Virwuert
« Ir Der dët Bichelche liest, Dir Grouss an Dir Kleng, son ech Iech hei nach, wat gutt ass ze wëssen.
Ech hunn, géint de Gebrauch, mat däitsche Buschtowe geschriwwen, fir Iech d'Saach méi mondsgeriicht ze maachen.
Wann Dir nu liest, da spriecht d'Buschtowen aus, wéi ech elo son:
- e, keemol wéi ä, allzäit wéi eh, awer kuurz.
- ei, ëmmer kuurz, z.B.: Rei (Reih).
- eï = e-ï, allzäit laang, z.B.: Weïn (Wein).
- E,ë = ei, awer kuurz, z.B.: schën (schön).
- ie = i (eh), laang oder kuurz: wien, Schiell.
- ou, allzäit laang: Hous (Haus).
- Ô, ô = ou, awer kuurz: Bôw (Bube).
- ue, laang: Nuecht (Nacht).
- uo, kuurz: Kuol (Kohle).
- J, j, ëmmer wéi an: jardin.
- l-l, n-n, laang: Brel-l (Brille), Man-n (Mann).
- eï, ou, liesen sech zu Lëtzebuerg: ai, aau.
Datt ech net ëmmer esou schruf, als wéi ee rondëm de Knuedlergaart schwätzt, dat mécht der etlech vläicht motzeg, ma d'Baueren, d'Éislécker, d'Iechternacher an d'Veianer hu beino Spaass drun.
Wann awer di frëndlech Biirger vun eiser Hapstad wëllen »eï« als wi »ai« an »ou« als wi »aau«, an »onst« anplaz »eist« liesen, dann hätt d'ganz Saach och do an hir Riichtegkeet.
Dat laangt »an du hunn ech geschriwwen«, wéi een am Guttland seet, konnt mer keemol gefalen, du fonnt ech am ganzen Éislek den Imperfekt, an ech »schruf«, an ech »schrouf«.
Wann ech »als« anplaz »ass« son, dat ass fir d'Präpositioun vum Zäitwuert z'ënnerscheeden. En etlech aner Klengegkeete vun deër Zort loosst mer och gëllen. D'Hapsaach ass, datt Der mäi Bichelchen hefeg kaaft, an datt Der iwer em Liesen alt eemol musst laachen an d'anertmol denken.
Wann ech vläicht hei oder do ëmmescht op e Kréiena getratt hunn: 't geschouch net express. Ma 't geet net wuel anescht dohier, wann een duurch d'Ledd geet an zougläich wëllt Portréie maachen.
Mer hänken all mat Läif a Séil un eisem léiwe Ländchen an net manner gier hu mer eis Hemechtssprooch. Ech wollt Iech eppes Aartleches dra schreiwen. Nu da liest, a kuckt, ob et geroden ass. A kommt Der zum éischten net gutt zu Streech, da liest et zweemol. E Gedicht ass e Lidd: Dët muss gutt gesongen, an dat gutt geliest gin.
Kann a wëllt ëmmescht vun Iech eppes Besseres an eiser Sprooch schreiwen, als wéi ech Iech hei bréngen: Dee méich mer Freed, och wann e mech géif aus dem Suedel geheien.
Dene geléierten däitsche Sproochmeeschtren këmt mäi Bichelchen och wiirklech nach ewell wëllkem, ewell se nun och gewuer ginn, wéi mer schwätzen hei an dem Land, vun deem hauerter esou vill geschwat gouf. »
Michel Rodange
|