Renert/8

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange


Aachte Gesank.


Se goungen du an d'Festonk,
De Grimpert holt sech Plaz.
Du sot de Fuuss zur Frächen:
Bréng d'Iessen nu, mäi Schaz!

Se oussen an se dronken,
A käschtlech war all Speis;
Du sot de Fuuss: Mä Nëwéi,
Wat gët dobaussen Neis?

En aner lieft eleng hei an
'T kënnt een net eraus,
Weil 't huet een alt seng Aarbecht
Am Bësch an och ëm d'Haus.

Kënnt nëmmescht ee besichen,
Da gët een näischt gewuer;
Dir kommt alt hin and widder,
Bal hier an och bal duer.

Hei hunn ech, sot de Grimpert,
Eng Zeitonk wierklech nach;
Ech hat mer déi de Muergen an
'Broschtentäsch gestach.

Ech sinn drop abonnéiert
E Jor or zwanzeg schir,
A mécht et iech Pleséier,
Da liesen ech se vir.

Den Dréihals ass Redakter,
Den Uess huet d'Dréckerei.
Se son och alt, hir Zeitonk
Héil kengem seng Partei.

Drop setzt den Dachs geléiert
De Brëll sech an d'Gesiicht.
Da fänkt en un ze liesen
D'politisch Iwwersiicht:

"Et sëtzt en ale Puddel
Beim Feier zu Parais,
E réiert an em Kessel
mat engem Biesemsrais.

De Puddel sëtzt verdrësslech
Mat Raten do am Réck:
E kacht e gir eng Stiirzel
A kitt d'Gekläpps net déck. --

A Spuenjen aus der Spënnchen
Verjoten d'Leit eng Kaz:
Nu danzen ëm d'Paschtéiten
Wuel dausend Mais an d'Plaz. --

Bei Roum do sëtzt ze biichten
E Fräsch beim Schliekenhaus;
De Fräsch dee wëllt e friessen:
De Schliek dee kricht net aus. --

Zu Wéin e kranke Kiebchen
An enger Spaicherliicht,
De géif wuel gire fléien,
Mä 't feelt em un ër Fliicht. --

A Mähe bei Sadowa
Do huet e jongen Huer
Gefaangen d'lescht e Maulef,
An du de Kapp verluer.

Den aarmen Huer gouf geckeg,
Soss war en zimlech weis,
Nu deet en naischt als sangen:
Gottlob, ech sinn e Preiss. --

Dat Liddche kënnt de Rate
Beim Puddel nun ze dack,
Do zraissen déi dem Aarmen
Vu Roserei de Frack.

Nun ass et jo ze fiirchten,
De Puddel géif och Geck,
De Kiebche bléif e Krëppel,
An d'Mais déi fréisse Speck.

An 't kënnt nun och geschéien,
Dem Puddel géif et baang,
De Schliek dee bléif am Haischen,
Dem Fräsch géif d'Zait ze laang.

En anert wär och méiglech:
De Kessel schéisst sech lass,
An 't fléig e glid'ge Stiirzel
Dem Hingerdéif an d'Strass.

Da wëllt de Kiebche fléien
A féil dem Schliek an d'Täsch,
Da streckt de Schliek seng Hueren
An deen erstéich de Fräsch.

E véiert ass nach méiglech,
Wat och geschéie kann:
Den Huer, e fréiss di Raten
A kraazt de Puddel blann.

Da fréiss de Fräsch de Schliek op,
De Kiebche kuckt em no.
Da géiwen dir all Bëscher
An d'Sonn an d'Stire gro."

Mä Nëwéi, sot de Renert,
Ass dat net bal verbäi?
Ech muss iech son,
dat do ass e ganz verfluchte Bräi.

Mir deet et naischt, sot Grimpert,
Ech si gewinnt duerun:
Am Inland looss mer kucken,
A wat se do nach hunn.

"Zu Lëtzebuerg gesait een
Um grousse Knuedlergaart
Drai Kuedren sech zerbaissen:
'T geet fir eng Hameschwaart.

De Schwaarze wëllt se huelen,
En dréig se gir no Roum:
Et géif e feint Puer Suelen
Fir d'Koschtren an em Doum.

De Rouden hätt s'och giren,
Deen dréig se no Berlin.
Se géiwen him eng Wuuscht do
Fir a sai Knapplach ginn.

An zu Parais dem Keser
Sai Mantel huet e Lach.
De Groe mengt, déi Schwäertchen,
Déi géif et stoppen nach.

An dréig hien déi dem Keser
Da wär de Keser frou,
Dee géif him da wuel schenken
Gewëss eng Maus or zwou."

De Fiissche sot mat Gaapsen:
'T ass näischt als Hätt an Hat,
A Wär a Wann: Mä dovun
Ësst keemol een sech sat.

Dat misst mir besser gräifen
Bei sou em Fiederdanz;
'T misst engem fir en A gon,
Deem aner fir de Schwanz.

Et steet näischt dra vu Fiissen,
An duerfir klappt et net.
Se molen an se schmieren,
Kee Mënsch weess, wat et gët.

Ech muss iech eng verzielen
Vum Brudder Langrand dach.
En huet gewunnt a Brobant
A sengem Fuusselach.

En hat net vëlleg z'iessen,
Du duecht en: Wat der Blëtz!
Fir Honger hei ze leiden,
Ass dat da Fuussewëtz?

Du mécht en sech seng Plangen,
De Kärel huet Geschéck:
E werft de Poopst an d'Geestlech
Mat Fiffen op de Réck.

A wéi, dat sollt der héiren:
E mécht sech klerikal
An hëlleft du mat Kniffen
A Gléck bei enger Wal.

Du gouf en da geféischtert,
Gestréilt vun der Partei:
Seng Dir se war fir d'Geeschtlech
Wat d'Zittlach ass fir d'Bei.

E goung all Dag an d'Mëssen
Zu Bréissel an den Doum.
Du sot en ees dem Bëschef:
Ech géing nach gär no Roum;

Ech weess e gëlde Kallef,
Begruewen déif am Sand;
Dat weit un elef Zenner,
An 't läit an Ongerland.

Mä ir ech daarf et huelen
A faassen a meng Këscht,
Muss schrëftlech ech verschenken
De Kapp dem frummste Krëscht.

Ech géif de Poopst gär froen,
Wat hien nu dovun denkt:
Ass hei de Kapp vum Kallef,
Ass mäin domat gemenkt?

De Kapp, sou steet geschriwwen:
Kuckt hei, et liest sech gutt,
Vu mengem Papp geschriwwen,
Ech hunn en hei am Hutt.

Du schléit en dann dem Bëschef
De Ligenziedel op;
'T war alles klor beschriwwen;
Mä d'Plaz, déi stoung net drop.

Déi weess ech, sot de Langrand,
Déi son ech kengem, Här:
'T ass alles an der Uerder,
Wann dat vum Kapp dra wär.

De Bëschef liest d'Beschreiwonk
Nach eemol Rei fir Rei.
Du sot en da ganz frëndlech
Dem Langrand frou dat hei:

Do ginn ech iech mäi Segen!
Jo, ginn no Roum, dir wësst:
De Cardinal Tonelli
Dee kennt de frummste Krëst.

Dee wäerd iech och scho wëssen
Ze son déi Saach vum Kapp,
Eseet iech dann d'ganz Menonk
Vun ierem frumme Papp.

Ech ginn iech och e Schreiwen,
Dat huelt der mat dohin,
Da wäerd der schéin empfaangen
Vum Här Tonelli ginn.

Mäi Brudder goung mam Schreiwen
Nom Bëschef sengem Rot:
Zu Roum do koum e wëllkëmm;
Den Här Tonelli sot:

De Kallefskapp ass d'Menonk
Vun ierem brave Papp:
Wat soll e Krëscht och maachen
Mat engem Fuussekapp?

Nun ass och guer keen Zweiwel:
De Poopst dat ass de Mann,
Deen ee vun alle Krëschten
Dee Beschten nenne kann.

Drop krut de Poopst beschriwwen
De Kapp vum gëlde Kallef,
Aus Dankbarkeet derniewent
Den Hals mat, iwwer hallef.

Du leet de Poopst de Schlëssel
Vum Himmel aus der Hand
A street op d'Ennerschrëft dann
Dem Fiissche Sëlwersand.

E lueft de Langrand eeschtlech,
En nennt en: léiwe Sonn,
A gët dem Fuuss den Adel.
Deen hat du d'Spill gewonn.

En hëlt nach mat de Segen,
An d'Kräizchen, dat e kitt;
E kësst dem Poopst d'Pantoffel,
Laacht heemlech an en zitt.

Drop léint en op säi Kallef
All Gelder, déi e kitt
Bei Welschen a bei Däitschen:
Säin Titel mécht Kredit.

An du e fréie Muergen
Mécht Fuuss sech op de Pull:
Seng Këscht ass voll Milljounen,
Säi gëlde Kallef -- null.

E schruf vun Neiyork aus
Du dem Poopst e schéine Bréif:
E schruf: Här Poopst, mäi Kallef
Dat loug ersierklech déif.

Ech hunn demo gegruewen
Duerch d'Äerd als wi eng Maus,
A koum no laangem Wullen
Zu Neiyork hei eraus.

Hei fond ech du mäi Kallef,
Mä 't ass kee Kapp méi drun:
Nu muss ech awer hoffen,
Dir wäerd zu Roum en hunn.

Mä wann der d'Geld loosst mënzen,
Da loosst mäi Bild drop schlon,
Da wäerden all gutt Krëschten
Nach laang vum Langrand son.

Wann d'Schrëfte stinn in Rebus,
Ech roden, bleift dervun!
D'Onfeelbarkeet fänkt ëmmer
Eréischt bei Wierder un.

Haalt dir iech bei de Wierder! --
Mäi Papp huet dack gesot:
Schéi Riede sinn ze brauchen,
Mä d'Praxis ass den Drot." --

Esou gesitt dir, Nëwéi,
Sou dreiwe mir eist Spill;
A wou mam Krop geschafft gët,
Do ass de Fuuss um Still.

'T ass eeschtlech, sot de Grimpert,
Dir Männer sid dach king;
Ech duecht net, datt e Poopst nach
An d'Fuussefale ging. --

Dem Kinge steet d'ganz Welt op. --
Do kuckt mäi Brudder Raps:
Dee mécht déi graffst Geschäften,
Sot Fuuss, a kee seet: aps.

Sou ass eis ganz Familjen.
Mä Papp huet dack gesot:
Wa Renert wëllt stodéieren,
Dat géif en Affekot!

Meng Jongen, kuckt hei, Nëwéi,
Déi si mer nogeschlon;
An 't kënnt ee mat deen zwéinen
Zing aner siche gon.

Se ma kee Spronk vergiewes,
Se hu gerad mäin Zock;
Se huelen iech e Feldhung
Meng Sexter schuns am Flock.

De Graps, e fänkt säin Hieschen,
De Gripsche schnappt seng Int;
Se brénge wat se fänken,
Sou hunn ech se gewinnt.

Dir Jonge, sid mer wëtzeg,
A gët mer ëmmer uecht
Am Do op Honn a Jeër,
Op d'Falen an der Nuecht!

Se aarden sech, sot Grimpert,
Kuckt, Monnonk, 't mécht mer Freed;
Sollt hinnen eppes Iwwels
Geschéien, 't déit mer leed.

Drop goungen se du schlofen;
Gemächlech war de Lär
Vu Mooss an dréche Blieder,
Sou läit de Grimpert gär.

Dee foung gläich un ze ronken,
De Renert hat keng Rou;
En hat am Kapp Gedanken,
En hat am Réck eng Flou.

E war den aner Muergen
Den éischten op am Haus;
Gläich gouf de Grimpert waakreg,
Dee mouch sech och eraus.

Zur Fra sot du de Renert:
Ech muss zum Kinnek gon,
Mä sid dir awer roueg,
Et huet net vill ze son.

Ech denken, 't war den Duckert,
Deen huet mech nees verklot,
Ech hätt e solle friessen,
Dann hätt en näischt gesot.

Verhaalt iech dat, dir Jongen,
A sid mer kees ze mëll:
Déi Lieweg kënne schwätzen;
Déi Doudeg hale stëll.

A loosst mer keen entwëschen,
'T sief Kiebchen oder Kréi:
Mä gëtt mer uecht op d'Jeër,
Se laure spéit a fréi.

Se laure fréi op d'Huesen,
Steet d'Juegd och am Verbatt,
A kënnt zum Schoss e Fiisschen,
Deen huelen s'och alt mat.

De Renert an de Grimpert
Se ginn nu mateneen:
De Renert wëllt nees beichten;
De Grimpert sicht e Steen.

E geet sech duerop sëtzen,
E potert säi Gebiet;
De Renert krompt sech fuusseg,
Wi hien zum Beichtstull triet.