Wann d'Schicksal iech wëllt gnädeg sin,
Da le'st et iech Aptekter gin.
Dir braucht iech nët gleich ëmzebrengen,
A kent an E'ren Geld verdengen.
5Den Docter, dé fir d'Saach ze fannen,
Ons ënnersicht vu vir bis hannen,
An taascht a klappt, a fried an drekt,
En hätt d'ganz Wëssenschaft geschlekt,
A wier nach zwanzegmol geschekter, 10E récht net un den Här Aptekter. -
Schon de Geroch, et kënt iech un,
Waat ass et? d'Gaas ass voll dervun;
Et richt no Mokuch, der git fro',
We' oft krut en eng Tietchen zo'? - 15No Peffermönz, no Chambardste',
A wat dèr gudder Saache me'.
An dann de' Fleschen, eso' reng,
De' Tireng all, bal gro'ss bal kleng,
De' Döppercher mam Mënschefett. - 20An alles huet eng Etikett.
Et ass Latein, an daat muss sin,
Soss ge'f et engem gruj'lech gin:
Et he'l ké Mënsch me' eppes an,
Wann hie bestëmmt we'st dât kënt dran. 25De' Ste'sser an de' koffer Liechter,
De' Woen an de' kleng Gewiechter. -
Do kënt, fir richteg ze bereien,
Eng Nönnche jo hir Sönne weien.
An iwerall dé renge Krom, 30De Rizinus, de Jod, de Brom,
De' Gëfter, de' ätheresch Géschter,
Do ass den Här Aptekter méschter.
Eng Grimmel me', eng Grimmel manner,
Dir wësst net wat et gët, dir Kanner, 35Grad wann der mengt et wär gedon,
Da mußt der hurteg nammel gon.
Dât hâten d'Leit geschwënn entdeckt,
A s'hun vrun him eng Mass Respekt.
Liest hien d'Rezept a sét: «'t ass gutt, 40Da kritt de Kranken ere'scht Mutt.
Mam Här Aptekter kann é schwetzen,
Sei Misère ausenanersetzen;
Beim Doktor war net vill ze son,
Do huet et misse se'er gon; 45Den Här Aptekter lauschtert no,
De sét: «ja ja! jé jé, obo!
Ma 't soll é son, wat sin dat Sâchen!
Der wärt gesin, et sall sech mâchen.» -
Mé och nach soss, wann dir e frot, 50Fir alles huet hie gudde Rot:
Eng Mimmchen, de' de Schlacksert huet,
E Médchen daat sech gier bestuet,
E jonge Mann mat nâsse Fe'ss,
Eng Fra mat enger decker He'ss, 55Dir hut anzwo' eng éklesch Knupp,
um Fanger vleicht de ros'ne Wupp,
Et rullt am Bauch iech hir an hin,
Dir repst vleicht wann et net muss sin,
Et juckt iech hei, et beisst iech do, 60E Floss am Réck, a Peng am Mo,
D'sëf Giecht, d'sëf Raut, d'sëf Reumatiss,
Ob Mënsch, op Kallef oder Giss,
Fir alles kann hien eppes gin,
E Schmier, eng Plpschter. eng Medzin. 65E sét och we' én et soll mân,
Zum Beispill nie op d'Pëlle knân.
Beim Kre'na warde bis et wécht,
An nëmme krâtze, wat e récht.
Bei hien gin d'Médercher gedriw, 70Schwetzt lues, wann eppes aus ass blief;
Et get der de' oprichteg sin,
An hiere Liechtsën agestin.
'T sin anerer, de' wësste gären,
Se können sech et net erklären. 75Den Här Aptekter rompelt d'Stier,
E sét, mei Kan, wo' këns de hier.
Du bass dat e'scht net wat mer klot,
Jo, jo, ech wéss schon, en Zaldot,
Wann ech eppes ze soen hätt, 80Da misste s'all um sechs an d'Bett.» -
So' schwetzt e sche'n, an henkt der Popp,
Am Enn eng Këschtchen Nestlé op.