De Wëllefchen an de Fiisschen

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
De Wëllefchen an de Fiisschen –
Eng al Seechen, nei a Reime gesat vum Dicks
(orig.: De Wellefchen an de Fîschen -
Èng âl Séchen, nei a Reimen gesât fum Dicks)
 (1894) 
by Edmond de la Fontaine (Dicks)

Resümmee:

Am “De Wëllefchen an de Fiisschen“ verzielt den Dicks wéi de Wollef an de Fuuss sech an enger Wanternuecht begéinen a wéi den hongerege Wollef de Fuuss friesse wëll. De Fuuss réit dem Wollef awer, mat him ze kommen, dann hätt hie gläich keen Honger méi. A Wierklechkeet wëll de Fuuss de Wollef awer austricksen an e vun de Mënschen dout maache loossen.

Motto:

„Zur Zäit wéi d'Mais Parécke gedroen
„an d'Raten
„Hoerbeidelen haten
„Ass dat geschitt, wat ech elo soen“

Wéi de Wëllefchen op d'Juegd geet an de Fiissche begéint[edit]

Nei Schreifweis
An enger kaler Wanternuecht,
Et war héije Schnéi gefall,
Du goung de Wëllefchen op d'Juegd,
E goung wuel iwwer Bierg an Dall,
E goung, ma wuer en och ass gaangen,
En huet keng Maus gefaangen.

Et geet schlecht, ech hunn haut Ongléck,
Sou duecht en alt bei sech,
Well all Abléck an all Abléck,
Gouf hie méi hongereg.

Op eemol héiert en an den Hecken,
Datt eppes an de Blieder geet,
Scho steet en do, sech de Mond ze lecken,
De Wëllefchen zum Sprong bereet.

„Mä gudden Owend Komper“, rifft eng Stëmm,
„Wou fanne mir eis hei erëm!“
- „Bass Du dat, Fiisschen, Spëtzbouf do,
„Du kënns mer grad zu Paass elo“[1].

„Fiisschen, Fiisschen, ech hunn näischt z'iessen,
„Fiisschen, Fiisschen, ech muss dech friessen“.

- „Dir wäert dach net des Donners sinn,
„Et wäert dach nach soss ze friesse ginn!
„Verloosst iech duerfir fräi op mech,
„Gläich sidd der net méi hongereg.“

Sou riet de Fiisschen an en duecht:
„Waart du, mäi Wëllefchen, gëff Uecht,
„Du hues d'Gewalt, dach weess een net,
„Wie vun ons zwee nach Meeschter gëtt“.

Original Schreifweis
An ènger kâler Wanternûocht -,
T wor he,ge Sehne, gefal
-Dû gong de Wellefchen op d,Jûocht.
E gong wûol iwer Biérch an Dal,
E gong, mè wûor en och as gangen,
En hûot kèng Maus gefangen.

,T gêt schlècht, éch hun haut Ongeléck,
So' dûocht en alt bei séch,
Wèl all Abléck an all Abléck
Go,f hién me, hongeréch.

Op émoi he,ert en an den Hècken,
Das èppes an de Bliéder gêt,
Scho stêt do, séch de Mont ze lècken,
De Wellefchen zum Spronk berêt.

«Mè gudden Owent Komper», rifft èng Stemm,
«Wo, fanne mir ons haut erem!»
-«Bas dû dât, Fische, Spetzbo,f do,
«Du kens mer grat zu Pâs elo.

«Fîschen, Fischen, éch hun neischt z,iészen,
«Fischen, Fîschen, éch muss déch frîészen.»

-«Dir wèrt dach net des Donners sin,
«'T wèrt dach nach sos ze fiésze gin!
«Ferloszt iéch dûorfir frei op méch,
«Gleich sit dir net me, hongeréch».

So, riét de Fîschen an en dûocht:
Wart dû, mei Wellefchen, gef ûocht,
Dû hûos d,Gewalt, dach wês ên net,
Wie fun ons zwê nach Mêschter get.

Wéi de Fiisschen d'Ham an de Kiermeskuch frësst an de Wëllefche Streech kritt[edit]

„Abee, ech gi wuel doran an”,
Sot dunn de Wollef, “wat ass ze man?”
- “Dohannen”, seet de Fuuss, “do fiert
„Den Huefmann[2] vun deem groussen Haff,
„Ech hat e grad gutt ausgespiert,
„Wéi ech iech ugetraff.

„E war op d’Kiermes an e kënnt,
„Vun engem räiche gudde Frënd,
„Och ass seng Kar ganz steif gelueden,
„Mat Kiermeskuch an Ham a Flueden[3].

„An dovu kréie mir ons Deel,
„Ech hunn e Plang, dee schléit net feel”.
„Kuckt nëmmen no a maacht wéi ech,
„Da geréit ons alles sécherlech”.
Du leeft de Fuuss ouni gesinn,
Dem Huefmann op de Virzock[4] hin.

Geet matten an de Wee sech strecken,
A mécht als wär et mat em aus.
De Wollef schläicht sech lues an d’Hecken,
A luusst bei engem Bam eraus.
Den Huefmann koum geschwënn erno.
„O, jëss”, seet hien, „wat ass dat do”!
Wéi hien de Fuuss am Schnéi gesäit,
Deen do, ewéi krepéiert läit.

„Dee Pelz elo hält en ze Rot[5],
„Et gëtt Moule fir de ganze Stot
„Fuuss, du gees mat, ech si keen Nar”,
An domat luet en en op d’Kar.

Deen Abléck gëtt de Fuuss sech drun,
Frësst Ham a Flued a Kiermeskuch,
A wéi en alles hat genuch,
Du spréngt e vum Gefier a laacht,
An duecht, ma dat huet gutt geschmaacht.
Drop rennt en op de Wollef zou,
A seet: „Nu maacht et och esou.

„Kuckt, mir hänkt d’Ham nach an de Zänn,
„Dir sidd vläicht nach méi behänn.”
- „Mä wärrech jo, dat ass net schwéier,
Seet drop de Wollef, „ech lafe séier.”

E leeft och gläich ouni gesinn,
Dem Huefmann op de Virzock hin,
A leet sech op de Wee eluer,
Als wär en dout an haart gefruer.

Mä, d’Gléck ass net fir jiddereen
Op dëser Welt gemaach, o neen!

Den Huefmann hat de Spaass entdeckt
Vum Fiisschen. Och wéi hie gesouch
De Wollef, deen am Schnéi do louch,
Dunn ass e weider net erschreckt
An duecht: deen do bezilt ons d’Zooss.

E sprengt mam Jong vum Won op d’Strooss;
Deen hat seng Baatsch, hien hat e Klëppel,
Schloen op de Wollef drop an drun,
Datt holl a blo an hallef Krëppel,
Hie kaum mam Liewe koum dervun.

« Abé, éch gi wûol dûoran ân,»
Sot dû de Wollef, «wât as ze mân?»
-«Dohanne, » sét de Fûs, «do fîrt
«Den Hûofman fun dem gro,szen Haff;
«Ech hât e grat gutt ausgespîrt,
«We, éch iéch ugetraff.

«E wor op d,Kirmes an e kent
«Fun èngem reiche gudde Frent.
«Och as séng Kar ganz steif gelûoden,
«Mat Kirmeskoch an Ham a Flûoden.

«An dofu kre,e mîr ons Dél:
«Ech hun e Plang, dé schle,t net fél; 
«Kuckt nemme no a mâcht we, éch,
«Da gre,t ons alles sécherléch.»
Dû lêft de Fûs unne, gesin
Dem Hûofman op de Firzock hin.

Gêt metten an de Wé séch strècken
A mécht, als wèr et mat em aus.
De Wollef schleicht séch lûos an d,Hècken
A lûszt bei èngem Bâm eraus.
Den Hûofman ko'm geschwenn erno.
«Ojes, » sét hien, «wât as dât do!»
We, hién de Fûs am Sehne, geseit,
Dén do ewe, krepe,ert leit.

«Dé Pèlz elo hèllt ên zu rôt;
«'T get Mo,le fir de ganze Stôt.
«Fûs, dû gês mat, éch si kên Nar,»
An domat lûot en en op d,Kar.

Den Abléck get de Fûs séch drun,
Fresst Ham a Flûot a Kirmeskoch,
A we, en alles hât genoch,
Du spréngt e fum Gefiér a lâcht,
An dûocht, mè dât hûot gutt geschmâcht.
Drop rènnt en op de Wollef zo,
A sét: «Nu mächt et och eso’.

«Kuckt, mîr hènkt d,Ham nach an den Zènn,
«Dir sit fileicht nach me'behènn.»
«Mè wèrréch jo, dât as net schwe'er,»
Sét drop de Wollef, «éch lâfe se,er.»

E lêft och gleich unne, gesin
Dem Hûofman op de Firzock hin
A lét séch op de Wé elûor,
Als wèr en do,t an hârt gefrûor.

Mè d,Gléck ass net fir jidderên
Op deser Wèlt gemâcht, o nên!

Den Hûofman hât de Spâs entdèckt
Fum Fîschen. Och we, hié geso,ch
De Wollef, dén am Sehne, do lo,ch,
Dû as e weider net erschrèckt
An dûocht: dén do bezilt ons d,Zos.

E spréngt mam Jong fum Won op d,Stros;
Dén hât séng Bâtsch, hién hât e Kleppel,
Schlôn op de Wollef drop an drun,
Das hol a blo an halef Kreppel,
Hién kaum mam Liéwe ko,m derfun.

Wéi de Wëllefche mam Fiissche fësche geet a säi Schwanz am Äis stieche léisst[edit]

Et géif gutt, et géif schlecht gefalen,
Deen d’Streech huet, muss se halen.
Sou duecht de Wollef, leckt seng Wonnen,
Du waren se verbonnen.
Dorop rifft en: “Fiisschen, komm erbäi
„Well du bass heimat haut net fräi”.

Mä Fiissche war gläich bei der Hand,
„Jëss”, seet en, „wéi sidd dir geschannt!
„O Komper, och! Wat sidd dir bleech!
„Sot, wär et iech net gutt ergaangen?
-„Jo, du kruuts d’Ham an ech krut d’Streech;
„Esou gëtt näischt méi ugefaangen.

„Fiisschen, Fiisschen, ech hunn näischt z’iessen,
„Fiisschen, Fiisschen, ech muss dech friessen”.

„Da waart, ech weess eng aner Saach,
„Ech kennen”, sot de Fuuss, “eng Baach
„Dohanne bei dem Bierkebësch,
„Déi ass gestëppelt voller Fësch.

„Kommt, loosst mer ons net laang bedenken,
„Ech sinn erfuere fir d’Fësch ze fänken”.
-„Hee”, seet de Wollef, „et ass mer Recht”,
„Esou e Fësch, dat ass net schlecht”.
Si maachen allebéid sech op,
A lafen nëmmen iwwer d’Kopp.

Du koumen si dem Abléck duer.
„Halt”, seet de Fuuss, „elei ass d’Wuer!
„Elo gitt der, Komper, bis un d’Panz
„An d Bächelchen a streckt de Schwanz
„Esou wäit dran ewéi et geet,
„Dat heescht bis op de Grond.

„Et brauch net vill Geschécklechkeet,
„Da fänkt mer Schlag fir Schlag e Pond.
„A géing et och eng Weilchen zou,
„Bis ugebass eng schwéier Kludder,
„Hei muss een hu Gedold a Rou,
„Duerno och feelt et net um Fudder”.

Ewéi gesot, esou gemaach.
De Wollef geet an d’Waasser bis un d’Panz
A streckt bis op de Grond de Schwanz.

Um Bord mäi Fiisschen heemlech laacht
An denkt bei sech: „O mei! O mei!
Wat gëtt dat fir eng Fëscherei!

De Wollef stoung net laang nach dran,
Du sot en: „Héier Fuuss, ech kann
„Et net méi ausstoen. Nondikass,
„Wat dat eng Keelt am Waasser ass!”
-„Ech weess net, Komper, wat iech feelt
Seet drop de Fuuss. „Et ass glat keng Keelt.

„Dir sidd och net vu Stol an Eisen,
„Soss misst et sech elo beweisen.”
De Wollef, op déi Ried vum Fox
Schummt sech an d’Séil eran.

E rëselt of seng horeg Box
A geet nach méi déif dran
„Ha”, seet de Fuuss, dat do ass gutt,
„Et gesäit ee wuel, dir hutt nach Mutt.

„Och, wat gëtt dat duerno Pleséier!
„A wat kritt dir duerno eng Éier!
„Wann ech de Wëllef aus dem Bësch
„Verzielen, wat dir Masse Fësch
„Am Waasser haut gefaangen hei,
„Wat kréien déi eng Roserei!”

A lues a lues war d’Baach gefruer,
De Wollef gouf et net gewuer,
Dach endlech rifft en: “Fiisschen, héier,
„Méi Schwanz, dee gëtt mer mächteg schwéier,
„Dat sinn se, déi sech dru gehaangen!
„Hurra, elo gëtt Fësch gefaangen!”
Aus alle Kräfte wëllt en zéien,
Fir alles mateneen ze kréien.

O mei, de Schwanz stouch fest am Äis
A goung net lass, och fir kee Präis.
Elei du fänkt en un ze rappen
A mat de Féiss an d’Baach ze klappen;
E koum an d’Roserei,
E mécht an der Verzweiwlung
E fierchterleche Sprong.

Dir Kanner, rot, wat ass dat hei?!
Wéi hie gespronge war eraus,
Dunn ass de Schwanz em gaangen aus!
Wéi hien erléist war aus dem Äis,
Rifft hien zum Fuuss: “Waart, du gesäis
„D’Sonn net méi schéngen, Näischnotz, héier
„Wat war dat do fir eng Manéier.”

A fänkt un op de Fuuss ze lafen,
De Fiissche war net laang ze afen,
E mécht sech op seng véier Been,
Spréngt iwwer Heck a Scholl a Steen
A rennt nu, wat et renne konnt,
Bis datt en hat seng Hielche fonnt.

A wéi säi Feind wollt no him haen,
Wupp, war de Fuuss zu Lach eran.

T ge,f gutt, ,t ge,f schlècht gefâlen, 
Dén d,Stréch hûot, muss se hâlen.
So, dûocht de Wollef, lèckt séng Wonnen,
Dû woren sî ferbonnen.
Drop rift e: «Fîsche, kom erbeî,
« Wèl du bas heimat haut net freî.»

Mei Fîsche wor gleich bei der Hant,
«Jes,» sét en , «we,si dîr geschant!
«O Komper, och! wât si der blêch!
«Sot, wèr et iéch net gutt ergângen?»
-«Jo, dû krûsz d,Ham, an éch krût d,Stréch;
«Eso,get neischt me, ugefângen.

«Fîsche, Fischen, éch hun neischt z'iészen,
«Fîsche, Fîschen, éch muss déch friészen.» -

«Da wärt, éch wês èng âner Sâch,
«Ech kènne», sot de Fûs, «èng Bâch
«Dohanne bei dem Birkebesch,
«De' as gesteppelt foller Fesch.

«Kommt, lôszt mer ons net lâng bedènken,
«Ech sin erfûor fir d,Fesch ze fènken.»
-«Hé», sét de Wollef, «,t as mer rècht,
«Eso, e Fesch, dât as net schlècht.»
Si mächen allebe,t séch op
A lâfen nemmen iwer d,Kopp

Dû ko'men si den Abléck dûor. 
«Halt», sét de Fûs, «elei as d,Wûor!
«,Lo gi der, Komper, bis un d,Panz
«An d'Bèchelchen a strèckt de Schwanz
«Eso,weit drân, ewe, et gêt,
«Dât hêscht bis op de Gront.

«Et brauch net fil Geschéckléchkêt,
«Da fènkt mer Schlâch fir Schlâch e Pont.
«A géng et och èng Weilchen zo’,
«Bis ugebasst èng schwe,er Kludder,
«Hei muss én hu' Gedolt an Ro’,
«Derno och fêlt et net um Fudder.»

Ewe, gesot, eso, gemâcht.
De Wollef gêt an d,Wâszer bis un d,Panz
A strèckt bis op de Gront de Schwanz.

Um Bûort mei Fîschen hêmléch lâcht
An dènkt bei séch: Omei! Omei!
Wât get dât fir èng Fescherei!

De Wollef stong net läng nach dran,
Dû sot en: «He,er, Fûs, éch kann
«Et net me,ausstôn. Nondikas,
«Wât dât èng Kêlt am Wässer as!»
-«Ech wês net, Komper, wât iéch fêlt,»
Sét drop de Fûs. «,t as glât kèng Kêlt. 

«Dîr sit och net fu Stôl an Eisen,
«Sos misst et séch elo beweisen.»
De Wollef op de, Riéd fum Fox
Schûomt séch an d,Se,l erân.

E reselt of séng horéch Box
A gêt nach me, de,f dran
«Ha», sét de Fûs, «dât do ass gutt,
«,T geseit ê wûol, dîr hûot nach Mutt.

«Och, wât get dât derno Plese,er!
«A wât kri dîr derno èng E,er!
«Wann éch de Wellef aus dem Besch
«Ferziéle, wât dîr Masse Fesch
«Am Wâszer haut gefângen hei,
«Wât kre,en de, èng Roserei!»

A lûosz a lûosz wor d'Bâch gefrûor,
De Wollef go,f et net gewûor,
Dach èntléch rift e: «Fîschen, he'er,
«Mei Schwanz, dé get mer mèchtég schwe'i
«Dât sin se, de, séch dru gehângen!
«Hurra, elo get Fesch gefângen!»
Aus alle Krèfte welt en ze,en,
Fir alles madenén ze kre,en.

Oei, de Schwanz sto,ch fèst am Eis 
A gong net las, och fir kê Preis.
Elei dû fènkt en un ze rappen
A mat de Fe's an d,Bâch ze klappen;
E ko'm an d,Roserei,
E mécht an der Ferzweifelonk
E fiérchterléche, Spronk.

Dîr Kanner rôt, wât as dât nei?!
We' hié gespronge wor eraus,
Dû ass de Schwanz em gangen aus!
We, hién erle,st wor aus dem Eis,
Rift hién zum Fûs: «Wärt, du geseis
«D,Sonn net me, schénge, Neischnotz, he’er
«Wât wor dât do fir èng Mane,er.»

A fènkt un, op de Fûs ze lâfen,
De Fîsche wor net lâng ze âfen,
E mécht séch op séng fe,er Bên,
Spréngt iwer Hèck a Scholl a Stên
A rènnt nu, wât e rènne kont,
Bis dat en hât séng Hiélche font.

A we' sei Feint wolt no em hân,
Wupp, wor de Fûs zum Lach eran

Wéi de Fiisschen dem Wëllefchen e Schwanz vu Stréi mécht, a wéi de Schwanz verbrennt[edit]

Du stoung de Wollef ganz eleng,
Ze blosen an ze käichen
Virun dem Lach, well et war ze kleng,
Sot hien, fir anzekräichen.

E jäizt: „Komm hier, du Gaalgestréck,
„Ech briechen dir däin Halsgenéck!”
De Fuuss dréit sech am Lach erëm
A seet mat senger rengster Stëmm:
„O Komper, héiert, hieft Verstand!”

„Wat”, seet de Wollef, „du wëlls nach schwätzen,
„Du wëlls elei deng Zong nach wetzen!
„Waart, du gëss dach emol geschannt!”

De Fiissche seet: “Mä hieft Gedanken,
„Wat hätt der dach mat menge Schanken!
„Nu loosst déi Dommereien do
„A lauschter mir e wéineg no.

„Kënn dir mir soen, wien dat war,
Deen iech schonn zënter munnech Joer
„Zu alle Plange bäigestanen?
„Dee sech geriicht fir iech zu schanen?

„Wie war dat, wann der schwaach a matt
„A wann der näischt ze friessen hat,
„A wann der bal vun Honger dout,
„Iech opgehollef aus der Nout?

„Deen Nuecht an Dag, zu aller Zäit,
„Am Gléck, am Ongléck iech zur Säit?
„Kann ech derfir, datt d’Waasser fréiert?
„Sou hätt een nach näischt gehéiert!

„Nu soen ech och meng Meenung ganz:
„Et ass d’fënneft Rad am Won e Schwanz.
„Dersonner ass äert Gléck méi grouss,
„Well dir sidd vill méi liicht zu Fouss.

„Mä wann der géift dueroper halen,
„Ech maachen iech een, trotz ärem alen.
„Dir wäert gesinn, mat wéineg Méi,
„Wëll ech iech trëtzen ee vu Stréi.”

De Wollef zu dem Fiissche seet:
„Jee, komm et ass gutt, maach mir en neien,
„Da wëll ech alles dir verzeien.”
De Fiisschen, dee war voller Freed,
Gläich fänkt en drop seng Aarbecht un.

A war kaum zéng Minutten drun,
Du war et do. “Hei ass d’Affär,
„Wat sot der dovun, strengen Här?”
A gläich hat hien, grad fein a echt,
De Stréischwanz un de Stupp gepecht.

„Ech danken, Fiisschen”, seet de Wollef,
„Du hues mer aus der Nout gehollef,
„Dach mat all deem Gedéng's elo,
„Hunn ech nach näischt am Mo.

„Fiisschen, Fiisschen, ech hunn näischt z'iessen,
„Fiisschen, Fiisschen, ech muss dech friessen”.

„O jëmmen”, huet de Fuuss gesot,
„Ass dat et nëmmen, wat iech plot.
„Da lauschtert gutt, wat ass gewat,
„Ech maachen iech geschwë puppsat.

„Ech weess e Mann, deen huet geschluecht,
„Et ass nach net Hallefnuecht,
„Dann hu mir jo déi schéinsten Zäit,
„Fir duer ze goen, wëll ‘t ass net wäit.”

-„Ech ginn nach mat dës Kéier”,
Seet drop de Wollef „dach Fiisschen héier,
„Wann dat kee gudden Ausgank kritt,
„Da kriss du deng verdéngte Britt.”

-„Jo”, seet de Fuuss, „wa mir näischt kréien,
„Da kënnt dir mir den Hals ëmdréien.
„Nu Komper kommt. Do bei dem Weier
„Do haten d’Bëschdéif haut e Feier.

„Et ass nach net aus, an d’Kuelen hëtzen;
„Duer gi mir ons e wéineg setzen.
„Fir onse Sprong duerno ze dunn,
„Do däerf ee keng kal Glidder hunn.”

A wéi de Wollef bei der Glous,
Mam Fiissche souz,
Seet dësen: „Loosst mech iech verzielen,
„An där Zäit bis mer waarem ginn,
„Wat bei dem Bauer ass ze stielen,
„Wat ech am Keller hu gesinn,
„U méi ewéi un zwanzeg Klamen,
„Do hänkt iech Zoossiss, Wurscht an Hamen;
„An Träipen, frësche Kuddelfleck,
„An ënnerschiddlech Säite Speck.

„An engem Eck do steet e Faass,
„Ech maache wierklech kee Spaass,
„Do läit e Schwäin am Solper ganz,
„Et feelt och net emol de Schwanz.

„Wann d’Schwéngefleesch iech net gelëscht,
„Wann anert Fleesch iech méi erfrëscht,
„Dann hieft duerfir nach laang
„Keng Grimmel baang.

„Well d’hänkt un engem Krop nach hallef
„E frësch geschluechte Kallef.
„Dir fannt och Kéis a Ram a Mëllech;
„An engem Wuert, jee, alles vëlleg.”

Hei mécht de Wollef e Freedesprong.
Déi Freed elo, déi gouf em deier,
E koum ze no bei d’Feier
An d’fléit em un de Schwanz e Quonk.
Gläich war dat Stréi a Flamen
A sengt em d’Hamen.

Dû stong de Wollef ganz elèng,
Ze blosen an ze keichen
Firun dem Lach, wèl ,t wor ze klèng,
Sôt hien, fir anzekreichen.

E jeitzt: «Komm hiér, dû Gâlgestréck,
«Ech briéchen dir dein Halzgenéck!»
De Fûs dre't séch am Lach erem
A sét mat sénger réngster Stemm:
«O Komper he'ert, hiéft Ferstant!»

« Wât», sét de Wollef, «dû weis nach schwètzen,
«Dû weis elei déng Zong nach wètzen!
«Wärt, dû ges dach emol geschant!»

De Fîsche sét: «Mè hiéft Gedanken,
«Wât hètt der dach mat ménge Schanken!
«Nu loszt de, Dommereien do
«A lauschtert mir e we,nég no.

«Kenn dîr mir soe, wién dât wor,
«Dén iéch schon zenter mûonéch Jor
«Zu alle Plange beigestânen?
«Dén séch gerîcht fir iéch zu schânen?

« Wié wor dât, wan der schwäch a mât, 
«A wan der neischt ze friészen hât,
«A wan der bâl fun Honger do't,
«Iéch opgehollef aus der No,t?

«Dén Nûocht an Dâg, zu aller Zeît,
«Am Gléck, am Ongléck iéch zur Seit?
«Kann éch derfir, wan d,Wâszer fre,ert?
«So'hètt ê, nach neischt gehe,ert!

«Nu son éch och méng Ménonk ganz:
«,T as d,fenneft Rât am Won e Schwanz
«Der sonner as èrt Gléck me,gos,
« Wèl dîr sit fil me,lîcht zu Fo,s.

«Mè wan der ge,ft dûoroppen hâlen,
«Ech mân iéch ên trotz èrem âlen.
«Dîr wèrt gesin, mat we'néch Me,
« Wel éch iéch tretzen ê fu Stre,.»

De Wollef zu dem Fîsche sét:
« Jé komm,'t as gut, mäch mir e neien,
«Da well éch alles dîr ferzeien.»
De Fîsche, dé wor foller Frét,
Gleich fènkt en drop séng Arbécht un.

A wor kaum zéng Minuten drun,
Dû wor et do. «Hei as d'Affèr,
«Wât so,der dofu,, strèngen Hèr?» 
A gleich hât hién, grât fein an ècht,
De Stre,schwanz un de Stupp gepècht.

«Ech danke, Fîsche,» sét de Wollef,
«Dû hûos mer aus der No,t gehollef,
«Dach mat all dém Gedéngs elo,
«Hun éch nach neischt am Mo.

«Fische, Fîschen, éch hun neîscht z,iészen,
«Fîsche, Fîschen, éch muss déch fiészen.»

«O jemmen,» hûot de Fûs gesot,
«As dât et nemme, wât iéch plot.
«Da lauschtert gut, wât as gewât,
«Ech mächen iéch geschwe puppsât.

«Ech wés e Man, dén hûot geschlûocht,
«,T as nach net halef Nûocht,
«Dan hu,mîr jo de, sche,nsten Zeît,
«Fir dûor ze gôn, wèl,t as net weît.» -

«Ech gin nach mat des Ke,er,
Sét drop de Wollef, «dach Fîschen he,er
«Wan dât ké gudden Ausgank krit,
«Da kris de déng ferdéngte Brit.»

-«Jô», sét de Fûs, «wa mîr neischt kre,en,
«Da kenn der mîr den Halz emdre'en.
«Nu Komper kommt. Do bei dem Weier,
«Do hâten d,Beschde,f haut e Feier.

«'T as nach net aus, an d,Kûolen hetzen;
«Dûor gi mîr ons e we,néch setzen.
«Fir onse Spronk derno ze dun,
«Do dârf ê kèng kâl Glidder hunn.»

A we' de Wollef bei der Glo,s.
Mam Fische so's,
Sét desen: «Loszt méch iéch ferziélen,
«An dèr Zeit bis mer wârem gin,
« Wât bei dem Bauer as ze stiélen,
« Wât éch am Kèller hu gesin,
«U me, ewe, un zwanzég Klâmen,
«Do hènkt iéch Zoszis, Wurscht an Hâmen;
«An Treipe, fresche Kudelflèck,
«An onerschiddléch Seite Spèck.

«An èngem Eck do stêt e Fâs,
«Ech mächen wirkeléch kê Spâs,
«Do leit e Schwein am Solpert ganz,
«Et félt och net emol de Schwanz.

« Wan d,Schwéngeflésch iéch net gelescht,
«Wan âner Flêsch iéch me, erfrescht,
«Dan hiéft dûorfir nach läng
«Kèng Grimmel Bâng.

« Wèl,t hèngt un èngem Krop nach hallef
«E fresch gôschlûochte Kallef.
«Dir fannt och Ke,s a Râm a Melléch;
«An èngem Wûrt jé, ailes felléch.»

Hei mécht de Woll,f e Frédespronk.
De, Frét elo de, go,f em deier,
E ko'm ze no bei d,Feier
An ,t fle't em un de Schwanz e Kwonk.
Gleich wor dât Stre, a Flâmen
A sèngt em d,Hâmen.

Wéi de Wëllefche ma Fiissche Fleesch stiele geet. Wéi de Fiisschen entwëscht an de Wëllefchen den Doutstreech kritt[edit]

„Mat Stréi muss kee bei d’Feier goen,”
Sou seet de Wollef, „et geschitt net méi.

„Deem aneren hätt et näischt gedoen,
-„Dee anere war och net vu Stréi,”
Seet drop de Fuuss. „Vergiesst nu ganz,
„Deen eefällegen, domme Schwanz,
„Keng Zäit verluer, nujee, nujee,
„A maacht iech mat mer op de Wee.”

Um zwielef Auer an der Nuecht
Du koume s'endlech bei dat Haus
Do, wou de Bauer hat geschluecht.

Si spionéieren alles aus,
Si hu kee Lärem méi gehéiert,
Et huet näischt sech néierens geréiert.

Du gi se, stëll ewéi eng Maus
An hiewen d’Kellerliicht eraus,
An een nom aneren ass zum Lach
Gläich agebrach.

De Wollef deen ass bal verzéckt,
Wéi hie geroch dee feine Kascht.
En huet net laang gerascht,
En hätt gär alles ageschléckt.

De Fiisschen, dee war méi gescheit,
Déi Kellerliichtche war net weit,
Och goung en all Abléck sech miessen
Fir keen ze décke Bauch sech z’iessen.

De Wollef, dee vergësst
Ganz wou a war a frësst a frësst.
Rappt hei eng Fatz, räisst do e Stéck
A stéisst a sengem Ongeschéck
D’Briet ëm, wou d’Mëllechdëppe stinn.

Dunn ass et esou e Spektakel ginn,
Datt alles an dem Haus erwächt,
Jëss, jëss, lo geet et schlecht!
De Fiisschen duecht, „nun ass et Zäit”,
A spréngt zur Liichtche fort an d’Fräit.

De Wollef wollt nun och eraus,
E war ze déck! E koum net aus!
En ziddert wéi en Espelaf.

Nu stiermt zur Kellerdier eran
E ganze Mënschenhaf,
D’Mod hat en decke Feierbrand,
An d’Fra de Bléiser an der Hand,
De Kniecht deen hat en ale Greef,
De Mann e Flënt mat raschteg Leef.

A siwe Kanner hannen no
Mat Ueweschëppen, Uewenzaangen,
A laange Staangen!
D’ganz Klëppelsarméi déi war do.

De Wollef huet sech dran erginn…
Kaum huet de Mann säin Déif gesinn,
Du leeft en eenzock op e lass
A schléit deen uergen, domme Wollef
Mausdout mat sengem Flëntekollef.

Sou geet et, wann ee Gurmang ass!
De Fiissche leeft nach fräi a frësch
An ouni Angscht bis haut am Bësch.

Déi aner Wëllef hu sech déi
Geschichtchen iwwerluecht,
An duerfir geet kee Wollef méi,
Mat engem Fuuss op d’Juegd.

«Mat Stre,muss kê bei dÎFeier goen,»
So, sét de Wollef, «,t geschitt net me,.

«Dém ânren hètt et neîscht gedoen,
«Dén ân,re wor och net fu Stre,,»
Sét drop de Fûs. «Fergiést nu ganz
«Dén éfèlléchen, domme Schwanz,
«Kèng Zeit ferlûor, nujé, nujé,
«A mâcht iéch mat mer op de Wé.»

Am zwiélef Auer an der Nûocht
Dû ko'men s,èntléch bei dât Haus
Do,, wo,de Bauer hât geschlûocht.

Si spione'ren alles aus,
Se hu kê Liérem me, gehe,ert,
,T hûot neîscht séch ne,erges gere,ert.

Dû gin se, stel ewe' èng Maus
An hiéwen d,Kèllerlîcht eraus,
An ên nom âner,n as zum Lach
Gleich agebrach.

De Wollef dén as bâl ferzéckt,
We' hién geroch dé feine Kascht.
En hûot net lâng gerascht,
En hèt giér ailes ageschléckt.

De Fîschen, dé wor me, gescheit,
DeÎ Kèllerlîchtche wor net weit,
Och gong en all Abléck séch miészen,
Fîr kén ze décke Bauch séch z,iészen.

De Wollef, dé fergesst
Ganz, wo, e wor, a fresst a fresst.
Rappt hei èng Fatz, reiszt do e Stéck
A ste,sst an séngem Ongeschéck
D,Briét em, wo,d,Melléchdepper stin.

Dû as ,t eso, Spèktakel gin,
Das alles an dem Haus erwècht.
Jes, jes, ,lo gêt et schlècht!
De Fîschen dûocht, nun as et Zeît,
A spréngt zur Lîchtche fort an d,Freît.

De Wollef wolt nun och eraûs,
E wor ze déck! e ko,m net aûs!
En ziddert we,en Espelâf.

Nu stîrmt zur Kèllerdîr erân
E ganze Menschenhâf.
D'Môt hât en décke Feierbrant,
An d,Fra de Ble'ser an der Hant,
De Kniécht dên hât en âle Grêf,
De Man e Flent mat raschtéch Lêf.

A siwe Kanner hannen no
Mat Uowescheppen, Uowenzângen
A lânge Stângen!
D,ganz Kleppelsarme'de' wor do.

De Wollef hûot séch dran ergin ...
Kaum hûot de Man sein De,f gesin,
Dû lêft en ênzock op e lass
A schle,t den ûorgen, domme Wollef
Maûsdo,t mat séngem Flentekollef.

So' gêt et, wan ê Gourmang as !
De Fîsche lêft nach frei a frësch
An unne, Angscht bis haut am Besch.

De, âner Wellef hun séch de,
Geschichtchen iwerlûocht,
An dûorfir gêt kê Wollef me,
Mat èngem Fûs op d,Jûocht.

This work was published before January 1, 1929, and is in the public domain worldwide because the author died at least 100 years ago.

Public domainPublic domainfalsefalse

  1. zu Paass kommn: zur richteger Zäit kommen
  2. Huefmann = Piechter (de: Pächter)
  3. Flued = Eeërtaart
  4. Virzock: ech gin (kommen) em op de Virzock = en laueren em op
  5. eppes ze Rot halen = spuersam mat eppes ëmgoen, gutt versuergen