Krêsch am Êlènd

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Krêsch am Êlènd  (1853) 
by Antoine Meyer
Oilzegt-Klãng

Krêsch am Êlènd



KRESCH AM ELÈND.

Wie wackelt do um Bièdelstâv ?
En Åle , Schné um Kap;
Durch Diär , an Deschtel , wankt sei Lâf,
Gekrömt öm d'Lêd , wé Happ.
- Och Gott! so rüfft en , höllef menger·
Dach Grâv-stellt öm de Gottes-denger!
Et sauen un der eidler Mám,
Der wittfra Klèng um Stroéh ,
Hir Bäck, vum gièlen Honger, grám,
Vu schmièrzes-Tréne réh;
Och Gott! rüfft d'Mudder , höllef onser!
Ömsos erklenkt de Vater-onser.
Et zabbelt do , um kalen Eis ,
De nack'gen Savoyard,
Vum Schné , de Boidem , rond hier , weis ,
Vu Kält , seng Glidder star :
Och Gott! só rüfft en , sé mei Schirem !
A Schaurech stel bleivt alles vir ehm.
Wé rös'len d'Kètten öm de Scláw,
Bestrummt vum Geissel-Schwank,
Ergin der Nót mat zamem Gláv,
A bludeg bis ob d'Schank ;
O Gott! só rüfft en, komm mech loésen ,
Ömsos dem armen d'Trène fléssen.
Gedröckt keucht a Nerone-joch,
E Völker-Schwarem mât ,
De Pòl, den Onger , ruffen ochGaléer-Ruff, am Râd -
O Gott! o hèllef denge Kanner
A bludeg wéscht de Russe-Banner.
D'Gewässer strummt , d'Gewán ersaüft ,
A Véh, a Mensch gi Leich ;
O rètt ons Gott ! et schrèklech seufzt ,
Verzweiflongs- vol am Reich ;
Woil, « höllef Gott , » erklenken d'Stròssen ,
Dach d'Wale foihre fort ze ròsen.
Wât licht só hèf den Himmel rót?
O! lâft dir rètt neischt mé!
Am Flame Mièr verschlengt den Dót,
A Kant, a Man', a Véh :
Am Brand, de Sälek ob den Armen ,
Ömsos , rüfft d'Mudder : Gott erbarmen !
Só dausend Stemmen kreuzen ach!
Erbiärmlech stonns an d'Lûcht ,
Si jaizen , ruffen - höllef dach ,
O Gott! an óhné Frûcht ;
Et rüfft de Krêsch , am Drock , de blêchen ,
Dach d'Schiksal kan en nêt erwêchen