Margréitchen

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
Margréitchen  (1864) 
by Michel Lentz

Margréitchen



't as Fréijor an d'Vullen déi sin rëm erwaacht,
an d'Margréitchen huet sech eraus och gemaacht;
si huet d'wäiss Kolrettchen rëm frësch ugedon,
soubal si de Poufank gehéiert huet schlon;
soubal si de Poufank gehéiert huet schlon.

A gréng gin och d'Wise laanscht d'Weeën an d'Pied,
d'Vioule verstoppe sech heemlech am Schiet;
D'Beem kréien nei Blieder, den Nuechtegall schléit,
De Wand séngt duurch d'Bëscher, wou d'Meeréische bléit;
De Wand séngt duurch d'Bëscher, wou d'Meeréische bléit.

An d'Sonn déi rifft d'Blumme schnéiwäiss, rout a blo,
Wéi Stieren um Himmel sou vill sin der do;
Si rëschten a botze mat Faarwen sech räich,
A blénken a blëtzen duerch Heck a Gesträich:
A blénken a blëtzen duerch Heck a Gesträich.

Dach vun all dee Blummen am Gaart an um Feld
Ass d'Margréitchen déi mir am beschte gefällt.
Et si wuel méi prächteg, méi schéi wuel déi meescht
Mä ech hun eng Freiesch déi Margréitchen heescht;
Mä ech hun eng Freiesch déi Margréitchen heescht.

Um Spaweck