D'Noiecht

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
D'Noiecht  (1829) 
by Antoine Meyer
E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus

* * *


D’NOIECHT.

Ja Aede Orend dan , o Jes ’t as Zeit
Eng Schneifche’ naGh, an hëer,
Sos koemt mer d’ Noiecht nach ob den Hala
geheit
Heremm vun hirer Kéer
Si streid allzeit, dé Streidesch dé et as,
Ob mech, oh fé ! den Eifer lësst se las,
Ob dech , ob aner nach:
Am Streit as hire’ Fach.
Si haat mech Dubbels-noh erdapt,
Zum Gleck sen ech bei Zeit entrant,
Wé dech se d’leescht sö staar’k gerapt,
Dat ech se Greng a’ Giel vernant.
Jes ! ech muss laafe’, sos kriss de Gejeiz,
Ä’ riich du schën deng Kommissiönen aus,
Sos kriss de gewess nees eng Schneiz,
Du kenns jo dee’ verfluchte’ Schaus.
Sö soht der Daag dem Ovend gescht,
Um leschte’ Kep vum Horizont,
A flupteg ! wor he’ fortgewescht,
Nach éh’r een Ame’ sohe’ kont.
Den Ovend geeht a’ naetzt,
An d’ Oieder alles sezt,
D’Haus get gleich gek'iert,
D’Soierge’ gi’ verwiert,
D'Röh get ov an d’ Welt gesenkt,
De Mohnd koemt aus dem Bett gelenkt
Hie' selver mecht sech fort ob d’Rees,
Gesoht : du Noiezstier rufF dech hees:
Bauer vun dem Feld,
Tambur an deng Zelt,
Laemmer vun der Waed,
De Kéh ë’ Bett gestreèt
Deng Stemm laaf och an d’Stied,
De’ Nonne’ ruff : jeeh bied!
Geselle’ git dir heem,
Géh Mau’rer du vum Leem,
Klautchë’ ruff : « nun ovgelést! »
KaafJeid dir eer Loiéde’ schlést.
An d’Laemmche’ maeht am Stal,
Et héert een den Tromme’schal,
De Bruddèr biedt sei’ Rèsekranz,
D’Koiem’ré’ stin am Kierzeglanz,
D’Hausfra hoelt hirt Spanneraad,
Mat Kraache’ sp'iert sech d’ Staad.
D’léer Stroose’ spoiersem schaalen,
D’Lanter loest hirt Liicht draa’ faalen,

Wer-da ! » werffen d’Woiechten draan,
D’Stelheèd firt zum Himmel aan.
Ruck, over si dréht,
Andem dat se fléht Um Reck,
Ganzfleck,
Gelt d’Noiecht,
Gev oiecht:
Eng Mö’ren Haut,
E stomme’ Laut,
Gröss a’ kleng zegleich,
Daav an dach Gehéerreich,
Aus blannen Ae' kuckt,
Waat weit a' breet sech muckt.
Spanne' bauen, Rate' brucken,
Déf an dauscnd 'Pökékaulen,
Flenntermaeis zu’r Noies auskucken,
Möken an der Gurgel maulen
Do wö Schlange’ gin,
Lieveg Moiede’ stin,
Vum Ongeziwer,
Ruck, laeft se iver:
Dat sech haett, se , God , jo sohn,
Am Himmel selver ivergin,
Wé d’Noiecht v' sengem Pap gedoon,
Sein hellegt A fir d’éscht gesin.
Si wenkt, den Himmel gleich yoll Lampe’ get,
Aus hirem Kap eng Idé tret,
Dé rifit dem Mond : je, joh deng Stemm
Weit a’ breet heremm,
De Mohnd giev fond ; si ruff : me héer,
Ob d’Haed dei’ Feier kéer,
Meng Meeschtesch loest der sohn,
Deng Flaam a’ Bescher och ze drohn;
Hoiel drob kee’ Schlof,
An d’Mier klamm ov,
Ob Ruine’ fleh nach héch,
Gev oiecht ob mei’ Gespréch:
Waat déf do niede’ kreicht,
An héch hei oievé’ streicht,
Kuurz waat sech zogedrohn
Soll moier deng Nohriicht sohn.
Si rifit doierob sech aus dem Othom:
Me héer Schlof,
Lés d’Waachen ov,
Dervir dach héer deze' Rothen:
Aus dem Lieve’ kéer,
Waat Wonnesch och do wéer,
Joh Idé, Neid än Häas,
Geschwenn eweg mer dat Gefier,
Drob an de’ Neischt mer d’Lieve’ spier,


Do stéh;
Nu géh,
Den Draem eleng loos Plaaz.
Et steeht am Himmelsfeld,
Wö d’Sèn zö’m Neischt sech néhert,
Eng Welte' gleicheg Zelt,
Vu’m lieven ongestéert;
Scho' moien' che' Geescht löf ob der Stroos,
Dem A daat Wonnerland ze schaafen,
Dach hoiet zè’m Gleck hen d’Méh verloost,
Sos gév hen haut dernoh nach laafen.
Hei woienen d’Draem, num héert
Hirt Lieve’ kirzléch léhert.
Vun Damp, ech wees net wé hen heescht,
Hir Leiver sen, an hire' Geescht,
Vu’ kenger sech'er Fur’m emgin,
Sen alles waat se welle’ sin.
Sö lang as d’Waache’ streng regéert,
Net Neischt, net Eppes, ongestéert
Sen, net am Död sen, net am Lieven
Se, sonner oien d’Gestalt ze kheven,
An engem Stoff, onendlech ausgebreer,
Zö allem gleich gescheckt a’ leicht bereet,
Aus desem Stoff, waat as, waat wor, waat get,
A’ wé dé drei verschiden och sech reihen,
An d’lig’necht sen ma’m Schein vu’m wöer tret;


Dé do, vom Schlof bewaacht, a’ Kette' leihen,
Dé milliöne’ Geeschter, ohne Eegen,
MatFreed, mat Schm'ierz, mat Leed, mat Seegen,
Noh hirem Well ze lenken,
Erhoieven iver d’Denken.
A' wé de’ Laut , deen d'Noiecht verscheckt,
Rifft: ob aus eerem Neischt genohte’ Lieven,
Sech dausend wonnerbar Gestalten hieven;
Dem Kahos , gleich gebilt , entreckt
Eng Welt vu’ liigteria Eppes, sech verschieden,
Dé koemt ob d’Wuurt, daat rifft, geriden.
« A’ China git dir hei,
Och etlech an d’Tirkei,
Dé Gees dem Kaeser Knaupe’ giev,
Dat dreimool s’aus dem Schlof hen lüev;
A’ Lapland laaft dir aner,
Och bei den Afrikaner;
Vu’ Java bis zö’m Feierland,
Des hei do hi’ gerand;
Ech ruffen iech do hannen,
Neiholland obzefannen;
Och kréhen dé do iver,
Europa huurteg iver;
Kolbmbusland an engem Spronk z’erreechen,
Daa’rfen dé do nieden net erbleechen. »


An, d’Meeschtesch Wuurt ze éh’ren,
Laeft alles ov rulé’ren.

Over do schleif dei’ bluddegt Messer,
Mierder , a' soh haut geeht et besser,
Héert, oh ai! oh ai!
Laeft do e' bluddegt Geschrei,
An d’Blut flésl,
De’ Wand bloest,
D'Wollek fléht,
D’Loied kréht,
Geeht ob an zè,
Nun as et Roh.
Heh Irer! Irer! héer,
Heihin dei’ Foesche’ féer,
Hei wo et blenkt,
Daat d’Trauliicht wenkt:
Ha , ha , ha ! hai ja!
Laachen se , kuck ,
Leit hen do , mai ja!
Keng sech muck!
An d’Noiecht um halve’ Gank vun hire’Freeden,
Hir GlonV weit a’ breet heremm ze spreeden,
Hir Dothén haut ze fei’ren ,
Rifft: Geilien h'ier a' Lei’ren.


Eng an eng,
Doier em d’Steng,
Wò d’Gaalge’ steeht,
Wò d’Noiezeil geeht,
D’Hexe’ fléhen,
Em sech drëhen,
An dem Kranz,
Nun am Danz.
Do juppelt eng,
Ganz eleng,
Ob den Huppen,
Kleckt an d’Haenn,
All behenn
Em se luppen.
Kuck, eng Geih,
Hei elei!
Ob d’Gaalge’ kloemmt,
Sech selver stemmt,
Rifö: herov : me Hex , oh héer!
Erem dei’ Foesche’ féer,
Keng gi’ev bang,
Juppelt lang.
D’Maenner kick’len,
D’Leiver wick’lcn,
D’Kaep gin hin an hier,
Wé d’Wellen ob dem Mier,


Hexen ob de' Kretschen,
Mat den Haenne’ kletschen.
Oie’ faenkt d’Leier,
Drob e' Feier,
Rifft: jeeh herbei
D’ganz Hexerei!
Em d’Leier laafen,
Âll ze gaafen
Hex e' Kessel,
Héch ob tessel,
Sprangt heremm
Mat hellef Stemm;
Kacht,
Bracht,
De' Brei,
Herbei!
Vu’ Juden-Haiet,
Yun Tiirke Leid,
Meschtpull
Draa’ rull,
En Döde’kap
Och draa’ rap,
Sieve’ Kneipen,
Draachen Treipen,
Tubaks Âeschen,
Lieder Taeschen,

Schwievel dut,
An de’ Brut,
Och Zalfei
Doa' leih;
Donnerkraut,
Onken-Haut,
Eile’-Longen,
Möken-Zongen,
Dode’-Loieden,
Stenckech Moieden,
Bluddeg Haenn,
Schlangen-Zaenn,
Lieveg Maeis,
Ah dé Speis;
Geese’-Gaal
Draa’ faal
Hirschhoier
Duteloier,
A’ réert, réert, réert,
Heremm dé Speische’ féert
Greeft nach weider draan,
Scorpiorjen-A’n,
Raate’-Mellech
Laaf draa’ voelleg;
E' grenge’ Freesch
Draa’ verleesdi,


Guckuks-Ee’r,
Hire' Leer,
An der Zop
Hoien doierop.
Rufft: zò'm Brei,
All herbei!
Schmiert an d’Doepchen,
Dé gut Droepchen;
Wonner Kraaft
Hoiet dee’ Saaft.
Sangt: Mat desem Schmier
Sprang’n ech iver d’Mier,
Ech sprangen aus der Kloft,
Ech fléhen an der Loft
Honnert Stonne’ weit,
Ân engem Âhleck Zeit
Ech sen zogleich
A’ jidem Reich.
E’ Pallaas
Âm Moraas
Leiht heremm
Ob meng Stemm.
Am Himmel geeht e’ Wieder,
tléhe’ Steng, feirech Rieder,
Bluddeg Hierzer,
Gliddeg Schwierter,


Dödeg Leid;
E’ P’ierd reidt,
Ruck , héch ob,
Am Galop;
-D’Rométe’ gin,
D’Zeite’ stin,
D’Sonn faellt em
Ob meng Stemm.
Stel, giet oiecht,
Wenkt hen d’Noiecht,
De’ Freede saat,
Dé se haat.
D’Dödeloiede’ kraachen,
D’Griever oh sech maachen,
D’Rnochen laafen oieneneen,
Gi’ Raep, Leiver, Haenn a’ Been;
Eng Stemm laeft hoiel dohi’er:
Waat as dan dei’ Begier,
Woiefir meng RÖh ze sté’ren,
Meng Glider obzeré’ren,
Woiefir aus hirem Dödenhaus,
Riffs de d’röheg Geeschter aus.
Si laafen hin an hier,
Ze Föss, och am Gefier,
Dausend Stonn dé eng,
Déanerkeng,

Verdeelen sech an d’Stied,
Ob d’Feld an, ohne Riied,
Si stin, si gin, si wenken,
Bis hir Stonne’ penken.
D’Hoiene’ kréhen,
D’Hexe’ fléhen,
D’Eile’ gin,
D’Geeschter sin
An der Röh,
Halver zwö
Hoiet geschloon,
’T as gedoon.
An d’Noiecht, um Boierd vum Graav,
Haellt z’reck eng Weill de’ Laaf,
Sidenkt,
A’lenkt,
Oh! traurech hire’ Gank ,
Zu’m nohen Ennersank.
Ech wor, seht Schret vir Schret,
Wö weeder Zeit nach Raram mé get,
Am donk’le’ Neischt daat eenzegt Lieven ,
Ech éwegt sen — wé — kann ech stiervèn!
A’ muss ech haut vergoon,
Vum Daag, dé Schaan erdrohn — —
Neen — och Welte’ sech obheefen,
Ja — a’ mir jo dach erseefen !


Deiwel dach all Hellekraaft,
Ohne Rascht daat Deng verschaaft,
Waat, ohne Roh, meng Rieder ze versté’ren,
Gént mech sech wiert, den Ennergank ze ké’ren
Am eid’le’ Neischt fir Zeit gebruckt,
D’Ee vum lvel auszebréen,
Keen Hauch haett du sech frech gemuckt
D’Raad vu’ mengem Gleck zu dréen!
Waat sen ech - -
Gleich a’ mech
Selver wellt ech mech verdilgen,
Fé, der Nod mat Schaan ze bilgen,
Gév mer d’Quaal,
Spét nach baal,
De séch’re’ Streck net schenken,
A’ Brand a’ Raach,
Den Daag
Z’m Ennergank ze lenken.
Gesoht. De Merges-Stïer trompett
Henkel, Full, a’ Mensch vu’m Bett.
All sangt a’ bïedt,
Um Land a’ Stied,
Ze maan dem Daag eert Kompliment.
He’ noht der Poiert vu’m Firmament.
D’Fulle’ gipsen,
D’Henkle’ schnipsen,


Pingpang, ruffeu d’Klache', hkomeent,
Fir d’Fréhmess, Iaaft, höiet d’Zeit getrommt,
Scho' schilzt der Daag zu’m Himmel aan,
Dem Moierge' riflt o btomtim.
   De Schéfer tuut,
   An d’Kèh muuht,
   D’Wierksüet fachen,
   D’Zoppe’ kacheti,
Jes , do as der Daag,
Nun dech fitrdeg maach,
Sos get gewess et, asni’et wees,
Jo, d’Saeche’ von der rode’ Gees.