Jump to content

De Coiffeur

From Wikisource
393569De CoiffeurAuguste Liesch

De Coiffeur


Wat war dach e Coiffeur fre'er
Fir en ârmt onscheinbart De'er!
Hât e Bo'f fir guer neischt Mutt,
Waren nach fir Coiffeur gutt -
5Mat dem Kämpchen an der Sche'er,
Ko'm de Jengelchen an d'Le'er;
Hât en dann e Jor gestâng,
Ass et un d'Rase'ere gâng. -
Och als Méschter spe'derhin,
10Huet en net vill me' gesin:
Messer, Schësselchen a Biescht
War sein Hënnescht a sei Viescht.
Mansleit schieren a rase'ren,
D'Leis mat hirer Brut zerste'ren
15Ale Knaschtsäck hiere steiwen,
Fetten Dreck um Kapp zerreiwen,
Dat war ëmmer d'Quintessenz
Vun der Coiffeursexistenz.

Haut ass dat net me' we' soss,
20Coiffeur sin ass e Genoss.
Wat hun de' sech transforme'ert!
d'Clientele go'f ganz change'ert. -
D'sét én neischt, mé 't dét iech we',
D'Hären ziele bal net me'.
25'T huet den Air, mer sin ze vill,
D'Dammen setzen an de Still.
Setzen zwo' drei Stonnen do,
An de' wibblegst fënt keng Klo;
Lôssen sech de' koppegst Sâchen
30Aus dem âle chignon mâchen:
Bubikäpp a Permanente,
Kreiselcher Mille huit cent trente.
Vir eng Mèche «Cocorico»
Hannen a la Maquerau.

35Echaufe'ert, obgebauscht
Kënt eng vif eragedauscht:
«'T ass fir d'Soirée an der Cour,
Kämmt mech a la Pompadour ... »
«C'est parfait, sét den Här Wanz,
40Clärchen, hier e klenge Kranz
Vu Krepe'erchen, pas trop!
Dir verstitt jo, no an no,
Well d'Madame huet, dann ant wann,
Hôr, de' é gebrauche kann.
45Hei dé klengen Pitschchen hei,
Dé muss onbedéengt derbei;
Bei dén anren niewendrun,
Fänkt der dann ze fautelen un.
Wo' én d'Haut derduerch geseit,
50Reift der gutt mat spuenesch Kreid,
All dat friemd Fett vun der Kopp,
An da schmiert der onses drop.»

«Kuckt emol, sét eng, Här Donnen,
Dass der mer dé klenge ronnen
55Detzchen hannen an der Nuque
Dûrch én invisiblen Truc
Eppes me' en valeur brengt,
Dass e me' forme'ert schengt.» -
«Veuillez prendre place Madame,
60Set den August zo' der Damm,
Dir gléft guer net wat en Ass
Hei bei ons kapabel ass.
Mat dem klengen Detzchen do,
Filzeg, stöpseg, âl a gro, '
65Mân ech jidder Anekett
Jitz! zur Marie-Antoinette.
Hei dé klenge Kämpche vir
Hält iech d'Hor all aus der Stier·
Dann den Toupet zreckgeheit '
70An eng Ströllchen op all Seit. _
An den To'n? - Ech mengen d'Faref?
Acajou ass wuel ze scharef? _
Ah, d'Madame mengt Pallisandre;
Jo gewöss, dat ass me' tendre.

75Vert de gris ass och net schlecht,
Mé et ass eng Fârf de' blecht.
Bois de rase? - Truite saumonnée?
Kre'schels-Jelli framboisé!
An am groen: Bouc pamé?
80Oder lapin surmené? -
Sauerkraut get vill gedron; -
Ob et der Madame ge'f gon - ?
A fir wat dann net, Madame?
Mé dann hu mer nach eng gamme
85Moschtergiel, dat ganz flatte'ert,
An den Teint avantage'ert;
Wés d'Madame, datt sech ganz hannen
E puer Kneppercher befannen? -
Do ass neischt, - Madame permet,
90Iwer pâte oxigénée.
Adolphe, breng é flacon hier,
A mat Recht höllt hien en Air
We' en Här Apoticaire.
Well 't ass keng Apdekt am Land,
95A keng Droguerie,
De' eso'vill allerhand
Schmink a Schmier a Parfum'rie
Huet fir jong an éler Dammen
Ze bepënselen, ze verwichsen,
100Dass am Enn och Schwe'ermammen
Nach gefe'erlech gi we' Nixen. -

Bei dem Michel a bei Schneitzen
Fann der honnerderle Sâchen
Fir den Epiderm ze reizen,
105An aus Schanke Brëscht ze mâchen.
Fir ze steipen, wat fleche'ert,
Wat wellt hémlech d'Seit ausgon,
Z'ënnerdrecke, wat gene'ert
Oder net brauch do ze ston.
110Sâchen, de' ze vill do sin,
Bai ze schwârz a bal ze ro't,
Oder de' op Plâtze stin,
Wo' den duvet net me' Mo'd.
Dammen gin alt énerve'ert,
115Wann se schwéssen hei an do;
Do ass neischt wat soulage'ert
We' liqueur Odorono. -
Laque a Pâte fir Pergamenter
Nammel spiegelblank ze mân;
120't pecht én alen Testamenter
Apelhor un d'blatzeg An. -

Et verstét é muenech Sâchen,
An 't verzeit é muenech Spreng,
Nemmen, de' et musse mâchen,
125Well et ânescht net me' geng;
De' de Gilli reduze'ren
An de Bauch a Rimme lén,
De' den Dokes komprime'ren,
Dass é mengt se hätte ken.

130Mé jong Fraen a jong Kanner,
De' natirlech Charmen hun,
Astike'ren sech net manner,
't wés ké Mensch me' wo' en drun.
d'Löpse fierven se we' Kîschten,
135D'Bake kre'en och hir Dél,
A mat klenge renge Bîschten
Mân se ro'de Lack op d'Nél.
«Kußecht» nennen se de' Sâchen,
Well en och alt dann ant wann,
140Wëllt én e Plese'er mâchen,
O'ni Schued dru lecke kann.
Se change'ren d'Coiffuren,
Mat der Toilette d'Farf vum Hor,
An och soss all hir Allüren:
145De' gëscht déck war, ass haut mor.
Well de Coiffeur huet och Pëllen,
De' get hien en hémlech ân, -
Eng, de' alles lappeg mëllen,
Anerer, de' we' Eisen mân.

150Mat Liqueuren an Essenzen,
Allerhand vergöfft Geschier,
(Senger Konscht si guer keng Grenzen)
Ke'ert hien en d'hënnescht vir.
O, et ass net fir ze lâchen,
155Ech hu mech schon oft gefrot,
Wat se mol nach weider mâchen,
Wann de Geck se viru plot.
Wann d'Regirong net age'ert,
Kënt et sicher nach zur Crise,
160A mir kre'e garante'ert
Vun dem Coiffeur d'Dir gewies.
Ons onst struppecht Hor ze schneiden,
Bûschten, de' ké coup de fer
A keng Mise en plis verleiden,
165Ass dem Här ze ordinär.
Abbé folleg mir mein Alen,
Do ass weider neischt ze mân,
Lôss se wuessen, we' se falen,
Rîcht eweg de Réck eran.
170Wa mer dann emol do sëtzen:
Ganz Natur, an alles echt,
Mat dem Chignon a mat Trëtzen,
Gi mir vleicht dat sche'nt Geschlecht.