Jump to content

D'Visite beim Bébé

From Wikisource
392424D'Visite beim BébéAuguste Liesch

D'Visite beim Bébé


Krit eng gudd brav Fra vum Land,
Ass hier Zeit erem, é Kand,
Sin d'Leit fro', an s'hun et gär,
Mé et ass keng gro'ss affair,
5'T get gewäsch, an d'We' geluegt,
An da net me' dru geduecht,
Bis et hongrech schengt ze sin,
Oder frösch gemâch muss gin;
D'Nopeschfrae komme kuken,
10Sötzen do eng Weil ze bruken,
Schwetzen och vun allerhand,
Mé gewe'nlech net vum Kand.
He'chstens set eng: «Ketterin,
'T hätt alt äs net misse sin.» -

15Bei de Bierger huet eng couche
Me' eng distingue'ert touche:
We'negstens é Mont virdrun,
Gét schon de Kome'de' un,
D'Hiewan könt all Dag gerannt,
20Get dem Docter d'Dier an d'Hand
A mam voile, am bloe Kléd,
Stet och schon eng garde berét.
D'ganz Familje régt sech op,
D'halleft Haus stét op der Kopp,
25Alles frét sech suergevoll
«Wo' dat Kand dach bleiwe soll?»

Önner Spötzen, weiss we' Schne',
Leit de Bebé an der We';
Drénkt sech saat, an nom repas,
30Dremt e vun der Celula.
Well de Stolz vun onse Mammen,
Get vun de modernen Dammen,
Ech brauch iech et net ze son,
Hautzudag net me' gedron.
35D'Mama leit derniewt am Bett:
Elegant vun A bis Z.
Festonne'ert, pomponne'ert,
Ganz mat Valenciennes garne'ert.
Dén au courant ass verstét,
40Wuerröm dé Kome'di gét:
Fir d'Amie'en z'épate'ren,
Héscht et dat beseht virzeke'ren. -
Well de' sin all op de Bén,
Oft drei ve'er matenén,
45Datt sa d'halleft Zömmer föllen,
Kommen hire Virwötz stöllen.
Keng ass schei, mé't ass éndun,
Fir eng Contenance ze hun,
Brengen s'all e cadeau mat.
50D'Päckelcher si méschtens platt, -
Lauter Saachen de' neischt kaschten;
'T brauch én sech net grad ze baschten,
Well eso' e Kand, mei Gott!
Mecht dat allerbescht kapott.
55D'Haptsaach ass jo d'intentio'n,
An d'Mane'er an den To'n: -
«Louise ech wor iwel drun;
Wann ech et geroden hun ... »
«O du mei! wuer denkste hin!
60'T ass ze vill sche'n, Léontine.» -
Eng al Joffer, de' gedrékt.
Huet eng kleng Bechselche gestréckt;
An se sot s'hätt Dag an Nuecht
Un de Pipelche geduecht. -
65Dat dét all de' aner lâchen,
Adolphine, wat sin dat Saachen!
Fir eng Joffer, né so, ge'h,
Drémste vleicht ders do nach me'? -
De' jong Mamm ereéchtert sech,
70Né, we' sche'n! de renge Stéch!
Wat eng Arbecht! Wonnervoll ! -
Hémlech denkt se: «'t ass al Woll».
Eso' schmieren se net faul,
Eng der anrer Brei em d'Maul. -
75Durno kritt d'Gespre'ch eng Ke'er,
An de Bebé könt zu E'er,
Dir wösst all, 't ass net vill lass,
Wann e Kand acht Dég al ass.
Abé hei leit sicher me'!
80We' e Wonner an der We' !
Well de' Krésch, de' Te'n, dé Jux,
Dat Gekre'ns an dat Geglucks,
D'Komplimenter de' do falen,
'T ass fir sech de Bauch ze halen: -
85Né we' hierzeg, oh we' le'f!
So - dat get en Hierzensde'f!
Kuk we' mecht e mat dem Mon,
Menger Se'l, e schmunzelt schon.
Wat eng Pracht.! Eso' e Kand
90Get net me' am ganze Land. -
Wivill weit en? Siewe Pond.
Abé ja, a kiergesond. -
Dat geseit én un den An,
An de' Boxen, de' se man,
95Jëses, so! scho ve'er haut!
An och sicher gudd verdaut?
Dann huet hin e gudde Mo;

Nén e Kand ewe' dat do
Dat geseit én net all Dag -
100Louischen du kenns deng Saach.»
So' gét dat an engem drun
Si gi guer net mitt dervun.
Mé dat sche'nst ass ze gesin,
We' derbei hir Aen gin,
105Wat do henkt, do leit, do stét,
't ass neischt do, wat en entgét:
«Louise so, dé Rénk ass nei,
Den ass secher net vun hei? -
Dach beim Schroeder, - abé ja!
110O we' le'f vum Grandpapa.» -

Schliesslech gin se. Vrun der Dier
Sét schon eng: Ech wösst dach gier
Wo' dat Kand dén deke Kapp
Nömmen hier huet, wel sei Papp... »
115« Mé Marjenni bass de draus!
'T ass vun Dolimars eraus
De' sin all jo voller Knepp
A bekannt fir Waasserkäpp
Se sin all geplot mam Mo,
120S'hun, we' nennt en dat elo. »
Jëses Maria schwetz me' luess...!»
«S'hu Polypen an der Nuess!» -
«O, et ass net nömmen dat,
Et get allerlé geschwat,
125Jé, Pareis, de' al Geschicht,
'T fönd én ömmer wat é sicht; -
Jös! Do huet 't scho sechs geschlon,
An ech soll nach beichte gon. -

Author:Auguste Liesch