Jump to content

He`ch ons Sprôch!

From Wikisource

Original Schreifweis

D'Sprôch ass d'Se'l vu èngem Volek,
S'ass sei gre'sst an hélegst Gutt.
Duorfir losst mer he'ch se halen
An a stänneg treier Hutt.

Losst mer nemmen si gebrauchen,
Wa' mir kloe Gott onst Lèd;
Ech si secher dat den Himmel
Ons am bèschten da verstèt.

Losst mer Hèmechtslidder sangen,
De' vum Dicks an de' vum Lèntz.
Dat sin ons. Wuorfir der brengen
Vun dobaussen iwer d'Grèntz?

Wuorfir, dir gele'ert Hären,
Huot dir mèscht ons Sprôch um Napp?
„O'ni Régel a Grammatik“!
Reselt spöttisch dir de Kapp.

Kent vleicht d'Nuochtigal iéch froen
Wann si fro' a leschtech sengt,
Ob hirt Lidd no èrer Régel,
Ob an dur a moll et klenkt?

Dir och, dir stode'ert Poppen,
Rengelt iwer sie vleicht d'Nuos.
Schwètzt we' iéch èr Mamm gele'ert,
We' de Schniéwel iéch gewuoss.

Gléwt dat dat wuol zéngmol besser
WE' èrt schlecht Franse'sch nach klenkt
An dat secher kèn iéch duorfir
Manner he'ch a nobel denkt.

Wat vun onser Sprôch s'och soen
Si bleiwt einfach, sche'n a gutt.
Losst mer emmer he'ch se halen
Als onst gre'sst an héligst Gutt.

Demy Schlechter (1884–1923)