«Dajé dir brav Jongen!
Wie wôt de Spronck?
Hei stét meng élzt Duechter,
S'ass net mé jonk,
5An och net grad sche'n,
Mé se kritt duerfir
Vill Geld, a vill Sâchen a Sëlvergeschier.
De' gölden Zalettchen hei
Fle't, nondikass!
10An d'Uelzecht elo
Wo' s'am de'fsten ass,
An dé mer s'erembrengt,
Dé kann se behalen
A meng Duechter, onst Ketti,
15Ass him zo' Gefalen. -»
So' rifft de Kinnek,
Zu gleicher Zeit
Hât hien d'Zalettchen
An d'Uelzecht geheit.
20An d'Jongen, de' stin do
Niewent dem Kett:
De Jang an den Hari,
Den Nick an de Mett,
De Klos an den Tun,
25De Frenz an de Frin
- Eso' lâng schon war d'Uelzecht
Gebotzt net me' gin.
Se stin do ze brucken,
An all hun se d'Flemm.
30Ob émol du k'om én,
'T war én aus der Schwemm.
An alles rifft «Hurrah»,
An alles ass fro',
Hien denkt: «Dir domm Lo'dren,
35Halt Mailer zo',
Ech wéss, wat ech mengen,
Ech flét him ob d'Kett,
Wann ech nemmen d'gölden
Zalettchen hätt… »
40E spréngt och an d'Wâsser,
En deicht op de Fong,
Dat e'scht wat e brengt,
Waren zrassege Schong.
So' bâl e konnt schwetzen,
45Du sot en: «O freck,
Dat ass, menger werrech,
Do önnen en Dreck!
Et fönt é vun allem,
Mé net wat é sicht,
50A kén Deiwel ka soen
No wat datt et richt.»
E stong do ze zabblen,
Well d'ware gewess
Eng Wochen er drei
55No der Schuebermess.
De Kinnek de rifft:
«Dann tommel dech dach !»
An d'Ketti sét och:
«Dir erkâlt iech nach». -
60Fir d'zwet Ke'er deicht en,
Mé du gong et schief,
En ass an de Potschampen
Henke blief. -