Jump to content

Fête de Charité

From Wikisource
391707Fête de CharitéAuguste Liesch

Fête de Charité


I.
An engem strenge Wanter,
Ass den armen Hues,
Vun Honger, Nätzt a Kélt,
Krepe'ert lues a lues.
Do go'fen d'De'ren all
Eng fête de charité,
Fir him aus dem Erle's
ze kâfen Kle' an Hé!
Op d'Weiss vum Tralala etc.

II.
Eng Nuechtigeillchen sengt
De ganzen Dag sech hés,
A gët fir fënnef Frang
Dem âle Kueb eng Bés.
Op engem Dennebâm
Spillt d'Eil Harmonika,
De Bier dén huet gedanzt,
Mam Re'bock senger Frâ.

III.
Den Uhu an de Storch
Geroden sech an d'Kepp,
Si wôren allen zwé
Ganz steif verle'wt an d'Schnepp;
Se werfe gëfteg Bléck,
Hir ass ët ganz éndun,
Si hât scho lâng en A
Geworf op de Pohunn.

IV.
Beim Buffet stét den Hirsch
Mat Wöllefches Marjenn;
En hölt et mat der Taille,
An drëckt em hémlech d'Hänn;
Et lâcht a sét, „Nu jé!
Sëf ro'eg, âle Geck!“
„Hâl stall, sét hien, 't ass alles
Fir de guden Zweck!“.

V.
Dât lëschtegst vun en all,
Dat wor d'Kanengches Lies,
Et sprengt op engem Sél,
'T huet ganz Pareis gewies.
Hernochert lo'g et vôll
Bei enger Kre'schelsheck,
'T huet kén eppes dru font,
'T war fir de guden Zweck.

VI.
Et wor eng Fred er uechtzeng,
Alles huet gelâcht,
An owes huet de brave
Fies'chen d'Kés gemâcht.
Se hâten dreizeng Su,
Gele'st mat aller No't,
An an der Zwëschenzeit du wôr
Den Hieschen do't.

VII.
Nu lauschtert nach d'Moral
Vun der Geschichtchen hei,
Dir Huese, gro'ss a kleng,
Git uecht, si ass nët nei:
Wann en sech we' e Schwein,
Wellt wenzelen am Dreck,
Da fënt e fir Excuse
Och nach e guden Zweck.

Author:Auguste Liesch