Jump to content

D'Maus Ketti

From Wikisource
D'Maus Ketti –
eng al Geschicht an neie Versen
 (1936)
by Auguste Liesch (1874–1949)
391942D'Maus Ketti –
eng al Geschicht an neie Versen
1936Auguste Liesch

D'Maus Ketti – D'Maus Kätti


D'Maus Ketti
original Schreifweis

1
E'scht Kapitel

D'Maus Ketti sötz bei hirem Lach.
Zu Bürmereng am Feld;
„We sche'n, denkt si, ass d'Lewen dach,
We gut ass't ob der Welt!4

All Stecker, zwo' Stonn an der Rond.
Si meng, dat ass gewess,
Ech liewen einfach a gesond
Vu Wêss an Hieselnöss.8

An ass et mer net an der Rei,
Sin ech ze vill pupsaat,
Gin ech am Sondessegezei
No Mun'ref an de Bad.”12

Op emol lauschtert se a set:
„Ech he'eren eppes kribblen.
A wat gesin ech op der Hed
Do uewen eso' wibblen?16

Ass dat erlabt, de' De'werei!
Eng friem Maus könnt hier mausen!”
Mä gleich drob rifft se: „Heielei!
Meng Kusin Mim aus Klausen!”20

An d'Ketti läft ewé de Wand,
Se leien sech am Arem:
„A wo' könns du dann hier, mei Kand?
War et der net ze warem?24

Komm, huel dee klenge Pad elo,
Da gi mer önner Dâch.
Mein Heische leit, du wes et jo,
Do önne bei der Bâch. -”28



2
Zwet Kapitel

Hei sötzen se nun allen zwo'
Beim Ketti an der Stuff.
D'Ketti dat lâcht, well hat ass fro',
Mä d'Mim, dat mecht eng Schnuff.32

Et schwätzt net vill, et äntwert kaum,
Et mecht ganz ängschtlech An,
Et fierecht, an dem enke Raum
könnt hat eech schmotzeg man.36


Well 't huet e Kled vum Sidonie,
A vun der Joffer Lang
En Hutt mat engem Paradis
Vu fönnef honnert Frang.40

An d'Ketti kuckt dat Kuebenascht,
An 't kuckt de rare Vull,
Mä we' et he'ert, wat e kascht,
Du fällt et bal vum Stull.44

„Ja“ sot et, „de wöllt mo'desch sin,
Muss hautjesdags berappen,
Zeng Frang hun ech zo' Re'mech gin
fir e puer hongrech Schlappen.”48

Mat dem Geschwätz gong d'Zeit verbei.
„Komm, loss mer ie'sse goen!”
sot d'Ketti, an et schläft erbei,
wat d'Plättle konnten droen.52

D'Zopp wor jo wuel vum Dag virdrun,
Gelt, 't war en net geriicht;
An du vun engem Karmeschhunn
E Ben, an och eng Fliicht.56

Als zwete Pla e Kiewerlek,
A Meckefett gebroden,
E lo'g um Teller fett an deck,
Aparti gut geroden.60

Fir Dessert Millebîtzentart
An agemâchte Schle'wen;
Dem Mim, dem schmâcht et nei apart,
An d'Ketti mengt, t' misst fle'wen.64

„O ne, set d'Mim, mei Kand, lôss mech
Der franchement gesto'en,
Mei Mo kann all dat grafft Gemech
Nun emol net verdroen.68

Ech fro mech nömmen, we's de dat
d'ganzt Jor kanns supporte'ren.
Komm dach emol bei mech an d'Stat,
Du solls dech regale'ren. -”72

An 't schwätzt em nach vum allerhand,
Vu Crême a Kuch a Bond;
Dem brawen, onerfuerene Kand
Ko'm d'Wâsser an de Mond.76

An et versprecht em sei Besuch,
Mä net vru Märtesdag,
Et hätt op ke Fall Zeits genug,
Bis d'Erdnöss önner Dag.80

3
Drett Kapitel

Et wor halleft Jor derno,
d'Mim sollt spaze're gon,
Du fönnt et op dem Trottoir jo
seng Kusin Ketti ston.84

Et lâcht an 't läft op d'Ketti lass:
„We' sin ech eso fro'!”
Bei sech do denkt et: „Nondikass!
Dé Stieds, de sin eso'.”88


Se lafen 't e'scht am Gart dohier
E klengen Tirche man,
A schleichen dann durch d'hönnescht Dir
Sech lues an d'Haus eran.92

Do warden s'önner engem Schaf,
Bis d'Leit all schlofe gin,
Du ko'men si eraus gelaf.
An hun sech ömgesinn:96

„Nu si mer Mêschter, Ketti, komm!
rifft d'Mim, bleif net do ston!” -
't ass op e Kanape geklomm,
Fir d'Koplibunz ze schlon.100

Dem Ketti gong et, we' et oft
Den arme Leide get:
't krit vu Verwonnerong keng Loft,
We' d'Gleck virun em stet.104

Et spirt, we' d'An em iwer gin:
Den Opwand an de' Pracht!
An d'Sâchen, de um Buftet stin,
Gebroben a gekacht!108

't wor Rosbiff, Ham a Poulet do,
We' knuspereg an zart!
D'Mim ze't sech schon en Abrico
Erow vun enger Tart.112


Et set zum Ketti: „Mâch derbei,
Du wêss, ech kann net fle'wen!”
„Ech mâche lues,” set d'Ketti schei,
An 't knabbelt e puer Gre'wen.116

Mä no an no ko'm den Aptit,
Et esst fir hirer sechs.
An 't drenkt derzwöschen Hamebritt
Der Kusin zum Verrecks.120

Et knat an 't mault mam volle Mond:
- 't schengt, wor eppes derhanner,
Dat et sech d'lescht bestuede konnt, -
E Wittman o'ni Kanner.124

E Mann, de wirklech Sâchen hätt,
Net jonk, - mä guterhalen -
An iewel konnt de brave Mätt
him nu net me' gefalen.128

„E Bauer, set et, jemmen nen!
Ech plönneren an d'Stat;
A krit ech och mei Liewe ken,
De kascht ersetzt mer dat.“132

D'Mim lâcht: „Dat as eng aner Gei,
We' dei gemengt Gemech! -”
„Nur einmal blüht im Jahr der Mai!”
Sengt d'Ketti ausser sech.136

4
Ve'ert Kapitel

Am Gart gong öm de selwegt Stonn
E Kueder an eng Kâtz;
Hie ko'm all Owes aus dem Gronn
no Klausen bei säi Schâtz.140


Sie he'ren de Kome'de' do
A mâchen uereg An,
A kreichen eng der aner no
Zur Kellerlîcht eran.144

An iwer d'Kellertrap erob,
Durch d'Piertchen an der Dir,
Get et am Trap an am Gallopp,
De Kueder emmer vir.148


Se bleiwe beim porte-manteau ston,
Zur Munni set den Tun:
„Nun hêscht et ob den Ze'we gon
An hal den Otem un.”152

Ons Maisercher gin emmerzo'
Me löschteg a verwot
Se hu keng Anong allenzwo'
Vun dem, wat hinnen drot.156

Op emol könnt eppes geflun
Durch d'Zömmer, schwarz a gro;
D'Mim jeizt erschreckt: „Et ass den Tun!
Komm, Ketti, komm mer no!-”160

Mä alles hätt se neischt gedengt,
Hätt d'Munni net mam Fo'ss
We' s'ob den Dösch nom Ketti sprengt,
E Komp erow gesto'ss.164


Et go'f e Plo'fert, 't huet gekrâcht! -
Den Tun denkt: Dat get schro!
En huet sech durech d'Bascht gemâcht,
Seng Freiesch läft em no.168

We' alles erem ro'eg ass,
— Am Haus ass ken erwächt, -
kuckt d'Mim sech em, wo' d'Ketti ass, -
Dat lo'g do, 't hat eng Schwächt.172

A we' et erem zo' sech könnt,
Du fuebelt d'aremt Kand,
Et set zum Mim: „Mei le'we Frend
A Mätti, gemmer d'Hand. -”176


D'Mim hemelt et a reift et an,
Bis et sech ganz erkritt:
„Du muss der neischt dorauser man,
't ass ons jo neischt geschitt.180

Dat ass net anescht an der Stat,
Hei muss en d'An opdunn;
Zere'scht hun ech mech och entsat,
Mä du gewinns dech drun.184

Komm, lôss mer fierdeg iesse gon!” -
Mä d'Ketti set: „Dabal!
Wo hues de mäi Pareppli ston?
Mei Caba a mei Schal? -188

Ech gin nes hem, et wär mein Do'd,
Dat ass jo hei ke Lewen;
Muss en da fir all Maufel Bro't
An dausend Aengschte schwewen?192

Zufriedenheit, das schönste Kleid!
Da'ss me' we' Kuch a Bond;
Hei könnt der Dag, nu gett et Zeit.
Eddi, spuer dech gesond!”196


An d'Ketti as d'Fra Mätti gin,
S'hun sech en Haus gebaut,
A wann se net gesturwen sin,
Da lewen se nach haut.200

D'Maus Kätti
nei Schreifweis

1
Éischt Kapitel

D'Maus Kätti setzt bei hirem Lach,
Zu Biermereng am Feld;
"Wei schéin, denkt si, ass d'Liewen dach,
Wéi gutt ass 't op der Welt.4

All Stécker, zwou Stonn an der Rond,
Si meng, dat ass gewëss;
Ech liewen einfach a gesond
Vu Weess an Hieselnëss.8

An ass et mer net an der Rei,
Sinn ech ze vill puppsat,
Ginn ech am sonndesse Gezei
No Munn'ref an de Bad."12

Op eemol lauschtert se a seet:
„Ech héieren eppes kribbelen.
A wat gesinn ech op der Heed
Do uewen esou wibbelen?16

Ass dat erlaabt, déi Déiwerei!
Eng friem Maus kennt hier mausen!”
Mä gläich drop rifft se: „Heielei!
Meng Kusin Mim aus Clausen!”20

An d'Kätti leeft ewéi de Wand,
Se leien sech am Aarm:
„A wou kenns du dann hier, mäi Kand?
War et der net ze waarm?24

Komm huel dee klenge Pad elo,
Da gi mer ënnerdaach.
Mäin Haische läit, du weess et jo,
Do ënne bei der Baach.”28



1
Zweet Kapitel

Hei setzen se nun allen zwou
Beim Kätti an der Stuff.
D'Kätti, dat laacht, well hatt ass frou,
Mä d'Mim, dat mécht eng Schnuff.32

Et schwätzt net vill, et äntwert kaum,
Et mécht ganz ängschtlech Aen;
Et fierecht, an deem enke Raum
Kënnt hat sech schmotzeg man.36


Well 't huet e Kleed vum Sidonie,
A vun der Joffer Lang,
En Hutt mat engem Paradis
Vu fënnefhonnert Frang.40

An d'Kätti kuckt dat Kuebennascht,
An 't kuckt dee rare Vull,
Mä wéi et héiert, wat e kascht,
Du fält et bal vum Stull.44

„Ja”, sot et, „dee wëllt moudesch sinn,
Muss hautdesdaags berappen;
Zéng Frang hunn ech zu Réimech ginn
Fir e puer hongreg Schlappen.”48

Mat deem Geschwätz goung d'Zäit verbäi.
„Komm, looss mer iesse goen!”
Sot d'Kätti, an et schleeft erbäi,
Wat Plätt'le konnten droen.52

D'Zopp wor jo wuel vum Dag virdrun
- Gell, 't war een net geriicht -;
An du vun engem Karmëschhunn[1]
E Been an och eng Fliicht.56

Als zweete Plat e Kiewerlek,
A Méckefett gebroden,
E louch um Teller fett an deck,
Apaarti gutt geroden.60

Fir Dessert Mullebutzentaart
An agemaachte Schléiwen;
Dem Mim, deem schmaacht et net apaart,
An d'Kätti mengt, 't misst fléiwen.64

„O nee”, seet d'Mim, „mäi Kand, looss mech
Der franchement gestoen,
Mäi Mo kann all dat grafft Geméch
Nun eemol net verdroen.68

Ech froe mech nëmmen, wéi's de dat
D'ganzt Joer kanns supportéieren.
Komm dach emol bei mech an d'Stad,
Du solls dech regaléieren.”72

An 't schwätzt em nach vun allerhand.
Vu Crème a Kuch a Bond;
Deem braven, onerfuere Kand
Koum d'Waasser an de Mond.76

An et versprécht em säi Besuch,
Mä net vru Mäertesdag,
Et hätt op kee Fall Zäit genuch
Bis d'Äerdnëss ënnerdaach.80

3
Drëtt Kapitel

Et war en halleft Joer duerno,
D'Mim sollt spadséiere gon,
Du fënnt et op dem Trëttoir jo
Seng Kusin Kätti ston.84

Et laacht an 't leeft op d'Kätti lass:
„Wéi sinn ech esou frou!”
Bei sech do denkt et: „Nondikass!
Déi Stieds, déi sinn esou.”88


Se lafen d'éischt am Gaart dohier
E klengen Tierche man,
A schläichen dann duerch d'hënnescht Dier
Sech lues an d'Haus eran.92

Do waarden s'ënner engem Schaf,
Bis d'Leit all schlofe ginn;
Du koumen se erausgelaf
An hu sech ëmgesinn.96

„Nu si mer Meeschter, Kätti, komm!”
Rifft d'Mim, „bleif net do ston!” -
't ass op e Kannapee geklomm,
Fir d'Kopplabunz ze schlon.100

Dem Kätti goung et, wéi et oft
Den aarme Leide geet:
't kritt vu Verwonnerung keng Loft,
Wéi d'Gléck virun em steet.104

Et spiert, wéi d'Aen em iwwer ginn:
Deen Opwand an déi Pracht!
An d'Saachen, déi um Buffet stinn,
Gebroden a gekacht!108

't war Rossbif, Ham a Poulet do,
Wéi knuspereg an zaart!
D'Mim zéit sech schonns en Abricot
Erof vun enger Taart.112


Et seet zum Kätti: „Maach derbäi,
Du weess, ech kann net fléiwen!”
„Ech maache lues…” seet d'Kätti schei,
An 't knabbelt e puer Gréiwen.116

Mä no an no koum den Appetit,
Et ësst fir hirer sechs,
An 't drénkt derzwëschen Hamebritt
Der Kusin zum Verrecks.120

Et knat an 't mault mam volle Mond:
't schéngt, 't war eppes derhanner,
Datt et sech d'lescht bestuede konnt,
E Wittmann ouni Kanner.124

E Mann, dee wierklech Saachen hätt,
Net jonk, mä gutt erhalen
An iewel konnt de brave Mätt
Him nun net méi gefalen.128

„E Bauer… seet et, "jëmmen neen!
Ech plënneren an d'Stad;
A krit ech och mäi Liewe keen,
De Kascht ersetzt mer dat.“132

D'Mim laacht: „Dat ass eng aner Gei,
Wéi däi gemengt Geméch!”
„Nur einmal blüht im Jahr der Mai!”
Sengt d'Kätti ausser sech.136

4
Véiert Kapitel

Am Gaart goung em déi selwecht Stonn
E Kueder an eng Kaz;
Hie koum all Owes aus dem Gronn
No Clausen bei säi Schatz.140


Se héieren dee Kaméidi do
A maachen uereg Aen
A kräichen eng där aner no
Zur Kellerliicht eran.144

An iwwer d'Kellertrap erop,
Duerch d'Päertchen an der Dier,
Geet et am Trapp an am Galopp,
De Kueder ëmmer vir.148


Se bleiwe beim Portemanteau ston,
Zur Munni seet den Tunn:
„Nun heescht et op den Zéiwe gon!
An hal den Otem un…”152

Ons Maisercher ginn ëmmerzou
Méi lëschteg a verwot,
Se hu keng Anung allen zwou
Vun deem, wat hinnen drot.156

Op eemol kennt eppes geflunn
Duerch d'Zëmmer schwaarz a gro;
D'Mim jäizt erschreckt: „Et ass den Tunn!
Komm, Kätti, komm mer no!”160

Mä alles hätt se näischt gedéngt,
Hätt d'Munni net mam Fouss,
Wéi s'op den Dësch nom Kätti sprengt,
E Komp erofgestouss.164


Et gouf e Ploufert, 't huet gekraacht! -
Den Tunn denkt: „Dat gëtt schro!”
En huet sech duerch d'Bascht gemaacht,
seng Freiesch leeft em no.168

Wei alles erëm roueg ass,
- am Haus ass keen erwächt -,
Kuckt d'Mim sech em, wou d'Kätti ass,
Dat louch do, 't hat eng Schwächt.172

A wéi et erëm zou sech kennt,
Du fuebelt d'aremt Kand;
et seet zum Mim: „Mäi léiwe Frënd,
o Mätti, gëff mer d'Hand.”176


D'Mim heemelt et a reift et an,
bis et sech ganz erkritt:
„Du muss der näischt dorausser man,
t ass ons jo näischt geschitt.180

Dat ass net anescht an der Stad,
hei muss een d'Aen opdunn;
zeréischt hunn ech mech och entsat,
mä du gewinns dech drun.184

Komm, looss mer fäerdeg iesse gon!”
Mä d'Kätti seet: "Dabal[2]!
Wou hues de mäi Präbbeli ston?
Mäi Kabba[3] a mäi Schal?188

Ech ginn nees heem, et wier mäin Doud,
Dat ass jo hei kee Liewen;
Muss een da fir all Maufel Brout
An dausend Ängschte schwiewen?192

Zufriedenheit, das schönste Kleid!
Da's méi wéi Kuch a Bond;
Hei kënnt der Dag, nu gëtt et Zäit.
Äddi, spuer dech gesond!"196


An d'Kätti ass d'Fra Mätti ginn,
S'hun sech en Haus gebaut,
A wann se net gestuerwe sinn,
Da liewen se nach haut.200

  1. Karmësch: fréieren Numm fir den Hausspatz
  2. Dabal: vereelzt fir „beileiwen net”
  3. Caba: vum Franséischen cabas: stréiene Kuerf