E Rambour[1] hat eng Bir
Emol vun Hierze gir;
A wa vun ongefe'er
De Want un hiert Spale'er
5Den Aascht bruecht, wo' hien hong,
Dann huet dén decke Jong
Probe'ert se ze kössen. -
Sie wollt neischt vun him wëssen.
Emsoss sot hien: «Meng Le'f,
10Dir wësst nët wat ech ge'f
Nët alles derëm gin,
Fir äre Frënd ze sin.
Et muss é son wat ass,
Ech si vu gudder Rass;
15All Apel gréng a gro,
'T kennt kén dem Rambour no…»
«Er Baake sin ze ronn,
Sot si mat spëtzem Monn,
Dir sit ze déck, ze ro 't,
20Dat ass haut nët me' Mo'd;
Jé, äre ganzen Air,
Ass mir ze ordinär…»
De Summer ass vergâng,
Den Hierscht huet ugefâng,
25'T konnt én zu jidder Stonn,
De Rambour, glât a ronn
Op sengem Aascht gesin;
Mé d'Bir ass po'kech gin.
Hier Haut war vill ze reng
30Fir Rén a Klëppelsteng.
Du go'f hiert Hierz me' mëll,
Si wär him gèr zu Wëll.
A wa vun ongefe'er
De Want un hiert Spale'er
35Den Aascht bruecht wo' hien hong,
Sot sie: «Dir decke Jong,
Dir sit net me' we' soss,
Sit dir am Enn verdross? -»
De Rambour blo'f ganz kal!
40E lâcht a sot: «Da bal![2]
Et hat mech jo geheit,
Mé alles huet seng Zeit;
Haut hun ech me' Verstand,
Gott hëllef iech mei Kand.»
45D'Moral vun der Geschicht
Hut dir geschwë gesicht.
Dir Jofferen gro'ss a kleng,
Mengt nët dir wärt ze reng;
Ass é brav a gesond,
50Da mâcht ke spëtze Mond,
Well d'Zeit vergét, o jé!
Op emol sit der dé.