Jump to content

'T ass nu wirklech onerhéert

From Wikisource

Original Schreifweis
'T ass nu wirklech onerhéert
Wê bis haut gôf d'Welt geféert
D'Fraleit hâten neischt ze soen
Dat kann net sô weidergoen.

Glèwt et kennt emol eng Zeit
An si ass sùguôr net weit
Wô er Hèrlechkét vergét
Dann hit dir all Owes d'Haus
A mir gin emol eraus
Kucken op et schlechter gét
Da kacht dir iéch selwer d'Zop
An dir raumt èr Zemmern op.
Schauert, botzt a spult a kiért
Mir mâ'n hann'rem Patt Kritik
Dreiwe Sport a Politik
D'Welt dé gét da wé geschmiért.

'T ass nu wirklech onerhéert
We bis haut gôf d'Welt geféert
D'Fraleit hâten neischt ze soen
Dat kann net sô weidergoen.

Demy Schlechter (1884–1923)