Jump to content

Beschwérongslidd

From Wikisource
371307BeschwérongsliddDemy Schlechter

Beschwérongslidd


Weis: d'Mum Sés.

Nun ass alles hei
An der Rei,
An si kennen
All doennen,
5Licht versto'n
Wât ech so'n.
Gèschter, wann iéch gelift, erwecht aus dem Schlof
A kommt heihin.
Ech well iéch erwarden
10Ass de Wé iéch fleicht ze weit
Ech hun Zeit
Fir ze warden.
Hallo! Ass kèn do?
Héert dach wann èn iéch rift. Hallo!
15Wat gelift?
Dat, jo dat elo, wor eng Gèschterstemm.
Hé, ass eppes do? — 'Tentfert namel kén erem,
Wé soll dat dach sin?
'T misst dach bal èn Entwert gin
20'T misst èn Entwert gin.
Well ech huôlen et net un,
Dat mei Géscht gelun.
A fir t'zwêt Mol rufen ech
Hallo! Héert mech
25Entwert dach wann èn iéch rift. Hallo!
Wat gelift?