D'Flò an de' Pierzrecher

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
D'Flò an de' Pierzrecher  (1829) 
by Antoine Meyer
E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus


* * *



D’FLÒ AN DE’ PÏERZKRECHER.


Era Flò soht ob dem Weeh:
Wie’ rifft do hannen - heh!
Koemt zo mer oien am kreichen,
Geloieden dur’ch de’ Steps ze keichen?
« E’ Pierzkrecher sen ech vu’ Gebuurt,»
Rifft gleich e’ Nohpescht-Wuurt,
« Muss haut, nach vir dem Daag,
» Erschengen ob der Nonne’baach;
» Well moier, nach éh’r as d’Sonne’straalen
» Fir d’éscht heremm ob d’Bierger faalen,
» Sò weit as d’A geseit,
» Erschengt, vu’ noh, vu’ weit,
» Nach mé as wivil dauzend Pierd,
» Um groeste Maart vun alle’ Mïert:
» Mei’ Gleck ob ee’mool do ze fannen,
» Muss ech haut ewéneg mech begannen.
» Dach, wa’ mat dir ech kent
» Hei reesen nun oh Frend,
» Dech loiede’ bis zu klengem Rescht,
» Mat mengen ongeheire’ Laescht,


» Da’ kent mein Oiert ech haut erreechen,
» Anescht muss ech hei erbleechen.
» Net waerst de dech, oh Frend, beklohn,
» Vu’ mir Ondankbarkeet z’erdrohn,
» Ech sen an alle’ Laenner,
» Als brav erkannt vum Kenner;
» Och, nïeven all dé aner Kaeschten,
» As hei eng Buttel Wein zo’m beschten.»
Drob d’Flo, mat Dank, zo’m schwaarzen Déer:
« Du dees mer oien eng hégech Eer,
» Mat dir ze reese’ gïer bereet,
» Soll haale’ mech keng Méh, kee’ Leed.»
A’ gleich ob hire’ Bockel loied,
Waat dez an hire’ Saecken hoiet:
Am éschte’ Wirtshaus a’gekéert,
Get gleich eng Buttel Wei’ geléert
No moienchem Spaas, nodeemm se vil gelaacht,
Hir Peifchen och zum Dronk geraacht,
Trett, ech wees net wé, an d’Broscht,
Zo’m Spott, der Fl verdiervlech Loscht:
«Ech wees,» faenkt d’oierech Zaenkesch oien,
»Am Danz, am Sprange’ bas d’en Hoin.
»De’ Ruff vun dezen dengen hége’ Goven,
»Am Oher klenkt vu’ Biedler wé vu’ Growen,
»Vum Pafendal bis an d’Tirkei
»Laeft dei Noiem wé Eomenei;


»Mer seht, dat am Brodé’ren,
»Och keen dech mé kent léh’ren;
»Wie’ welt ee’ meeschterlecher fannen
»Als dech, am Strecken an am Spannen,
»Kuurz, kent ech rïede’ gleich de Praesidenten,
» Wé welt ech loieven all deng grs Talenten!»
Bei sech seht drob daat anert Déer,
Ewell et wor net sonner Eher,
Dee’ Spott deen-s-du gedriven,
Get schonn der a’geriven;
Rifft: ’t get Noiecht - jeeh hop!
Do oieven op der Kop,
Kuck, w dé Laempche’ liicht,
Do woient meng Mim gediicht:
T’ as kaal, mir bleiwen do logé’ren,
Dat hent mer net erfré’ren.
Drob hiilt sech d’Flo a’ geeht,
A’ get bei d’Mim geleet.
Eng Diirche’ spiert hirt Haus,
Dé hleven s’aus dem Angel aus:
»Wïen do!» - rifft gleich eng Stemm,
«De Newe as heremm;
»’T as kaal, mir bleiven hei logé’ren,
»Dat hent mer net erfré’ren;
»Muss moier nach vir dem Daag,
»Erschengen ob der Nonne’baach,

» Sen hei mat schwé’re Laeschten.
» Heraan ’t as alles ïech zum beschten!»
Daat deckt Inseckt sprengt gleich an d’Stuff:
Oh ai! - laeft fiercht’lech noh e’ Ruff;
Alles koemt am laafen,
Hellef gleich ze schaafen.
« A’ kennt der net als Retter mer erblenken,»
Seht traurech d’Flo am Ennersenken,
(Si stog am Dreck bis oien de’ Mond,
An haat bei weidem nach kee’ Grond,)
«Da’ muss mei’ Kamerood mer dach verleihen,
»Dé eenzeg Gnood: mer alles ze verzeihen!
»Waat ech hem oie’gedoon vu’ Spott am Loieven,
»Daat as geriicht vun deem do oieven!
»D’Menschheet krit dur’ch mein Erdrenken,
»Dez héch geléhert Wenken:
»Dat, dem Mierder-Fanger ze entlaafen,
»Meng Flenkheet gov geschaafen;
»Eer Plompheet koemt ze Paas,
»Iech hei am steife’ Naas;
»An dat, ob Ierde keng Talenten
»Net hoien hir eegen Elementen!»