Page:Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst.djvu/50

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
This page has not been proofread.
- 35 -


E war zevill am Äifer,
Da léisst en sech net zëssen,
Wéi all séng Frënn an Noper
Am Préizerdall wuel wëssen.

Hie selwer wollt nach d'Leder
Dem Fuuss beim Gaalge richten
An huurteg aus dem Liewen
Zum Doud dem Schellem liichten.