Renert/12

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange


Zwielefte Gesank.


Drop goung eraus de Kinnek
Verdrësslech zum Geriicht,
Gesouch do all déi Hären
A munnech loust Gesiicht.

Do sti korjéis Gesellen,
Dack graff am rengen Duch;
Notären, Zeitongsschreiwer
A Bauren och genuch;

An all finanzeg Käerlen
Vu Beler bis no Esch,
Se stounge Kapp u Käppchen
Als wéi am Gaart de Mäsch;

Och d'Gym, an d'Wäsch, d'Poeten ...
Déi mat an ouni Wëtz...
Déi Dräizéng, den Theater,
D'Kadette vun der Sprëtz;

All Äerzfiiss an hir Trauliicht,
An déi vum Minettsbroch;
Déi Belsch an dann d'Berliner,
An d'Franzkilljongen och;

Professer, Ältertëmler,
Den dronkne Rousekranz,
Dann d'Klack mat hirem Schwengel
An d'Käerzenhäerche ganz;

Och Häre vun der Schamber
A munchen Affekot.
Ee wënscht dem Fuuss de Gaalgen,
Deen aner gët em Rot.

Et woren zwou Parteien,
Eng Fiiss, déi aner Wëllef;
Dem Fuuss seng war déi klengst net:
En hat eng dichteg Hëllef.

Du rifft de Léiw de Renert,
All Oure si gespëtzt;
De Fiissche geet zum Kinnek,
Deen an der Fotell sëtzt.

E setzt sech duer op d'Knéien.
Du koum och d'Kinnegin,
Se wollt de Renert héiren
An hire Rot och hunn.

Loosst héiren, Fuuss, Sot Léiw du,
Wéi maacht der hei iech reng?
Wéi goung déi Saach mam Lampert?
Ma Lige sot mer keng!

Ech wëll iech uen nach héiren,
Obschon der 't net verdingt.
Ma sid sou frou, als wann der
Alt schuns beim Gaalge stingt.

A roueg sollt der rieden,
A maacht mer kee Gejaiz!
De Fuuss stoung virum Kinnek
Als wi e Frounekraiz.

Wiem näischt sech recht wëllt schécken,
Sou sot en treisch a lues,
Dee kann de Schwanz sech briechen,
A féil en och op d'Nues.

Ech gouf fir iech dem Lampert
Mat fort de gréisste Schaz;
De Widder stielt a bréngt iech
Dem Hues säi Kapp an d'Plaz.

Hie ka sech gutt verstellen,
E spillt de frumme Mann...
So war jo guer näischt liichter:
En zitt de Renert dran.

Mir léig nun näischt um Liewen,
Hätt dir de Schaz erëm:
Géif Bläckert nun nach liewen,
Här, wat géif ech drëm!

Wou sichen? A wou fannen?
O, 't ass de gréisste Schued.
'T ass kee méi um Äerdbuedem,
Deen iech deen do erstuet.

Geleeft mer dat, Här Kinnek:
Wann dir déi Saachen hätt,
Da géif ech gäre stierwen,
'T sief muergen oder hett.

Et waren dräi deer Saachen,
Déi ech iech do wollt hunn;
E Rank fir iech, e Spigel,
E Kamp fir d'Kinnegin.

'T sinn al Familjestécker,
Wou grousseg Kraaft a läit
Se stamen aus Ägypten,
Laang vir der Réimerzäit.

Um Rank... et ass e gëlden,
A mat Karfonkelsteen...
Sti Wierder agravéiert,
Déi liest am Land blous een.

Dat ass de Spiecht, den alen,
Professer, Philosooph,
Dee liest d'ägyptesch Schrëften
Gerad wéi däitsch erof.

All Ältertëmmer kennt en
Sou nee als wi säin Hutt,
Als wi seng Box, déi hien sech
Schuns zéngmol huet gebutt.

Dee louss de Rank ech kucken.
Yaa, sot hien, mäi Frënd,
Do ass am Land kee Barrong,
Deen dee bezuele kënnt.

Hei steet jo drop geschriwen:
Wien dëse Rank huet un,
Kee Schéissen a kee Stiechen
Kann deem méi eppes dunn.

An hätt en och eng Krankheet,
En hätt am Häerz och Pech,
Dee Rank elei deen hëlt em
All Leed eenzock ewech.

En heelt all gëfteg Wonnen,
Beschitzt vir aller Nout,
Et feelt dem Rank näischt weider,
Als d'Kraaft nach géint der Doud.

Dann huet de Rank nach un sech
Dat bräicht nun net ze sinn --
Datt, wien en huet um Fanger,
Deen d'Fraleit gär gesinn.

Mam Fanger dréit um Schnorres!
Wann dann de Stengche blénkt,
Da gleeft der net, wat wonnesch
E Framënsch vun iech denkt.

A wann em ale Kärel
Kee Meedche wëllt so jo,
Huet deen de Rank am Fanger,
Da lafen zéng em no.

Hei kuckt, steet nach e Wiertchen,
Dat klengt op dëser Säit;
'T ass wonnerbar, Här Renert,
Wat do eng Kraaft a läit.

E Kinnek, deen, sou heescht et,
Dee Rank am Fanger hätt,
Geséich e ganzt Jorhonnert
Virun di aner Lett.

Dat wär dee weiste Kinnek,
Här Fuuss, verloosst iech drop,
Dee gréissten aller Zäiten,
Well diem hunn d'Aen op.

Die géif keng Lett mat Flënten,
Kee Sewel, keng Kanoun,
Keen Diplomat voll Fënten
Méi brauchen ëm säin Troun.

Die fäert keng Zeitongsschreiwer,
Souguer keng liberal,
Die man och d'Sozialisten
Net warem an net kal.

Geléift ass hie vum Vollek
An net vum Ruhm geplot,
An ëmmer wäerd e wëssen
Zum Fridd e weise Rot.

Weil hien erkennt déi Wourécht,
Datt mir all Bridder sinn,
Vu London bis no Peking,
Vu Bordeaux bis Berlin.

E kennt och gläich all Häerzer
Mat engem schwaarze Fleck
An hält sech kee Minister,
Deen Täschen huet wi Säck.

E wëllt op keen sech stäipen,
E stäipt sech blous op d'Recht,
A mengt een, hie géif näipen,
Dann ass en hell erwächt.

Wa Bounepart, de Keser,
Gehuet hätt dëse Rank,
Da séiz en net zu Kassel
Un honnert Halwe krank.

Sou sot mer de Professer,
An 't ass e brave Mann,
Op deem seng grousseg Léier
Een sech verloosse kann.

Ech war dës Rank net wurdeg,
Dat muss ech selwer son;
Iech wollt de Rank ech schenken,
Mäi Kinnek sollt en dron.

Ech hat mam Kamp a Spigel
Ier Damm och net vergiess;
Meng Fra huet fir déi Stécker
Mer d'Häerz bal ofgefriess.

Se huet och wuel net onrecht:
De Spigel war e Stéck,
'T ass eppes wi e Wonner
A fir en Haus e G1éck.

Seng Rumm, aus engem Bernsteen,
Ass schéin ovaleg rond;
'T si Biller drop geschnëtzelt,
Wat Schéins ee kucke konnt.

Ech kënnt iech och beschreiwen
All Biller op der Rumm,
Gemaacht vun engem Meeschter,
Alluja war säin Numm.

Ech hunn se drop loosst schnëtzlen
Zur Zäit, wou ech de Freier
Gemaacht hunn un onst Ebel;
Di Aarbecht koum mech deier.

Dat schéinst vun alle Biller,
Déi drop sinn, Här, ass dat,
Wéi ees Prënz Heinrech
Komm ass no Lëtzebreg an d'Stad.

'T gesäit een hien do kommen
Duerch d'Groussgaass schéin a fräi,
All Haiser si voll Fändlen,
All Biirger leeft erbäi.

Se werfen hie mat Blummen,
D'Gesiichter all si frou;
'T jäizt alles: Vive Prënz Heinrech!
An alles sengt derzou:

Prënz Heinrech, dee mer léiwen,
Kee Bessre kann et hunn,
Mir wëlle glécklech bleiwen
Mat him als wi mer sinn.

Do ware fredeg Häerzer,
Do war e Land voll Gléck.
Sou war dat Bild geschnëtzelt,
Et war e Meeschterstéck.

Nu wëll ech nach verzielen,
Wi 't och mam Spigel steet,
A wuerfir och den Déifstall
Mer mécht esou vill Leed.

Gesitt, Här, d'Fraleitsstauten,
Deer ass eng grousseg Rei:
Dräihonnertfënfasechzeg,
Fir allen Dag eng nei.

An hätt e Jong eng Dosen
Deer Joffren an der Wiel,
Se géiwen hie bedréien,
Wi d'Äppel duerch hir Schiel.

Di eng, di huet keen Ufank,
Di aner huet keen Enn;
Friemt Hor dréit dës am Schinjong,
Hiert egent op den Zänn;

Eng Quisel an eng Hechel,
Eng Pënternell di sechst,
Di siwent ass un d'Maansleit
Vu Geck als wi behext.

Hir Feeler all ze nennen,
Do feelt mer dach de Mutt;
A kuurz, 't ass vun der Dosend
Déi dräizéngt nëmme gutt.

Déi ass nun och en Engel
Als wi eis Kinnegin:
All Leit och hunn se gären,
Déi s'eemol hu gesinn.

Se blénkt net op de Gaassen,
Mä s'ass eng Sonn doheem;
Se zillt di beste Kanner
A Jongen als wi Bäm.

A wou de Mann um Enn ass
Mam Wëtz a mam Verstand,
Da ass esou eng Fräche
Mat guddem Rot bei Hand.

Hie kuckt se frou an d'Aen,
Hie lauschtert wat se seet;
Bei hir vergësst en d'Kloen
A schäfft nei Liewensfreed.

Esou eng Fra, Här Kinnek,
Ass fir e Mann e Gléck;
Mä fir se just ze fannen,
Do ass 't: Se stin net déck.

Mä hätt een do mäi Spigel,
Da wär dat Denge liicht,
Da géif ee blous dra kucken
Der Freiesch hiert Gesiicht.

De Spigel weist iech viraus
Zéng Jor laang wi se gët.
Rondëm s'en Träppche Kanner
A si steet an der Mëtt.

A kann een dann nach denken:
Meija, ech huelen dës;
Dann ass et och di dräizéngt,
Dees sid der da gewëss.

Meng Fra huet fir dee Spigel,
Ech son, mech vill gehäit:
En aner huet alt Jongen,
An d'Mammen denke wäit.

Kënnt d'Zäit no etlech Joren,
Wou een sech gär bestuet,
Dann hätt ee gär eng Schnauer,
Déi fir en Hausstot guet.

Mä kuckt dir, Här, ech liewen
Fir iech an d'Kinnegin:
Fir d'GIéck vun ere Prënzen
Gouf ech de Spigel hin.

Fir Geld ech hätt mäi Liewen
De Spigel net entbuer:
Nu ass e mengem Kinnek
A mir zugläich verluer! ...

Ech hat dermat e Kamp nach
Fir d'Kinnegin geschéckt;
Fir deen ass och meng Frächen
Uerg hanner mech geréckt!

Dee Kamp huet d'Melusina
Op hirem Houchzäitsdag
Um Kapp gedron, Här Kinnek.
Verstitt nu, hei ass d'Saach.

Seng Zänn, déi si vu Sëlwer,
Vu purem Gold säi Buert;
Dru si Saphir, Demanten:
Näischt Schéines ass gespuert.

Eng Fra, déi deen um Kapp huet,
Behält en treie Mann;
Géint d'sechst Gebot ze feelen,
Dat fällt em guer net an.

A wann en no Paräis kéim,
A kéim en och no Wéin,
E siet: Vun alle Fraen
Ass meng dach nëmme schéin.

An dréit de Kamp eng Joffer,
Da gët se fein a lous,
An dach, se bleift onschëlleg
Wéi hirer Mamm om Schouss.

Well all oniewe Schwätzer,
Déi si bei hir geschlon,
Schuns ir se sech erkingen,
Hir frech e Wuert ze son.

Wat misst ee fir dee Kamp nu,
Genéideg Kinnegin,
Wann dir en hätt, ech froen,
Da fir eng Zomm iech hunn?

An dat, kuckt, waren d'Saachen,
Déi ech dem Widder gouf:
Meng Guttheet huet gegruewen
Mir hei meng ege Grouf.

Wie muss een nu bedauren?
Här Kinnek, iech a mech?
De Widder huet seng Strof kritt,
Ma d'Leed behalen ech.

Ech gouf wuel mengem Kinnek
Den allergréisste Schaz;
An iewel wär ech léiwer
Am Wollef senger Plaz.

Wat huet fir iech de Wollef
Säi Liewen nach gemaacht?
Gouf hien iech schuns en Iessen,
Dat eppes huet gedaagt?

Dir wësst dach, wéi en d'Kallef
Gestuel dem Bauer hat;
Dir koumt a wollt et hallef.
Wéi huet en du geschwat?

En huet... als wi e Wollef...
Ze kucken do gesiess:
Dräi Deg laang, sot en, hunn ech
Kee Maufel schuns méi giess.

Nu fond ech hei de Bëssen,
An deen ech néideg brauch;
Här Kinnek, heft Gewëssen,
Well ech hunn och e Bauch!

Du krut en dann ier Pratzen ...
Ech hätt en doutgedréckt;
Sou léiert ech déi Fratzen
Ze wëssen, wat sech schéckt.

Ech koum dohier, du sot dir:
Hei deel ons, Fuuss, dat Kallef!
Du gouf ech iech eng Halschecht,
An nach déi aner hallef.

Dem Wollef gouf ech d'Ouren,
An d'Liewer, déi ouss ech;
De Rescht, dee krut dir selwer;
An duerop lueft dir mech:

Wien huet dech dat geléiert?
Sou sot der zou mer, Här.
Sou deelt e mat dem Kinnek,
An dat gesin ech gär.

Ech wäerd dir hierun denken;
A bas d'ees iwwel drun:
Erënner mech un d'Kallef,
Da wäerd ech Mäint schons dun.

Dir wäerd och dat nach wëssen,
Wi ees mäi Papp gottréist
Iech huet vun enger Féiwer
Mam Wollefshäerz erléist.

Keen Dokter konnt iech helfen,
Der lougt schuns bal am Zécken;
Mäi Papp, dee kuckt Äert Waasser
A sot: Et kann sech schécken.

Ech weess en eenzegt Mëttel,
'T ass d'Häerz vun engem Wollef,
An iesst der 't och blous hallef,
Dann ass iech ganz gehollef.

Wat sot dann du de Wollef?
En huet sech jo gestallt
Wéi d'Kand, deem d'Mamm en Däerchen
Erauszitt mat Gewalt.

Hie sollt iech d'Liewe retten,
Du gouf de Kärel wëll;
Zum Gléck, an dene Saachen
Do war mäi Papp net mëll.

De Wollef gouf gebonnen,
Geschluecht als wi e Bock;
E wonsch iech nach zum Däiwel
Am leschten Otemzock.

Dir krut säin Häerz nu z'iessen,
A wupp ewech war d'Féiwer.
Dir hat mäi Papp soss gären,
Drop krut der hien nach léiwer.

Dir sot em dann och diemol:
Här Fuuss, dir sid e Mann;
An huet der mech ees néideg,
Dann dun ech wat ech kann.

Géint iech an Ier Familjen,
Sollt kommen och eng Klo,
Da kuckt ech iech zu Gonschten
Der Saach alt zweemol no.

Sou sot der him, Här Kinnek.
Nu sinn ech an der Nout;
Falsch Zeie stin hei honnert,
Se wëllen all mäin Doud.

Ech ka mer net méi helfen;
De Wollef mécht mech schlecht;
E klenge Mann muss ledden,
An hätt en duebel recht.

'T ass Schued, ech wär e Raichen,
Deer éischter een am Land,
Da wären aner Zeien
A Riichter bei der Hand!

Ech si verklot, da's richteg,
De Rescht ass all gelunn;
Dat muss sech nu beweisen,
Dir Hären, gitt nu drun!

Et bleift net méi bei Wierder,
Mer spille fir de Kapp;
Wie Loscht huet säin ze setzen,
Huel d'Aen an de Grapp!

Erbei nu, Bier a Wollef,
A wien huet Kloen nach?
Wien näischt méi ka beweisen,
Dee spillt om leschte Lach.

Mä fannt der mech am Feeler,
A liwwert dir mer d'Prouf,
Da wëlle ech vun iech ledden,
Wat Kiewerlénk vum Bouf.

Der kënnt mech domat strofen,
Wat engem Mann geschéich,
Dee Lëtzebreg franséisch,
Belsch oder preisesch méich:

Der kënnt e Wissbaamsseel
Mer da schlëppen ëm de Krag
An an der Loft mech wéitschen,
Zwou Nuechten an en Dag.

Wie klot an näischt beweist mer,
Deen danzt dee selwen Danz.
Hei, d'Spëtzt fir d'Ee! dir Hären,
Et geet fir Kapp a Schwanz.

Sou weist jo d'Recht fir aner,
Här Kinnek, fir mech och!
An huet dir äis gehéiert,
Dann dutt dir, Här' de Sproch.

Ech lauschtre, sot de Kinnek,
Op kengem sai Geschwätz;
Fir kee gët hei geännert
En Tëppel um Gesetz.

Dir kënnt iech all nu wiren,
Wie recht huet, kritt de Prais;
Wéi streng ech beim Gesetz sinn,
Dat gouf de Widder wais.

Ech fuerdren hei Bewaiser,
D'Verkloen ass keng Konscht.
Fir mech, ech muss dem Renert
Verzeien, a mat Gonscht.

De Renert war mer ëmmer
Ganz zougedunn an trei;
Ech ka vu senge Feinden
Net son dat selwecht hei.

Ech danken iech, Här Kinnek,
Sot Fuuss, mäi Liewe lank.
Kënnt ech iech beweisen
Meng Onschold mat dem Dank!

Wat huet gemaacht de Widder,
De Mierder an den Déif?
Gesitt der wuel, Här Kinnek,
De Lampert wor mer léif.

Mä léiwer hätt ech d'Saachen,
Fir iech s'elo ze hunn.
Wuer geet een déi nu sichen,
Wie seet mer, wou se sinn?

Ech wëll se dach go sichen,
E Jor laang an och zwee,
Vum Mäerz an duerch de Summer,
Vum Hierscht bis an de Mee;

All Bëscher duerch, all Hecken,
All Fielze mat er Huel,
Bis datt mer un de Schungen
Net ganz méi ass eng Suel!

Ech hoffen, se ze fannen,
Ech weess all Gruecht a Griecht;
Ma dankt mer net, Här Kinnek,
Ech si blous Iere Kniecht.

De Kinnek a seng Damm och,
Se haten du eng Freed,
Als hätten se schons d'Saachen;
De Fiissche stoung sech breet.