1Se goungen du an d’Festonk,
De Grimpert hoolt sech Plaz.
Du sot de Fuuss zur Frächen:
„Bréng d’Iessen nu, mäi Schaz!“
5Se oussen an se dronken,
A këstlech war all Speis;
Du sot de Fuuss: „Mä Nëwwéi,
Wat gëtt dobaussen Neis?“
9En aner lieft eleng hei
An ’t këmmt een net eraus,
Well ’t huet een alt seng Aarbecht
Am Bësch an och ëm d’Haus.
13Këmmt nëmmescht ee besichen,
Da gëtt een näischt gewuer;
Dir kommt alt hin and widder
Bal hier an och bal duer.“
17„Hei hunn ech“, sot de Grimpert,
„Eng Zeitonk wierklech nach;
Ech hat mer déi de Muerjen
An d’Broschtentäsch gestach.
21Ech sinn drop abonéiert
E Jor or zwanzeg schier,
A mécht et Iech Pleséier,
Da liesen ech se vir.
25Den Dréihals ass Redakter,
Den Uess huet d’Dréckerei.
Se son och alt, hir Zeitonk
Héil kengem seng Partei.“
29Drop setzt den Dachs geléiert
De Brëll sech an d’Gesiicht.
Da fänkt en un ze liesen
D’politisch Iwwersiicht:
33„Et sëtzt en ale Puddel
Beim Feier zu Parais,
E réiert an em Kessel
mat engem Biesemsrais.
37De Puddel sëtzt verdrësslech
Mat Raten do am Réck;
E kacht dee gier eng Stierzel
A kritt d’Gekläpps net déck.
41A Spuenjen aus der Spënnchen
Verjoten d’Leit eng Kaz;
Nu danzen ëm d’Paschtéiten
Wuel dausend Mais an d’Plaz.
45Bei Roum, do sëtzt ze biichten
E Fräsch beim Schliekenhaaus;
De Fräsch, dee wëllt e friessen;
De Schliek, dee kriicht net aaus.
49Zu Wéin e kranke Kiebchen
An enger Spaicherliicht,
Dee géif wuel giere fléien,
Mä ’t feelt em un er Fliicht.
53A Mähre bei Sadowa,
Do huet e jongen Huer
Gefaangen d’lescht e Maulef
An du de Kapp verluer.
57Den aarmen Huer gouf geckeg,
Soss war en zimmlech weis,
Nu deet en naischt als sangen:
‚Gottlob, ech sinn e Preiss.‘
61Dat Liddche këmmt de Raten
Beim Puddel nun ze dack,
Do zraissen déi dem Aarmen
Vu Roserei de Frack.
65Nun ass et jo ze fierchten,
De Puddel géif och Geck,
De Kiebche bléif e Krëppel
An d’Mais, déi fréisse Speck.
69An ’t kënnt nun och geschéien,
Dem Puddel géif et baang,
De Schliek, dee bléif am Haischen,
Dem Fräsch géif d’Zait ze laang.
73En anert wär och méiglech:
De Kessel schéisst sech lass,
An ’t fléich e glidd’ge Stierzel
Dem Hingerdéif an d’Strass.
77Da wëllt de Kiebche fléien
A féil dem Schliek an d’Täsch,
Da streckt de Schliek seng Hueren
An deen erstéich de Fräsch.
81E véiert ass nach méiglech,
Wat och geschéie kann:
Den Huer, e fréiss di Raten
A kraazt de Puddel blann.
85Da fréiss de Fräsch de Schliek op,
De Kiebche kuckt em no.
Da géifen dir all Bëscher
An d’Sonn an d’Stiere gro.“
89„Mä Nëwwéi“, sot de Reenert,
„Ass dat net bal verbäi?
Ech muss Iech son, dat do ass
E ganz verfluchte Bräi.“
93„Mir deet et naischt“, sot Grimpert,
„Ech si gewinnt duerun;
Am Inland looss mer kucken,
A wat se do nach hunn.“
97„Zu Lëtzebuerg gesait een
Om grousse Knuedlergaart
Drai Kuedren sech zerbaissen;
’t geet fir eng Hameschwaart.
101De Schwaarze wëllt se huelen,
En dréich se gier no Roum;
Et géif e feint Puer Suelen
Fir d’Koschtren an em Doum.
105De Rouden hätt s’och gieren,
Deen dréich se no Berlin.
Se géifen him eng Wuuscht do
Fir a sai Knapplach ginn.
109An zu Parais dem Keeser
Sai Mantel huet e Lach.
De Groe mengt, di Schwäertchen,
Déi géif et stoppen nach.
113An dréich hien déi dem Keeser,
Da wär de Keeser frou,
Dee géif him da wuel schenken
Gewëss eng Maus or zwou.“
117De Fiissche sot mat Gaapsen:
„’t ass näischt als Hätt an Hat
A Wär a Wann, mä dovun
Ësst keemol een sech sat.
121Dat misst mir besser gräifen
Bei sou em Fiederdanz;
’t misst engem fir en A gon,
Deem aner fir de Schwanz.
125Et steet näischt dra vu Fiissen
An duerfir klappt et net.
Se molen an se schmieren,
Kee Mënsch weess, wat et gëtt.
129Ech muss Iech eng verzielen
Vum Brudder Langrand dach.
En huet gewunnt a Brobant
A sengem Fuusselach.
133En hat net vëlleg z’iessen,
Du duecht en: ,Wat der Blëtz!
Fir Honger hei ze ledden,
Ass dat da Fuussewëtz?‘
137Du mécht en sech seng Plangen,
De Kärel huet Geschéck:
E werft de Poopst an d’Geestlech
Mat Fiffen op de Réck.
141A wéi, dat sollt Der héiren:
E mécht sech klerikal
An hëlleft du mat Kniffen
A Gléck bei enger Wal.
145Du gouf en da geféischtert,
Gestréilt vun der Partei;
Seng Dier, se war fir d’Geeschtlech,
Wat d’Zittlach ass fir d’Bei.
149E goung all Dag an d’Mëssen
Zu Bréissel an den Doum.
Du sot en ees dem Bëschef:
,Ech géing nach gär no Roum;
153Ech weess e gëlde Kallef,
Begruewen déif am Sand;
Dat weit un eelef Zenner
An ’t läit an Ongerland.
157Mä ier ech daarf et huelen
A faassen a meng Këscht,
Muss schrëftlech ech verschenken
De Kapp dem frummste Chrëscht.
161Ech géif de Poopst gär froen,
Wat hien nu dovun denkt:
Ass hei de Kapp vum Kallef,
Ass mäin domat gemengt?
165De Kapp, sou steet geschriwwen;
Kuckt hei, et liest sech gutt,
Vu mengem Papp geschriwwen,
Ech hunn en hei am Hutt.‘
169Du schléit en dann dem Bëschef
De Ligenziedel op;
’t war alles klar beschriwwen,
Mä d’Plaz, déi stoung net drop.
173,Déi weess ech‘, sot de Langrand,
,Déi son ech kengem, Här:
’t ass alles an der Uerder,
Wann dat vum Kapp dra wär.‘
177De Bëschef liest d’Beschreiwonk
Nach eemol Rei fir Rei.
Du sot en da ganz frëndlech
Dem Langrand frou dat hei:
181,Do ginn ech Iech mäi Seegen!
Jo, ginn no Roum, Dir wësst:
De Cardinal Tonelli,
Dee kennt de frummste Chrëst.
185Dee wäert Iech och scho wëssen
Ze son di Saach vum Kapp,
E seet Iech dann d’ganz Meenonk
Vun Ierem frumme Papp.
189Ech ginn Iech och e Schreiwen,
Dat huelt Der mat dohin,
Da wäert Der schéin empfaangen
Vum Här Tonelli ginn.‘
193Mäi Brudder goung mam Schreiwen
Nom Bëschef sengem Rot;
Zu Roum, do koum e wëllkëmm;
Den Här Tonelli sot:
197,De Kallefskapp ass d’Meenonk
Vun Ierem brave Papp;
Wat soll e Chrëscht och maache
Mat engem Fuussekapp?
201Nun ass och guer keen Zweiwel:
De Poopst, dat ass de Mann,
Deen ee vun alle Chrëschten
Dee beschten nenne kann.‘
205Drop krut de Poopst beschriwwen
De Kapp vum gëlde Kallef,
Aus Dankbarkeet derniewent
Den Hals mat, iwwer hallef.
209Du leet de Poopst de Schlëssel
Vum Himmel aus der Hand
A street op d’Ënnerschrëft dann
Dem Fiissche Sëlwersand.
213E lueft de Langrand eeschtlech,
En nennt en: „léiwe Sonn“
A gëtt dem Fuuss den Adel.
Deen hat du d’Spill gewonn.
217En hëlt nach mat de Seegen
An d’Kräizchen, dat e kritt;
E kësst dem Poopst d’Pantoffel,
Laacht heemlech an en zitt.
221Drop léint en op säi Kallef
All Gelder, déi e kritt;
Bei Welschen a bei Däitschen:
Säin Titel mécht Kredit.
225An du e fréie Muerjen
Mécht Fuuss sech op de Pull:
Seng Këscht ass voll Milliounen,
Säi gëlde Kallef – null.
229E schruf vun Neiyork aus du
Dem Poopst e schéine Bréif.
E schruf: ,Här Poopst, mäi Kallef,
Dat louch ersierklech déif.
233Ech hunn derno gegruewen
Duerch d’Äerd als wi eng Maus
A koum no laangem Wullen
Zu Neiyork hei eraus.
237Hei fonnt ech du mäi Kallef,
Mä ’t ass kee Kapp méi drun;
Nu muss ech awer hoffen,
Dir wäert zu Roum en hunn.
241Mä wann Der d’Gold loosst mënzen,
Da loosst mäi Bild drop schlon,
Da wäerten all gutt Chrëschten
Nach laang vum Langrand son.
245Wann d’Schrëfte stinn in Rebus,
Ech roden: Bleift dervun!
D’Onfeelbarkeet fänkt ëmmer
Eréischt bei Wierder un.
249Haalt Dir Iech bei de Wierder!
Mäi Papp huet dack gesot:
„Schéi Riede sinn ze brauchen,
Mä d’Praxis ass den Drot.“‘
253Esou gesitt Dir, Nëwwéi,
Sou dreiwe mir eist Spill;
A wou mam Krop geschafft gëtt,
Do ass de Fuuss um Still.“
257„’t ass eeschtlech“, sot de Grimpert,
„Dir Männer sidd dach king;
Ech duecht net, datt e Poopst nach
An d’Fuussefale ging.“
261„Dem Kinge steet d’ganz Welt op –
Do kuckt mäi Brudder Rapps:
Dee mécht di graffst Geschäften“,
Sot Fuuss, „a kee seet: ‚apps‘.
265Sou ass eis ganz Familljen.
Mä Papp huet dack gesot:
,Wa Reenert wëllt stodéieren,
Da géif en Affekot!‘
269Meng Jongen, kuckt hei, Nëwwéi,
Déi si mer nogeschlon;
An ’t kënnt ee mat deen zwéinen
Zing aner siche gon.
273Se ma kee Spronk vergiewes,
Se hu gerad mäin Zock;
Se huelen Iech e Feldhung,
Meng Sexter schunns am Flock.
277De Graps, e fänkt säin Hieschen,
De Gripsche schnappt seng Int;
Se brénge, wat se fänken,
Sou hunn ech se gewinnt.
281Dir Jongen, sidd mer wëtzeg,
A gëtt mer ëmmer Uecht,
Am Do op Honn a Jeeër,
Op d’Falen an der Nuecht!“
285„Se aarden sech“, sot Grimpert,
„Kuckt, Monnonk, ’t mécht mer Freed;
Sollt hinnen eppes Iwwels
Geschéien, ’t déit mer leed.“
289Drop goungen se du schlofen;
Gemächlech war de Lär
Vu Mooss an dréche Blieder,
Sou läit de Grimpert gär.
293Dee foung gläich un ze ronken,
De Reenert hat keng Rou;
En hat am Kapp Gedanken,
En hat am Réck eng Flou.
297E war den aner Muerjen
Den éischten op am Haus;
Gläich gouf de Grimpert waakreg
A mouch sech och eraus.
301Zur Fra sot du de Reenert:
„Ech muss zum Kinnek gon,
Mä sidd Dir awer roueg,
Et huet net vill ze son.
305Ech denken, ’t war den Duckler,
Deen huet mech nees verklot,
Ech hätt e solle friessen,
Dann hätt en näischt gesot.
309Verhaalt Iech dat, Dir Jongen,
A sidd mer kees ze mëll:
Di Lieweg kënne schwätzen,
Di Doudeg hale stëll.
313A loosst mer keen entwëschen,
’t sief Kiebchen oder Kréi;
Mä gëtt mer Uecht op d’Jeeër,
Se laure spéit a fréi.
317Se laure fréi op d’Huesen,
Steet d’Juegd och am Verbatt,
A këmmt zum Schoss e Fiisschen,
Deen huelen s’och alt mat.“
321De Reenert an de Grimpert,
Se ginn nu mateneen;
De Reenert wëllt nees beichten;
De Grimpert sicht e Steen.
325E geet sech duerop sëtzen,
E potert säi Gebiet;
De Reenert kroompt sech fuusseg,
Wi hien zum Beichtstull triet.