Page:E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus.djvu/43

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
This page has not been proofread.
(43)


Gesin deng Knoche’ schon am Grav sech ré’ren,
Daat, oh steh mer bei mei’ léve’ Gott do oieven!
Dei’ ganze’ Rass, dee’ jider ee’ muss loieven,
Bis an dé allerspétest Dohn,
Mat Schiemt a’ Schaan, waerd schlohn.
Haal aan deng Riede’, Weissen, haal se aan!
Seht drob de’ Praesident, a’ wescht sech d’A’n,
Du haaz d’Talent ons Hïerzer ze erweechen,
Net waers de schaendlech haut erbleechen!
D’Trénen dé wé Bure’ laafen,
Aus allen A’n dé ons begaafen,
Dé lossen dech net ennergohn;
Och as deng Stroof der nohgesohn!
Bravo! kleckt alles héch an d’Haenn,
Aus Freed fir d’gut erfollegt Enn,
An alles em den Halz hem laeft,
An an den Trénen hen ersaeft.
Mir seht, dat graad an deem Moment,
Ob d’Scheller flog vum Praesident,
Eng schloiedweis Dauf, an doraus liicht,
Dat Gott zefriede’ wor mat deem Geriicht.
Och seht mer datt, ze danke’ Gott,
Gehaale’ gov eng grs Ribott.