Renert/11

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange

Elefte Gesank.


Am Schlass hieft Fuuss de Schwänzchen
Sou riicht als wi e Poul,
Geet matzen duerch seng Feinden
Eeriicht zum Kinneksstoul.

E setzt sech duer op d'Knéien,
De Kinnek kuckt ewech.
De Fuuss fängt un ze léien,
An all Äbléck méi frech:

Här Kinnek, kënnt dir liesen
Op jéidem senger Stir,
A stéing hir Schold
Geschriwwenop allen hirer dir;

Kënnt dir an d'Häerzer kucken
Wi an eng Wisebaach:
Da kéim elo meng Onschold
Hei huerteg un den Dag.

Da géif dir menge Feinden
Hir Falschheet klar gesin,
Déi fréi a spéit hei géint mech
Mat hire Kloe stin.

Hal stëll! du schlechte Kirel,
Sou sot de Kinnek béis,
Déng Doten, déi si batter,
Déng Rieden nëmme séiss.

Ech hunn nun denger Ligen
Genoch an dees Geschwätz;
Du gës mer nu veruertelt
No Laut och vum Gesetz.

Genéidgen Här a Kinnek,
Sot Renert do zum Léiw,
Bedenkt, wat ech gemaacht hunn
Meng Deeg laang iech zu léif!

Wann aner Raute wénkten,
Da stoung de Renert fest;
A wann dir mech veruertelt,
'T wir net fir iech dat Best.

A mengt dir, wir ech schëlleg,
Ech stéing dann och elei?
Am Éislek fënd ech Plazen
Méi sicher wi déi hei.

De Grimpert koum mech ruffen,
Du koum ech da gelaf;
Um Plankebierg bei Blaaschent
Begéinte mer dem Af.

Dee sot: Här Fuuss, gitt hardi,
A wiert iech, wéi der kënnt.
Ech weess mech, sot ech,
Komper, ganz fräi vun aller Sënd.

Nu fannen ech, d'Kanéngchen
Dat huet mech hei verklot,
An dir sid béis: Ech denke,
Keng Wourécht gouf gesot.

Ech souz mat menger Biwel
Bei menger dir doheem,
An d'Vigelcher se songen
An Hecken an op Beem.

Ech sin e Frënd vum Fréijor,
An 't mécht mer ëmmer Freed,
Wann d'Réi do ëm mech sprangen
Wi d'Lamer op der Heed;

Wann d'Huese stin de Männchen
An d'Duerteldaifche sengt;
Wann d'Dréischel hire Jongen
Am Nascht hiert Iesse bréngt.

Den Hunn geet mat den Hinger
Am Bësch dann op an zou;
An op dem Milleweier
Do schwammen d'Inte frou.

Wie soll dann net vergiessen
De Wanter a seng Nout?
Ech souz an deer Betrachtonk
Em d'Zäit vum Owebrout.

Du koum dohier den Duckler,
E gréisst; du sot ech dann:
Ma gitt net laast hei, Komper,
A kommt dach mat eran.

Dann huelt der eppes un iech,
Frësch Krädder an eng Kuuscht;
Ech weess, dir iesst keng Fleeschspeis,
Soss briecht ech och eng Wuuscht.

Hie koum. En ësst, mir sproochen,
Mer hunn nach vill gelaacht,
An alles huet dem Komper
Och séier gutt geschmaacht.

Mä wësst der, Här, meng Kanner,
Déi sin, wi aner sin;
Se wëllen ëmmer iessen,
Soubal s' e Ruecht gesin.

Se kucken dem Kanéngchen
A senge Mäifel no;
Entfoul em dann eng Grimmel,
Wupp, war mäin Eelsten do.

Mäin Eelsten ass e flénken,
De Jéngsten ass net faul;
Op eemol heet de Komper
Deem Klengen eng op d'Maul.

Do gouf den Eelste rosen,
En hëlt de Mann mam Krag,
An 't goung em fir en Ouer;
Här Kinnek, do ass d'Saach.

Et war mäin Haus, meng Guttheet,
Meng Kanner a mäi Brout;
Ech hätt se loosst gewäerden,
Da war d'Kanéngchen dout.

Ma ech erwëschen d'Jongen,
A weider net gefaxt,
Ech werfen s'ënner d'Siddel,
Dee Klengen huet gequackst.

Kuckt, wann een ass onschëlleg,
Dann deet d'Verkloë wéi,
An 't wiert een sech op d'Ongescht
Géint Karmësch oder Kréi.

Se wëlle mech verdillgen
Mat Fra a Kand a Knueb.
Sou goung et mam Kanéngchen;
Wéi goung et mat dem Kueb?

De Gakhans huet d'lescht traureg
Op eiser Fiischt gesiess,
E sot, seng Fra déi hätt sech
U Fëschen dout gefriess.

Ma wou, a wann? Wat weess ech?
Ech gouf net weider uecht;
Wat gëlt, en huet nach selwer
Dat Mënsch ëm d'Liewe bruecht!

'T ass liicht e Mann verkloen,
Ech fuedren hei Bewäis;
Ech loosse mech net féiren
Als wi e Schof op d'Äis.

Wie wëllt mech nach verkloen?
Dee komm, nu stin ech hei!
A kann en näischt beweisen,
Da schlo mer äis elei.

Nu stounge senger Feinden
Vill do mat laanger Nues;
Déi haart sonst géint e jauten,
Se schwaten nu féng lues.

De Kueb an och d'Kanéngchen,
Déi mouchen sech ewech,
Se soten sech: Dat Déngen
Dat richt verflucht nom Pech.

Wi sollte mir äis meeschtren
Mam Fuuss? Dat ass kee Spaass!
Mir missten do jo bäissen
Dach ouni Feel an d'Gras.

Ma béis stinn do ze kucken
De Wollef an de Bier.
De Kinnek sot: Wie Kloen
Nach huet, dee komm nu Her!

Du duechten déi zwéin Helden
Datt Fiechte lett kee Läif.
De Renert ass e Flénken,
Ma Bier a Wollef stäif.

Se stoungen do ze zécken
A maachen d'Fauscht am Sak;
Dem Renert säi Gewëssen
Blouf haart als wi e Wak.

Gesitt der, sot en hardi,
Mir maachen s'op de Réck,
Ma sollten s'et beweisen,
Da sinn se net méi fléck.

Abbee, sot drop de Kinnek.
Da bass de nach net lass.
Wien huet dem brave Lampert
De Kapp erofgebass

An deen zum Spott mam Widder
Geschéckt am Ranzel mir?
Ech louss de Widder déiten,
An d'Schold bleift, ScheUem, dir.

Du hues mech frech beluen
Mat Bittgäng a mat Geld;
Kurzëm, esou en Naischnotz
Dee schaaft een aus der Welt.

Här Kinnek, sot de Renert,
Wou steet mer mäi Verstand?
Ass Lampert dout? O Bläckert,
Waars du dat do amstand!

Konns du den Hues ermuerden?
Miserabelt Gold!
Ech hat em jo de Ranzel
Mat Iedelsteng gefollt

A mat de schéinste Saachen
Fir iech an d'Kinnegin.
Wiem soll een nu nach trauen,
Wa Bläckert dat konnt dinn?

Net héire konnt de Léiw méi
Dem Phariseier no:
E goung a seng Gemaacher
A fond seng Fra och do.

A bei hir war och d'Babel,
Dem Af seng aartlech Fra;
Si huet en dichtegt Mondstéck
De Léiw op si en A.

Déi sot: Mäin Här a Kinnek,
Der maacht iech vill Verdross,
An 't wär, mech uenzehéiren,
Vlaicht guer net ëmmesoss.

De Renert ass mai Koseng,
An 't ass e kluge Mann,
An deen een an dem Konzel
Net gutt entbiere kann.

Et ass an deer Familjen,
Sai Papp wor och gescheit;
An 't koumen och wuel Kloë
Géint hie vu falsche Leit.

Mä 't konnt een op en zielen
Als Diplomat am Rot,
An iere Papp huet allzait
Seng Menong him gefrot.

A braucht en och eng Schlëmmtchen,
Wéi dat jo dack geschitt,
De Fiissche bruecht se flirdeg,
Wéi Lentz an Dicks e Lidd.

Esou ass och de Renert.
E riet als wi gedréckt.
Wou huet dir fir Gesanten
Een, deen sech besser schéckt?

De Bier an och de Wollef,
Se suerge blous fir sech,
A géif et naischt ze schlécken,
Se léissen iech am Stéch.

Se schmiren d'Vollek ëmmer
Mat sengem eg'ne Fett.
Se schreiwe grouss Artikeln
An dës an déi Gazette:

Do wëssen se ze plangen
Fir d'Land bal dët an dat,
An hunn um Enn dach ëmmer
Fir d'egen Täsch geschwat.

'T ass een als wi deen aner,
Wi d'ganz Familjen ass,
An iwwerall erkennt der
Dann och hir Wollefsrass.

Dir kennt se, wann se pléien:
Do fierchten se keng Maark.
Schwaach sin s'och am Bezuelen,
Am Fuedren ower staark.

Dir kennt se, wann se delen:
Do hunn se guer keng Mooss;
De Wollef hëlt sech d'Brocken,
Deen aanre léisst en d'Zooss.

Beim Wane lait Saint hannen,
Beim Dreschen ower vir.
Dir sid eng Klensch him schëlleg,
Da bréngt en iech ëm d'Dir.

A fällt e gudde Kirel
De Lëmmlen an d'Gegrëps,
Deem drécken se dann d'Hiirzblutt
Eraus bis op eng Drëps.

Sin s'eemol an der Schamber,
Dann hunn s'et an der Hand:
Se kéiren op hir Millen
Sech d'Buren all vum Land.

Op d'Gripsen an op d'Grapsen
Hunn s'ailzait hiirt Gebiichts;
A mécht een deer ee Koschter,
Da stielt e sai Geliichts.

E schwätzt da géint de Mammon,
E fiddert sech de Krapp;
E weist mam Daum géint Himmel
An hält de Su am Grapp.

Ech kënnt iech der verzielen
Vum Wollef bis zur Kaz.
Déi Mëttel, déi se wielen!
Ma hei ass net di Plaz!

De Renert ass onggiedlech,
Hie kuckt dem Déngen no;
A mécht dann een eng Foutaise,
Dann ass de Fiischen do.

Hie schreift sech op hir Spichten,
Mä guer net un den Héil.
Här Kinnek, do ass d'Uursaach,
Hie lait en op der Séil.

D'Fra Babel huet net onrecht,
Sot drop och d'Kinnegin,
De Bier als wi de Wollef,
'T ass naischt op déi ze ginn.

Se hunn ersierklech Mënner,
Grouss Mee a greilech Zänn.
Mä wann der déi dann ofzielt,
Da sid der och um Enn.

Weil wou et heescht ze halen
Fir d'Land am haarde Strait,
Dann zéien d'Schwänz se widder
An drécken sech op d'Sait.

A gët et eemol Brigel,
A graift een se mam Fleesch,
Se huelen dann hir Deel alt,
An nach mat graisslech Kreesch.

E Wollef an ër Festonk
Dee kënnt net aus der Bretz,
Bis datt en dran erhingert.
Wéi goung et deem zu Metz?

Mat honnertachzeg Dausend
Nach wosst en sech kee Rot;
Du louss en sech da fänken:
Et wor fir d'Welt eng Schmot.

Mam Renert ass et anescht.
Geschitt him och eng Fapp,
Hie weess se gutt ze maachen,
Ewell bei him ass Kapp.

Verzeit him! Wann de Wollef
Sech dann och vun iech scheet,
De Fuuss ass een, mat deem een
Zéng aner siche geet.

En huet eng grouss Familjen,
Dat loosst net aus der Wo!
Dohin, wou déi hinzéien,
Do gi vill aner no.

Dir huet nach vill ze maachen,
Bedenkt et wuel, main Här!
Kee Budget ass votéiert,
Dir héicht nach d'Schätzéng gär.

'T ass wouer, sot de Kinnek,
De Renert huet vill Frënn;
An zéien déi sech vu mer,
Da sti meng trei Leit dënn.

Trei Männer hunn ech néideg,
Weil d'Geld ass eeschtlech rar,
E jidden hält et uen sech,
An ech, ech braicht et bar.

D'Arméi ass schlecht montéiert,
An duera geet eng Zomm.
De Biere feele Kapen,
De Fräschen uen ër Tromm.

Nei Mäntel braichten d'Raten,
An d'Béck och méi laang Schwänz,
Och d'Maulefen nei Brëllen,
An d'Wëllef méi kleng Pänz.

Ech schaaft de Kaze giren
Ganz aner Kloen uen,
Den Ochse méi grouss Hueren,
Bang Spuren och dem Huen.

De Schwéngen eise Schnëssen,
Den Huese fënnef Been;
E fonkelneit Gewëssen
Hätt néideg gidwereen.

A Chassepot a Kanounen,
Zëndnolen, Muerd an Doud,
Dat huet d'Arméi méi néideg
Als wi de Bauer d'Brout.

An dat och net, Här Kinnek,
Sot duerop d'Kinnegin.
Et bleift jo, ouns d'Arméi,
Iech vill Bessres nach ze dinn.

D'Zaldoten, déi verzieren,
Den Aarbechtsmann erniert;
Wa kee méi Krich wëllt féiren,
Da brauch ee keen, dee wiert.

Mä Stroosse sin ze bauen;
De Schliek ass iwwel drun,
Wann hien e Schrack wëllt fueren,
Muss e Virspan hunn.

Besonnesch huet der d'Schoulen,
Do braicht der nach vill Geld,
Fir d'Vollek gutt z'erzéien,
Dat Néidegst vun der Welt.

Do si jo d'Schwain an d'Stéiren,
An d'Ieselen, d'Honn an d'Béck,
Se si jo ouni Léier
A schleechvoll Ongeschéck.

Se saufen als wéi d'Béischten,
Se rolzen op der Gaass,
Se klappe Fra a Kanner,
Dat nennen se da Spaass.

Se hu keng eenzeg Iddee;
Eng liewe fir hir Pänz,
Déi aner glewe ferrem,
'T géif Daiwele mat Schwänz.

An huet ee sain Diplëmmchen
Fir d'Lige vun der Échel,
Dee kann dem Véi verkafen
Als Riichtschait och eng Séchel.

Se loossen all sech féiren,
Wi d'Schof, an ouni Fro;
E Schallek zitt den Hiemsläpp,
Da leeft d'ganz Häerd em no.

Se glewe schéine Spréchen,
Ma méi nach dem Geschmaach;
A bleift hir Guergel dréchen,
Da war kee gudden Dag.

Mat engem fette Maufel
Scho féiert een s'an d'Fal;
Dann huelt se mat de Schwänzen
A fuert dermat an d'Wal!

Do stëmmt den Ochs den Tiger,
De Widder stëmmt de Wollef;
Se kréien d'éischt e Friessen
An hannendrop de Kollef.

Do, Här, do ass nach Aarbecht,
Se lait do laang a breet.
All Männer missen helfen,
Am meeschten déi gescheet.

Mä bréngt dir ëm de Renert,
Da ginn seng Frënn iech grob.
Si sin elo nach mat iech,
Da stin se géint iech op.

Ech weess wuel, sot de Kinnek,
Ma kuckt, en ass ze schro:
Kaum huet een him verziën,
Da kënnt eng aner Klo.

Dach wëllt dir mech berieden!
Dem Schellem haalt der zou.
Mä schwéier ass beweisen,
Eng Scherbel sief e Krou.

Dir Fraleit huet dach Mënner!
Dir maacht dat Schlecht ons léif;
Dir maacht et hei mam Renert
Als wéi mam Apel d'Éiv.