De Feierwon

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
De Feierwon  (1864) 
by Michel Lentz

De Feierwon


De Feierwon deen ass bereet,
E päift duerch d'Loft a fort e geet,
Am Dauschen iwwer d'Strooss vun Eisen,
An hie geet stolz den Noper weisen,
Datt mir nun och de Wee hu fonnt,
Zum éiweg grousse Vëlkerbond,

Refr.:
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wëllen iech ons Heemecht weisen,
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir wëlle bleiwe wat mir sinn.
Frot dir no alle Säiten hin,
Wéi mir esou zefridde sinn.

Mir hale fest un onser Scholl,
Vu Léift fir d'Land sin d'Hiezer voll;
Wa mir och keng Milliounen zielen,
Dir gëtt ons uechter d'Welt ze wielen;
Mir ruffen all aus engem Monn:
Kee bessert Land beschéngt jo d'Sonn!

D'Natur, déi laacht ons iwerall,
Si rëscht de Biereg an den Dall
Mat Fielse wéi gewalteg Risen,
Street Blummen iwwer Gaart a Wisen:
Kee Këppchen Ierd, wou Halm a Räis
Net riede vun dem eise Fläiss

An d'Voll'k a mengem Heemechtsland
Huet géint all Mënsch d'Häerz op der Hand;
Seng Fräiheet deet em d'Ae blénken,
An d'Trei, déi deet seng Wierder klénken;
Seng Sprooch mat hire friemen Téin,
D'Gemittlechkeet, déi mécht se schéin.

Mir hu keng schwéier Laascht ze dron
Fir eise Staatswon dunn ze gon;
Keng Steire kommen äis erdrecken,
Keen Zwang de fräie Geescht erstécken;
Mir maache spuersaam eise Stot,
Kee Bierger a kee Bauer klot.

An huet dir dann de Wäert erkannt
Vum klenge Lëtzebuerger Land,
An dir musst fort rem vun eis goen,
Da kënnt dir an der Heemecht soen:
't ass d'Gréisst net grad, déi d'Gléck bedeit,
Well an deem Land si glécklech Leit!