De Joss am Muergeland
I.
De Joss dén huet, mat Fra a Kand,
Eng Rés gemacht an d'hélegt Land;
Verstitt der all, wat dat wöllt son?
Mengt nöt, et ge'f vum selwe gon,
5't wär én am Nu zu Jericho,
An de Bagasch dé steng schon do. -
Zwé Me'nt lâng so'tz de Joss ganz sicher,
Gebeckt vru Kârten, iwer Bicher,
An huet seng Bibel nés gele'ert,
10d'Mémoire erfröscht a komplete'ert.
't ass dèr kén, den an d'honnert gét,
Der wösst, hien hält op Gröndlechket.
We' alles so'tz, gong d'Schreiwen un,
un d'Schöffer an un d'Eisebunn.
15E bued sech a Geographie,
Cabine de luxe a wagon-lit.
Eng gro'ss Questio'n war och d'Gezei:
Wat höllt e matt, a wat bleiwt hei?
De Joss de war fir lîchter Sâchen,
20Seng Fra sot: «lôss dech net auslâchen,
't soll ömmer warem sin, - da bal!
't si Gegenden, do ass et kal;
Mâch dass d'um See Genesareth
Nöt ses: wann ech e Kalzong hätt». -
25Eso' hun d'Suergen sech gejot,
Se waren Dag an Nuecht geplot;
Um Enn, no villem Drem an Drun,
Ko'm d'ganz Familie zu Jaffa un.
Stolz stong de Joss do op dem Kai:
30«Grand Hôtel Josua, s'il vous plaît!»
Et ko'm eng Poliss, de' se fe'ert,
- E war als Konsul annonce'ert.
II.
Den an'ren Dag, um halwer siewen,
Huet hien se schon eraus gedriewen:
35«'t ass nöt fir hei am Bett ze hucken,
schnell hei eraus, mir musse kucken,
Dass mer nach haut op Bétlém gin,
A fir onst Geld eppes gesin.» -
Nu gung et lass, sechs Woche lâng
40Si sie dûrch Palästina gâng;
Vu Cana no Jerusalem,
Nom Tabor önner d'Cederstämm;
No Saïda, Samaria,
No Nazareth - En Nasira
45No Sur, no Naim, no Jericho
No Magdala, dem Jordan no.
Zo' Jericho sin s'âcht Dég bliew;
Et huet s'an d'Muséen gedriew.
Wat do un Altertömmer leit,
50Gléwt nömmen dén, dén se geseit:
Hirt Haptstéck ass eng âl Trompett,
Se ge'ng nach, wann se Klappen hätt. -
Mé bei dem Stûrm op d'Stâdt démols
Huet èn se ganz kapott geblôss.
55E Raglan hänkt an engem Schrein,
Se son, et wär dem Joseph sein. _
Derniewent huet, op enger Stâng,
Der Putiphars hir Box gehâng.
E sche'nt rengt Stéck mat Passmentrie,
60Eng kleng merveille vu lingerie.
Dat huet de Joseph intresse'ert,
E set zum Oberwärter: «He'ert:
wann e juge're kann nom Fong,
Hat de' Perso'n keng schlecht Fassong.» -
65«Dat sot der gutt, de' Fra hat Rass,
Mé soss eng Lo'der e'schter Klass.» -
« O Mamm! 0 Mamm! wat der nöt sot!
Da war de Putiphar geplot?» -
«Dat gléwt de Papp, mei le'wen Här,
70Wan är Madame nöt bei iech wär,
Da ge'f ech iech elo eng son -.»
«Komm Joseph, los mer viru gon,
Kuck all de' Sâchen, de' do stin,
Mer hun nach d'Halschecht nöt gesin.» -
75A wîrklech 't ass nöt auszedenken,
Wat do fir Kostbarkéten henken. -
Dem Kinek Salomon sei Wappen,
Seng Kro'n, seng Auer a seng Schlappen,
Dann önner Glas, op enger Kârt,
80En Hor vum Esau sengem Bârt;
E Buch wo' d'Protokolle stongen,
Vum Héli senge Schwei vu Jongen;
Derniewent, sche'n, an enger Tabel,
d'Censure vun dem braven Abel.
85E gro'sse Kro', _ eng Grötz gesprong,
Mat dém den Noe zâpe gong;
An dan e puer Gefâcher weider,
Dem klengen David seng e'scht Schleider.
Dem Abraham sei Biberong,
90Der Jezabel hier Kneppeschong.
Der hätt e Mo'nt do könne stohn,
Me sie hu misse viru gohn:
Bierg op, Bierg of, Land aus, Land an,
- «Mach virun, Mausi, hei eran!» -
95Si hun um Libanon gesies,
Olive mat Gehansbro't gies,
Beim Ro'de Mier, lo'g hien um Strand,
Grad we' zo' Royan an dem Sand.
Am Enn, du konnt sang Fra nöt me',
100An d'Kanner haten d'Fe'ss all we'.
«Abé», sot hien, «da wösst der wât?
Da ro't iech aus, an huelt e Bad;
Ech si geschwen eröm a lafen
No Gazza mer eng Zeidong kafen.»
III.
105An hop a fort, et wor én Dag,
Der huet gemengt der kre'cht e Schlag.
D'Wüst lo'g do, weiss vun lauter Hëtzt;
Op emol mengt en, 't hätt geblëtzt. -
Zum Gléck fond hien, nöt weit ze goh'n,
110En Heischen önner Palme stôn.
E gét drop lass, e klappt un d'Dier,
E sche'nt jongt Medchen trött ervir:
E blutjonkt Kand vun uechtzeng Jor,
Mat schwârzen An, a seideg Hor;
115Et wenkt, et lâcht, et récht em d'Hand, -
Dat wärt alt Mo'd sin hei zo' Land,
Denkt onse Frönd, an o'nidém,
Spiert hien sech bal ewe' dohém.
E mengt e misst dat Médche kennen
120E könnt et mat dem Virnumm nennen,
Da wes en nammel nöt wo'hin,
-'t könnt Duechter vum Jaïrus sin.
E sét och : «Joffer, excuse'ert,
Dir huet eng Touch, de' mech frappe'ert»;
125We' sie ge'f heschen, wösst e gär,
An op se nöt vu Consdorf wär. -
Du lâcht dat Kand: «Bekuckt mech dach,
Ech sin d'Rebekka, wösst der nach? -
D'Rebekka, dat dem le'we Bo'f,
130Dem Eliezer, ze drenke go'f.»
Zugleich lét et em d'Hand op d'Stier,
A frét op e vleicht dûschtreg wier.
A well ké Kro' sech gleich huet fond,
récht et em dur sei Ro'semond.
135De Joseph sollt an d'Kne'e fâlen,
Du he'ert en eng Stömm erschâlen:
«Em Gotteswöllen, Joseph, ge',
Ma struewel nach e we'neg me';
Deck dech dach zo', du wärs gesin,
140Muer hues de nammel eng Angine!» -
An hien erwecht - et wor en Drâm.
Keng Rés, keng Wüst, ke Palmebâm;
E war dohém, en huet misst lâchen,
«- Né», sot en, «Gre't, wat drémt e Sâchen!»
145A fro', a sengem Bett ze sin,
Huet hien d'Geschicht zum Beschte gm.
Dat waren Onrecht dat en hât,
En huet bestömmt ze vill geschwat,
Well zönterhier, wann hien sech re'ert,
150Nuets nömmen op eng Seit sech ke'ert,
Da rifft sang Fra: «Du Onverstand,
Du dréms mer nes vum Muergeland!»
|
|