Ech gong duerch d'Stad emol spazéiren
Nët ze lues, a nët ze schnell,
'T wor sou zimlech géngt den Owend,
'T wor nët däischter an nët hell -
5Ech hu geduecht u muenech Saachen,
Bal un Eescht a bal u Spaass -
Bref! et wor e flemmzegt Wieder:
'T wor nët dréchen, 't wor nët naass.
Hei gesouch ech du ee Meedchen,
10'T koum vun där Säit ëm den Eck,
An dem Gank no ze jügéiren,
Nët ze plomb, an nët ze fléck.
Ech gong vu no dat Kand du kucken,
'T wor nët gräisslech, 't wor nët schéin
15An ech duecht: géi mol probéiren
'T kann een ëmmer sech beméin.
Ech frot dun d'Meedchen, nët ze héiflech,
Nët ze grob, sou an der Mëtt:
"'Lo pardon, ech géif gir wëssen,
20As et méiglech oder nët?"
'T sot: "Ech gleewen, mee entschëllegt
Enner Dag, od'r as't am Park.
Wär et fir eng Nuecht, eng Stënnchen
Fir en Daler, fir eng Mark?"
25Ech hu fir d'Mark mech décidéiert,
Well ech Frënd vun der Natur,
An op d'Vue wou hat säin Hôtel
Sën zu Fouss mir higefuer -
'T huet säin Zëmmer mir gewisen,
30Rechts beim Glänner op der Bänk,
An ech sot: "Gëf hir däi Mantel
Do um Bam as eng Ophänk."
Mir hu gläich ons installéiert,
D'Luuchte woren ausgeblos,
35A mir hun de Fall notéiert
An dem richtge Mëttelmooss.
Nët ze kal, an nët ze warem,
Nët ze lues an nët ze haart
Jidvreen huet - 't kann een 'sou soen -
40Fir eng Mark säi Bescht gemaacht.
Wei dun d'Auer d'Stonn geschloen -
Pénktlech, op de leschte Schlag,
Sot et: "Merci, 't as eriwer,
'T wor eng Stonn nur ofgemaach -
45Wann der ower eppes bräicht nach,
'T as deselwegten Tarif. "
Mee ech sot: "'t geet duer, nee merci,
'T géif ze deier wann ech bléif"
Ech hu méng Schold du gläich regléiert,
50'Ch gouf eng Mark an engem Stéck,
An e Groschen nach als Drénkgeld
Wei't fir besser Leit sech schéckt -
'T huet mäi Mantel mir gehollef
Du undonken nach eng Grëtz,
55Duerno sot et dann: "Avoir
A gëf uecht dass d'an näischt trëtts."
Un dee Fall, ech muss't gestoen,
Hun ech oftmools nogeduecht -
Hat ech richteg do gehandelt,
60Hat d'Moral ech och geuecht?
Wor eng Mark vläicht nët ze deier
Fir eng Stënnchen an dem Park?
Oder hun ech vläicht eng Onschold
Um Gewësse fir eng Mark?