Page:Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst.djvu/38

From Wikisource
Jump to navigation Jump to search
This page has not been proofread.
- 23 -


D'Begriefnes gouf gehalen,
Vill Käerzen hu gebrannt;
Op Maarwel steet geschriwen,
Wou d'Hingche läit am Sand:

Hei lait begruewe Krazfouss,
Se luegt vill Är an d'Nascht.
Se huet getraut dem Renert,
Dat huet se d'Liewe kascht.