Jump to content

Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter

From Wikisource
Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter (2025)
translated by Commissaire à la langue luxembourgeoise
7065Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter2025Commissaire à la langue luxembourgeoise

PREAMBEL

[edit]

Well d’Unerkennung vun der ugebuerener Dignitéit a vun de gläichen an onersetzleche Rechter vun alle Mënschen d’Basis ass vun der Fräiheet, der Gerechtegkeet an dem Fridden an der Welt,

well et do, wou d’Mënscherechter net unerkannt a mëssuecht ginn, zu barbareschen Aktioune komm ass, déi d’Gewësse vun der Mënschheet revoltéieren, a well erkläert ginn ass, datt d’Schafe vun enger Welt, an där d’Mënsche fräi sinn, ze schwätzen an ze gleewen, wat se wëllen, a wou se fräi si vun Angscht an Nout, als dem Mënsch säin héchst Striewe gëllt,

well et noutwenneg ass, datt de Rechtssystem d’Mënscherechter protegéiert, fir datt de Mënsch net forcéiert gëtt, sech mat Revolt als leschten Auswee géint d’Tyrannei an d’Ënnerdréckung ze wieren,

well et noutwenneg ass, frëndschaftlech Relatiounen tëscht den Natiounen ze fërderen,

well d’Vëlker vun de Vereenten Natiounen an der Charta op en Neits hire Glawe proklaméiert hunn un déi fundamental Mënscherechter, un d’Dignitéit an un de Wäert vun der mënschlecher Persoun, un d’Gläichberechtegung vu Männer a Fraen, a well si decidéiert hunn, de soziale Fortschrëtt ze fërderen a besser Liewenskonditioune mat méi grousser Fräiheet ze schafen,

well d’Memberstaate sech verflicht hunn, an Zesummenaarbecht mat de Vereenten Natiounen, derfir ze suergen, datt d’Mënscherechter an d’Grondfräiheeten iwwerall respektéiert a realiséiert ginn,

well dat selwecht Verständnes vun dëse Rechter a Fräiheeten immens wichteg ass, fir dësen Engagement kënne ganz duerchzeféieren,

PROKLAMÉIERT D’GENERALVERSAMMLUNG:

Dës UNIVERSAL DEKLARATIOUN VUN DE MËNSCHERECHTER ass de gemeinsamen Ideal fir all Vollek an all Natioun, fir datt all eenzele Mënsch an all Organ vun der Gesellschaft sech déi Deklaratioun ëmmer virun Aen hält a sech beméit, duerch den Enseignement an d’Erzéiung de Respekt vun dëse Rechter a Fräiheeten ze entwéckelen an no an no duerch Mesuren um nationalen an internationale Plang ze garantéieren, datt dës Rechter a Fräiheete respektéiert an agehal gi vun de Populatiounen, deenen aus de Memberstaaten an deenen aus Gebidder, déi dëse Staaten ënnerstinn.

Artikel 1

[edit]

All d’Mënsche gi fräi gebuer, mat gläicher Dignitéit a mat deene selwechte Rechter. Alleguer hu se Verstand a Gewëssen a sollen am Geescht vun der Solidaritéit mateneen ëmgoen.

Artikel 2

[edit]

Jidderee kann all déi Rechter an all déi Fräiheeten, déi an dëser Deklaratioun proklaméiert sinn, fir sech verlaangen, ouni datt en Ënnerscheed gemaach gëtt opgrond vu Rass, Hautfaarf, Geschlecht, Sprooch, Relioun, politescher oder anerer Iwwerzeegung, nationalem oder sozialem Ursprong, Verméigen, Gebuert oder soss enger Situatioun.

Et däerf och keen Ënnerscheed gemaach ginn, dee mam politeschen, rechtlechen oder internationale Statut vun deem Land oder deem Gebitt begrënnt gëtt, aus deem eng Persoun staamt, egal ob dëst Land oder dëst Gebitt onofhängeg ass, ënner engem Mandat steet, net autonom ass oder eng limitéiert Souveränitéit huet.

Artikel 3

[edit]

All Mënsch huet Recht op d’Liewen, op d’Fräiheet an op d’Sécherheet vu senger Persoun.

Artikel 4

[edit]

Kee Mënsch däerf a Sklaverei oder a Kniechtschaft gehale ginn: D’Sklaverei an de Sklavenhandel sinn an all hire Forme verbueden.

Artikel 5

[edit]

Keen däerf gefoltert ginn; keen däerf grausam, onmënschlech oder onwierdeg behandelt oder bestrooft ginn.

Artikel 6

[edit]

Jiddereen huet d’Recht, datt en iwwerall als juristesch Personalitéit unerkannt gëtt.

Artikel 7

[edit]

D’Mënsche sinn alleguer gläich virum Gesetz a se hunn ouni Ënnerscheed Recht op dee selwechte Schutz duerch d’Gesetz. Alleguer hu se Recht op dee selwechte Schutz virun all Diskriminatioun, déi dës Deklaratioun géing verletzen, a virun all Incitatioun zu sou enger Diskriminatioun.

Artikel 8

[edit]

All Mënsch huet d’Recht op e Recours bei deenen zoustännegen nationale Geriichter géint déi Aktiounen, mat deene seng fundamental Rechter, déi him duerch d’Constitutioun oder duerch d’Gesetz zoustinn, verletzt ginn.

Artikel 9

[edit]

Kee Mënsch däerf willkürlech verhaft, agespaart oder aus dem Land gewise ginn.

Artikel 10

[edit]

All Mënsch huet a gläichem Mooss Usproch op e gerecht an ëffentlecht Verfaren, virun engem onofhängegen an onparteiesche Geriicht, fir seng Rechter a Flichte festzestellen oder fir d’Berechtegung ze kläre vun all strofrechtlecher Uklo, déi géint hien erhuewe gëtt.

Artikel 11

[edit]
  1. All Mënsch, dee wéinst engem strofbaren Akt ugeklot gëtt, gëllt als onschëlleg, bis seng Schold nogewise ginn ass, esou ewéi d’Gesetzer et virgesinn, an engem ëffentleche Prozess, an deem hien all néideg Garantië krut, déi fir seng Verdeedegung néideg waren.
  2. Keen däerf verurteelt gi fir Aktiounen, déi e gemaach oder ënnerlooss huet, déi deen Ament, an deem dat geschitt ass, no nationalem oder internationalem Recht net strofbar waren. Och däerf keen eng méi héich Strof kréien ewéi déi, déi deen Ament applizéiert gouf, an deem déi Aktioun gemaach oder ënnerlooss ginn ass.

Artikel 12

[edit]

An enger Persoun hiert Privatliewen, hir Famill, hir Wunneng an hir Korrespondenz däerf net willkürlech agegraff ginn, hir Éier an hire gudde Ruff däerfen net ugegraff ginn. All Mënsch huet d’Recht op de Schutz duerch d’Gesetz géint esou Agrëffer an Ugrëffer.

Artikel 13

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht, fräi bannent de Grenze vum Staat ze zirkuléieren a seng Residenz fräi ze wielen.
  2. All Mënsch huet d’Recht, all Land ze verloossen, och säin eegent, an nees a säi Land hanneschtzekommen.

Artikel 14

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht, wann e verfollegt gëtt, fir Asyl an anere Länner ze sichen an ze kréien.
  2. Op dëst Recht ka sech net beruff ginn am Fall vun Ukloe wéinst net-politesche Verbriechen oder wéinst Aktiounen, déi géint d’Ziler an d’Grondsätz vun de Vereenten Natioune verstoussen.

Artikel 15

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht op eng Nationalitéit.
  2. Seng Nationalitéit däerf kengem Mënsch willkürlech entzu ginn, och net d’Recht, fir seng Nationalitéit ze wiesselen.

Artikel 16

[edit]
  1. Wa Mann a Fra am Alter sinn, fir sech ze bestueden, hu se d’Recht, dat ze maachen an eng Famill ze grënnen, ouni iergendeng Restriktioun opgrond vu Rass, Nationalitéit oder Relioun. Si hu beim Bestietnes, am Bestietnes a bei senger Opléisung déi selwecht Rechter.
  2. Eng Koppel däerf nëmme mat der fräier a voller Awëllegung vu béide Partner bestuet ginn.
  3. D’Famill ass dat natierlecht Basiselement vun der Gesellschaft an huet d’Recht op de Schutz duerch Gesellschaft a Staat.

Artikel 17

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht op Eegentum, eleng oder mat aneren zesummen.
  2. Säin Eegentum däerf kengem Mënsch willkürlech ewechgeholl ginn.

Artikel 18

[edit]

All Mënsch huet d’Recht op Gedanken-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet; an dësem Recht mat dran ass d’Fräiheet, fir seng Relioun oder seng Iwwerzeegungen ze änneren, gradewéi d’Fräiheet, fir sengen Iwwerzeegungen no ze liewen, eleng oder mat aneren zesummen, ëffentlech oder privat, an dat ze bekennen duerch Unterrecht, Praktizéieren, Gottesdéngschter an d’Feiere vu Riten.

Artikel 19

[edit]

All Mënsch huet d’Recht op eng fräi Meenung an däerf se fräi ausdrécken. Hien däerf net wéinst senge Meenungen diskriminéiert oder bestrooft ginn, a jiddereen däerf Informatiounen an Iddie sichen, kréien a verbreede mat alle Mëttelen, déi et gëtt, fir sech auszedrécken.

Artikel 20

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht, sech friddlech mat aneren ze versammelen an a Vereenegungen zesummenzedoen.
  2. Keen däerf gezwonge ginn, sech enger Vereenegung unzeschléissen.

Artikel 21

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht, fir un der politescher Leedung vu sengem Land matzewierken, sief et direkt oder duerch fräi gewielte Vertrieder.
  2. All Mënsch huet d’Recht, fir ënner gläiche Konditiounen an d’ëffentlech Funktioune vu sengem Land anzetrieden.
  3. De Vollekswëllen ass d’Basis fir d’Autoritéit vun den ëffentlechen Administratiounen: Dee Wëlle muss sech ausdrécken an éierlechen, reegelméissegen, allgemengen, fir jidderee gläichen a geheime Walen oder mat enger gläichwäerteger Prozedur, déi fräi Wale garantéiert.

Artikel 22

[edit]

All Mënsch huet als Member vun der Gesellschaft d’Recht op sozial Sécherheet: Hien huet den Usproch op de Genoss vun de wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Rechter, déi fir seng Dignitéit an d’fräi Entwécklung vu senger Perséinlechkeet néideg sinn. Dëst gëtt garantéiert duerch national Mesuren an international Zesummenaarbecht, am Respekt vun der Organisatioun an de Ressourcë vun all Staat.

Artikel 23

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht op Aarbecht, op d’fräi Wiel vu sengem Beruff, op gerecht an uerdentlech Aarbechtskonditiounen an op Protektioun géint de Chômage.
  2. Jiddereen huet ouni Diskriminatioun d’Recht op dee selwechte Loun fir déi selwecht Aarbecht.
  3. Jiddereen, dee schafft, huet d’Recht op e gerechten an uerdentleche Loun, deen him a senger Famill eng Existenz an der mënschlecher Dignitéit garantéiert, an, wann néideg, d’Recht, duerch sozial Mesurë gestäipt ze ginn.
  4. All Mënsch huet d’Recht, fir mat anere Leit Beruffsorganisatiounen ze grënnen an an enger Beruffsorganisatioun Member ze ginn, fir seng Interessien ze verdeedegen.

Artikel 24

[edit]

All Mënsch huet d’Recht op Erhuelung a Fräizäit, a besonnesch op eng raisonnabel Begrenzung vun der Aarbechtszäit an op periodesche bezuelte Congé.

Artikel 25

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht op e Liewensniveau, deen him selwer a senger Famill Gesondheet a Wuelbefanne garantéiert, mat genuch z’iessen, Kleedung, enger Wunneng, medezinescher Versuergung an deenen néidege soziale Leeschtungen; hien huet d’Recht op Sécherheet am Fall vu Chômage, Krankheet, Invaliditéit, als Wittfra oder Wittmann, am Alter an an anere Fäll, an deenen hien ouni seng eege Schold d’Mëttele fir säi Liewensënnerhalt net méi huet.
  2. Mammen a Kanner hunn d’Recht op speziell Hëllef a Bäistand. D’Kanner kréien alleguer dee selwechte soziale Schutz, egal ob se an engem Bestietnes gebuer ginn oder net.

Artikel 26

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht op Bildung. Den Unterrecht ass gratis, op d’mannst fir d’Grondschoul an déi elementar Bildung. D’Grondschoul ass obligatoresch. Den techneschen an de berufflechen Unterrecht musse fir jiddereen accessibel sinn. All d’Mënsche mat deene selwechte Fäegkeete mussen déi selwecht Méiglechkeet hunn, op eng Héichschoul ze goen.
  2. D’Bildung viséiert déi voll Entwécklung vun der mënschlecher Perséinlechkeet an d’Stäerke vum Respekt vun de Mënscherechter a vun de Grondfräiheeten. Se fërdert de Respekt an d’Frëndschaft tëscht allen Natiounen an allen ethneschen oder reliéise Gruppen, gradewéi d’Aktivitéite vun de Vereenten Natiounen zu Gonschte vum Erhale vum Fridden.
  3. D’Elteren hunn dat prioritäert Recht, fir d’Aart a Weis vun hire Kanner hirer Bildung ze wielen.

Artikel 27

[edit]
  1. All Mënsch huet d’Recht, fräi un der Communautéit hirem kulturelle Liewen deelzehuelen, Konscht ze genéissen a vum wëssenschaftleche Fortschrëtt an deem senge Produktiounen ze profitéieren.
  2. Jiddereen huet d’Recht op de Schutz vun de moraleschen a materiellen Interessien, déi him als Auteur vu wëssenschaftlechen, literareschen oder artistesche Wierker zoustinn.

Artikel 28

[edit]

All Mënsch huet d’Recht op eng sozial an international Uerdnung, an där déi Rechter a Fräiheeten, déi an dëser Deklaratioun opgezielt ginn, voll a ganz kënne realiséiert ginn.

Artikel 29

[edit]
  1. All Mënsch huet Flichte vis-à-vis vun der Communautéit, an där eleng déi fräi a voll Realisatioun vu senger Perséinlechkeet méiglech ass.
  2. Am Gebrauch vu senge Rechter an am Genoss vu senge Fräiheeten ass jiddereen nëmmen doduerch limitéiert, wat d’Gesetz just dofir virgesäit, fir d’Unerkennung an de Respekt vun deenen aneren hire Rechter a Fräiheeten ze sécheren a fir dem gerechten Usproch op Moral, ëffentlech Uerdnung an allgemengt Wuel an enger demokratescher Gesellschaft ze entspriechen.
  3. Dës Rechter a Fräiheeten däerfen a kengem Fall am Widdersproch stoe mat den Ziler a Prinzippie vun de Vereenten Natiounen.

Artikel 30

[edit]

Keng Bestëmmung vun dëser Deklaratioun däerf esou ausgeluecht ginn, datt e Staat, eng Grupp oder en eenzele Mënsch domat d’Recht op eng Demarche oder op Aktiounen hätt, mat deenen d’Rechter an d’Fräiheeten aus dëser Deklaratioun géifen zerstéiert ginn.

Aner Sproochen

[edit]