Dohannen, wou dem Nickesennéck
Säi Päärdsstall as,
Do stong vru laangen Zäiten,
E groussegt dichtegt Schlass.
Do soutz en ale Kinnek
Matt sénger jonger Fra
Ze lauschtre, well vrum Balcon
Spillt een Harmonika.
Et wor e Jong vu Kënzeg,
Derniewent eng Madame,
Matt engem klengen Teller,
Dat wor dem Jong séng Mamm.
E spillt ewéi keen zweeten,
Eng Weis vu Léift a Loscht,
An op an of geet ëmmer
Der Kinnigin hir Broscht.
A dobei séngt de Kärel
Eng trauereg Geschicht,
Vun engem, deen e Meedchen
Matt ganz vill Sue sicht.
An dee keent kritt, a fëscht, a fëscht,
An näischt erwëscht
Wéi Féiss bei d'Këscht.
De Kinnek huet misst laachen,
- De Mann wor ganz brutal,
Mä d'Kinnigin muss kriäschen,
- Si wor sentimental.
Si blënzelt duerch hir Tréinen
De Jong vu Kënzeg un,
Deem gët et kal a warem,
E weess nët wéi, dervun.
E weess nët, as e glécklech,
As et vu Leed a Wéi,
D'Harmonika déi ziddert,
E fënt keng Klappe méi.
An ieren sech konnt wieren,
Du wor et scho geschitt;
den aarmen Deiwel
Fir Mëttegiesse kritt ?
De Kinnek spréngt vum Fotell,
E wackelt matt der Kroun,
"Wat, rifft en, wëllt dat heeschen,
Wat war dat fir en Toun?
E gräift no séngem Humpen,
"Du Schwäin, vru ménger Fra!"
Déi Al déi jäitzt derzwëschen:
"Twor jo d'Harmonika!
Här Kinnek loosst iech zëssen,
Här Kinnek ganz gewëss, -"
Näischt konnt méi eppes déngen,
E schléit de Jong op d'Schnëss.
Deen hat ewéi den Tommel
An d'Nues huet em geblutt,
D'Harmonika wor futti,
Am Kulang loug säin Hutt.
Se schleefen aus dem Gaart sech,
Sou gutt ewéi et gong,
"Komm Néckel, dee berëpst et."
Sot d'Mamm zu hirem Jong. -
Wei se dobausse woren,
Du dréit déi Al sech ëm,
An iwer Birg an Däller,
Rift si matt haarder Stëmm:
"Der Deiwel soll dech huelen,
Du alen, krommen Hond,
Wou huet déi hierzeg Frächen,
Dech rose Louder font ?
As dat erlaabt du Lëmmel,
Ons arem Leit ze schlon?!
Wat hat dann eisen Néckel
Dir Klatzkapp do gedon?
Bezills du vläicht ons Steiren,
An onse Wanderpass,
Hues du ons vläicht onst Spill kaaft.
Du Rëndvéi dat's de bass.
Da schlo et och nët futti,
Verhal wat ech der son,
Denk un déi siwe Klappen,
Déis du kapott geschlon. -"
Wat wollt déi Ried bedeiten ?
Kee Mënsch huet se verstaang,
Mä vun deer Stonn un as et
Dem Kinnek schlecht ergaang.
Se krute siwe Kanner,
Keen eenzegt wor vun him,
E wosst et scho beim drëtten,
An huet sech dran ergin.
En tréischt sech op der Mansard,
Jee, 't wor kee gudde Stot,
Si gong am Enn derdureg
Matt engem Affekot.
Du gouf en sech un d'Drénken,
Besoff ewéi eng Onk,
Huet e schon am Virmëtteg
Nom Brantewäi gestonk.
D'Fortune gong dobäi fleten,
Du hat en es genug,
E spréngt e gudde Muergen,
Vum Fiels erof an d'Schlucht.
Dat war der Fra vu Kënzeg,
Der Sängerin, hire Fluch.