Jump to content

Reenert/04

From Wikisource
351759Reenert1872Michel Rodange

Véierte Gesank



1De Grimpert goung, a reeseg,
E koum beim Monnonk un;
Dee souz mat Fra a Kanner
Do ëm e fetten Hunn.

5Den Dachs gouf schéin empfaangen,
Säi Monnonk leckt em d’Maul,
An d’Fra an d’Kanner waren
Mat Schnofflen och net faul.

9„Ech komme“, sot de Grimpert,
„Iech nun als drëtte Buet,
A géift Dir nach net kommen,
Dat wär e grousse Schued.

13Dir huet eng eeschtlech Léier,
Dir huet e kluge Geescht,
Ier Kingheet awer, Monnonk,
Verwonnert mech dermeescht.

17Datt Dir dem Kinnek d’Schnell schlot,
Dat huet ons all ereescht.
Ech musst alt heemlech laachen,
Deen aner gouf et eescht.

21De Virsaz, Iech ze hänken,
Deen ass beim Kinnek steif,
Dir héift nu wuel ze follgen,
Sonst leit et dach kee Laif.“

25„Ech wëll“, sot drop de Reenert,
„Ech ginn, an nach mat Gléck.
Ech brieche menge Feinden
Dach alleguer de Réck.“

29E sot der Fra du Ädjes
A senge Knueben och –
Déi waren an e Wénkel
Vu lauter Leed gekroch.

33De Reenert an de Grimpert,
Se ginn nu mateneen.
De Fiissche goung op laangen,
Den Dachs op kuerze Been.

37Se koume bis bei Angsbreg,
Do steet eng kleng Kapell.
„Kuckt, Nëwwéi“, sot de Reenert,
„Wi schweessen ech ewell!

41O Dachs, wat hunn ech Ängsten,
Mir ma’ meng Sënde Rei.
Ech wëllt wuel gäre beichten,
Mä ’t ass kee Pater hei.“

45„Am Noutfall“, sot de Grimpert,
„Da beichten ech Iech wuel:
Da knit, bekennt Ier Sënden
A nennt mer och hir Zuel!“

49„Confitebor, Dir Pater“,
Foung du de Reenert un.
„Ech hu gefriess munch Pëllchen
A munche fetten Hunn.

53Ech hunn den Hinz betëppelt,
De Biär bei d’Bei geleet,
Dem Hänning frouss ech d’Kanner,
Mä d’Fra net, ’t ass mer leed.

57Ech hunn den Hues beschnëppelt,
Wi dack, ech weess keen Enn,
Hunn zwanzegmol geféischtert
E Scheefche mat den Zänn.

61Zu Lëtzebreg ees hunn ech
De Rousekranz gefouert,
An d’Fraen hätte gär mech
Als Heeltem ugerouert.

65Du maachen se mech Schéifer
Zu Maarnech op der Strooss,
Do huet dann dack e Lämmche
Mer Läif a Séil gelooss.

69A wou ech konnt erdappen
E Bëtschel an em Eck,
Do goung ech mer et schnappen
A schleefen hannert d’Heck.

73A koumen d’Baure kloen,
Da sot ech: ‚’t war de Wollef ‘,
A foung een un ze kräischen,
Dann hunn ech alt gehollef.

77Op eemol sténken d’Lompen!
’t war duerch en Heeschebouf,
Deen hat meng Grëff a Gesten
Gesinn, a munnech Prouf.

81D’ganz Land war op de Bengen,
D’Néckloshaus an d’Geriichter,
D’Gendaarmen a vill Feeschter
An all déi schro Gesiichter.

85Mäi Komper, kuckt, Här Pater,
E frumme brave Chrëscht,
Dee koum mech avertéieren;
Du sinn ech dann entwëscht.

89Drop huet fir mech mäi Komper
Seng Zeitonk voll geluen.
En hätt, mortjën, mam Schwieren
All Riichter bal bedruen.

93E wosst der Saach mech schëlleg
A schwiert, ech wär et net;
Du koumen zwanzeg Lamer,
Déi zeien dat an dëtt.

97Drop gouf ech du veruurteelt
In contumacium;
Ech duecht: ‚Dir kënnt mech klibbren,
Sobald ich wiedrum kumm.‘

101Den Hunn goung nach trompetten
Zu Maarnech no der Mass:
‚Wa mir de Reenert hätten,
Mer hänkten hie gewass. –

105Kleng Sënde loosst mer lafen!
Ech beichten Iech déi déck.
De Wollef huet net Onrecht:
Ech war em dack ze fléck.

109Ech koum dem Bock vun Heischent
Jo eemol u seng Kleng,
Ech packen eent. De Wollef,
Dee wosst di Saach eleng.

113Nun ass de Bock e rauen,
En huet kee gutt Gesiicht;
Fir eng gequellte Gromper
Héil deen een op d’Geriicht.

117Ech faart, de Wollef seet et,
Da ging dat Dénge queesch.
Zu Esch, ech wosst, beim Graffen,
Do kouf en all säi Fleesch.

121Säi Wee goung laanst meng Festonk,
Du gouf ech muerjes Uecht:
E war, dat wosst ech ecklech,
Op Esch déi selwecht Nuecht.

125E koum. ‚Wéi geet et?‘, sot en.
‚O Monnonk, wéi et kann.‘
‚Wat feelt? A kann ech helfen?
Mä kommt emol eran.‘

129Do louch meng Fra om Palljas
Ze wéimren a gekrëmmt;
Se kann sech gutt verstellen,
Verstitt, do war meng Schlëmmt.

133Ech sot: ‚’t si Reimatismen;
Kuckt, wéi dat Mënsch do läit!
Se seet, ech soll se schmieren,
An ech hu guer keng Zäit.

137Ech si geruff vum Kinnek;
Ewell e schruf mer hënt.
’t ass eppes, wat presséiert;
Gär bléif ech, wann ech kënnt.

141Géif Dir net wëlle bleiwen
Eng Stënnchen hei beim Bett
A si e bësse reiwen
Mat hei deem Ieselsfett?

145Dir sidd jo hallwer Dokter
An ’t ass mer guer net baang,
Dir waart jo am Freckeisen
An och beim Päerdsklos laang.‘

149‚O jo‘, sot du den Dëlpes,
‚An och beim Hexentréis‘;
Drop fillt en dann der Kranker
De Bols un Hänn a Féiss.

153Weil d’Schmeechlen dreift den Eefalt
Him op wi Hief den Deeg;
E wiisst als wéi eng Kochel
Vu lauter domme Streech.

157Drop hoult ech da mäi Stiefchen,
Ech gouf der Fra eng Bees
A sot, et wäert sech bessren,
A goung als wéi op d’Rees.

161De Wollef goung geheeschlech
Dann u seng Aarbecht och –
Ech koum mat véier Noper
Geschwënn erëmgekroch.

165(Well mat em gudde Maufel,
Kuckt, féiren ech meng Hechten
Wi d’Honn un engem Seelchen,
Zum Gudde wi zum Schlechten.)

169Meng Fra foung un ze jäizen,
Se rifft no hirem Mann:
Du koum ech mat de Véier
Op eemol jo eran!

173‚A, Knuewlekskleesche‘, jaut ech,
‚Wat hues du hei ze dunn?
Du Dokter Néirevir!
Dir Jongen, hei gräift un!‘

177Du gouf mäi gudden Dokter
An d’Fanger da geholt;
Ech hätt fir Neibresiljen
Déi Bëss net hale wollt.

181Zum Leschten du versprécht en
Mer, wat ech wëllt, ze don,
A biet, ech soll ëm Guetswëll
Dach senger Fra näischt son.

185Wann si näischt heivun héiert,
Dann dréich en d’Schléi gedëlleg,
An déit dem Bock zéng Eeter,
De Reenert wär onschëlleg.

189Ech sot: ‚Et freet mech, Monnonk,
A mech erweecht Ier Rei,
Well giddweree ka feelen,
Zemol wi Dir elei.

193Dir huet Ier Strof gelidden;
Ech hunn e mëllt Gemitt,
Hei hunn ech och eng Salleft,
Déi kritt Der, ier Der gitt.

197Gesitt, dat ass e Waasser,
Säin Numm, deen ass Pëtrol,
Et kënnt aus Pengselwaniom;
Ech hunn eng Buttel voll.

201An domat heelt ee Wonnen
Vu Kug’len a vu Schrout,
All Bëss och vun den Honnen –
Kee Jeeër kritt Iech dout.

205Mir huet et dack gehollef,
Ech hat schunns dräi där Fläschen –
A fir Iech gläich ze heelen,
Da loosst Iech domat wäschen.

209A loosst Dir gutt Iech nätzen
Vum Kapp bis aus zum Schwanz,
Da kommt Dir hei ewechen,
Här Wollef, a mat Glanz.‘

213De Wollef louss sech nätzen
Vum Schwanz bis iwwer d’Kopp;
Du sot en héiflech Ädjes –
Ech mouch em d’Dieren op.

217Wutsch! Rennt mat enger Fakel
Meng Fra em ënner d’Panz:
O hellege Spëtakel,
Wat gouf dat do en Danz!

221A Kreesch! A Sprénk! – o Himmel,
Wat huet en der gedon?
A fort voll Flam a Feier
Wi Elias om Won.

225Ech sot: ,Gellt, dee ka lafen!
Der Däiwel géif e fänken!
E wäert mer nach eng Zeit laang
Un d’Ieselsfett dach denken!‘

229Ech louf em op de Virzock
A fonnt e bei der Sauer
Ze wéimren a potzplakeg
Gesengt, et war en Dauer.

233Ech sot: ‚Ma kuck, de Monnonk,
Do louf en aus dem Pelz!
Ma rëselt di blo Plazen
Och af an do di Quälz!

237Mäi Monnonk ass keen Topert:
Wann hien sech buede wëllt,
Nu brauch en net ze fäerten,
Datt een em d’Kleeder hëlt.

241Dat nennt ee, wësst Der, Monnonk,
Spëdéiert gi mat Glanz;
Wi wäert d’Fra Gormang kucken!
Do kommt Der wëllkëmm zanz!

245Pëtrol mat enger Fakel,
Dat Mëttel misst ee wielen,
Fir all dee groe Sënder
De Schofspelz afzeschielen.

249Mä sidd Dir awer roueg,
Ier Fra gëtt näischt gewuer,
Dir huet jo mat den Hoer
Ier Naupen net verluer.‘

253Aus Fuercht, ech seet der Fra et,
Musst Wollef sech erbäissen,
Mä heemlech war e rosen,
Genuch fir mech ze zräissen.

257De Bock hat soss keng Zeien,
De Wollef war am Wach:
Du blouf dat Dénge leien –
Här Pater, héiert nach!

261Zur Zäit emol, bei Harel,
Der wësst jo wuel, dat Duerf,
Do hat de Wollef Gold fonnt;
En hat et an em Kuerf.

265‚Jëft‘, sot ech, ‚Monnonk,
Verspäert Der net dat Gold?
Ech hätt eng brächteg Këschtchen,
Hei gëtt et Iech geholt.

269Ech géif Iech d’Këscht wuel léinen,
Well Iech esou eng feelt;
Mä wësst Der wuel, gesitt Der,
Di Këscht ass ugeneelt.

273Mä wann Dir d’Gold wëllt bréngen,
Se steet bei mengem Bett.
Et ass versuergt dran besser,
Als wann Dir ’t selwer hätt.‘

277De Wollef bréngt seng Dubblen
A späert s’an d’Këschtchen an,
E stécht an d’Täsch de Schlëssel.
Du goung mäin Ouerjann.

281Drop goung ech bei meng Noper
A sot: ‚Et huet en Déif
Mer gëscht gestuel e Schlëssel,
Dee Schlëssel war mer léif.

285En ass vun enger Këschtchen,
Dran hunn ech all mäi Gold.
Keen aner als de Wollef,
Deen huet mer dee geholt.‘“

289„Ech biede, beicht méi séier,
A maacht mer d’Saach méi liicht“,
Sot Grimpert du zum Reenert,
„Wi gung et um Geriicht?“

293„Do ass den Hok“, sot Reenert;
„Gutt Leit hu mir gehollef:
Beim Tausch behoul ech d’Dubblen
An d’Brigel krut de Wollef.

297Mäi Wollef gouf beaarbecht
No laut dem Code ze vill;
Ech duecht e spréng zum Leschten
Äis bluddeg aus dem Still.

301Ech sot: ‚Mä kuckt, Här Riichter,
Do gëtt de Groe rout;
En ass Republikaner!
Da schlot deen Näischtert dout.

305Deen International do!
Mä breecht em Hals a Been!
Dat géif äis och nach feelen,
Kéim deen nach noeneen!

309Mer hunn där Kommunisten
Schunns ouni hie genuch,
Se si fir Räich an Arem
A fir d’ganz Welt e Fluch.

313Ech war gewëss jo selwer
Nach allzäit liberal,
Mä wou? A wéi? A keemol
Ze spéit an net ze bal.

317Ech hunn Iech om Gewëssen
Nach net emol di Boun,
Ech krut meng Schof an Huesen
Nach all duerch Annexioun.‘

321An du zum Leschte sot ech:
‚Oä! Nu loosst e lafen;
Der hutt e jo gezeechent:
’t wäert kee fir gutt e kafen.‘

325’t ass alles. Gëtt, Här Pater,
Mer d’Bouss; ech dunn se ganz,
A ging et fir en Ouer,
Och fir mäin hallwe Schwanz.“

329Sou sot de Fuuss deemiddeg,
Louss Schwanz an Ouren hänken
A mouch, als hätt e wëlles
Seng Bessronk unzefänken.

333Den Dachs zitt déif den Otem,
E mécht, als wann e biet,
Da fänkt en un ze schwätzen,
Als wéi e Pater riet:

337„O bessert dach Iert Liewen
A schwiert der Falschheet of.
Sidd klug wuel als wi d’Schlaangen,
Mä frumm als wi e Schof.

341Deemiddeg sidd vun Hierzen
A gleeweg wi e Kand,
Gehoujem sidd géint d’Geeschtlech
A riicht Iech no dem Wand.

345Behutsem sidd am Liesen,
Soss geet de Glaf Iech fort,
A liest keng aner Zeitonk
Als d’Luxemburger Wort.

349Besonnesch meit den Danzsall,
Dat ass eng weltlech Freed;
Do richt et staark nom Knuewlek,
Mäi Kand, als wi mer seet.

353A gleeft och net, wat aner
Iech so’ vum neie Liicht,
Well dat versengt de Pelz Iech,
’t verdierft Iech och d’Gesiicht.

357Dir musst Iert A bewaachen,
Wi een en Déif bewaacht;
Ass d’Sonn dee schéinste Stier och,
Mir si fir d’Nuecht gemaacht.

361Enthaltsem sidd am Iessen,
Am Denken ower d’meescht
A loosst Iech gieren zéien
Wi Schofsbléis op de Leescht.“

365Drop schléit den Dachs en Hallem
Dem Reenert op de Fouss
A seet: „Dee misst Der këssen
Nach fir Ier heelzem Bouss.“

369De Fuuss versprécht em alles,
E kësst den Hallem Stréi;
Da schnappt en no er Maischen
A kuckt no enger Kréi.

373E konnt sech net enthalen;
Gesouch en och eng Pëll
Zum Hingerstall entlafen,
Da war en als wi wëll.

377An hätt ee mat em Seewel
De Kapp em ofgehan;
Die wier eeriicht gefluën
Zum Hingerstall eran.

381