Renert/13

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange

Dräizengte Gesank.

Sou huet et sech dem Schellem
Nach eemol gutt geschéckt:
De Fiissche litt am ganzen,
Kee Wiertche gët gefléckt.

E kann de Lige Féiss man,
E mécht e Fliichten dack;
Se klénken als wi d'Wourécht,
A ganz als wi eng Klack.

Den Isegrem, dee steet do,
E bäisst sech alt op d'Zänn
A seet: Et scheng, dat Léien
Vam Renert kritt keen Enn.

Dir loosst iech, Här, najch féiren
Vam Näistert on der Nas:
En hart vam Geld gelujen
E léijt ojch nees vam Has.

Säi Spéigel ass en Ligen,
Säi Kamp an ojch s Rank.
Well misst hee son eng Wourécht,
Da géif e stierweskrank.

Dat sot dir wuel, Här Kinnek
A wien da seet et néck? --
En ass net féx am Kiddel,
En dreift et dënn an déck.

Dir sot: En ass e Schallek,
Wie weess dann dat ojch néck.
Ach son: En ass e Mierder,
Äch breechen em de Réck.

Dir sot: En ass e Queeschen,
En huet néck vill Vernonneft:
En ass e Kommunist, Här,
A van der aargster Zonneft.

Et gouf najch kee gehongen,
Sou schlecht wi Renert ass;
A loosst der all hie lofen,
Märr kënnt en néck méi lass.

E soll mer néck entwëschen,
Äch hann e mat dem Kraajch;
Nu kommen all seng Spiller
Op eemol on den Daajch.

Här Kinnek an dir Hären,
Äch hann de Fuuss verklot;
Äch kloen najch, Här Kinnek,
Gesinn da, wat der sot.

Fir batter mech ze kränken
Wor alt dem Fuuss säng Freckd:
Mä alles kritt eng Kiër;
Här Fuuss, mäin Daajch ass heckt.

Äch hann em 't alt geschwuren,
Äch méich em ees säi Bett.
Nu laustert mäch, Här Kinnek,
Ewell Dir héiert jett!

Déi Schlechtegkeet vam Renert
Ze schreiwe, géif ent Boujch;
Äch son hei dräi deer Saajchen,
An eng wir schuns genoujch.

Mäng Fra wor ees ëm Houfelt.
Va Schni wor alles wäiss.
De Fuuss souz om Kanal do
A moujch ent Lajch an d'Äis.

Mäng Fra se frot: Wat maajcht der?
Hie sot: Gesitt, äch laajchen;
Elo gët heieranner
Mäi Schwanz emol gestajchen.

Dir wäerd dajch dat wol wossen,
Sou finkt ee Masse Fësch.
'T ass schad, äch muss e wéineg
Dohannen an de Bësch;

An d'Lajch et ass nu feerdeg,
Äch broujch en Stonn or zwou;
Äch feerten do an deerbans
Da fréiert Lajch mer zou.

Mäng Fra déi wor verwonnert
A mengt: Se iss ojch Fësch.
Hie sot: dir kënnt der finken
Sou lang äch sen am Bësch.

Da steecht eran de Schwanz hei,
Sëtzt roueg, stäif a fest:
Da bäisst u jéider Hor sech
E Fësch' an alt di best.

Hie gung. Mäng Fräche follegt.
Mä 't wor iech greilech kal;
De Schwanz ass hir jefrueren
An d'Äis, a vill ze bal.

Se fung ees on ze zéien
An daajcht: Do klonken d'Fësch.
Du koum de Fuuss geflujen,
Wi d'Wieder aus dem Bësch

A fung du on ze jäizen:
E Wollef, a keen Enn.
Du koum eng Dosend Bauren
Mat Flënten duerch d'Gefenn

Wat sollt mäng Fräche maajchen?
Här Kinnek' wëllt der 't wossen?
Se hatt vun lauter Angsten
De Schwanz am Äis gelossen.

Dat sen dem Fuuss säng Denger,
A wann et iech gefällt,
Hei ass se: wëllt der kucken,
Wi ass mäng Fra entstellt!

Do musst de Kinnek laachen,
Vill aner laachten och,
An 't héiert een derniewent nach
Munche queesche Sproch.

De Kinnek sot zum Renert:
Wéi steet et mat dar Saach?
De Fiissche sot: Här Kinnek,
S' ass klar als wi der Dag.

De Schwanz, dee stouch am Waasser,
An d'Waasser ass gefruer,
D'Fra jaut, an d'Baure koumen:
Du war de Schwanz verluer.

Wann si de Schwanz wollt stiechen
An d'Äis, dat goung si un.
Souz ech dann do am Weier?
Hun ech hir dru gezunn?

Ech dro jo kee Brometer
An och kee gringe Fräsch,
Keen éiwege Kalenner
Och no a menger Täsch.

Mä allerhand gët d'Wieder
An enger Wanteschnuecht.
Ech sot jo, 't kënnt wuel fréiren:
Dann hëlt een sech an uecht!

A gidweree soll wëssen,
Sou mengen ech dach ganz,
Or hien sech d'Nues soll botzen,
Or wéitsche mat dem Schwanz.

S'ass jo verschampeléiert,
Déi Fra, dat ass nu klar;
Dach wetten ech am Iessen
Do deet et hir keen Har!

De Schwanz, et war e Miwwel,
En huet se dack jenéiert,
An dach, en ass en Iwwel,
Dat nëmmescht gär verléiert.

Kee Schwanz, o féi der Donner!
Se gläicht nun enger Grees!
An alles muss wuel laachen,
Wann s'opsteet vun dem Seess.

Se hat mam Schwanz vill Wiesen,
Den Houfert war ze grouss.
Se huet mam Schwanz gesëndegt,
Um Schwanz och krut se d'Bouss.

Fir d'Demut nun ze éiwen,
Do ass d'Geleënheet!
'T ass keng, déi an den Himmel
Mat Schleef a Schinjong geet.

Mä kuerz, wat wëllt de Wollef?
Seng Frächen ass jo do.
An hunn ech si beledegt,
Se komm dann hier a klo!

Du stung dann op d'Fra Gormang
A sot: Dir sid voll Trotz,
Här Fuuss, a voller Ligen
An najch derbäi näist notz.

Der schwätzt wi d'Affekoten:
'T ass näist géint d'Ried ze son,
Ma wien iech kennt am ganzen,
Den fänkt näist mat iech on.

Der mengt vläicht, Kënzeg wir mer
An d'Äerzkaul schuns verjeessen?
Do hatt der an em Emer
Sechs Duenen déif geseessen.

Äch sot: Här Fuuss, wéi koum der
An d'Lajch, wat maajcht der dran?
Dir sot: hei ass ängt Iessen,
Wat Gutts ee wënsche kann.

Et si gebroden Dauwen;
Hätt äch najch e Baujch!
Mä kommt eraf, da fëllt der
Dermatt ojch iere Schlaujch!

Du kloum äch an den Emer,
Deen iwwer d'Lajch najch houng
All Onheel kënnt vam selwen,
Wi ojch den Emer goung.

Kaum fung äch on ze klonken,
Du foungt dir on ze fléien;
Dat moujch de Kapp mer dronken,
Du daacht äch on iert Léien.

'T geet op an af, sou schwat der,
Kuckt, d'Welt déi ass e Pëtz;
Den Dabo zitt iech néier,
Erop brängt mäch de Wëtz.

A gunge mer du d'Aen
Ojch op' et wor ze spin.
An fir gebroden Dauwen?
Jo, Brigel hann äch kritt!

Mer wossen, déi am Äerzbrojch
Sinn zimlech ongeschlaff.
Dier koumen zwei mäch kucken,
Déi Kärle wore graff.

Den Äle sot zum Jongen:
Kuck hei, wat ass am Pëtz!
De Schoofsdéif an dër Däiwel,
Deen hëlt elo der Blëtz!

De Jong foung on ze kiirpen,
Den Äle séicht e Poul:
'T wor alles, datt äch deemol
Net schwaajch am Emer foul.

An iewel blouf äch sëtzen,
Äch daajcht: Du mächs e Spronk;
A krut äch uewe Brigel,
'T hätt méi am Lajch gestonk.

En Honnert koum gelofen,
All Äerzkaul spaut e Lëmmel;
Se wuussen aus dem Buedem:
Do koum äch an d'Getëmmel!

Do waren deer Pioschen
A Spueden a Geschëpps!
Mäng Hor se fluen ëm mäch
Sou déckvoll als wi Stëbs.

Se hätten, dat gesoujch äch,
Mäch gären duckt geschlon
Op eemol wutsch! entsprung äch,
Do hann se Fléich gedon.

Crénom! als wi ruckt Jukden;
Äch daajcht: Nu floujcht eech hees!
Äch huelen d'F1éijch najch léiwer
Wéi Brigel mat op d'Rees.

Nun uurtelt dir, Här Kinnek.
En Näistert ass de Fuus;
Kee schlechter ass ze fannen
Va Beles bis no Bus.

Du sot dann drop de Renert:
Dir denkt, Madamm, un d'Schléi;
Déi muss een dach vergiessen;
Se du blous eemol wéi!

Mä wien net wëllt bedenken
Dat Gutts, dat d'Brigel hunn,
Deen huet och ganz natiirlech
Alt nëmmen d'Péng dervun.

Wuerfir stécht bei all Bauer
Déi laangeg Bierkerutt
Fir d'Jongen op der Auer?
A fannt dir dat net gutt?

Gesitt der wuel, dem Lousen
Gët d'Léier abgetriichtert;
Beim Domme gët duerch Brigel
Déi Aarbecht vill erliichtert.

Dir wäerd dach nu verhalen,
Soss hätt der guer kee Wëtz:
Kee Wollef soll dat glewen,
Wat Fiissche schwätzt am Pëtz.

A leet dir iech déi Léier
An ierem Häerz an d'Weech,
Dann ass se guer net deier,
S'ass wuelfeel fir déi Streech.

'T muss een di Brigel kréien;
Ech hunn se gär entbuer.
Bei iech sinn déi och nëmmen,
Déi laanscht ginn, jo verluer.

An nu gesitt, eng Äerzkaul,
Da's ierer Plaze keng;
Do maachen d'Fiiss hir Spiller,
Déi sinn iech dach ze reng.

E Wollef an e Bauer,
Dat sinn zwéin aarmer Helgen
Bei Fiiss a Kuelebrenner
Vum Guttland an aus Belgen.

Ewell do gët et Mäifel,
Dee schlechsten ass eng Dauf;
Iech aner passt dach besser
Eng Ouerfei un d'Hauf. --

Mer mussen iech dack brauchen,
Ma keemol fir ze delen;
A mengt dir d'Saach vläicht anescht,
Da loosst iech huerteg helen!

Wat schlo mer äis mat Ligen,
Sot du den Isegrem,
A mat esou em Spëttler
Najch laang elei erëm?

Äch kann hie jo beweisen
Als Spëtzbouf duerch an duerch.
Nu laustert dat elei najch;
'T geschoujch bei Lëtzebuerg.

Do druf äis zwing de Naswëtz
An najch den Honger méi;
Mer goungen an di Gruewen
Am Wanter muerges fréi.

Do weist de Fuuss e Schloff mer,
En nennt et Kasematt,
A sot: Do fant der z'iessen,
'T luet keen et op eng Hatt!

Seng Méimche géif dra wanen,
Se wir äng frëndlech Fra.
Äch krojch eran: Wat krut äch?
Ent Iessen? O maja!

Do war ent Lajch, féi Däiwel!
Zéng Afe souzen dran,
An 't stonk als wi eng Louder,
Déi nëmmescht réiche kann.

Bei dene koum äch wëllkëmm,
Wi d'Sau an d'Jukdenhaus;
Zum Gléck, äch sinn e Flénken,
Soss war et mat mer aus.

Här Kinnek, sot de Renert,
Nu leie mer am Dreck.
Mir gët et ganz onheemlech,
De Wollef ass jo Geck.

Wat seet en do vun Afen?
Mierkaze sollt e son.
Ech wëll iech kuerz verzielen,
Da wäerd der d'Saach verston.

Dräi Jor sinn nun eriwwer,
Du gounge mer bei d'Stad;
Hie sollt sech dann duer opschlon --
Sou huet en dach geschwat.

E koum als wi e Wandjann, --
Am Quetschendéif, am Frack,
Mam Brëll un enger Ficelle,
Kurzëm, am Léiweschrack.

Mer goungen nuets an d'Grouwen.
Jëss, sot en, do si Schlëff;
Hei wëllt ech gäre wunnen,
Mä 'ch fierten, dat gët Hëff.

Déi Stad, déi huet eng Police,
Se leeft op Hänn a Féiss,
Zweehonnert Mann Zaldoten
An eng verdäiwelt Schéiss.

Drop sot en du op eemol:
Dat richt mer aus der Stad!
Ech wëllt, ech hätt en Iessen,
Ech sinn net eeschtlech sat.

Ech sot: Ma looss mer sichen,
Do dämpt et aus ër Hiel;
Wunnt ëmmescht dran, dann hu mer
En Iessen an der Wiel.

Verstitt der, an de Stieden,
'T ass net als wi om Land:
Hei kritt een Häerz, wat wëlls de?
Ma d'Suen an der Hand!

Wann d'Suen engem feelen,
Dann ësst een desto méi.
An 't waart een op den Dissär,
Ma iewel net op d'Schléi.

A war ee gëscht beim Hastert,
Haut geet een net méi duer:
Da geet ee bei de Fendius,
Zum Wester geet ee muer.'

Da gitt, sot du de Wollef,
A luegt sech faul an d'Gras.
(Mam Iessen, dat em bruecht gët,
Huet hien am meeschte Spaass.)

Ech foung do un ze krichen
Déi Schlëff duerch ouni Rascht.
Du koum ech an eng Kichen,
E gellegt Däiwelsnascht.

Do souz eng ural Mierkaz
Mat 'm Kapp als wi eng Bomm,
Dräi Kanner, gräisslech Krotten,
Mat Mailer grouss a kromm.

Se glachen hirer Mudder
Vum Ufank bis zum Enn:
Flappouren, laangeg Kloen,
Dënn Schwänz a freesslech Zänn.

Der mengt, 't hätt een en d'Nuesen
Sou an d'Figur geséit
An d'Schwänz, déi wären hinnen
Bei d'hënnescht dir geléit.

Mä huelt en hëlzen Däiwel,
Vum Ongeschéck gehan,
Da kënnt dir iech eng Iddee
Vun denen Déier man.

Déi schwaarz abscheilech Kanner,
Se lougen do am Knascht;
Ech war vun hiren Etem
Zum éischte bal gebascht.

Déi Al, dat war en Déier,
Méi grouss als wi de Wollef.
Ech duecht, wi liewesmidd wär,
Hei kritt dee liicht gehollef.

Wäers du mat Gelëmp nun
Dach hannescht iwwer d'Schwell!
Dat hei ass jo e Middel
Fir d'Priedger vun der Häll.

Hei heescht et lues ze maachen,
Soss gët dër Däiwel béis;
Hei hält een d'Wourécht un sech,
An d'Lige mécht ee séiss.

Du gréissen ech dann héiflech,
Zemol d'al Wiederhex,
Ginn allen d'Hänn sou vëlleg,
Als wir et menger sechs.

Hei gouf dat Véi jo frëndlech;
Se sprangen aus dem Pech,
A maache mech mat Lecken
Alt all Abléck méi frech.

An d'Lige spuurt ech wuessen,
Wéi d'Kochlen op der Zong:
Déi Äl war nu meng Mattant,
Meng Niichte sinn déi Jong.

Gewëss, 't si gräisslech Biller
Als wi zéng Schuechtechfeër.
Ech sot: Wat aartlech Kanner!
Gerad wi Ouschtereër.

Bei sou ër grousser Schéinheet
Ass och Verstand derhanner;
Dir huet jo wiirklech, Mattant,
En Himmel bei dee Kanner.

Du bruecht dann d'Mierkaz z'iessen,
A gläich war d'Ham om Dësch,
De Quetschekuch, de Jelli
A Kuddelfleck ganz frësch.

Gestuel war nu wuel alles,
Sou kacht hiirt Dëppen net;
Ech luewen dach hir Kichen
A léien dat an dët.

Mer foungen un ze kallen:
Hir Wëtze si wuel domm;
Dach laachen ech der Aler
Zur Freed mech hallef kromm.

A well ech hir gefall hunn,
Du gouf ech vill gewuer;
Se holt mech mat der Hand och
A féiert mech entzwuer.

Do stoung e grousse Kessel
Net wäit vun hirem Bett.
Se sot: Wat mengt der,
Datt ech do an deem Kessel hätt?

Gesitt der, doa kachen ech
Villen Hären d'Tënt;
An domat kann ee schreiwen,
Wat kee mat aanrer kënnt.

Ech hunn deer Zeitongsschreiwer
En etlech an der Konn;
A jidde brauch op d'Joer
Deer Tënt elei eng Tonn.

Ma huelen s'an dem Léien
Als wi bis heihin zou,
Da geet et net mat enger,
Da brauchen se der zwou.

Nu fir déi Tënt ze brauen,
Der rot net, wat ech brauch:
De Spaut vun enger Trauliicht,
E Schouss voll Schlaangenhauch;

Dann: Wënschechten eng Gaaschel
Vum aarmen Hat an Hätt;
Nu d'Strass vun dausend Fräschen
A gëlde Kloëfett.

Dat kachen ech am Kessel
Mat Waasser ouni Dauer;
Zum éischte schmaacht et batter,
Zum leschten och nach sauer.

Der huelt eng Échelsfieder,
An zappt der s'an dat Gëft,
Dat gët iech dann Artiklen --
Oei! a wat eng Schrëft!

Wann dir emol e Wiertchen
Gär géint den Noper schreift,
Da kommt dees Saaft hei sichen,
Dat schwäerzt en, datt et bleift.

Ech sot: Wa mir zum Rieden
Net steet emol de Kapp,
Da kommen ech iech bieden,
Da gëtt der mer eng Zapp.

Dach duecht ech heemlech bei mer:
Nach eemol hei eraus,
Da kanns du Hex alt brauen
Däi Spirtes vun ër Laus!

Ech léiss dech dran ersaufen!
Ech brauch jo denger net;
Ech schmidde mir meng Käilen
A menger eegner Schmëdd.

Drop sot ech du: Léif Mattant,
Iert Gléck dat mécht mer Freed,
An datt ech schuns muss fortgon,
Dat deet mer wiirklech leed.

Ma kommt dir an eis Géigend,
Da spriecht dir bei mir zou;
A briecht der mat meng Niichten,
Da wär ech duebel frou.

An zu de Krotte sot ech:
Nu hieft dir gudde Mutt!
Ier Schéinheet ass e Räichtom,
Ma schéckt iech iewel gutt.

Ma, Nëwéi, sot du d'Mudder,
Kommt dack ons dach besichen;
Dir sid mer wéi e Brudder,
An iech steet op meng Kichen.

Drop wéckelt s'an eng Zeitong
En décke Kallefsbrot
A sot: Deen huelt der mat iech,
Geldir, Här Renert, dot!

Sou koum ech frou a fréilech
Aus dem verwënschte Lach.
De Wollef sot: Wou waart der
Sou laang, Här Renert, dach?

Ech sot: Dot, iesst dee Breetchen,
Deen ass iech net vu Stréi.
Et ass fir iech wuel wéineg,
Dobanne kritt der méi.

Dobannen ass iech z'iessen!
Ech koum bal net ewech.
Déi Lett, déi kënne fléiwen!
Ma 't huet och alt säi Pech!

Deen hin sech vir der Wourécht,
Deen doëranner schëfft;
Se daagt net vill heibaussen,
Dobannen ass se Gëft.

Hien ouss a fond de Breetchen
Wuel gutt, ma vill ze kleng,
A sot: Wat dir konnt woën,
Ass mir och net ze reng.

Du sot ech him dann alles,
A wéi en 't maache soll.
Hie sot: Loosst mech gewäerden,
Ech man de Bauch mer voll!

Ma wéi ech duecht, sou goung et.
Soubal de Wollef koum,
Du sot en zou der Ader:
Véiouder, wat eng Moum!

Wat Aen a wat Pratzen!
Ier Maul, mortjëft, wi ellen!
Esou en Déier méich ee,
Meng Séil, jo mat em Bellen!

A sinn dat do ier Kanner?
Déi héil ech mat der Zaang
An dréig se 'luer an d'Uelzecht.
Hei bleiwen ech net laang!

Bréngt huerteg mer dat Iessen.
Kertjëft, do ass Gestank!
Bréngt vill an och dees Besten!
Hei ginn ech stierweskrank.

An d'Iesse koum net huerteg;
Du geet en dann a schnauft
A wëllt et selwer huelen,
Du krut en der gepauft!

E gouf mat honnert Kropen
An zwanzeg Gräpp geholt,
An d'ënnescht d'iewescht koum en
Zum Schloff erausgetrollt.

Säi Pelz, dee wor a Fatzen,
En Ouer wor gespléckt.
Ech sot: Ma kuckt, di Fratzen,
Wéi hunn s'iech dach zerpléckt!

Dir hutt och net gefollegt!
Wat gëlt, dir huet geschwat,
Als wann der wäert heibaussen
An nach fir aacht Deeg sat.

Ech konnt net anescht, sot en,
Et war mer géint d'Gemitt.
Ech sollt déi Mattant nennen?
A wann der mer net gitt!

'T ass Pak, 't si gräisslech Krotten,
Di Al ass wéi hir Jong;
Sou hut ech d'Wuert op d'Liewer,
Sou goung et iwwer d'Zong.

Mä Monnonk, sot ech zu em,
Ma da sid dir mer een!
Dir kéimt jo mat de Mënschen
Gelat net noëneen.

Zemol net mat de Raichen:
Wien do seng Menonk seet,
Ass Brudder Iwweränzeg,
Dee leschten op der Weed.

Wien d'Waasser net kann halen,
Dee läit om naasse Läpp;
Ma loosst der d'Wourécht lafen,
Da's schlechter: Dat gët Kläpp.

Wien d'Muecht huet, huet de Biesem:
En deet emol kee Spronk,
E reecht iech mat de Spëtzen,
E reecht iech mat dem Stronk.

Denkt wat der wëllt, mä nennt d'Lett:
Schéin, brav an och behenn:
Soss gräift der alle Kéier
D'Broutschéiss um breden Enn.

Well wann der d'Lett net schmeechelt
An net mat Ligen éizt,
Dann hënnert der beim Feier
A wann D'r om Haaschtbam séizt.

Ma deen ass Gëldeguetskand,
Deen d'Lett dermeescht bedritt;
Se glewen näischt sou gären,
Wéi wann der héiflech litt.

A wann ee jo mat Schuelen,
Amplaz mat vollen Eër,
Seng Pättre ka bezuelen,
Da gëtt een hinnen deër.

Vill nëtzlech Léire gouf ech
Dergläichen nach dem Wollef.
Se hunn em awer, leder,
Net eeschtlech vill gehollef!

'T si Ligen! jaut de Wollef,
Well Schanke si kee Brot;
A wéi de Pelz mer zrass wor,
Du koums de mat dem Rot.

Nu sinn äch najch néck fierdeg,
Hei ginn ech op de Grond,
Ech huele fir e Fuuss mer
Kee Blat méi vir de Mond!

Ech schon der de Rëgester
Vun dänge Sënden op,
An all däng Schelmendenger,
Op kengem bleift e Stopp.

Wien hatt di Steng dem Damppäerd
Laascht d'Atert a laascht d'Sauer
An d'Féiss geluegt? Gelt, Renert,
Dat war gewëss e Bauer?

Wat dir néck brengt en Notzen,
Dat werfs du aus dem Schaff,
A géing et dängem Noper
Och knatsch fir Haus an Haif.

Déi Tënt vun dänger Mierkaz
An d'Lige wore giedlech;
Gëf uecht, dat huet eng Kéier,
Well d'Wourécht ass der schiedlech.

Däi Wol ass scheef gelueden,
An hei, kuckt, fléigt en ëm,
An hält ojch stëll all Déier,
Da weisen äch mäng Stëmm.

An häss de s'all bestajchen,
Da kéims de néck dervun;
Ech roufen Äerd an Himmel
Géint dech als Zeien un.

Jo, d'Steng an d'Wolke ruffen:
Kuckt dee mam roude Baart,
Ma kuckt deem falsche Judas
Dajch endlech nun an d'Kaart!

Gëscht wollt en najch all Vigel,
Wie weess zou welchem Präis,
Jo liwre sängem Komper,
Dem Goldfuuss, no Paräis.

Heckt géif en se gär fänken
A schécken no Berlin,
A muerge fir en Hammel
Verkéif en s'alt an d'Chine.

Bewäiser! sot de Fiisschen,
Bewäiser, Monnonk Wollef!
Mat Spaweck fänkt ee Mécken,
Bäim Renert braucht de Kollef!

Bewäiser! jaut de Wollef,
'T ass klor als wéi der Daajch,
Däin Handel mat de Vigel,
Här Kinnek, hei ass d'Saach.

Äch koum ees bei de Renert
Am Bambësch bei der Stad,
Do huet e grousseg Ziedlen
Ze liesen da gehat.

E sot: Jëss, hätt äch nëmmen
Ier Stëmm an iere Kapp;
Gesitt der hei, kuckt, Monnonk,
Do hätt äch d'Gléck am Grapp.

Ech wir an eng zwou Wojchen
Sou fett als wéi an Atter;
Ma näischt vum Drock ze kennen,
Dat ass verfluchte batter.

Dir wësst, mäi léiwe Monnonk,
Äch hat iech ällzäit gär,
Soss siet äch net e Wiertchen!
Et ass e groussen Här,

Deen hätt gär äll eis Vullen,
En héil se no Päräis;
En huet mer offeréiert
Derfir en Hedepräis.

'T ass alles féx a fierdeg.
E Lidd blouf nach z'erdenken,
Dat steet nun hei om Ziedel --
Fir d'Vigel all ze fänken.

All déi dat Liddchen héiren,
Déi ginn als wi gekockelt:
Da wutschteg! se gefaangen
An aus dem Land geschmockelt!

Nu hunn ech leder Gottes
Zum Sange guer keng Stëmm.
Ja, kënnt äch nëmme liesen.
Wat géif äch, Monnonk, drëm!

Da géif mer déi Affäerchen
Zerguttst an d'Rei geluegt;
An 't siet een dann der Aarmutt
Fir ëmmer gudde Nuecht!

Sou sot en, du verstoppt en
D'Affische bei mer zou
A sot, e géing an d'Léier
Nu najch eng Wojch or zwou.

Här Kinnek an dir Hären,
Sinn d'Vigel najch am Land,
Dat huet der mir ze danken,
Deen d'Ziedlen huet verbrannt!

Drop sot zum Fuuss de Kinnek:
Här Renert, 't wir mer léif,
Dir géift mer dat erklären.
Dat Denge schéngt mer dréif.

De Renert kuckt dem Kinnek
Ganz hardi an d'Gesiicht,
A seet: Gesitt, Här Kinnek,
Hei ass d'Erkläre liicht.

Ech lafe fir dem Wollef
Seng Ligen a kee Greef.
Seng Lige si wuel schmotzeg;
Nu, d'Wourécht ass gutt Seef.

Ma wat e seet vum Damppäerd
Da's Fabel an eng Seechen;
Sou zielt een der am Wanter
Zum Zäitverdreif beim Greechen.

Well d'Damppäerd ass en Déier,
'T huet méi als honnert Been,
An 't géing mer vill ze séier,
Deem Steng an d'Wee ze leen.

Nu vum Affisch da's richteg,
Deen ech am Bambësch hat;
Drop war vu Vive la France,
An allerhand geschwat.

Wahrscheinlech hat e Mënsch se
Deen Dag am Bësch gestreet;
Dat anert all si Ligen,
Wat do de Wollef seet.

Ech hu mech amuséiert,
Him vill dervun z'erzielen;
Ech denken, 't war un him du,
Dat Best erauszewielen.

Ma 't weess ee, fir en Iessen
Mécht Wollef, wat e kann,
A steet enzwousch eng Fal op,
D'Geloscht déi bréngt en dran.

Ech goung gläich menger Weën,
De Wollef blouf nach do.
Ech duecht: Deem do schéngt d'Liewen
Nach eemol himmelblo.

Hien holt d'Affisch,
Setzt op sech eng rout Fransouse-Kap,
Schläift owens op de Fëschmaart,
A mat ër Schossel Pap,

Klieft d'Liddchen op en Ecksteen --
Esou verstoung hien d'Saach.
Kaum foung en un ze sangen,
Holt d'Police e mam Krag.

A wat en do erlieft huet,
Dat wënscht ee kengem Déier.
Wie soss alt blous zwou Hänn hat,
Schloug drop als wi mat véier.

Wat sengt deen hei fir Lidder?
Ma schlot en dout, den Hond,
A vun der Schlassbréck nidder,
Geheit en an de Grond!'

Sou jauten s'aus dem Himmel
A vun dem Hellge-Geescht,
Vum Hällepull, vum Knuedler,
A wéi all Eck dann heescht.

D'ganz Stad war ëm de Wollef,
Se waren als wi wëll,
All Kréimer hat seng Ielen,
All Wäschfra hire Blëll.

Den Uergste war en Eecher
Mat senger Knätzel Goss;
Dee foung un drop ze dreschen
Wi op e Sak voll Moss.

Zum Gléck war fir de Wollef
E Mann nach an der Stad,
Deen huet mat Iwerleeong
A mat Verstand geschwat.

E sot: dir Häre Biirger,
Hei huelt iech gutt an uecht,
Mer hunn de Véimaart endlech
Eran an d'Stad nu bruecht,

Ma mécht sech nu de Wollef
Vun Ängschten hei sech wéischt,
Da bleift vun dem Geroch ons
Heibanne méi kee Béischt.

Se ginn dann all wi rosen,
Se halen näischt méi un sech,
A Schléi a Stéiss a Rosen,
Déi ginn se hefeg vun sech.

Begräift, kee Véimaart kënnt
Méi heibanne gi gehalen,
An d'Stad géif an den Aarmutt
Duerch do dee Wollef falen.

Et misst een dann all Bauren
An d'Kanner mat den Eltern
Nom Maart an d'Stad nach huelen
An d'Suen aus e keltren.

Esou a vill deergläichen
Wousst fein den Här ze son.
De Biirger an dem Stadrot
Hunn d'Aen op musst gon.

De Wollef huet du missen
Mat Blutt sech ënnerschreiwen,
Säi Liewe lank vum Véimaart
Aus Lëtzebreg ze bleiwen.

Drop konnt en endlech wëschen
Mam Ufank vun de Brigel.
An dat, gesitt, Här Kinnek,
Ass d'Liddche vun de Vigel.

Sou sot de Fuuss. De Wollef
Gouf all Abléck méi béis,
E fänkt nun un ze jäizen
A steet op d'hënnescht Féiss:

Wien dir an d'Haus wëllt kommen,
Dee gräif net no der Klensch!
Äch schlon der wupp däng dir an:
Hei, Fuuss, do läit mäng Händsch!

A muer da gi mer fiechten,
A gleef, den Danz gët heess,
An 't ass gesuergt, äch hoffen,
Dass du mer néck entgees.

E Bouf, dee frou um Bäämchen
Gestuele Promme schnappt
A da vum graffen Noper
Op eemol gët erdappt'

Dee kann net méi erféiren,
Als wi de Renert du;
An iewel mouch en huerteg
Aus engem P e Q.

Dir mengt, dir géift mech packen,
Här Wollef, sot e king,
Ech dun iech awer quacken,
A kéimen ierer zing.

Drop gouf en dann dem Kinnek
Seng Händsch an déi vum Wollef;
E sot zu allen Hären:
Nu ass et mer gehollef.

De Groë gët laxéiert,
Da kritt en eemol Rou.
Lo kuckt der no, ech maachen 't
Wi d'Meedche mat der Flou.

De Kinnek sot: Dir Hären,
Ier Saach lait duercherneen.
Dir sot verwurelt Rieden,
A recht huet bei mir keen.

Ech wëll, dir sollt iech meeschtren;
Nu bréngt ier Zeien hir:
Déi hu fir d'Graaft ze suergen
An och fir d'Doudebir.

Well ee muss d'Liewe loossen,
Soss kréien ech kee Fridd;
Beim Schetzelbur ass d'Fiechtplaz,
Wou een de Biddi zitt.

Du koum de Braun mam Kueder
Als Wollefssekundanten,
Den Attert koum mam Maarder,
Dem Fiissche seng Trabanten.

De Renert a seng Frënn all
Gi mateneen an d'Uucht;
De Fuuss gouf do zum Beschten,
A vill, der ganzer Zuucht.

'T gouf z'iessen an ze drénken,
An ëmmer koum ës nach,
A munche Fläsche gouwen
Deen Owend d'Häls gebrach.

Dat ass jo d'Fuussmanéier:
Der gët e fräien Dësch;
Der werft eng Méck an d'Waasser
A fänkt dermat e Fësch.