Renert/7

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange


Siwente Gesank.


De Léiw louss d'Déier ruffen,
Déi grouss als wéi déi kleng;
Se koumen all mat Hefen
A keemol eent eleng.

Zur Fiels am Ärenzdällchen
War hauer och e Fest,
Duer koumen d'Musikanten
An d'Sänger all déi best.

Vu Lëtzebreg vun Dickrech,
Vu Wolz an Iechtemach,
Vu Réimech, Gréiwemaacher,
Vu Miersch an Esch am Lach;

Vu Béibreg och, vu Veinen,
An déi vun Ettelbréck:
Je, wann ech s'all sollt nennen,
Da géif mäi Buch ze déck.

An d'Baure vun dem Ëmkreez,
Se koumen all zu Haf,
An eng di gunge séier,
Di aner si gelaf.

Do war eng Meng vu Leiden,
Et koum ee kaum derduerch.
An 't gouf gespillt, gesongen,
Um Maart an op der Buerg.

An owens gouf en Iessen,
Schéin Drénkspréch héiert een,
A munche war zum lesten
Net sécher op de Been.

Vill dausend faarweg Lampen
Hunn op der Buerg gebrannt,
Drop gouf e Fredefeier,
Näischt schéiner ass bekannt.

Sou koumen hei och d'Déier
Fir d'Fest erbei zum Léiw:
An 't wir och net geroden,
Wann eent net komme géif.

Se koumen op de Fliichten,
An 't koumen der zu Fouss;
An déi net konnte kommen,
Déi schéckten hire Grouss.

'T gesouch een d'Réi an d'Hirschen,
D'Wëllschwäin an d'Rär an d'Schnepp
An d'Päerd an d'Schof an d'Ranner
An d'Gäns mat groussen Träpp.

Den Atter, d'Fëss an d'Wisel,
An d'Däreldéier och;
Den Hiirz dee koum gefluen,
De Goldschmadd koum gekroch.

Zum éischte gouf en Iessen
Vun allerhand Geschmaach,
Do war och Häerz wat wëlls de,
'T krut gidweree seng Saach.

De Bier an d'Wëllef souzen
Dem Kinnek un der Säit:
Dat huet déi dräi geschmeechelt,
Mä 't huet den Dachs gehäit.

Zum leschte gouf och Musek,
Dat goung nu fein an d'Rei:
Um Pik'lo spillt de Léiweck,
An d'Grasmësch op der Gei.

Om Waldhuer spillen d'Mäerlen,
An d'Nuechtegailchen d'Flitt,
An no de Musikanten
Sengt Pillo nach e Lidd.

'T goung alles frou a lëschteg,
Dräi Deeg laang goung et gutt,
Du koum erbäi d'Kanéngchen,
Den Duckert, ouni Hutt.

Een Ouer léisst en hänken,
Dat anert war erof:
O kënnt dir dach erdenken,
Sou sot en, Här, eng Strof!

O kuckt, wat huet de Renert,
De Mierder, mer gedon!
A wann ech net entlaf wir,
En hätt mech dout geschlon.

Ech goung haut laanscht Malpaartes,
Ech wollt zu iech heihin,
Do souz de Fuuss ze lauren;
Ech hunn e wuel gesinn.

Ech mouch mech aus de Féissen,
Ech duecht: En ass net gutt.
Du koum en duergesprongen
A schloug mech op den Hutt.

Du Flantes kanns net gréissen!
Du weess dach, wien hei wunnt!
Sou jaut en, an du huet en
Mech nach emol gedunnt.

Mir goung den Hutt an d'Aen.
Du huet en duergebass:
Zum Gléck, ech louss em d'Ouer,
Soss war mäin Doud gewass.

D'Kanéngche wor kaum fäerdeg,
Du koum de Kueb gerannt
E koum a jaut am Fléien
A krasch als wi e Kand.

Här Kinnek! O meng Frächen,
De Renert huet s'erbass!
Här Kinnek, 't war eng Hausfra,
Wi néiren eng méi ass.

Wie fiddert mer meng Kanner,
Wien hält mer déi nu warem?
Se hunn nach guer keng Plommen,
Mäi Gott and Här wi arem!

Mer ware Moolber plécke
Fir si op d'Weller Heed,
Do loug de Renert doudeg:
Äis beiden deet et leed.

Meng Fräche sollt bal kräischen,
Se kuckt em an de Mond;
Vläicht zéig en nach den Otem:
Du schnaapt no hir den Hond.

Ech koum nach op e Bäämchen;
Wi hunn ech do gesiess!
Här, viru mengen Aen
Huet Renert se gefriess!

De Kinnek steet vum Troun op,
Werft of säi Kinnekskleed;
En ass als wéi onsandels,
A schwiert e greilecht Eed.

Dat soll de Renert béissen!
E gët geholt, erschoss,
Gehaangen a verbrannt dann:
Dat ass an 't bleift beschloss!

De Bier an och de Wollef
Déi laachten sech an d'Fäischt.
Mä d'Kinnegin gouf monkeg,
Se sot zum éischten näischt.

Se sot derno: Här Kinnek,
Dir leet iech greilech uen,
Dir musst dach d'éischt och wëssen,
Wat Renert seet dervuen.

En huet eng raich Familjen,
A vill dervu si brav;
Bedenkt, sou géije brécht een
Um Knéi déi Saach net af.

Dat selwecht mengt de Réibock,
De Wollef awer net;
Dee sot: Dir wäerd najch héiren,
Wat aus deem Näistert gët.

Dir losst e léijen a bedréijen,
En trëtt d'Gesetz mat Féiss;
Dir huelt en, losst e lofen,
Am Enn da gët Der béis.

Da fänkt een oon ze dreën
An 't micht een d'Faust am Sack;
'T ass Schad drëm: 't wir en Uermen,
Deen hing schuns lank am Strack.

Äch hoan em 't dack versprajchen,
Äch son et hei ojch najch:
Äch kann em 't néck verkajchen,
Seng Fleet, se kritt ent Lajch.

De Kinnek sot: Se huet et;
Deer Kloe si genoch.
Den Doud verdéngt de Renert
Duerch Muerden a Bedroch.

En huet mech frech beluen,
Mer Kug'l a Kap versprach
A Kräiz a Kraaft geschwuer mer:
An deem verzeit ech nach!

Bei Hand nun all Gewierer!
Nu geet de Sturem lass:
An Zait vu fënnef Degen
Verbrenne mir sai Schlass.

An alles war zefridden;
Dem Grimpert deet er leed:
En zitt sech op eng Saft aus
A schlabbert iwwer d'Heed.

An op a fort duerch d'Bëscher
Op d'Uewerschlënner zou:
De Fuuss musst alles wëssen,
Den Dächschen hat keng Rou.

E fond e bei zwou Dauwen
Do leien an der Rascht,
En hat sech déi gerëselt
Vum Beemche mat dem Nascht.

Ei, Nëwéi, sot de Fiischen,
Wat bréngt dir dann nach ees?
Dir louft iech aus dem Otem,
Dir sid an engem Schweess.

O Monnonk, sot den Dächschen,
'T ass alles ëmmesoss;
Dir gët verbrannt, gehaangen,
An hannendrop erschoss.

Net méiglech, sot de Renert,
Dat deet de Kinnek net.
Hien deet et, sot de Grimpert,
A wësst dir, wat et gët?

D'Arméi ass op de Been nu,
Si stiirmen hei ier Buerg;
De Léiw ass net ze zëssen;
Dir wësst och wuel wuerduerch.

De Kueb, an dann d'Kanéngchen --
Wat hutt Der och geduecht?
Dir hutt de Stréck iech selwer
Jo ëm den Hals geluegt.

Se hunn deen an den Hännen,
E gët och zougezun:
O Monnonk, dir mai Léiwen,
Sou ass et: dir sid drun.

Mä Nëwéi, sot de Renert,
Net méi als wi dat do?
Dat deet mir net e Päftchen;
Ech froen näischt derno.

Well muerge ginn ech mat iech,
Se si mer vill ze domm;
Wat kromm ass, kann ech riichten,
Wat riicht ass, man ech kromm.

Nu kommt eran, da rout der,
Wat sti mer an der Sonn?
Dann iesst der hei di Dauwen,
Se schmëlzen iech am Monn.

Kuckt hei, dat ass en Iessen,
Se sinn dach schludderfett!
Mer sproochen drop eng Stënnchen,
Da lee mer äis an d'Bett.

Eis Fra, se daarf näischt wëssen,
Dir wësst jo wuel, gesitt,
Meng Fra ass zimlech féngslech,
Wi d'Fraleit all, verstitt.