Fir d'deeglech Kuuscht muss een sech oft
A jonge Jore ploen;
A munche Maufel, munnech Freed
A munnech Gléck versoen.
Konnt een et dann, mat Utsch a Wéi,
Am Enn zu eppes bréngen,
'T kënnt meeschtendeels den Dag nom Maart,
An 't kann nët vill méi déngen.
An aanre Wierder, as ee jonk,
Dann huet een näischt ze räissen,
A gët een al, da sëtzt een do,
An 't kann een nët méi bäissen.