Renert/2

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Renert  (1872) 
by Michel Rodange

Zwete Gesank.


Drop louss de Kinnek ruffen
Déi Kligst aus séngem Rot,
Zéng Riichter léisst e kommen
An och en Affekot.

Ewell d'Affär vum Renert
Déi ass an haarde Knuet.
Se gouwen endlech eneg
Ze schécken hirn e Buet.

De Buet dee sollt dem Renert
Ganz däitlech son dat hei:
E sollt zum Kinnek kommen,
Soss géing et net an d'Rei.

A fir de Buet ze wielen,
Dat huet sech streng gemaacht:
De Kueder krut dräi Stëmmen,
De Bier dee krut der aacht.

Du zitt de Bier de Jabot,
E bléist sech greilech op
A seet: Ech wäerd e bréngen,
Här Kinnek, zielt duerop.

Drop goung en un, a reseg,
Op Schlennermanescht lass.
E wosst all Wee a Steen,
E wosst dem Fuuss säi Schlass.

Séng Fra déi goung e Stéckwees
Nach mat em iwwer d'Heed
A sot: O Braun, mai Léiwen,
Dee Gank méich mir keng Freed.

De Renert ass e Judas,
An dir sid vill ze brav;
Nach eppes, wat net gutt ass:
Ier Gloscht mécht blann an daf.

De Bier dee soot: Wat sot der?
Märr ass de Fuuss ze domm;
Fir märr och eng ze zéien,
Dat ass him vill ze romm.

Hee goung, a queesch duerch d'Bëscher,
An iwwer Dall a Bierg,
An hei an do erwëscht en
E Lämmche bei der Pierch.

E Mann, deen op der Rees ass,
Lieft net vun Hänn a Féiss;
An d'Éisselécker Lamer
Déi si besonnesch séiss.

De Bier koum ëm den Owend
Beim Schlass Malpaartes un:
Do woren zou all Diren,
D'Fallbréck war opgezun.

Malpaartes ass eng Festonk,
Déi schéinst, déi Renert huet,
An dat vu sénge Schlässer,
Dat him am beschte guet.

En huet de Plang sech selwer
Gemaacht an auserduecht,
An du de ganze Grondrëss
Och selwer ugeluegt,

Mat Gruewen a vill Diren,
Mat Schlëff an heemlech Gäng:
De Vobang ass e Meeschter,
De Fiisschen ass méi reng!

De Bier nu stung um Glacis,
Do kuckt e ronderëm,
En zitt e festen Otem
A rifft mat haarder Stëmm:

Hee! Koséng, hee! Wou sid dir?
Ech si vum Kinnek hei;
Dir musst mat zou em kommen,
Soss geet et nit an d'Rei.

A géift dir haut nit kommen,
Da spillt dir fir de Kapp:
Da géif ech fir iert Liewen
Och nit e Boxeknapp!

Well 't koume Kloe géint iech,
Streng Riichter sëtzen do:
Duerfir nit lang bedenkt iech
A kommt mer huurteg no!

De Fiissche lauschtert heemlech
A séngem Schlass a laacht an denkt:
Wat gëlt, dem Flappes,
Deem gëtt eng Farce gemaacht!

E kënnt a rifft: Ei Koséng,
Sid dir dat, deen do riet?
Verzeit, ech louss iech waarden:
Ech war jëst um Gebiet.

Mä wëllkëmm da mäi Léiwen!
Et huet ee gär e Frënd,
A wann en och zoufälleg
Mat schlechter Buetscheft kënnt.

Datt dir iech musst beméien,
Dat deet mer nu wuel leed,
Mä 't ass zu méngem Notzen.
Dir stitt beim Kinnek breet.

Hëlleft mer beim Kinnek,
E gleeft iech, wat dir sot;
Op Trei kann ech och schwieren,
Ech si ganz falsch verklot.

A muerge ginn ech mat iech.
Et ass e weide Gank,
Ech hu musst eppes iessen,
Dat mécht fir hott mech krank.

Wat war et? frot de Bier du,
Dir ousst vläicht iwer d'Mooss?
Beileiwen nee, sot Renert,
'T war Hunneg mat der Ros.

E Fuuss ass jo kee Barong;
An ass näischt anescht do,
Da muss een Hunneg iessen:
Dee läit mer queesch am Mo.

Wat? Hunneg, sot de Brongen,
Wann ech sat Hunneg wär,
Dann tësch ech nit mam Kinnek!
An iesst dir deen nit gär?

Wann dat ass, sot de Rouden,
-- ech menge, Braun, 't wir Spaass --
Op Féischent weess ech Hunneg,
Nach wuel e Fudderfaass.

O Hunneg! gët mer Hunneg!
Huet du de Bier gesot,
Här Fuuss, ech denken un iech
Beim Kinnek an am Rot.

Zwar fällt de Gank mer
Schwéier, mä Koséng, iech zuléif,
Wat géift dir vu mir denken,
Wann ech net mat iech léif?

Sou sot de Fuuss. Se gungen
Eenzock op Féischent lass.
Dat läit eng hallef Stënnchen
Vum Renert séngem Schlass.

De Roude gong de Viischten,
De Brongen daast em no,
De Fiische war e Schellem,
Dat héiert der elo.

E wosst e Plach op Féischent
Beim Staarke sénger Schmëdd,
Dat war mat Aax a Käiler
Gespaalt bis bal an d'Mëtt.

Se koumen un op Féischent,
Um Himmel stoung schon d'Liicht:
Du sot zum Braun de Renert:
Nu Koséng, kuckt gediicht!

Gesitt dir net dat Plach do?
Do läit et bei der Mëscht.
Séng Bascht ass voller Hunneg;
Nu laaft, streckt d'Nues derzwëscht.

Do wäerd der Hunneg fannen
Sou vill ass wéi der wëllt.
'T ass alles datt de Brongen
Vu lauter Freed net brëllt.

E streckt bis iwwer d'Ouren
An d'Bascht den décke Kapp;
E sicht mam Maul nom Hunneg,
E sicht derno mam Grapp.

Du rappt um Käil de Fiischen,
Datt haart säin Ielbou kléckt.
Wupp! ass de Käil heibaussen, --
De Brongen ass gezwéckt.

Dat huet de Fuuss gekëddelt,
An 't goung dem Bier un d'Fleesch;
De Bier fänkt un ze brommen,
De Fuuss deet Schelmekreesch.

Gelt, Koséng, do ass Hunneg!
Gefällt iech säi Geschmaach?
Mä iesst en hett net all op,
Well muer ass nach en Dag.

Drop jaut en: Hee, um Hunneg!
De Bier hei frësst iech d'Plach!
Di Féischter lousse leien
De Läffel an der Brach.

Se jäizen an se kommen,
Do krut de Bier da Kläpp;
An 't koum e ganze Katzhaf,
Dem Bier entfuere Sträpp.

Den Haans, de Jann, den Hännes,
Den Néckel, Nick a Klos, -
Se koumen all mat Staangen,
Ersierklech war d'Geros:

De Staarke koum mam Wissbam,
Mam Hummer koum de Pitt,
An d'Giedel koum mam Racken:
Si gouwen ës net midd.

De Braun dee sollt vergeeschtern,
Du mécht en nach e Rass:
A blouf d'Paréck och stiechen,
E krut de Kapp dach lass.

E krut eraus och d'Fanger,
Mä d'Händsche blouwen do:
E wänzelt bis op d'Fielsen,
Déi Féischter lafen no.

Zerbengelt an zerhummert,
D'Gesiicht an d'Hänn voll Blutt,
Sou bunzelt en de Bierg of:
Zum Gléck, e foul nach gutt!

Well ënnen ass en Tunnell
An 't koum gerad en Zuch:
De Bier fällt op e Waggon --
Déi Féischter dunn e Fluch.

E Mann, deen an der Bretz war,
Deen ass eraus wuel gär.
E Bier op engem Waggon
Ass iewel nach keen Här.

Am Waggon ouni Billjee,
Am Kelespill en Hond --
Denkt Braun, a léisst sech
Falen vum Waggon op de Grond.

E Jong, deen op der Kiirmes
Geschlo gouf hol a blo,
Dee geet op heem nach besser,
Als wéi de Bier elo.

E geet als wéi op Kuelen,
Barbaresch ass séng Péng.
E fäert de raue Buedem,
A méi nach fäert en d'Steng.

Um Biirdner Hals waart Renert
Bis Dag a laacht sech frou.
Wéi ass et, Hunnegskinnek?
Rifft hien dem Bier du zou.

Mä kuckt, do gouft der Bëschof!
D'rout Käppche steet iech gutt;
Ier Händschen hu mäi wärrech
Eng Faarf och als wi Blutt.

Dir wäerd wuel schuns um Wee sinn
No Roum an zum Konzill;
Bei sou en Expermenten
Ass ierer keen zevill.

Well wat der net am Kapp huet,
Dat huet der an der Stëmm;
A fir e klengen Hellgen
Stousst dir e groussen em.

Gesäi, wat dach den Hunneg,
Mat Brigel iwerzuën,
Aus engem Bier ka maachen!
Do hat der net geluën!

Wien tësch nach do mam Kinnek?
Kuck, kuck de Bier, wi lous!
Gutt Rees! A wann der hikommt,
Da maacht dem Poopst mäi Grouss!

Sou sot de Fuuss, de Schallek,
Du mouch en sech derduerch
Voll Freden no Malpaartes,
An d'Schlënner op seng Buerg.

Mat Wéimern a mat Hipplen
Koum Braun dach endlich drun
Ze triede vir de Kinnek.
De Kinnek rifft en un:

Ass dat de Braun, de braavste
Vu menge Leiden all!
Dat huet gedunn de Renert:
Sai Wierfel ass gefall.

Net heesche wëll ech Kinnek,
Net Kroun nach Sewel dron,
Bis datt dem Fuuss, dem Mierder,
De Kapp ass ofgeschlon.

Här Braun, dir gitt sechs Wochen
No Munrëf an de Bad,
Dann huet ier Haut, ech hoffen,
Sech ganz erëm ersat.

Ech schécken iech méng Doktren:
De Flëpp vum Kuebebur,
De Miller och vu Miirzeg
An d'Mamer Zockerkur.

A gitt mer an en Hotel,
Wou Häre sinn wi dir,
Wi dat zum Groussen Helden,
Mä d'Käschte loosst der mir!

Sou sot zum Bier de Kinnek;
Nun ass et sécher dach,
De Bier goung net no Munrëf,
En ass keen Dag gewach.

E war zevill am Äifer,
Da léisst en sech net zëssen,
Wéi all séng Frënn an Noper
Am Préizerdall wuel wëssen.

Hie selwer wollt nach d'Leder
Dem Fuuss beim Gaalge richten
An huurteg aus dem Liewen
Zum Doud dem Schellem liichten.