;
De Spierert an de Finnchen
Hunn d’Kapen afgedon.
637Ech gouf en d’Pällemstraisschen,
Se seenen iwwer d’Läich.
,Wat ass Iech da gestuerwen?‘,
Frot Spierert du mech gläich.
641,O‘, sot ech, ,’t ass mäi Jéngsten;
Meng Fra, se kräischt sech bland,
An ’t war de léifste Fiisschen,
E wierklecht Sonndeskand.
645Mä wëllt Der d’Läich net kucken,
Wi schéin en nach hei läit?‘
,O loosst et‘, sot de Finnchen,
,Mer hunn net länger Zäit.
649Dir huet geschluecht e Schwéngchen,
Verzeit, mer dunn ons Flicht.‘
,Dir sidd am Iertom‘, sot ech,
,Mä kuckt, Dir Hären, sicht!‘
653Se goungen drop un d’Sichen,
Vum Keller bis zur Fiischt,
A fanne vun em Fierkel
Och net emol eng Biischt.
657Ech sot: ,Gesitt, Dir Hären,
Ech ginn dem Kinnek d’Recht,
Dem Harrgatt ginn ech d’Liewen,
Wat drënner ass, wier schlecht.‘
661,Mer wësse wuel, Här Reenert‘,
Sot héiflech du de Finn.
Se tréischten nach meng Frächen,
Son Äddee an se ginn.
665’t ass alles“, sot de Fiisschen,
„Här Pater, wat ech hunn.
’t ass vill ze vill, ech weess et;
Mä wier ech hannendrun!“
669De Grimpert sot: „Da looss mer
Nu lues alt virugon;
Ech son Iech ënnerweeën
Dat, wat ech hunn ze son.
673Dir huet Iech schlecht gebessert,
Ier Sënderei ass grouss,
A kommt Dir lass beim Kinnek,
Da sidd Dir, Monnonk, lous.
677Ma well Der a Gefor sidd
An näischt ze ännren ass,
Erweckt Dir Rei a Leed nu,
Ech spriechen dann Iech lass.
681Mellechs eduor e ssab ud;
Newielb remmë te schreäw ud,
Nethcieb tad na te ssab ud
Newierdrev ten te rid nnak.“
685„An Amen“, sot de Reenert,
„Nu ginn ech läichter mat;
Di Sënde louchen engem
Wi Bommen an der Hatt.“