Huewermiel gët Huewerpaangech
Vun dem Glacis bis op d'Gare.
Wann 't dech bäisst, mäi Jong, da kraz dech
No der Nuecht, do kënnt den Dag.
Du méng Hemecht, Lëtzebureg,
Staark am Soff, mee soss nët ureg,
Huewermiel gët Huewerpangkuch
A wann et päift, da fiirt den Zuch.
Wanns d'een hues op dénger Pännchen
Blos dem Noper d'Lampen aus.
Haalt all fest un onsem Ländchen,
Streck den A… zur Liicht eraus.
Wat ech hun, dat wëll ech deelen
Mat dem ganze, ganze Land,
Well du fënds der nur nach seelen,
Déi de rouden Heenz nët kannt.
Du do uewen, O du Beschten,
Gëf de Känki mir an d'Hand,
Looss onst Land sech glécklech mäschten,
Bis de Pëtrol as verbrannt.
An hänkt schwaarz um Himmel d'Wollek,
Zallidot, dann huel déng Flënt,
Sang dem gudde brave Vollek
D'Hemecht, bis et zou sech kënnt.