Renert/3

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange

Drëtte Gesank.


Drop léisst de Kinnek ruffen
Erëm säi ganze Rot,
Zéng Riichter léisst e kommen
An och en Affekot.

Ewell d'Affär vum Renert
Dat ass en haarde Knuet:
Se gouwen nammel eneg,
Ze schécken nach e Buet.

A fir de Buet ze wielen,
Dat huet sech streng gemaacht:
De Kiebche krut dräi Stëmmen,
De Kueder krut der aacht.

De Kinnek wénkt dem Kueder,
De Kueder trëtt ervir:
Dir hat e schlaue Vueder,
Här Hinz, dir glaicht him schir.

Nu gitt an drot dës Buetscheft
Dem Renert op séng Buerg,
Datt, wann en net géif kommen,
Et géing em net méi duerch.

Da loossen ech e fänken,
Sai Schlass dat gët besat;
E gët gestrooft mam Stillchen,
Mam Gaalgen a mam Rad.

Der Jomer, duecht den Hinzchen,
Dat Déngen ass net liicht!
E sot duerop dem Kinnek:
Ech fiirchten, 't réisst net nicht.

Ech packe wual en Maischen
Alt zwu an och wual dréi;
Ech menen, hei beim Renert,
Do ass méin Konst verbéi.

Här Kinnek, 't ass en I'r
Vuan iech geschéckt ze gon.
Ween zréck kënnt, wi de Biär
Koum, dee ka vuam Ungléck son.

Sou sot den Hinz zum Kinnek;
De Kinnek sot zu him:
E Mann, dee, wann et misst sinn,
Och op en Haaschtbam klimm,

Deen ass dach och dem Renert,
Ech menge, vill ze lous;
Ech ka keen aner schécken,
A sinn s'och all méi grouss.

Ech kenne kee méi lousen
A méngem ganze Raich.
Dir sid, als wéi ech héiren,
Jo Fuuss an Hues zuglaich.

Du stréilt den Hinz de Schnorres,
E geet wi an de Mäerz,
E setzt an d'Loft de Schwänzchen,
Sou riicht als wi eng Käerz.

Net wäit, du fënnt e kräizwees
Am Pad zwéin Hällem Stréi;
Dat ass en iwwelt Zeechen
An deet dem Kueder wéi.

E koum nun an der Schlënner
Och ëm den Owend un,
Gesouch de Fuuss do sëtzen,
An 't war em net eendun.

An ir e schwätzt e Wiertchen,
D'éischt kuckt en no ër Buch;
E war als wéi erliichtegt:
Do stoungen der genuch.

E schinne gouden Owend,
Foung du de Kueder un,
A wat dir wënscht, Här Renert,
Dat wëllt ech, sollt dir hunn.

De Kinnek 1éisst eech roufen;
Dir sid him stoark verklot,
En hiërt eech gär selwer,
A wat dir doarzou sot.

Mä wann dir net gifft kommen,
Da gif äert Schlooss besat,
Dir giift geholt, gestrooft geen,
Mam Gaalgen a mam Rad.

Är Kanner sollen 't béissen
An ere ganze Stot.
Nu huelt mer näist fir unggout,
Su hot de Liw gesot.

O wëllkëmm hei, mäi Nëwéi,
Sot Renert du zum Buet,
Era kommt bei méng Frächen,
Era kommt bei ier Gued.

Huelt Plaz a kommt iech setzen,
Wat schléit een iech zu Häerd?
Wat d'Haus vermécht, mäi Léiwen,
Dir sid dës Beschte wäert.

A muerge ginn ech mat iech,
An hënt sid dir mäi Gaast;
Nu Fräche, bréng äis z'iessen:
Den Hinz huet laang gefaast.

Gutt iessen a gutt drénken,
Dat ass esou mäi Goût,
An dann eng Amusettchen;
De Rescht ass Tuterlu.

'T gët haut wuel vill vum Denken
Bei domme Leit gesot:
Fir mech -- di schéinsten Iddee
Dat ass en Hämmelsbrot.

Natiirlech ass net allzäit
Esou e Bëssen do,
Net ëmmer ass äis aner,
Här Hinz, den Himmel blo.

Eist Ebel nu, méng Frächen,
Dat muss ech iech geston,
Ass dach eng extra Kächen:
An dat wëllt eppes son!

Se kennt all Schnekereien,
Wat munchereng net weess;
Hir Spëndchen ass kees liedeg:
Mer hunn dat feinst Gebeess;

Mer hunn dee schéinsten Hunneg,
Sou klar als wéi eng Sonn,
An Appelschnëtz, a Molber,
A Wiremcher eng Tonn.

Et misst e winneg kruppen,
En Maische wir mer léif,
Sot Hinz, an nach am léifsten,
Wann s'alt nooch leawe géif.

Eng Maus, sot Fuuss -
En Dausend oder keng,
An alleguerche lieweg,
Ech weess iech der eng Meng.

Da kommt! A vir de Renert,
De Kueder schläift em no.
De Fiische war e Schellem,
Dat héiert dir elo.

Am Stall beim Här Paschtouer,
Lei an der Houserdéckt,
Do hat de leschten Owend
De Fuuss en Hunn gepléckt.

An d'Kächen hat de Fiisschen
Bei hirem Här beschwat,
Deen hat deem du e Seelstrack
An d'Hingerlach gesat.

Den Hinz koum mat dem Renert
Ëm Hallefnuecht an d'Déckt;
De Fiissche weist de Schloff em:
De Kueder awer zéckt.

Du sot de Renert: Nëwéi,
Ma dutt iech keng Gewalt!
Eist Ebel huet nach huerteg
En Iessen ugestallt.

A wann et och keng Mais sinn,
Da sinn et Appelschnëtz.
Du spréngt de Kueder schimmeg
An d'Lach als wéi der Blëtz.

O jerom usch! jaut Kueder.
En hat am Hals de Strack.
Wat ass iech, sot de Renert,
Här Hinz, der huet de Schlack.

Dir musst iech net sou fläissen,
Gelt, d'Maisercher sinn déck?
Gelt, Kiederchen, dat kruppt sech?
Mä iesst se mat Geschéckt!

Vläicht bréngt dem Här séng Kächen
Iech Moschter och derzou,
An och eng Schlippche Mëllech
Vun enger -- hëlze Kou.

Dat Meedche weess, wat gutt ass,
Den Här, dee weess et och:
Dir sid eenzock mäi wärrech
An d'richtegt Lach gekroch.

De Kueder huet vun Angsten
Sech alt am Lach gekrëmmt;
De Fiissche geet mat Laachen
Fort op eng aner Schlëmmt.

De Wollef war beim Kinnek,
D'Fra Gormang war eleng,
De Fuuss geet an hir Wunnecht
A fënnt doheem hir Kleng.

Wéi ass et dann, dir Krotten?
Sot Renert, wéi e koum,
Wou ass dann iere Vueder,
Wou ass séng uersche Moum?

Du spréngt aus engem Wénkel
Hir Mamm op Renert lass:
De Fiissche musst entsprangen,
Si huet sech nogeflass.

Om ale Schlass zu Schibreg
Do wutscht en duerch e Schaart,
Si no - du blouf se steechen:
Du laacht de Renert haart.

De Schallek mécht eng Kéier,
Kënnt hannebäi erëm:
Do deet en ër nach Schmot un
A laacht aus heller Stëmm.

A wéi en dat gestiicht hat,
Du mécht en sech an d'Schlënner,
Op d'Festonk no Malpaartes,
Bei d'Fra a bei d'Gesënner.

An deer Zäit loug de Kueder
Am Seelchen nach, a schlecht!
Säi Wéimren a säi Jäizen
Hat d'Käche schon erwächt.

Déi koum mat enger Lanter,
Se koum mam Biesemstronk,
Den Här werft ëm de Mantel
A kënnt an engem Spronk.

Dee sot: Hues du den Hinnche
Mer niechter hei gefëscht?
Da gët elo dat siwent
Gebott der ees erfrëscht.

E mengt, et wir de Renert, --
Du drescht en op e lass:
Voll Ängschten huet de Kueder
Du d'Seelchen duerchgerass.

E spréngt dem Här Paschtouer
Wi rosen op eng Plaz,
'T ass näischt esou ongiedlech
Op deer, als wi eng Kaz.

Du jäizt den Här: O Gréitchen,
Mäi Gott, ech hu méng Saach!
An d'Käche leeft zum Koschter,
De gudden Här gët schwaach.

Du wëscht duerch d'Lach de Kueder,
All Mais sinn him nu feel,
An iewel muss e schlefen
Bis heem dat louder Seel!

Zwee schéiner grénger Aen
Hat Hinz zum Fuuss gedron:
Nu muss en zréck mat engem
De Wee zum Kinnek fron.

Dee konnt déi Nuecht net schlofen,
War op an aller Fréicht,
Du koum den aarme Kueder
Getoopt dann iwwer d'Héicht.

Ech brauch net hei ze zielen,
Wat du de Kinnek sot.
Hie léisst voll Äifer ruffen
Erbäi säi ganze Rot.

De Kinnek freet hir Menonk,
Se so mat enger Stëmm:
De Renert ass veruurtelt,
Här Kinnek, bréngt en ëm!

Dat goung dem Dachs zu Häerzen,
Et goung em an d'Gemitt:
De Renert ass säi Monnonk,
A sele léit d'Geblitt.

Här Kinnek, sot en, loosst mech
Dir Hären, loosst mech bai!
Zum Renert schéckt nach eemol:
All gudder Déng sinn drai.

Bedenkt, 't ass keen en Engel
Vun denen, déi hei stin:
Ginn d'Schelmen all gehaangen,
Muss Fuuss den éischte sinn?

Sid net onggedëlleg,
Vlaicht huet mai Monnonk recht;
De Bier ass net onschëlleg,
De Kueder net gerecht.

Här Grimpert, sot de Kinnek,
Dir maacht et schlecht esou.
Weil 't deckt ee jo kee Feier
Mat roude Kuelen zou.

Jo, gidwereen huet Feeler,
De Renert deen huet s'all:
Ech louss en zweemol ruffen,
Ech halen net méi stall.

En drëtte Buet, Här Grimpert?
Wiem ass sai Liewe feel?
Den Hinz ass ëm en A kommt,
De Bier ass nach net heel!"

A schéckt dir mech, Här Kinnek,
Da géing déi Saach op d'Enn,
Sot Grimpert, déi zwéi Bueden,
Se woren net behenn.

Wie mat dem Fuuss wëllt danzen,
Huel d'Ae sech an d'Hand:
Weil wien e kritt gelueden,
Deen huet e béise Stand.

De Renert ass ganz héiflech,
Glat Wieder sinn em léif:
Mä 't daarf een hie beileiwen
Net trieden op eng Zéif.

Da gitt a Gottes Namen,
Sot du zum Dachs de Léiw,
A sot, et wär kee Rot méi,
Wann hien net komme géif.

E Kinnek, dee muss denken,
Wann alles ëm e riet;
E Kinnek muss och rieden,
Wann een ëm d'Recht e biet.