Evangelium vum Hellege Luc

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search

Dëst ass eng provisoresch an nët vollstänneg Iwwersetzung vum Service Biblique Diocésain.


Lk 1,26-38[edit]

Den Engel Gabriel ass vum Herrgott an eng Stad a Galiläa geschéckt ginn, déi Nazareth heescht, bei eng Jongfra, déi engem Mann versprach war, dee Jouseph geheescht huet an aus dem Haus vum David war. Dës Jongfra huet Maria geheescht. Den Engel ass bei si eragaang a sot: "Free dech, du hues Gnod geschenkt kritt! Den Här ass mat dir."

Dës Wierder hunn si duerchenee gemaach, an si huet sech beduecht, wat dee Grouss heesche kéint. Du sot den Engel zu hir: "Fäert net, Maria! Du hues näämlech Gnod beim Herrgott fonnt. Kuck, du kënns an aner Ëmstänn a kriss e Jong; dee solls du Jesus nennen. Hien ass derzou bestëmmt, fir grouss ze sinn a Jong vum Allerhéchste genannt ze ginn, a Gott den Här gëtt him den Troun vum David, sengem Papp; an all Éiwegkeet herrscht hien iwwer d'Haus vum Jakob, an seng Herrschaft kritt keen Enn."

Du sot d'Maria zum Engel: "Wéi soll dat da goen, well ech jo nach mat kengem Mann zesummekomm sinn?" Den Engel huet hir geäntwert: "Hellege Geescht kënnt op dech erof, a Kraaft vum Allerhéchste geheit hire Schiet op dech; dowéinst ass och deen, deen op d'Welt kënnt, helleg a gëtt Jong vum Herrgott genannt. A kuck d'Elisabeth, déi Famill mat dir ass: Och si ass an aner Ëmstänn komm, an hirem Alter erwaart si e Jong; elo ass si, vun där et heescht, si kéint keng Kanner kréien, schonn am sechste Mount. Fir den Herrgott ass näämlech näischt onméiglech."

Du sot d'Maria: "Kuck, ech sinn dem Här seng Mod; et soll mir geschéien, esou wéi s du et gesot hues!" Dueropshin ass den Engel vun hir fortgaang.

Lk 1,39-56[edit]

An deenen Deeg huet d'Maria sech op de Wee gemaach; si huet sech geflass, fir an eng Stad an de Bierger vu Judäa ze goen. Do ass si an dem Zacharias säin Haus eragaang, an si huet d'Elisabeth begréisst. Wéi d'Elisabeth der Maria hire Grouss héieren huet, ass et geschitt, datt d'Kand an hirem Schouss sech beweegt huet an datt d'Elisabeth vun hellegem Geescht erfëllt gouf an haart geruff huet: "Geseent bass du ënner de Fraen, a geseent ass d'Fruucht vun dengem Schouss! Wie sinn ech, datt d'Mamm vu mengem Här bei mech kënnt? Well kuck, wéi ech däi Grouss héieren hunn, huet d'Kand a mengem Schouss sech vu Freed beweegt. Glécklech ass déi Fra, déi gegleeft huet, datt dat an Erfëllung geet, wat hir vum Här gesot gouf!"

Du sot d'Maria: "Meng Séil verkënnegt d'Gréisst vum Här, a mäi Geescht jubiléiert iwwer Gott, mäi Retter, well op d'Damiddegkeet vun senger Mod huet hie gekuckt. Jo, vun elo un heesche mech glécklech all d'Generatiounen, well dee Mächtegen huet fir mech Grousses gedoen. Helleg ass säin Numm, an säin Erbaarmen, vu Generatioun zu Generatioun, gëllt deenen, déi hie fäerten. Gewalteges deet hie mat sengem Aarm, hie jeet déijéineg auseneen, déi bis an hiert Häerz iwwerhieflech sinn; déi Mächteg geheit hien erof vum Troun, an déi Damiddeg riicht hien op, déi Hongreg siedegt hie mat gudde Gowen, an déi Räich schéckt hie fort mat eidelen Hänn. Hien hëlt sech sengem Kniecht Israel senger un an denkt un säin Erbaarmen – wéi hien eise Pappe versprach huet – fir den Abraham an seng Nokomme fir ëmmer an éiweg."

D'Maria ass ongeféier dräi Méint bei der Elisabeth bliwwen, dunn ass si nees heem bei sech gaang.

Lk 2,1-14[edit]

Deemools koum en Uerder vum Keeser Augustus eraus, datt d'ganz Welt sech sollt aschreiwe loossen. Dës éischt Zielung ass duerchgefouert ginn, wéi de Quirinius Gouverneur vu Syrien war. An alleguer sinn si gaang, jiddereen an seng Stad, fir sech aschreiwen ze loossen. Och de Jouseph ass aus Galiläa, vun der Stad Nazareth, erop a Judäa gaang, an d'Davidsstad, déi Bethlehem heescht – hie war näämlech aus dem Haus an der Famill vum David. Duer goung hien sech aschreiwe loosse mat der Maria, déi him versprach war an déi an aneren Ëmstänn war.

Wéi si do waren, ass et geschitt, datt fir d'Maria d'Deeg erfëllt waren, wou si nidderkomme sollt, an si huet e Jong kritt, hiren Éischtgebuerenen. Si huet hien a Wëndele gewéckelt an an eng Krëpp geluecht, well am Wiertshaus keng Plaz fir si war.

An deem selwechte Streech hunn Hierden um fräie Feld gelieft an nuets bei hirer Häerd Wuecht gehal. Dem Här säin Engel ass op si duerkomm, an dem Här seng Herrlechkeet huet si mat Liicht ëmginn, an et ass eng freeschlech Angscht an si gefuer.

Du sot den Engel zu hinnen: "Fäert net! Well kuckt, ech verkënnegen iech eng gutt Noriicht, déi fir d'ganzt Vollek eng grouss Freed gëtt: Fir iech ass haut an der Davidsstad e Retter op d'Welt komm; hien ass de Messias, den Här. An dat hei ass fir iech d'Zeechen: Dir fannt e Puppelchen, deen a Wëndele gewéckelt ass an an enger Krëpp läit." An op eemol war bei dem Engel eng grouss himmlesch Arméi, déi den Herrgott gelueft huet: "Herrlechkeet dem Herrgott héich do uewen an op der Äerd Fridden de Mënschen, déi an senger Gonscht stinn!"

Lk 2,22-40[edit]

Wéi d'Zäit erfëllt war, fir sech dem Moses sengem Gesetz no reng maachen ze loossen, hunn de Jouseph an d'Maria de Jesus erop op Jerusalem bruecht, fir hien dem Här ze presentéieren – esou wéi am Här sengem Gesetz geschriwwe steet: All männlecht Kand, dat de Schouss vun der Mamm opmécht, soll helleg genannt an dem Här geweit ginn – a fir Affer duerzebréngen – esou wéi am Här sengem Gesetz gesot gëtt: eng Koppel Duerteldauwen oder zwou jonk Dauwen.

A kuck, zu Jerusalem war e Mann, dee Simeon geheescht huet. Dëse war gerecht a fromm, hien huet drop gewaart, datt Israel getréischt géif, an hellege Geescht war op him. Vum hellege Geescht war him virausgesot ginn, hie geséich der Doud net, éier hien dem Här säi Messias gesinn hätt.

Geleet vum Geescht, ass hien an d'Hellegtum komm, a wéi d'Elteren hiert Kand, de Jesus, erabruecht hunn, fir dat ze maachen, wat vum Gesetz fir hie virgeschriwwe war, huet de Simeon d'Kand an seng Äerm geholl. Hien huet den Herrgott gelueft a sot: "Elo léiss du däin Dénger, Här, a Fridde goen, wéi s du gesot hues, well meng Aen hunn d'Rettung gesinn, déi vun dir kënnt an déi s du virun alle Vëlleker ausgebreet hues, e Liicht, dat Offenbarung bréngt fir d'Natiounen a Verherrlechung fir däi Vollek Israel."

Dem Jesus säi Papp an seng Mamm hunn sech gewonnert iwwer dat, wat iwwer hie gesot gouf. Dunn huet de Simeon si geseent, an hie sot zu der Maria, dem Jesus senger Mamm: "Kuck, deen hei ass duerfir do, datt der vill an Israel falen oder opstinn, a fir en Zeechen ze sinn, deem widdersprach gëtt – dir selwer fiert esouguer e Schwäert duerch d'Séil. Esou sollen déi intiimst Gedanke vu ville Mënsche geoffenbaart ginn."

Do war och d'Hanna, eng Prophéitin, dem Penuël aus dem Stamm Ascher seng Duechter. Si war scho bei Alter. Als jonkt Meedchen hat si sech bestuet a siwe Joer laang mat hirem Mann gelieft. Elo war si eng Wittfra vu 84 Joer, déi net vum Hellegtum fortgaang ass an dem Herrgott Dag an Nuecht mat Faaschten a Biede gedéngt huet.

An dësem Ament ass si dohikomm, huet den Herrgott gelueft an all deenen, déi op d'Erléisung vu Jerusalem gewaart hunn, vum Kand erzielt.

Nodeems d'Maria an de Jouseph alles erfëllt haten, wat vum Här sengem Gesetz virgeschriwwe war, sinn si a Galiläa an hir Stad Nazareth hanneschtgaang. D'Kand awer ass gewuess an ass staark ginn, erfëllt mat Weisheet, an dem Herrgott seng Gnod war op him.

Lk 9, 18-24[edit]

18 Wéi de Jesus amgaang war, eleng ze bieden, hunn d'Jünger sech ëm hie versammelt, an hien huet si gefrot: "Fir wien halen d'Leit mech?" 19 Si hu geäntwert: "Déi eng fir de Johannes den Deefer, anerer fir den Elias, erëm anerer fir ee vun den ale Prophéiten, deen operstane wär." 20 Dunn huet hien si gefrot: "An dir, fir wien haalt dir mech?" De Péitrus huet geäntwert: "Fir dem Herrgott säi Messias!" 21 Hien awer huet hinne gedreet an huet hinnen un d'Häerz geluecht, kengem et ze soen. 22 An hien ass virugefuer: "De Mënschejong muss villes erleiden, hie gëtt vun den Eelsten, den Hohepriister an de Schrëftgeléierte verstouss, hie gëtt dout gemaach, an den drëtten Dag gëtt hien aus dem Doud erwächt."

23 Zu hinnen all sot hien: "Wann ee mir nokomme wëllt, da soll deen sech selwer verleegnen, hie soll all Dag op en Neis säi Kräiz op sech huelen a mir nokommen! 24 Well deen, deen säi Liewe rette wëllt, dee verléiert et; wien awer wéinst menger säi Liewe verléiert, dee rett et."

Lk 9, 51-62[edit]

51 Wéi d'Deeg erfëllt waren, datt de Jesus an den Himmel eropgeholl sollt ginn, huet hien sech resolut op de Wee gemaach, fir op Jerusalem ze goen. 52 Hien huet Buete virun sech hier geschéckt, an dës hunn sech op de Wee gemaach a sinn an en Duerf vun de Samariter gaang, fir alles ze preparéieren, fir wann hie kéim. 53 Ma d'Samariter hunn hien net opgeholl, well hien um Wee fir op Jerusalem war. 54 Wéi d'Jünger Jakobus a Johannes dat gesinn hunn, soten si: "Här, wëlls du, datt mir den Uerder ginn, datt Feier vum Himmel erofkënnt an si opfrësst?" 55 Hien awer huet sech ëmgedréit an huet hinne Virwërf gemaach. 56 Du sinn si an en anert Duerf gaang.

57 Wéi si ënnerwee waren, sot een zu him: "Ech wëll dir nokommen, egal wuer s du higees." 58 Du sot de Jesus zu him: "D'Fiiss hunn Hillechten, an d'Vigel vum Himmel hunn Näschter; de Mënschejong awer huet keng Plaz, wuer hie säi Kapp hileeë kann." 59 Zu engem aneren awer sot hien: "Komm mir no!" Ma dee sot: "Här, erlab mir, hinzegoen a fir d'éischt mäi Papp ze begruewen!" 60 De Jesus awer sot zu him: "Looss déi Doudeg hir Doudeg begruewen! Du awer, géi hin a verkënneg dem Herrgott säi Räich!" 61 Nees en anere sot zu him: "Ech wëll dir nokommen, Här; ma erlab mir fir d'éischt, deenen doheem äddi ze soen!" 62 De Jesus awer sot zu him: "Keen, deen d'Hand un de Plou geluecht huet an zréckkuckt, daacht eppes fir dem Herrgott säi Räich."

Lk 10, 1-12.17-20[edit]

1 Den Här huet zweeasiwwenzeg Jünger bestëmmt an si virun sech hier zu zwee an zwee erausgeschéckt an all Stad an all Uertschaft, an déi hie goe wollt. 2 Hie sot zu hinnen: "D'Rekolt ass zwar grouss, ma d'Aarbechter sinn net zu dacks; biet duerfir den Här vun der Rekolt, Aarbechter an seng Rekolt erauszeschécken! 3 Gitt! Kuckt, ech schécken iech wéi Schof ënner Wëllef. 4 Huelt kee Geldbeidel mat, kee Kuuschtesak, keng Sandalen, a gréisst keen op ärem Wee! 5 Wou dir och ëmmer an en Haus eragitt, do sot fir d'éischt: 'Fridde sief mat dësem Haus!' 6 Wann do e Mënsch wunnt, deen op ass fir de Fridden, da rout äre Fridden op him; wann awer net, da kënnt en op iech zréck. 7 Bleift an deem Haus; iesst an drénkt dat, wat si iech ginn! Den Aarbechter huet nämlech säi Loun verdéngt. Laaft net vun engem Haus an dat anert! 8 Wou dir och ëmmer an eng Stad eragitt, an si huelen iech op, do iesst dat, wat iech virgesat gëtt, 9 an heelt déi Krank, déi do sinn, a sot hinnen: 'Dem Herrgott säi Räich kënnt bei iech.' 10 Ma wou dir och ëmmer an eng Stad eragaang sidd, an si huelen iech net op, do gitt eraus op d'Strooss a sot: 11 'Esouguer de Stëbs vun ärer Stad, deen un eise Féiss pecht, rësele mir iech erof; dat hei awer sollt dir wëssen: Dem Herrgott säi Räich kënnt!' 12 Ech soen iech: Sodom ergeet et deen Dag méi gelënd wéi där Stad do."

17 Déi Zweeasiwwenzeg si voll Freed zréckkomm a soten: "Här, esouguer d'Dämone sinn eis an dengem Numm ënnerdon." 18 De Jesus awer sot zu hinnen: "Ech hu gesinn, wéi de Satan wéi e Blëtz vum Himmel gefall ass. 19 Kuckt, ech hunn iech d'Muecht ginn, Schlaangen a Skorpiounen an dem Feind seng ganz Kraaft mat Féiss ze trieden, an et gëtt glat a guer näischt, wat iech schuede kéint. 20 Dir sollt iech awer net doriwwer freeën, datt d'Geeschter iech ënnerdo sinn, ma freet iech driwwer, datt är Nimm am Himmel ageschriwwe sinn!"

Lk 10, 25-37[edit]

25 Een, deen sech am Gesetz auskannt huet, ass opgestan, a fir de Jesus op d'Prouf ze stellen, sot hien: "Meeschter, wat muss ech maachen, fir um éiwege Liewen deelzehunn?" 26 De Jesus sot zu him: "Wat steet am Gesetz geschriwwen? Wat lies du do?" 27 De Mann huet geäntwert: "Du solls den Här däi Gott gär hu mat dengem ganzen Häerz a mat denger ganzer Séil, mat denger ganzer Kraaft a mat dengem ganzen Denken, an du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer." 28 De Jesus sot zu him: "Du hues richteg geäntwert; maach dat, an du kriss d'Liewen." 29 Hien awer wollt sech rechtfertegen an huet zum Jesus gesot: "A wien ass da mäin Nächsten?"

30 Dueropshi sot de Jesus: "E Mann ass vu Jerusalem op Jericho erofgaang, an hien ass Raiber an d'Gräpp gefall. Déi hunn hien ausgedoen an him Streech ginn; du sinn si fortgaang an hunn hien hallef dout leie gelooss. 31 Zoufälleg ass e Priister dee Wee erofgaang, a wéi hien de Mann gesinn huet, huet hien e Bou gemaach an ass laanscht gaang. 32 D'selwecht war et och mat engem Levit; wéi hien op déi Plaz komm ass an de Mann gesinn huet, huet hien e Bou gemaach an ass laanscht gaang. 33 E Samariter awer, deen ënnerwee war, ass bis op d'Héicht vum Mann komm, a wéi hien dëse gesinn huet, huet et him am Häerz wéi gedoen. 34 Hien ass bei de Mann gaang, an hien huet Ueleg a Wäin op seng Wonne geschott an se verbonnen; dunn huet hien de Mann op säin eegent Reitdéier gehuewen, hien an e Wiertshaus gefouert a fir hie gesuergt. 35 Deen Dag drop huet hien zwou Sëlwermënzen erausgeholl, dem Wiert se ginn a gesot: 'Suerg fir hien; dat, wat s du doriwwer eraus brauchs, ginn ech dir erëm, wann ech zréckkommen.' 36 Wie vun dësen dräi ass denger Meenung no deen Nächste gi vun deem, deen ënner d'Raiber gefall war?" 37 Hie sot: "Deen, deen him géintiwwer baarmhäerzeg war." Du sot de Jesus zu him: "Da géi, a maach du et och esou!"

Lk 11, 1-13[edit]

1 De Jesus war anzwousch amgaang ze bieden, a wéi hien opgehal huet, sot ee vun senge Jünger zu him: "Här, léier äis bieden, esou wéi och de Johannes seng Jünger biede geléiert huet!" 2 Du sot hien zu hinnen: "Wann dir biet, da sot:

Papp,

däin Numm sief gehellegt;

däi Räich soll kommen;

3 gëff äis Dag fir Dag dat Brout, dat mir brauchen;

4 looss äis eis Sënnen no,

well och mir selwer loosse jidderengem dat no,

wat hien äis schëlleg ass;

a féier äis net a Versuchung!"

5 An hie sot zu hinnen: "Huelt emol un, ee vun iech hätt e Frënd an hie géif matzen an der Nuecht bei dëse goen an zu him soen: 'Frënd, léin mir dräi Brout, 6 well ee vu menge Frënn ass vun enger Rees bei mech komm, an ech hunn näischt, wat ech him virsetze kéint!', 7 an deejéinege géif da vu bannen äntweren: 'Plo mech net! D'Dier ass schonn zougespaart, a meng Kanner an ech, mir leien am Bett. Ech kann net opstoen, fir dir eppes ze ginn.' – 8 Ech soen iech: Wann hien och net opsteet, fir him eppes ze ginn, well et säi Frënd ass, sou hieft hien sech dach wéinst deem aneren senger Onverschimtheet a gëtt him esouvill, wéi hie brauch. 9 Duerfir soen ech iech: Frot, da gëtt iech ginn; sicht, da fannt dir; klappt, da gëtt iech opgemaach! 10 Well jiddereen, dee freet, kritt, an dee sicht, fënnt, an dee klappt, kritt opgemaach. 11 Wie vun iech géif als Papp, dee vun sengem Jong e Fësch gefrot krit, him amplaz vum Fësch eng Schlaang ginn? 12 A wie géif him, wann hien en Ee gefrot krit, e Skorpioun ginn? 13 Wann also dir, déi dir béis sidd, amstand sidd, äre Kanner gutt Saachen ze ginn, wéivill méi gëtt de Papp am Himmel deenen hellege Geescht, déi hie froen!"

Lk 12, 13-21[edit]

13 Ee vun deene ville Leit, déi ronderëm de Jesus stoungen, sot zu him: "Meeschter, so mengem Brudder, hie soll d'Ierfschaft mat mir deelen!" 14 De Jesus huet him geäntwert: "A wien huet mech dann agesat, fir Riichter iwwer iech ze sinn oder fir d'Ierfschaft ënner iech opzedeelen?" 15 Du sot hien zu de Leit: "Passt op an hitt iech virun all Geiregkeet, well engem säi Liewen hänkt net vun sengem Besëtz of, esouguer wann een am Iwwerfloss huet."

16 An de Jesus huet hinnen e Gläichnes erzielt: "Engem Räichen seng Stécker hu vill gedroen. 17 Hien huet iwwerluecht an sech gesot: Wat soll ech maachen, well ech hu keng Plaz, wou ech meng Fruucht ënnerdaach brénge kann? 18 Du sot hien: 'Esou maachen ech et: Ech rappe meng Scheieren of an ech baue méi grousser; do bréngen ech dann all mäi Weess an all meng Gidder ënnerdaach, 19 an da soen ech zu mir selwer: Du hues hei vill Gidder leien, fir e sëlleche Joren; rascht, iess, drénk, looss dir et gutt goen!' 20 Den Herrgott awer sot zu him: 'Du Topert! An dëser Nuecht nach gëtt deng Séil dir zréckgefrot, a wie kritt dann dat, wat s du virbereet hues?' 21 Esou geet et deem, dee fir sech selwer Schätz unheeft, an deen net virum Herrgott räich ass."

Lk 12, 32-48[edit]

32 De Jesus sot zu senge Jünger: "Fäert net, du klengen Trapp! Äre Papp huet et nämlech fir gutt fonnt, iech d'Räich ze ginn!

33 Verkaaft äre Besëtz a gitt Almosen! Schaaft iech Geldbeidelen un, déi net zerschläissen, e Schaz am Himmel, deen net ofhëlt, un deen en Déif net drugeet an deen eng Matt net frësst! 34 Well do, wou äre Schaz ass, do ass och äert Häerz.

35 Kuckt, datt dir fäerdeg ugedoe sidd an datt är Luuchte brennen! 36 Dir sollt sinn ewéi Leit, déi op hiren Här waarden, dee vun enger Hochzäit zréckkomme soll, fir datt si him deen Ament, wou hie kënnt a klappt, gläich opmaache kënnen. 37 Glécklech sinn déi Dénger, déi waachen, wann den Här kënnt! Amen, ech soen iech: Hien deet e Schiirtech un a léisst si um Dësch Plaz huelen; da geet hien hin a bedéngt si. 38 Kënnt hien an där zweeter oder an där drëtter Nuetswuecht a fënnt si esou – glécklech sinn si! 39 Dat hei awer sollt dir wëssen: Wann den Haushär wéisst, a watfir enger Stonn den Déif kënnt, da géif hien net zouloossen, datt an säin Haus agebrach gëtt. 40 Haalt och dir iech prett, well de Mënschejong kënnt zu enger Stonn, wou dir net drop gefaasst sidd!"

41 Du sot de Péitrus: "Här, erziels du dëst Gläichnes nëmme fir äis oder fir d'Leit alleguer?" 42 Den Här huet geäntwert: "Wien ass wuel deen treie Verwalter, dee lous ass, an deen den Här iwwer seng Déngerschaft stellt, fir datt hie mat Zäit d'Iesse verdeelt, dat jiddereen zegutt huet? 43 Glécklech ass deen Dénger, deen amgaang ass, dat ze maachen, wann säin Här kënnt! 44 Wierklech, ech soen iech: Dëse gëtt him säi ganze Besëtz ze verwalten. 45 Wann awer deen Dénger bei sech denkt: 'Mäin Här léisst sech Zäit fir ze kommen!', an hie fänkt un, d'Kniecht an d'Meed ze schloen, z'iessen an och ze drénken an sech vollafen ze loossen, 46 da kënnt dësem Dénger säin Här op engem Dag, wou hien et net erwaart, an zu enger Stonn, déi hien net kennt, an dann heet hien den Dénger a Stécker an deet hien d'Lous vun deenen Ontreien deelen.

47 Well deen Dénger, deen sengem Här säi Wëlle kennt an awer näischt esou virbereet oder mécht, wéi säin Här et wëllt, dee kritt vill Streech; 48 deejéinegen awer, deen en net kennt an eppes mécht, wat Streech verdéngt, dee kritt wéineg Streech. Wiem vill gi gouf, vun deem gëtt vill gefuerdert, a wiem vill uvertraut gouf, vun deem gëtt nach méi zréckgefrot."

Lk 1, 39-56[edit]

An deenen Deeg huet d'Maria sech op de Wee gemaach; si huet sech geflass, fir an eng Stad an de Bierger vu Judäa ze goen. Do ass si an dem Zacharias säin Haus eragaang, an si huet d'Elisabeth begréisst. Wéi d'Elisabeth der Maria hire Grouss héieren huet, ass et geschitt, datt d'Kand an hirem Schouss sech beweegt huet an datt d'Elisabeth vun hellegem Geescht erfëllt gouf an haart geruff huet:

"Geseent bass du ënner de Fraen,

a geseent ass d'Fruucht vun dengem Schouss!

Wie sinn ech, datt d'Mamm vu mengem Här bei mech kënnt?

Well kuck, wéi ech däi Grouss héieren hunn,

huet d'Kand a mengem Schouss sech vu Freed beweegt.

Glécklech ass déi Fra,

déi gegleeft huet, datt dat an Erfëllung geet,

wat hir vum Här gesot gouf!"

Du sot d'Maria: "Meng Séil verkënnegt d'Gréisst vum Här, a mäi Geescht jubiléiert iwwer Gott, mäi Retter, well op d'Damiddegkeet vun senger Mod huet hie gekuckt. Jo, vun elo un heesche mech glécklech all d'Generatiounen, well dee Mächtegen huet fir mech Grousses gedoen. Helleg ass säin Numm, an säin Erbaarmen, vu Generatioun zu Generatioun, gëllt deenen, déi hie fäerten. Gewalteges deet hie mat sengem Aarm, hie jeet déijéineg auseneen, déi bis an hiert Häerz iwwerhieflech sinn; déi Mächteg geheit hien erof vum Troun, an déi Damiddeg riicht hien op, déi Hongreg siedegt hie mat gudde Gowen, an déi Räich schéckt hie fort mat eidelen Hänn. Hien hëlt sech sengem Kniecht Israel senger un an denkt un säin Erbaarmen – wéi hien eise Pappe versprach huet – fir den Abraham an seng Nokomme fir ëmmer an éiweg."

D'Maria ass ongeféier dräi Méint bei der Elisabeth bliwwen, dunn ass si nees heem bei sech gaang.

Lk 13, 22-30[edit]

22 De Jesus ass duerch Stied an Dierfer gezunn an huet d'Leit geléiert; esou ass hien säi Wee op Jerusalem virugaang.

23 Du sot een zu him: "Här, sinn et der nëmmen e puer, déi gerett ginn?" Hie sot zu hinnen: 24 "Gitt iech drun, fir duerch déi enk Dier eranzegoen, well ech soen iech: Vill sichen der fir eranzegoen, ma si bréngen et net fäerdeg! 25 Soubal den Haushär opgestan ass an d'Dier zougespaart huet, stitt dir dobaussen, klappt un d'Dier a sot: 'Här, maach äis op!', an dann äntwert hien iech: 'Ech weess net, wou dir hierkommt.' 26 Da fänkt dir un ze soen: 'Mir hu bei dir zou giess a gedronk, an op eise Stroossen hues du äis geléiert.' 27 An da seet hien zu iech: 'Ech weess net, wou dir hierkommt. Ewech vu mir, dir alleguer, déi dir soss näischt wéi Ongerechtegkeet opweises hutt!' 28 Dobaussen, do gëtt da gejéimert a mat den Zänn gegrätscht, wann dir den Abraham, den Isaak, de Jakob an alleguer d'Prophéiten am Herrgott sengem Räich gesitt, selwer awer erausgehäit gitt. 29 Vu Sonnenopgang a Sonnenënnergang, vun Norden a Süden hier kommen si a sëtzen sech un am Herrgott sengem Räich. 30 A kuckt, et gëtt Leschter, déi ginn dann déi Éischt, an et gëtt Éischter, déi ginn dann déi Lescht."

Lk 14,1.7-14[edit]

1 Wéi de Jesus op engem Sabbat an engem vun de Pharisäer hiren Ieweschte säin Haus gaang ass fir z'iessen, hunn si hie stänneg am A behal.

7 Well hien an Uecht geholl huet, wéi d'Gäscht sech d'Éiereplazen erausgesicht hunn, huet hien hinnen e Gläichnes erzielt. Hie sot zu hinnen: 8 "Wann s du vun engem op eng Hochzäit ageluede gi bass, da sëtz dech net op d'Éiereplaz! Et kéint jo sinn, datt méi en Dichtege wéi s du vun him ageluede gi wär, 9 an datt deejéinege kéim, deen dech an hien agelueden huet, an zu dir soe géif: 'Looss him hei dës Plaz!' Da misst du ufänken, voll Schimt op déi lescht Plaz ze réckelen. 10 Neen – wann s du ageluede gi bass, da géi sëtz dech op déi lescht Plaz, fir datt deejéinege kënnt, deen dech agelueden huet, an zu dir seet: 'Mäi Frënd, réckel méi wäit erop!' Dat gereecht dir dann zur Éier virun all deenen, déi mat dir um Dësch sinn. 11 Well jiddereen, deen sech selwer erhéicht, gëtt erofgesat, an deen sech selwer erofsetzt, gëtt erhéicht."

12 Zu deemjéinegen, deen hien agelueden hat, sot hien: "Wann s du e Mëtteg- oder en Nuechtiesse gëss, da ruff weder deng Frënn nach deng Bridder nach deng Famill nach räich Noperen, fir datt si dech net och nees alueden an esou alles nëmme geléint war! 13 Neen – wann s du en Iesse gëss, da ruff Aarmer, Krëppelen, Schlammer a Blanner! 14 Da gëss du glécklech, well si et net hunn, fir dir et zréckzeginn; bei der Operstéiung vun deene Gerechte kriss du et nämlech zréck!"

Lk 14, 25-33[edit]

25 Eng Onmass Leit si mat dem Jesus matgaang. Hien huet sech ëmgedréit a sot zu hinnen: 26 "Wann ee bei mech kënnt, awer net Papp a Mamm, Fra a Kanner, Bridder a Schwësteren an esouguer säin eegent Liewen haasst, da kann hien net mäi Jünger sinn. 27 Wien net säi Kräiz dréit a mir nokënnt, dee kann net mäi Jünger sinn.

28 Wie vun iech, dee wëlles huet, en Tuerm ze bauen, sëtzt sech net fir d'éischt dohinner, rechent d'Onkäschten aus a kuckt, ob hie genuch huet, fir un en Enn ze kommen? 29 Net datt hien, wann hien d'Fëllement geluecht huet, net amstand ass, den Tuerm fäerdegzekréien, an all déi, déi et gesinn, ufänken, de Spott mat him ze dreiwen, 30 a soen: 'Deen doten huet ugefaang, en Tuerm ze bauen, an hien ass net amstand, e fäerdegzekréien!' 31 Oder watfir e Kinnek geet an de Krich géint en anere Kinnek, ouni sech fir d'éischt dohinner ze sëtzen an sech mat senge Leit ze beroden, ob hie mat zéngdausend Mann deem entgéinttriede kann, dee mat hirer zwanzegdausend op hien duerkënnt? 32 Wann hien dat net kann, da schéckt hien eng Gesandtschaft bei deen aneren, soulaang deen nach wäit ewech ass, an hie freet ëm Fridden. 33 Duerfir: Wie vun iech sech net vun all senge Gidder lass seet, dee kann net mäi Jünger sinn."

Lk 15,1-32[edit]

1 D'Steierandreiwer an d'Sënner sinn alleguer bei de Jesus komm, fir him nozelauschteren. 2 Dunn hunn d'Pharisäer an och d'Schrëftgeléiert gegrommelt a soten: "Deen do hëlt sech de Sënner hirer un an ësst mat hinnen!"

3 Hien awer huet hinnen dëst Gläichnes erzielt: 4 "Wie vun iech, deen honnert Schof huet an eent dervu verléiert, léisst net déi néngannongzeg an der Wüüst zréck a geet deem verluerenen no, bis hien et fënnt? 5 A wann hien et fonnt huet, hëlt hien et voll Freed op seng Schëlleren; 6 kënnt hien dann heem, rifft hien d'Frënn an d'Noperen zesummen a seet zu hinnen: 'Freet iech mat mir, well ech hu mäi Schof, dat ech verluer hat, erëmfonnt!' 7 Ech soen iech: Esou gëtt et och am Himmel méi Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt, wéi iwwer néngannongzeg Gerechter, déi et net néideg hunn, ëmzedenken.

8 Oder watfir eng Fra, déi zéng Drachmen huet an eng dervu verléiert, fänkt net eng Luucht un, kiert d'Haus a sicht grëndlech, bis si se fënnt? 9 A wann si se fonnt huet, rifft si d'Frëndinnen an d'Nopeschen zesummen a seet: 'Freet iech mat mir, well ech hunn déi Drachme, déi ech verluer hat, erëmfonnt!' 10 Esou, soen ech iech, gëtt et och beim Herrgott sengen Engele Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt."

11 Du sot hien: "E Mann hat zwéi Jongen. 12 Dee jéngste vun hinne sot zum Papp: 'Papp, gëff mir meng Deel!' Dueropshin huet deen d'Verméigen ënner hinnen opgedeelt. 13 Et huet net laang gedauert, dunn huet dee jéngste Jong alles zesummegepaakt an ass wäit ewech an en anert Land gaang, wou hien säi ganzt Verméigen duerch e Liewen am Vollen dropgemaach huet. 14 Wéi hien alles dropgekéiert hat, ass an deem Land eng uerg Hongersnout ausgebrach, an hien huet ugefaang, de Manktem ze spieren. 15 Dunn ass hien higaang an huet sech bei engem Bierger aus deem Land verdangt; deen huet hien op seng Stécker geschéckt, fir d'Schwäin ze hidden. 16 Gär hätt hien sech un de Scheeken, déi d'Schwäi gefriess hunn, sat giess, ma et huet keen him se ginn. 17 Dunn ass hien an sech gaang a sot: 'Wéivill vu mengem Papp sengen Doléiner hu Brout am Iwwerfloss, an ech kommen hei ëm vun Honger! 18 Ech maache mech elo op de Wee, ech gi bei mäi Papp, an ech soen him: Papp, ech hu géint den Himmel a géint dech gesënnegt; 19 ech sinn et net méi wäert, däi Jong genannt ze ginn. Behandel mech wéi ee vun dengen Doléiner!' 20 An hien huet sech op de Wee gemaach an ass bei säi Papp gaang. Wéi hien nach wäit ewech war, huet säi Papp hie gesinn, an et huet him am Häerz wéi gedoen. Hien ass op de Jong duergelaf, ass him ëm den Hals gefall an huet hie gekësst. 21 Ma de Jong sot zu him: 'Papp, ech hu géint den Himmel a géint dech gesënnegt; ech sinn et net méi wäert, däi Jong genannt ze ginn.' 22 De Papp awer sot zu senge Kniecht: 'Bréngt séier dat houbeschte Kleed erbäi an dot him et un, gitt him e Rénk fir un de Fanger a Sandale fir an d'Féiss! 23 Bréngt dat gemäschtent Kallef, schluecht et, an da wëlle mir frou sinn a gutt iessen, 24 well mäi Jong hei war dout, an hie lieft nees; hie war verluer an ass erëmfonnt ginn!' An si hunn ugefaang, frou ze feieren. 25 Deen eelste Jong awer war um Feld. Wéi hien heemkomm ass a méi no beim Haus war, huet hie Musek an Danz héieren. 26 Hien huet ee vun den Dénger erbäigeruff a gefrot, wat do lass wär. 27 Deen huet him gesot: 'Däi Brudder ass erëmkomm, an däi Papp huet dat gemäschtent Kallef geschluecht, well hien hie gesond zréckkritt huet.' 28 Dunn ass de Jong rose ginn a wollt net eragoen. Dueropshin ass säi Papp erauskomm an huet him gefléift. 29 Hien awer huet sengem Papp geäntwert: 'Kuck, esouvill Joer déngen ech dir, an nach ni hunn ech e Gebot vun dir iwwertratt. Ma mir hues du nach ni och nëmmen e Geessebock ginn, fir datt ech frou mat menge Frënn hätt kënne feieren! 30 Wéi awer däi Jong do komm ass, deen däi Verméige mat Houere verjuppt huet, hues du fir hien dat gemäschtent Kallef geschluecht!' 31 Ma de Papp sot zu him: 'Kand, du bass déi ganzen Zäit iwwer bei mir, an alles, wat mäint ass, ass och däint. 32 Et huet een dach elo misse frou sinn an sech freeën, well däi Brudder hei war dout, an hie lieft nees; hie war verluer an ass erëmfonnt ginn!'"

Lk 16, 1-13[edit]

1 De Jesus sot zu senge Jünger: "Et war emol e räiche Mann, deen e Verwalter hat. Dëse gouf bei him ugeklot, hie géif sengem Här seng Gidder zur Fënster erausgeheien. 2 Den Här huet hie geruff a sot zu him: 'Wat héieren ech do vun dir? Lee iwwer deng Verwaltung Recheschaft of, well du kanns net méi mäi Verwalter bleiwen!' 3 Du sot de Verwalter sech: 'Wat soll ech maachen, wa mäin Här mir d'Verwaltung ewechhëlt? Fir am Gruef ze schaffe sinn ech net staark genuch, a fir ze heesche schummen ech mech. – 4 Elo weess ech, wat ech maachen, fir datt se mech an hiren Haiser ophuelen, wann ech d'Verwaltung ewechgeholl kréien!' 5 Hien huet all déi, déi bei sengem Här an der Schold stoungen, een nom anere komme gelooss, an hie sot zu deem éischten: 'Wéivill bass du mengem Här schëlleg?' 6 Deen huet geäntwert: 'Honnert Faass Ueleg.' Du sot hien zu him: 'Huel däi Scholdschäin, sëtz dech a schreif séier: fofzeg.' 7 Zu engem anere sot hien: 'An du, wéivill bass du schëlleg?' Deen huet geäntwert: 'Honnert Mooss Weess.' Hie sot zu him: 'Huel däi Scholdschäin a schreif: achtzeg.' 8 An den Här huet deen ongerechte Verwalter gelueft, well deen sech esou lous ugeluecht hat. D'Kanner vun dëser Welt sinn nämlech am Ëmgang mat hiresgläiche méi lous, wéi d'Kanner vum Liicht et sinn. 9 An ech soen iech: Maacht iech Frënn mat deem ongerechte Mammon, fir datt si, wann en ausgaang ass, iech an deenen éiwegen Zelter ophuelen!

10 Een, deen trei ass am Klengen, ass och trei am Groussen, an een, deen ongerecht ass am Klengen, ass och ongerecht am Groussen. 11 Wann dir also mat deem ongerechte Mammon och nach net trei ëmgaange sidd, wie vertraut iech da jeemools eppes un, op dat et wierklech ukënnt? 12 A wann dir mat engem aneren sengem Besëtz net trei ëmgaange sidd, wie gëtt iech da jeemools eppes, fir datt et ären eegene Besëtz gëtt?

13 Kee Kniecht kann zwéin Hären déngen; entweder haasst hien deen een an ass frou mat deem aneren, oder hien hänkt un deem engen a veruecht deen aneren. Dir kënnt net dem Herrgott déngen an an engems dem Mammon."